Luc Frieden au sujet du groupe Fortis

Corinne Folscheid: Vill Stonnen hutt Dir elo hannert Iech. En Accord läit elo um Dësch. Wéi ass deen Deal do zustane komm?

Luc Frieden: Dat ware ganz haart Verhandlungen. Mir hunn e Samschden an e Sonnden nach eng Kéier 20 Stonne mat BNP Paribas verhandelt, dat mat enger kloerer Zilsetzung. Mir wollten, datt d'Fortis hir Liquiditéitsschwieregkeete géing geléist kréien. Déi konnt een nëmme léisen, andeem een en internationale staarke Bankpartner géing eran huelen.

BNP Paribas war schonn de leschte Weekend un där Bank interesséiert. Se huet et just net fäerdeg bruecht an engem Weekend esou e Riseklotz ze kafen, ze analyséieren. Doduerch, datt den hollänneschen Deel ofgespléckt ginn ass, ass dat méi einfach ginn. Mir hu parallel mat der belscher Regierung, separat awer fir de lëtzebuerger Deel, verhandelt. Ech mengen, BNP Paribas ass eng vun den éischte Bankadressen an Europa. Et ass also een dee sécher stellt, datt erëm Liquiditéiten an déi Bank kommen, sécher stellt, datt Einlagen ofgeséchert sinn. A mir bleiwe jo dra fir ze kucken, datt dee Plang, wat e Stufeplang ass, och richteg ëmgesat gëtt.

Corinne Folscheid: Virun enger Woch ëm déi selwecht Zäit hat Dir op dëser Plaz e Rettungsplang an Héicht vun 11,2 Milliarden Euro annoncéiert, wou Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden dru bedeelegt war. Wat ass elo mat deene Sue geschitt?

Luc Frieden: Déi 2,5 Milliarden Euro, déi bleiwen an där Bank. Dofir kréie mir 33% vum Kapital vun der Bank. Dat representéiert ongeféier 1,6 Milliarden Euro. A fir de Rescht kréie mir Aktië vun der Mammegesellschaft BNP Paribas.

Déi Kombinatioun, dat ass d'Resultat vu schwierege Verhandlungen, mä déi stellt sécher, datt Lëtzebuerg eng Minorité de bloquage huet. Am lëtzebuerger Gesellschaftsrecht ass et esou datt, wann een 33% vum Kapital huet, da kann ee bei alle strategeschen Décisioune vu sengem Vetorecht Gebrauch maachen. De lëtzebuerger Staat kritt och d'Presidentschaft vum Verwaltungsrot vun där Bank fir sécher ze stellen, datt déi grouss Entscheedunge konfrom zu deem Plang sinn, dee mir gemaach hunn.

Mir loossen déi Suen an där Bank, well dat Fonds propres sinn, déi wichteg si fir datt d'Bank eng zolitt Kapitaldecken huet. A selbstverständlech, wa mir eng Kéier an e puer Joer aus där Bank eraus ginn, da sinn déi Sue jo nach ëmmer eppes wäert. Da kënne mir déi Aktië verkafen an da kritt de Staat domatter dat och erëm, wat en do dra gesat huet. Déi Sue sinn also net verluer, mä déi Sue stelle sécher, datt déi Bank elo op zolitte Féiss steet fir zukünfteg Aktivitéiten auszebauen.

Corinne Folscheid: Dat heescht, d'Fortis ass elo iwwer de Bierg?

Luc Frieden: D'Fortis ass iwwer de Bierg, well se e Partner kritt huet – zwee Partner kritt huet, Staat a BNP Paribas – déi e kloert Geschäftskonzept hunn, nämlech zu Lëtzebuerg d'Banque de détail ënner dem Numm BGL-BNP Paribas auszebauen, an an der Groussregioun e grousse Player ze sinn. Do hëlleft BNP Paribas, mä et ass och wesentlech, datt si erëm Liquiditéite kritt an dat ass an dëser Vertrauenskris dee gréisste Problem vun de Banken.

Corinne Folscheid: Dir hutt elo grad gesot: BGL, Banque Générale du Luxembourg, deemno back to the roots. Firwat elo erëm deen Numm?

Luc Frieden: Ech mengen, datt den Numm Fortis jo net méi ze halen ass wa BNP era klëmmt. Zweetens mengen ech, datt mir eng lëtzebuerger Léisung an engem europäesche Kontext wollten. BGL, Banque Générale, d'Lëtzebuerger wësse wat se mat där Bank hunn. Mir hu gemengt, datt am vertrauensbildende Charakter vun där Moossnam déi mir geholl hunn, deen Numm dat wär wat mir wéilten hunn. BGL, dat wat mir kennen, kombinéiert mat enger internationaler Erfahrung an internationale Kontakter déi BNP Paribas bréngt.

Corinne Folscheid: Ginn et elo nach Ännerungen um personelle Plang, wat Aarbechtsplaze betrëfft?

Luc Frieden: Doriwwer hu mir laang diskutéiert an négociéiert, dat ass normal an esou Verhandlungen. BNP Paribas gëtt no dëser Operatioun deen zweetgréisste privaten Arbeitgeber am Land no Arcelor Mittal. Si hunn nämlech schonn eng Bank zu Lëtzebuerg, déi awer net am Detailgeschäft ass.

Mir hunn d'Garantie vun där Bank kritt, datt et net zu engem Sozialplang kënnt. Mir hunn eis dofir agesat, datt d'Leit déi do schaffen, déi eng gutt Aarbecht gemaach hunn, datt déi Leit och kënnen do schaffe bleiwen. D'Leit sinn net Schold un där Kris. D'Kris koum vu baussen. D'Kris koum aus anere Länner. Dofir gëtt et eng Continuitéit am Management an d'Leit déi do schaffe behalen alleguerten hir Schaff.

Corinne Folscheid: Wéi geet et elo nach mat der Dexia virun? Et war jo gefaart ginn, datt duerch d’Problemer, déi den däitsche Finanzgrupp Hypo Real Estate huet, d'Dexia géif massiv leiden. Dat huet d'Dexia entretemps dementéiert. Mä, wéi mengt Dir, datt et do viru geet?

Luc Frieden: Ech hu mech gëschter während deene Fortis Verhandlungen och regelméisseg mat de Chefe vun Dexia ënnerhalen. D'Dexia ass net esou affectéiert vun de Schwieregkeete vun där däitscher Bank wéi dat ee Moment an den Nouvellë stoung. D'Dexia ass och amgaange sech ëmzestrukturéieren, ass amgaangen ze kucke wéi se sech eventuell ka besser opstellen, tëscht engersäits deem franséischen Deel an anersäits deem belsch-lëtzebuerger Deel. Dat wier eng gutt Léisung fir Lëtzebuerg.

D'lëtzebuerger Dexia huet iwwerhaapt keng Engagementer vis-à-vis vun där däitscher Hypothéikebank. An dofir mengen ech huet dat hei, et ass sécherlech net gutt fir d'Dexia, keng gréisser Inzidenzen op hir Geschäfter. A mir stelle jo och fest, datt zanter der leschter Woch, souwuel bei Dexia wéi bei Fortis, d'Spuerer duerch d'Participatioun vum Staat rassuréiert gi sinn, datt erëm Vertraue komm ass. Souwuel Dexia wéi Fortis sinn duerch déi Operatioun déi mir gemaach hunn a sécheren Dicher an d'Spuerer kënnen hir Sue getrouscht do loossen. Déi sinn net a Gefor.

Corinne Folscheid: Wat elo d'Dexia ubelaangt, wäerten do nach weider Verhandlungen ustoen?

Luc Frieden: Jo, selbstverständlech. Dee Plang, dee muss ëmgesat ginn. De Plang BGL-BNP Paribas, dee steet. Mä an den nächsten Deeg a Woche muss elo déi ganz Ëmwandlung gemaach ginn, fir an dat Kapital eran ze klammen. Dat ass juristesch ganz komplizéiert. Dat brauch eng gewëssen Zäit bis déi Prozedure gelaf ginn.

Bei Dexia suivéiere mir ganz genee, wat mat dem franséischen Deel geschitt a wäerten dann déi noutwenneg Schrëtt um belsch-lëtzebuerger Plang, an engster Concertatioun mat der belscher Regierung a wou noutwenneg och mat der franséischer Regierung, huelen.

Corinne Folscheid: Zum Schluss just nach dës Fro. De Premier Jean-Claude Juncker seet de Moien an engem Interview am Tageblatt, datt d'Finanzkris nach net eriwwer ass an eis nach bis Mëtt 2009 wäert beschäftegen. No der Kris wier d'Welt eng aner wéi virdrun. Wat wëll de Premier eis domatter soen? Dat heescht, et ass nach soubal net eriwwer?

Luc Frieden: De Staatsminister wor jo un deene Verhandlunge ganz enk bedeelegt, virun allem och wat den europäesche Volet ubelaangt. Dat ass eng Kris déi aus Amerika komm ass an déi, doduerch, datt d'Banken all enk zesummen hänke selbstverständlech net vun haut op muer eriwwer ass.

Datt déi Welt eng aner gëtt ass, mengen ech, domat ze erklären, datt eng ganz Rei Finanzoperatioune gemaach gi sinn, déi näischt méi mam klassesche Bankgeschäft ze dinn haten, an datt d'Leit ze séier wollte vill Sue verdéngen. Dee ganze Bonussystem, deen nëmmen drop baséiert war fir Resultater ze kréien, deen huet Limitë gewisen.

Ech mengen, datt een erëm muss zréck zum klasseschen noble Bankgeschäft kommen, d’Sue vun de Leit sécher deposéiert ze kréien an dann déi Deeler weider ze léinen. Dat ass dat klassescht Bankgeschäft. Eng Rei Produkter wäerten et an der Zukunft net méi ginn an eng Rei Rémunératiounsmechanismë wäerte ganz staark mussen iwwerduecht ginn.

Jo, d'Welt ännert, mä si ännert awer esou, datt mir eis och an där neier Welt wäerten erëm fannen. An et ass d'Aufgab vun der Politik dann ze agéiere wann de Marché net méi kann normal fonctionnéieren. Dat hu mir gemaach. Dat wäerte mir weider maachen, da komme mir och erëm zu enger gewëssener Rou.

Corinne Folscheid: Här Frieden, ech soen Iech elo emol merci fir d'Explicatiounen a fir de Besuch am Studio.

Luc Frieden: Merci.

Dernière mise à jour