Luc Frieden au sujet du dépôt du projet de budget de l'État pour 2009

Francine Closener: Et soll ee Budget si vum Vertrauen. En Antikrisebudget. Mä op wat kann een eigentlech an dësen Zäiten iwwerhaapt nach Vertrauen. Dir sidd schliesslech och vun der Bankekris kal erwëscht ginn. Ass ee Wirtschaftswuesstëm vun 3 % net awer zevill optimestesch. Munech Wirtschaftsexperten rechne jo awer och mat enger Rezessioun. Dir net?

Luc Frieden: Mir rechnen net mat enger Rezessioun. Mä mir sinn an engem ganz schwieregen Emfeld. An d'Tatsach, datt mir virun 2 Joer e Wirtschaftswuesstëm hate wat duebel esou héich war wéi 3 %, ass ee Réckgang vum Wirtschaftswuesstëm. Mä mir hoffen duerch eng Rei vun deene Moossnamen déi an dësem Budget sinn, éischtens en equilibréierten Budget, wat heescht, datt mir net an eng irresponsabel Situatioun era ginn, dat schaaft Vertrauen. Zweetens, datt mir d'Wirtschaft och domatter ukuerbelen, datt mir an dësem Projet d'Kafkraaft substantiell steigere vun de Leit, duerch Steierofsenkungen déi all Steierzueler betreffen. Virun allem déi Kleng, mä awer och d'ganz Mëttelschicht. Dat ass erstmaleg zanter Joren, datt mir esou ee substantielle Schub maache fir all déi Leit, déi eng Pai kréien an déi Steieren doropper bezuelen. An an alle Steierkategorien bezielt een d'nächst Joer manner. Déi Sue ginn och zum Deel erëm ausginn. Dat heescht dat bréngt nei Kafkraaft. An drëttens, et ass ee wirtschaftsfrëndleche Budget, andeem mir d'Investiounen héich halen an datt mir och d'Betribsbesteierung erof setzen.

An alles dat kombinéiert, bei enger Zilsetzung déi mir eis ginn haten fir d'ëffentlech Finanzen am Equiliber, voire am Iwwerschoss ze hunn, dat schaft dat Vertrauen. Mir maachen net dat wat aner Regierunge maachen, déi entweder hir sozial an Investitiounsprogramme stoppen oder sträichen oder irresponsabel wier et och elo egal wat ze maachen. Ech fanne mir hunn do ee richtege Mëttelwee fonnt a mir hëllefen de Leit an de Betriber am Land op eng substantiell Aart a Weis a mir hale Fouss beim Mol. An déi Kombinatioun maachen, kënnt Dir Iech virstellen, dat huet esou munech Stonnen Aarbecht an Iwwerleeung kascht.

Francine Closener: Steiererliichterungen ass jo ee Knackpunkt vun där ganzer Geschicht. D'Oppositioun huet de Moien rappeléiert, datt d'Regierung virun net allzu laanger Zäit sot, eng Upassung vun der Steiertabell vu méi wéi 6 % wier just a gudden Zäiten dran. Elo sinn d'Zäite schlecht. An d'Upassung läit bei 9, respektiv bei 11 %. Wéi ass dat ze verstoen? Als Wahlcadeau?

Luc Frieden: Ech mengen, datt een an der Finanzpolitik net an Echeancë vu Wahle ka rechnen. Wann ech dëse Budget gemaach hätt als Wahlcadeau da géingen d'Depensë vill méi klammen. Da wier en Defizit mir egal. Da géing ech soen après nous le déluge. Also wann een ee seriöse Budget mécht, an dat gëtt duerch déi europäesch Stabilitéitsprogrammer nach méi wichteg, da mecht een och dee vun deenen 3 Joren duerno. Duefir hu mir also hei gesot, mir mussen awer elo kucken, éischtens, wat kënne mir op der Dépensësäit manner maachen, fir datt en awer am Equiliber bleift. Beim Niveau vun der Administration centrale ass en net ganz am Equiliber, well mir och héich Investitiounen hunn. An zugläich hu mir gesot, wa mir eist Zil erreechen an eng Rei Depensë villäicht net maachen, hu mir dann net besser an dëser schwiereger Situatioun bei der Adaptatioun vum Tarif un d'Inflatioun méi ze maachen, datt d'Leit domatter méi Kafkraaft hunn. Et ass also deen Equiliber dee mir hu missen do fannen. An ech mengen, datt an dësen Zäiten deen dote Schrack ee gudde war, kombinéiert och nach mat enger Rei anerer Déngschtleeschtungen déi de Staat bäimécht, wéi zum Beispill datt d'Kannerbetreiung fir jiddwereen an Zukunft méi bëlleg gëtt, wat jo och de Leit zugutt kënnt, well déi Suen hunn se da méi fir kënne Kleeder fir d'Kanner ze kafen oder ähnleches.

Francine Closener: Stéchwuert Index dann. Kënnt et de Staat méi bëlleg d'Steieren erof ze setzen an domatter d'Inflatioun auszegläichen, wéi datt een den Index awer erëm voll spille gelooss hätt?

Luc Frieden: Nee, esou kann een déi Fro net gesinn. Wann een den Index géing voll aféieren, da wier dat eng enorm Belaaschtung fir d'Betriber, och fir d'Mëttelbetriber. Et kënnt jo och zu enger Indextranche, mä et kënnt net zu enger totaler Adaptatioun vum Index, conforme zu den Accorden déi mir gemaach hunn. Wann den Index elo bei dëser héiger Inflatioun géing esou steigen, da géingen och d'Präisser an de Geschäfter erëm erop goen. Esou, datt mir am Fong een Zweetronneneffekt hätten, deen dramatesch wier fir eis Betriber, a grad fir déi Mëttel- a Klengbetriber zu Lëtzebuerg, déi och an enger Konkurrenz an der Groussregioun liewen. An duefir maache mir eng gescheit Kombinatioun an deem mir soen, et kënnt zu moduléiertem Index plus déi Reduktioun bei de Steieren déi jiddwerengem zegutt kënnt mä d'Betriber net belaascht. An dat ass den Ënnerscheed mat där anerer Solutioun déi politesch méi einfach wier, mä déi hei bréngt ekonomesch an de Mënsche méi.

Francine Closener: Nach ee Wuert zu de Rettungsaktioune vun der Dexia a vun der Fortis. Déi schloen am Budget vun dësem Joer jo net zu Buch. A wann alles riicht leeft da bréngt se an e puer Joer souguer zousätzlech Recetten. Souwuel bei där enger wéi bei där anerer. Dat sot d'Regierung de Moien. Dat héiert sech jo bal sou un wéi wann dat alles eng ganz gutt Saach gewiescht wier. Et ass jo awer schonn e wéineg iwwerraschend.

Luc Frieden: Éischtens ass déi Operatioun budgetsneutral. Et ginn also keng Budgetsdepensen wéinst dëser Operatioun gestrach. Zweetens maache mir dat fir Vertrauen ze schafen. Mä et ass ganz kloer, wann déi Banken doduerch gestäerkt gi, wat se och gi sinn, d'Vertrauen ass schonn erëm zum Deel do, a wann doduerch och herno déi Aktien méi wäert sinn, da kritt de Staat déi Suen och erëm als Aktionär duerch d'Dividenden, respektiv wann een déi Aktien eng Kéier verkeeft, well mir wëlle jo net éiweg Aktionär vu Privatbanken zu Lëtzebuerg sinn. Esou, datt dat an där Hypothes scho richteg ass wat Dir sot. Just, datt dat net eist éischt Zil war vun e Sonndeg, mä och als Tresorsminister kuckt ee wann een Operatioune mécht, dat heescht och, datt ee gewëssene Rendement do ass. Mä eist Haaptzil vun den Operatiounen war net een Investissement ze maachen wat vill era bréngt, mä fir Vertrauen ze schafen andeem de Staat seet, mir iwwerhuelen eis Responsabilitéit. A mir gleewen och drun, datt déi Banken an der Zukunft méi zolitt ginn, an datt déi Aktien och wäerte méi Wäert kréien.

Francine Closener: Vertrauen ass a bleift ee vun de Schlagwierder vun dësem Budget. Luc Frieden, merci fir d'Explicatiounen.

Dernière mise à jour