Luc Frieden au sujet de la banque Dexia

Frank Kuffer: Gudde Moien Här Frieden. Et war erëm eng Nuecht déi Dir duechgemaach hutt zu Bréissel. Dir sidd dat mëttlerweil gewinnt. Kënnt Dir eis schonn eppes soen? Wat ass do erauskomm? Wéi gesäit et mat der Dexia aus?

Luc Frieden: Jo mir hu vu gëschter Owend 10 Auer bis elo just diskutéiert wéi mir bei Dexia virginn. Dir wësst, datt mir virun enger Woch eng Kapitalsprëtz an Dexia ginn hunn, wou déi 3 Regierungen, jiddweree bei senger Dexiafilial erageklommen ass. Mir hunn ee laange Rapport héiere vun deem neie Management vum Dexia-Grupp an et ass festgestallt ginn, datt den Haaptproblem bei där Bank, déi zolitt ass, wär, datt se um Marché Schwieregkeeten huet fir genuch Liquiditéiten ze kréien. A fir dee Problem ze léisen hun déi 3 Regierungen zesummen décidéiert, datt mir géingen eng Staatsgarantie ginn, fir déi Suen déi d’Dexia um Marché léine géif. Dat ass also noutwendeg fir Vertrauen an de Marché ze bréngen. Domatter kritt Dexia hir Liquiditéitsproblemer geléist, well d’Leit wëssen, datt de Staat do derhannert steet. Déi Garantie muss selbstverständlech och rémunéréiert ginn a wann erëm Confiance am Marché ass an d’Liquiditéitsproblemer geléist sinn, dann ass dat och gutt fir de Spuerer, well d’Bank huet dann déi noutwendeg Sue fir hiren Obligatiounen nozekommen.

Déi dräi Staaten deele sech dat no engem gewëssene Schlëssel deen ausgemaach ass. Lëtzebuerg iwwerhëlt 3%, well mir nëmmen ee ganz klengen Actionnaire dodranner sinn, mä de Staat bleift och, wéi mir dat d’lescht Woch gesot haten, am Kapital vun där Bank an ech mengen domatter kënnen d’Spuerer berouegt sinn. D’Liquiditéitsproblemer sinn duerch déi Staatsgarantie vum Dësch.

Frank Kuffer: Dir sot 3%, wat mécht dat dann a Chifferen aus? An Euro? Wéi héich ass déi Garantie? Gëtt et do kee Montant vun där Garantie?

Luc Frieden: Jo dat ass eng Garantie, dat si jo net Suen déi ee muss bezuelen. Dat ka bis zu engem Maximum vu 4,5 Milliarde goen, mä dat heescht awer net, datt elo de lëtzebuerger Staat misst 4,5 Milliarde bezuelen. D’Dexia kann also um Marché interbancaire Sue léine goen, fir dann hiren Obligatiounen no ze kommen. De franséische Staat iwwerhëlt 36% an de belsche Staat 61%. Dat ass also ee Schlëssel, dee proportionell zu verschiddenen Engagementer vun deenen 3 Staate vis-à-vis vum Grupp Dexia ass.

Frank Kuffer: Bleift et dann bei enger Dexia, och enger Dexia Lëtzebuerg oder kéint et och do an eng Richtung goen wéi bei der Fortis, datt Deeler géife verkaaft ginn?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat fir de Moment nach net um Ordre du jour steet, well gëschter ass eng nei Equipe un d’Spëtzt gesat gin. Déi 3 Regierunge waren der Meenung, datt een dee Groupe Dexia an där dote Form soll weiderféieren an déi 3 Regierunge stinn och hannert deem Groupe Dexia. Dofir mengen ech ass d’Vertrauen an déi Bank och vun deenen 3 Staaten, Frankräich, d’Belsch a Lëtzebuerg och hënt nach eng Kéier staark ausgedréckt ginn.

Frank Kuffer: Nach eng Fro. Haut steet am Bréisseler "Soir" ze liesen, datt eventuell déi amerikanesch FSA géif vun der Dexia ofgekoppelt ginn, well déi gëfteg Actifen dranhätt. Ass och esou eppes geschwat ginn?

Luc Frieden: Doriwwer hu mir selbstverständlech laang geschwat. Et ass awer ganz schwiereg do eng Léisung elo schonn ze fannen. Déi amerikanesch FSA hänkt iwwregens net un der lëtzebuerger BIL, huet also guer näischt domatter ze doen. Dat ass ee Problem vun der franséischer Dexia an ee vun de Punkten ass ebe fir ze kucke wéi een déi do erauskritt an dat ass ee schwieregen Dossier tëschent de Belsch an de Fransousen, wou eng Léisung gesicht gett, déi awer nach hënt net konnt ganz fonnt ginn.

Frank Kuffer: Här Frieden, ech soen Iech villmools Merci.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour