Jeannot Krecké, invité de l'émission "Riicht eraus"

Françoise Medernach: Gudde Mëtteg an der Emissioun „Riicht eraus“. Invité ass de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Gudde Mëtteg, Här Krecké.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Françoise Medernach: Wann een d’Nouvellen aus dem Ausland héiert, datt et nach ëmmer Banke ginn, déi gehollef musse kréien, dann awer och iwwer déi ganz schlecht Situatioun an der Autosindustrie a Frankräich, an Däitschland, scho méi laang och an Amerika, da freet ee sech wat do nach alles op Lëtzebuerg duer kënnt.

Nieft de Banken huet d’Finanzkris jo elo och ArcelorMittal hei am Land getraff. Ass dat just den Ufank?

Jeannot Krecké: Ech mengen, et wäert och eng Rei aner Entreprisen hei zu Lëtzebuerg treffen – ech hunn dat elo schonn e puer mol gesot.

Et ass evident, datt Leit ufänken elo net méi richteg Vertrauen an d’Zukunft ze hunn, hei zu Lëtzebuerg, mä och an Däitschland, Frankräich, an da gëtt verzicht eng Rei Saachen ze kafen, da gëtt verzicht ze investéieren, well jiddwereen emol ofwaart, wat elo geschitt. Dat bréngt mat sech, datt et en Enchaînement vu schlechten Nouvellë gëtt. Do hänkt jo villes zesummen. D’Ekonomie ass jo e Ganzt, a wann do éischt wichteg Pilieren ufänken ze bréckelen, da bréckelen anerer mat.

Dofir muss ee sech drop virbereeden, datt et eng ganz schwiereg Zäit gëtt, an et muss ee kucken, déi Moossnamen an d’Weeër ze leeden, déi eventuell hëllefen dat ze iwwerbrécken.

Françoise Medernach: Bei ArcelorMittal si verschidde Wierker gestoppt, ganz oder deelweis, oder si rulle méi lues. Gëschter nach koum d’Nouvelle, datt elo och ee Wierk an der Belsch provisoresch zougemaach gëtt. Wéi geet et dann elo weider, speziell bei ArcelorMittal?

Jeannot Krecké: Et muss ee soen, datt d’Nofro no Stol jo extrem héich war. Déi gëtt elo e bëssen zréckgefuer. Mä et muss ee jo ëmmer dovunner ausgoen, datt et schwiereg Zäiten nach ëmmer gi sinn, an déi huet een iergendwann iwwerstanen – d’Welt an d’Land och.

Stol gëtt no wéi vir ganz vill gebraucht. D’Stolwierker, de Gros op alle Fall, vun ArcelorMittal, sinn technologesch op engem ganz héije Stand, dofir maachen ech mir u sech net ganz vill Suergen.

Besonnesch déi lëtzebuerger Sitë si ganz effizient a sinn och, wéi gesot, technologesch impeccabel opgestallt, esou datt ech dovun ausginn, wann dat erëm ufänkt ze rullen, datt och eis Wierker erëm méi produzéiere wäerten. De Stol gëtt jo weiderhi gebraucht, dat ass kee Produit deen d’Tendenz huet ze verschwannen. Et gëtt weiderhi vill dorëmmer gebaut, an da brauch ee Stol. Dat ass elo just grad eng schwiereg Zäit.

Et muss een natierlech als Entreprise dann och esou opgestallt sinn, datt een déi schwiereg Zäit iwwerbréckt. Wann ee finanziell net ferme op der Broscht ass, da fiert een ewech. Ass een dat awer, dann iwwerbréckt een déi Zäit, an da kënnt een erëm eng Kéier op seng Féiss.

Françoise Medernach: Mä wat geschitt da mat deene Leit, déi an deene betraffene Wierker schaffen? Wéi laang kann een am Chômage technique sinn?

Jeannot Krecké: Dat hänkt ganz dovun of. Mir hu regelméisseg, mä glécklecherweis nëmmen een, zwee oder dräi Betriber, déi Kuerzaarbecht ufroen. Mir ginn hinnen dat, mir hëllefen dann och. Mir wäerten den nächste Mëttwoch erëm iwwer all déi Fäll do am Konjunkturcomité schwätzen.

Hei komme mir elo natierlech an eng speziell Situatioun eran, wou eenzel Betriber wahrscheinlech Kuerzaarbecht méi laang wäerten ufroen, a mir mussen eis elo eng nei Philosophie ginn. Mir haten eng Aart a Weis dorunner erunzegoen, déi musse mir änneren. Mir mussen eis der Situatioun upassen. Elo muss ee wëssen, datt mir do Instrumenter hunn, déi u sech méi wäit gi wéi an deene meeschte Länner. Mir ginn also eng vill besser Hëllefsstellung, wéi déi meeschte Länner iwwerhaapt kënne ginn. Elo muss ee kucke wéi laang mir dat packen, well dat geet jo op de Fonds pour l’emploi.

Françoise Medernach: Dës Woch hat d’Wort gemellt, datt d’Luxair och d’Kris scho géif spieren, well d’Businessflich zréckginn, d’Banke schécke manner Leit op Reesen. Wësst Dir do eppes méi? Steet d’Luxair staark ënner Drock?

Jeannot Krecké: Ech hunn elo keng direkt Nouvellë vun der Luxair selwer, mä et wonnert mech ne. D’Automobilsbranche ass déi éischt, déi gewéinlech dorënner leid: et gi manner Autoe kaaf, d’Leit waarden of wat geschitt, a wësse jo och net richteg wat mat hirem Geld geschitt a wéi d’Zukunft ausgesäit. Dann ass eng vun den éischte Saachen, op déi ee verzicht, beispillsweis d’Vakanzen, déi een dann zréckschrauft. Selbstverständlech hunn déi meescht Betriber den Uerder erausginn, manner Flich ze maachen, dat heescht, alles wat onnëtz ass, falen ze loossen.

Ech war elo op New York, wou mir e groussen Evenement haten, a wou net manner wéi 30 Leit de leschte Moment ofgesot hunn, well an hire Firmen – et ware lauter grouss amerikanesch Firmen – gesot ginn ass, all onnëtze Flug gëtt gestrach, an dat wier hei och de Fall. Dat war e Business-Award, dat heescht, mir hunn enger Firma eng Auszeechnung ginn. Dat ass net liewenswichteg fir déi aner Firmen, mä et war fir eis d’Méiglechkeet fir mat deene Firmen a Kontakt ze kommen.

Françoise Medernach: Mä allgemeng schéngen déi kleng a mëttel Betriber zu Lëtzebuerg bis elo net vill vun der Kris ze spieren? D’Handwierkerkummer huet dës Woch jo och nach verséchert, datt bis elo keng Betriber hei am Land Problemer wéinst der Finanzkris hätten. Ass dat net e bëssen optimistesch?

Jeannot Krecké: Ech weess net, wou si un hir Informatioune kommen. Si wäerte jo mat hire Membere geschwat hunn, mä et ass [gëtt ënnerbrach]

Françoise Medernach: Sinn dat och d’Informatiounen déi Dir hutt?

Jeannot Krecké: Fir de Moment, jo. Mä wësst Dir, ech liewen an enger Zäit hei, wou ech geléiert hunn, datt all Dag an all Woch anescht ass. A wann ech op déi lescht dräi, véier Wochen déi ech erlieft hunn zréckkucken, dann ass dat jo verréckt wat alles op eemol geännert huet, wat een net fir méiglech gehalen hätt.

Dat weist, datt eist Land muss kucken, sech op méi Pilieren ze stäipen, an net nëmmen op een, wéi beispillsweis de Finanzsecteur.

Et weist, datt mir musse kucken déi kleng a mëttel Betriber, déi d’Réckgrat vun der Wirtschaft duerstellen, méi konkret z’ënnerstëtzen. Ech ginn net midd, dat elo scho säit Méint, fir net ze soe säit Joeren ze soen, well een do mierkt, datt d’Décisiounen a grousse Betriber strategesch a weltwäit geholl ginn, ma a klenge Betriber ginn d’Décisiounen nach hei geholl.

Wa mir d’Wärmeschutzveruerdnung weider dreiwen, a wann d’Leit och weiderhinn dorunner gleewen, da kënne mir net nëmmen iwwer dee Wee Energie spueren, mä mir brénge ganz vill Geschäftsméiglechkeete fir eist Handwierk. Dat heescht, et huet ee Méiglechkeeten op de lokalen an de regionale Marché anzewierken. Mir mussen eis op dee konzentréieren, well et ass deen, dee mir nach staark kënne beaflossen.

Wat a China geschitt, wat a Brasilien oder an Amerika geschitt, kënne mir net beaflossen.

Françoise Medernach: Hutt Dir do schonn iergendwéi Pläng, wéi Dir de Secteur kënnt beaflossen?

Jeannot Krecké: Mir musse vun Grond op kontrolléieren, war mir an deem Secteur bis d’Jor 2020 brauchen. Dat geet virun allem iwwer de Plan sectoriel iwwer d’Aktivitéitszonen. Do si Leit, déi fannen, dat géing een esou aus dem Aarm rëselen.

Mir hunn Hypothesen opgestallt, mir hu gekuckt, wou ginn et Méiglechkeete fir un esou Terrainen ze kommen, wat ass sënnvoll, wat maache mir fir kleng Betriber, wat maache mir fir gréisser Betriber, wat maache mir fir Servicebetriber? Dat ass dat éischt, wat mir musse maachen.

Dat zweet dat ass ze kucken, wierklech ze duerchforsten, wou mir de Betriber entgéint komme kënnen, ouni datt iergendeen dorënner ze leiden huet? Wat sinn déi onnëtz Saachen, déi mir an eise Legislatiounen, an eise Prozeduren hunn? Kënne mir dat net entlaaschten? Mir brauchen d’Décisiounen net anescht ze gestallten, mä kënne mir net méi einfach fueren? Et kann net sinn, datt mir op eemol fir eenzel Autorisatiounen zwee, dräi Joer brauche fir déi erauszeginn.

Do schéngt manifestement en Engpass do ze sinn, da muss een eventuell kucken, ob een net elo emol provisoresch, an duerno och definitiv, déi Administratioune vill besser équipéiert, datt déi hiren Aarbechte kënnen nokommen.

Françoise Medernach: Mä am Fall wou kleng Betriber géifen an d’Labrente kommen, gëtt et do en Noutplang fir déi ze retten – esou wéi zum Beispill a Frankräich, oder an Amerika – esou ee Fong, deen dann effektiv den Entreprisen a Schwieregkeeten ënner d’Äerm gräift? Kéint et esou eppes och hei ginn?

Jeannot Krecké: Mir hu fir de Moment keen esou e Fong. Mä mir hunn awer Méiglechkeeten, an esou e Fong huet een och schnell geschaaft, wann een dat wëll maachen. Mä mir hunn am Moment dovun ofgesinn esou eppes ze maachen. Mir kucken och elo emol wat dat am Ausland gëtt.

Et muss een och soen, dee Fong ass net fir dee klengen oder mëttele Betrib, mä fir ganz grouss Betriber. En ass fir ganz grouss Betriber, déi gegebenenfalls, doduerch datt si a Schwieregkeete sinn, vill anerer mat a Schwieregkeete bréngen.

Et ass sécher, wann General Motors a Gefor ass, dann ass dat net nëmmen eng Fro vun deem grousse Konzern, mä da sinn all déi, déi Zouliwwerer zu där Firma sinn, och alleguer a Gefor. An et ass dorop, wou mir eis musse konzentréieren.

Françoise Medernach: Mä wéi eng Secteure wieren hei am Land am meeschte betraff?

Jeannot Krecké: Ma wann ech vun der wirtschaftlecher Logik ausginn, dann hu mir iwwer 30 Betriber – wann an Däitschland, a Frankräich an op anere Plazen d’Automobilindustrie ufänkt an hirer Produktioun lues ze maachen – déi an deem Beräich schaffen, bei deenen een da muss dovun ausgoen, datt da gespuert gëtt. Dat geet net un eis erlaanscht. Déi Betriber hänken un deem, wat an der Weltwirtschaft geschitt an et ass evident, datt déi Leit da Schwieregkeete kréien. Mir hu e ganz gutt Instrumentarium fir hinnen elo emol kuerzfristeg ze hëllefen. Et muss ee kucken, wat duerno entsteet.

Françoise Medernach: An Däitschland sot de President vum Patronat, datt e rechent, datt d’nächst Jor déi meeschten Aarbechtsplaze wéinst der Kris ofgebaut ginn. Géif dat dann och fir Lëtzebuerg zoutreffen?

Jeannot Krecké: Jo sécher, wann d’Kris en Impakt kritt, wäerte mir en elo lues a lues spieren. Dee kënnt gewéinlech net einfach esou mat der Dier eragefall, mä dee kënnt schläichend. Et dierf ee jo déi ganz Entwécklung net vergiessen. Déi Kris, déi mir elo gesinn, déi elo voll duerchdréckt, déi ass jo d’lescht Jor ugaangen, an d’Auswierkungen huet een eréischt richteg am Laf vum Jor 2008 ze spiere kritt. Esou wäert dat och an der Realwirtschaft, am Rescht sinn. A mir mussen eis einfach dorop virbereeden.

Mä ech hunn awer e gutt Gefill. Eis Betriber si jo emol relativ gesond opgestallt. Mir hunn zu dësem Zäitpunkt net vill grouss Problemer gehat. Et ass ëmmer den Ausgangspunkt, dee wichteg ass. Dat wëll net heeschen, datt näischt un ee kënnt. Mä wann den Ausgangspunkt scho ganz schwaach ass, dann huet een natierlech méi Problemer. An ech mengen, datt awer grouss Deeler vun eiser Ekonomie gesond sinn. Dat ass dat Wichtegst dobäi.

Françoise Medernach: De Weltwährungsfong huet de Wirtschaftswuesstem fir d’nächst Jor vun 3% op 1,8% revidéiert. Muss een dann elo awer ufänke sech Suergen ze maachen, datt eng Rezessioun kënnt?

Jeannot Krecké: Dat do sinn Zuelen déi sech op Lëtzebuerg applizéieren. Et muss een eben och kucke wat ronderëm lass ass.

Eis Exporter, beispillsweis, gi je no Jor zu 56% bis 60% an Däitschland, Belsch, Frankräich. Et ass also net egal wat do geschitt. Wann do eng Rezessioun antrëtt, dann ass et evident, datt mir dat ze spiere kréien. Wat fir eng Chifferen dat elo wäert ginn – ech sinn ëmmer erëm erstaunt wéi een dat zu dësem Zäitpunkt mat dräi Stellen hannert dem Komma ka viraussoen. Dofir maachen ech keng Prévisioune méi, well déi Woch duerno kann ee se scho revidéieren.

De STATEC huet dofir och elo keng Chiffere gemaach. E waart elo emol of, wéi d’Situatioun sech entwéckelt, kuckt wat déi eenzel, grouss Institutiounen iwwer d’Weltwirtschaft soen, a kuckt dann emol Ufanks Dezember eng virsiichteg Schätzung ze maachen, wéi dat eventuell fir Lëtzebuerg kéint ausgesinn.

Mä ech muss Iech soen, jiddwereen, deen am Moment Saachen an d’Welt setzt, dee riskéiert se iergendwann no ënnen oder no uewen ze revidéieren. Well dat ass “Vogel, pick�? fir de Moment. Et weess kee richteg, wou dat do hiféiert.

Françoise Medernach: Mä de Weltwährungsfong iert sech awer net dacks.

Jeannot Krecké: Jo, an normalen Zäiten. Mä mir sinn hei net an normalen Zäiten.

Françoise Medernach: Dir hutt gesot, datt Lëtzebuerg norëtscht, wann Däitschland a Frankräich an d’Rezessioun kommen. Däitschland ass jo awer elo schonn déi lescht zwee Trimesteren dran. Rëtscht Lëtzebuerg da mat?

Jeannot Krecké: Ech hoffen, datt mir et duerch déi nei Marchéen, déi mir jo fir Lëtzebuerg probéiere gangbar ze maachen, och a Géigende wou am Moment de Wuesstem vläicht nach méi héich ass, wéi an eise Géigenden, fäerdeg bréngen iwwer d’Schwieregkeeten ewech ze kommen. Mä datt mir ganz ouni Schwieregkeeten duerch déi Period hei ginn, dat si Geschichten, dat kann ee kengem erzielen. Dat wäert ganz sauer ginn.

D’Fro ass, wéi d’Land op esou eng Situatioun reagéiert. Si mir kapabel, déi noutwenneg Ustrengungen ze maachen, fir do eraus ze kommen? Dat ass déi kruzial Fro.

Deen, dee mengt et géing esou weider goe wéi et bis elo gaangen ass, also eng héich Liewensqualitéit ze hunn ouni besonnesch Efforten ze maachen, deen iert sech. Hei sinn elo anerer um Wierk, an dat huet en Afloss op eis. Dofir musse mir eis einfach rappen.

Dëst Land huet scho schwiereg Zäiten duerchgemaach an ass iergendwann erëm eraus komm. D’Fro ass, wéi komme mir eraus? Dat hänkt vill vun eis alleguer of. Dat kritt een net einfach esou doduerch, datt ee seet, dat packe mir schonn. Esou einfach geet dat dës Kéier net.

Françoise Medernach: Et geet net esou weider, mä wéi sauer gëtt et dann? Wéi muss ee sech dat virstellen? Wat heescht dat dann, datt d’Betriber méi lues schaffen? Heescht dat, datt der zou maachen, carrément verschwannen?

Jeannot Krecké: Dat ass duerchaus méiglech, datt der carrément verschwannen. Déi, déi net gutt opgestallt waren, déi packen dat do natierlech net, well se net iwwerbrécke kënnen. Et muss een dofir eng Finanzéierung virgesinn, fir de Betriber ze hëllefen, déi Period ze iwwerbrécken, a sech dann erëm anstänneg opzestellen.

Dat ass jo och mat de Banke gemaach ginn. Et ass net, datt mir deene Sue geschenkt hätten, déi si elo kéinten halen. Mir hu jo an déi Banken investéiert, a mir hätte gären iergendwann déi Suen zréck. An ech behaapten esouguer, mir hätte gären e Mehrwäert zréck, well mir hu jo hei Suen an e Secteur gestach, a wann en erëm eng Kéier Geld verdéngt, dann huet de Steierzueler d’Recht, déi Suen och ze kréien.

Dat heescht, dat do si keng Suen déi verluer sinn. Dat si Suen déi mir investéiert hu fir ze verhënneren, datt aner Banke rëtschen; fir ze verhënneren, datt aner Betriber a Privatleit a Schwieregkeete kommen. Mä dat si Suen, déi mir gären erëm hätten.

Françoise Medernach: Wat heescht esou eng Kris fir d’Leit? Op wat muss ee sech dann als normale Bierger gefaasst maachen? Huet ee manner Suen am Portmonni, muss ee säi Spënnche fëllen, oder wat?

Jeannot Krecké: Neen, dat soll een net maachen. D’Regierung huet de Wee jo gewisen. Mir gleewen drun, datt mir hei zu Lëtzebuerg kapabel si besser iwwer d’Schwieregkeeten ewech ze komme wéi anerer.

Mir hunn e relativ éiergäizege Budget virgestallt, wou mir jo probéieren, de Leit déi hei wunnen hir Kafkraaft awer wierklech ze stäerken. Mir maachen dat iwwer de Budget, mir maachen et net iwwer de Wee, wou mir d’Betriber belaaschten. Mir wäerten och probéieren dee Programm, wat am Fong geholl e Konjunkturprogramm fir d’Leit ass, duerchzezéien. Mir wäerten da gesinn, ob déi positiv Auswierkungen antrieden.

Mir hunn eng ganz Rei Moossname fir déi Leit virgesinn, déi op schwaache Féiss stinn. Déi Deierechtzoulag hëlleft hinnen zu dësen Zäiten, wou, mengen ech och, d’Inflatioun elo zréck geet. Et war evident, datt et géing zréck goen, ech hunn dat virun dräi Méint gesot. Et ass net ëmmer e gutt Zeechen, wann d’Inflatioun zréck geet. Dat ass net ëmmer e gutt Zeechen, well fir wat geet si elo zréck? Ma well d’Weltwirtschaft méi lues dréint. Ech hunn ëmmer gesot, an Zäite wou mir méi héich Inflatioun haten, dat war well mir och héije Wuesstem gefuer sinn. Dat hu jo Leit net wëlle gleewen, datt dat esou ass. Hei mierkt ee jo elo wat geschitt.

Mir hunn och déi Leit mat mëttlerem Akommes gestäerkt, mir hunn an de Steiere villes ëmgeännert fir datt all Leit an de Genoss vun deene Steieravantagë kommen, och déi, déi keng oder manner Steiere bezuelen. Dës Mesuren hunn awer en Impakt, déi missten de Leit d’Vertraue ginn, datt d’Regierung hinnen an deem Punkt hëlleft, an datt si och hirt Liewen in etwa esou kënne weider liewen, wéi se dat bis elo gemaach hunn. Datt een emol vläicht op deen een oder anere Luxus verzicht, dat bleift net aus.

Françoise Medernach: Den CSV-Fraktiounspresident Michel Wolter huet dës Woch elo e Kompensatiounssystem bei de Banke proposéiert, mat deem d’Scholden an Avoire vun engem Client bei enger Bank ausgeglach ginn, esou ze soen. Wat haalt Dir vun där Propositioun?

Jeannot Krecké: Ech fannen, datt dat keng abwegeg Propositioun ass. Mir hunn allerdéngs um Niveau vun der Koalitioun an der Regierung nach net doriwwer geschwat. Mä et ass richteg: dat do hätt kënnen domat ennegen, datt een dat, wat een op senge Spuerbicher huet zum gréissten Deel verléiert. D’Scholde géing een da behalen. Déi Iddi, fir dat ze kompenséieren, ass net domm.

Françoise Medernach: Zréck bei de Budget. Wat géif dat elo fir de Budget bedeiten, wann de Wuesstem d’nächst Jor effektiv nëmmen 1,8% bedréit? De Budget ass jo op 3% opgestallt ginn. Wéi géift Dir do reagéieren?

Jeannot Krecké: Also, ech wëll nach eng Kéier soen, déi 1,8%, dat ass deen eenzege Chiffer deen um Dësch läit. Et dierf een doraus keng Relioun maachen. Dat ka gegebenenfalls vill manner sinn. Et kann dee Chiffer do oder en ähnleche sinn. Ech loosse mech am Moment net op Prognostiken an, well et kee gëtt dee weess, wou mir landen. Dofir muss een elo Rou behalen, an net d’Leit mat Chifferen onroueg maachen, wou een am Endeffekt vläicht ganz anerer muss dohinner leeën.

Wat d’Auswierkungen op de Budget sinn, dat gesäit een eréischt an deenen éischte Méint d’nächst Jor. Et muss ee jo un der Realitéit moosse wéi dee Budget kann exekutéiert ginn. Elo sinn et nëmme Previsiounen, a Previsioune baséieren op Hypothesen, op Szenarien. An där kann ech der elo esou vill op den Dësch leeë wéi ech wëll, an ech ka se och alleguer argumentéieren. Mä wat fir een dee richtegen ass, weess keen.

An dofir mengen ech, et soll een elo Rou behalen, jiddweree soll och elo feststellen, datt mir en Effort ze maachen hunn, an datt d’Regierung deen doduerch mécht, datt se en ambitiéise Budgetsprojet huet. Do si vill Investitiounen an Infrastrukturen dran, déi vill Geld kaschten.

Mir wäerten déi elo net zréckschrauwen. Dat wier e Feeler, well mir domat d’Substanz vun deene Betriber géingen eraushuelen, déi an den Infrastrukture schaffen. Alleng nëmmen duerch eisen Infrastrukturprogramm, eisen Investitiounsprogramm, stäerke mir eis Wirtschaft. An do soll een net dru goen.

Françoise Medernach: Ass et dat scho ginn, datt de Budget geännert gouf?

Jeannot Krecké: Sécher, wann d’Zäite schwiereg sinn, da muss een e reajustéieren, dat gesäit een no e puer Méint vun der Exekutioun vum Budget. An Zäite wéi déi hei, wou d’Welt bannent engem Mount op der Kopp steet, dierf een och net mengen, datt e Budget deen am August, September, opgestallt ginn ass, datt dee bei där Vitesse mat där alles sech ännert elo nach seng Gültegkeet am Oktober d’nächst Jor huet. Dat ka bal net sinn.

Françoise Medernach: Dat heescht, d’Regierung wëll keng Panik maachen, a si ass op alles preparéiert?

Jeannot Krecké: Mir sinn drop preparéiert. Ech hu jo gesot, ech hunn e relativ grousst Vertrauen, datt mir kapabel sinn ze reagéieren.

Mir waren elo, wat d’Bankekris ubelaangt, jo an enger Situatioun déi mir net all Dag erliewen. Mir hu reagéiert, a jiddwereen, esouguer d’Oppositiounsparteien, hu gesot, datt dat de richtege Wee gewiescht ass. Esou hu mir wëlles weiderzefueren. Mir hunn eng Cellule de crise, déi permanent matenee schwätzt, an déi och kapabel ass, déi Décisiounen ze huelen, déi dann ustinn.

Mä et soll net am Virfeld grouss Ukënnegunge maachen. Mir hate jo och net ugekënnegt wat mir mat der Dexia a mat der BGL géinge maache. Mir hu gewisen, datt mir kapabel sinn dat ze maachen, wann et drop ukënnt. E bësse Vertraue muss een hunn.

Françoise Medernach: Här Krecké, Dir hutt et och schonn ugeschwat, et war nach ni esou kloer wéi elo, datt d’lëtzebuerger Wirtschaft muss diversifizéiert ginn. Dir hutt an de leschte Joere jo och ganz vill gemaach, an dach sidd Dir awer nach net esou richteg zefridden, dat hutt Dir jo och selwer gesot. Wat ass dann de Problem?

Jeannot Krecké: Ech sinn een, deen héich Uspréch u sech selwer stellt, an dofir sinn ech net zefridde mat deem, wat bis elo erauskomm ass. Zanter Joere priedegen ech, datt mir musse kucken aner Secteure vill méi staark z’ënnerstëtzen, datt mir esouguer musse kucken – an ech si mir bewosst, wat fir eng geféierlech Operatioun dat ass – op aner Marchéen ze goen, dat heescht, an aner Länner ze goe wou méi en héije Wuesstem ass.

Dofir sinn ech vill a China gaangen. Dofir sinn ech vill an Indien gaangen. Dofir sinn ech an d’Golfstaate gaangen, wou et héich Wuesstemstauxe ginn, an hu Betriber matgeholl, an hu probéiert hinnen dës Plaze schmackhaft ze maachen, fir datt se sech op aner Plaze bewegen an datt se, wann e Problem hei an Europa ass, wéinstens do weider kënne schaffen. Mir hunn zwar elo eng Kris, déi sech quasi flächendeckend iwwer d’ganz Welt leet, dat war net virauszegesinn, mä déi Efforte musse weider goen.

Mir musse weiderhi kucken, och hei zu Lëtzebuerg, de Produktiounssecteur z’ënnerstëtzen. Et war eng Tendenz an Europa allgemeng, an och hei zu Lëtzebuerg, fir ze soen, majo dat do musse mir jo net bei eis maachen, dat kënne jo anerer méi bëlleg maachen, da kafe mir alles wat aus Asien oder besonnesch aus Indien kënnt an, et ass bëlleg, a mir hu keng Emmerdementer domat.

Et muss ee wëssen, datt dat net laang hält!

Et muss een ëmmer am Kapp hunn, datt ee fir sech selwer muss suergen. Dat heescht, et muss ee kucken, datt een e Minimum selwer assuréiere ka, wann e Riseproblem kënnt, an d’Kommunikatiounsweeër an d’Transportweeër eventuell net méi esou fonctionnéieren. An deen, dee sech dann ausschliesslech op déi verléisst, datt eise Pëtrol vu Rotterdam, an eis Iesswueren aus Brasilien, an aner Konsumgidder aus China kommen, deen iert sech. Da sinn dat déi éischt, déi betraff sinn.

Dofir mengen ech, datt ee kucke muss, wat mir an der Groussregioun usiddele, wat mir vun hei kënnen huelen. Ech wëll dat Wuert Selbstversuergung net benotzen, ma e bëssen ass et dat, besonnesch bei de Liewensmëttelen. Et muss een och Groussregioun denken, et dierf een net nëmme Lëtzebuerg denken, mir sinn awer e bësse kleng.

A mir mussen och vläicht emol erëm op e verstännege Konsum kommen. Ass et noutwenneg, datt een am Dezember mus kënnen Äerdbieren iessen? Ass et sënnvoll, am Mäerz mussen en Apel ze hunn? Kann ee sech net och erëm e bëssen un dat upassen, wat d’Natur dobausse bidd, nämlech datt een et soll iessen, wann et fälleg ass. Déi ganz Konsumgewunnechten soll een emol erëm dorop axéieren. Ech hunn deem Service, dee sech bei mir ëm d’Konsumente bekëmmert, virun zwee Joer scho gesot, setzt dach emol e bësse méi op déi raisonnabel Konsommatioun. Ech fanne si ass net raisonnabel. Ech hunn dat schonn oft gesot, an ech si schonn dofir kritiséiert ginn.

Wann ech ronderëm Chrëschtdag a grouss Geschäfter ginn, wann ech gesi wat do Onnëtzes an Iwwerschwelleges kaaft gëtt – ech verstinn, datt et de Commerce dréinen deet an ech sinn och schon dofir kritiséiert ginn – mä ech muss awer soen, et kann een de Choix vu Produkter déi ee keeft vläicht emol e bësse bedenken: passt dat an d’Géigend, ass et ugepasst, Äerdbieren elo onbedéngt mussen ze hunn?

Et kann een net moies ënnerschreiwen, datt ee sech iwwer de Klimawandel Suerge mécht, a mëttes geet een Äerdbiere kafen, mëtten am Wanter. Et iwwerleet ee sech dann net, datt déi Äerdbiere mat engem Fliger musse kommen, datt do e risegt Gedeessems ronderëm ass, an datt dat e Riseproblem duerstellt, wann ee kuckt, wat dat vun CO2-Emissoune gëtt. Dat muss ee sech einfach an de Kapp setzen, datt dat en Enchaînement vu Problemer ass. Et geet drëm, datt een an Ëmfroe fir eppes ass, a sech dann a sengem Behuelen net fir zwee Sou Gedanke mécht, wat dat fir Auswierkungen huet.

Do mengen ech ass vill Opklärungsbedarf vu Säite vun der Regierung, awer och vu Säite vun de wirtschaftlechen Acteuren.

Françoise Medernach: Mä Konsum, do misst Dir Iech jo awer als Wirtschaftsminister grad driwwer freeën?

Jeannot Krecké: Jo, mä ech hunn ëmmer Problemer mat engem demesuréierten, irraisonnabele Konsum, well dat dozou féiert, datt d’Leit och onnëtz Saache kafen. Elo kënnt Dir soen, dat deet jo d’Wirtschaft dréinen, ech hunn awer léiwer, mir hunn eppes wat dann och durabel ass, wat laang Zäit unhält. Dofir mengen ech, datt een d’Konsumgewunnechte soll e bëssen ëmstellen.

Ech ënnerstëtze wierklech déi Bestriewungen, déi eenzel grouss Ketten hei hunn, fir Produkter aus der Géigend unzebidden. Et muss dach net ëmmer sinn, datt e Produkt wat aus Südafrika kënnt besser ass, wéi dat, wat eventuell hei an der Ëmgéigend gemaach gëtt, a sief et och an der Groussregioun, iergendwou wou et e Bezuch zu där Kultur huet, déi mir hei hunn. Et ass einfach dat Ëmdenke wat noutwenneg ass.

An Dir wäert gesinn, datt an deenen nächste Joeren d’Salairen, also d’Léin, an deene Länner nach ganz staark an d’Lut ginn. Déi sinn ëm 15%, 20% gewuess. Da sinn déi Käschtenënnerscheeder net méi esou grouss. An d’Transportkäschte wäerten elo elo extrem héich ginn.

Et ass net, well de Präis vum Barril elo ee Moment niddereg ass, datt dat esou wäert bleiwen. Dorunner gleewen ech net. Dat wäert durablement esou sinn, datt mir fir d’Energie deier wäerte bezuelen, heiheem a besonnesch op den Transportweeër.

An dat wäert mat sech bréngen, datt et net méi sënnvoll ass, permanent en T-Shirt oder eng Banane vun iergendwou hier op Lëtzebuerg ze féieren. Do wäert ee gesinn, datt dat Auswierkungen op de Präis wäert hunn, an da kënnt een erëm zur Besënnung, datt een och Saachen hei aus der Regioun ka bezéien. Et ass vläicht eegesënneg, mä et ass awer de Prinzip, datt ee muss probéiere seng eege Responsabilitéiten, esouwuel wat d’Produktioun ubelaangt, awer och d’Versuergung, ze iwwerhuelen.

Mir hunn och doduerch gesënnegt, datt mir gemengt hunn, eh ben dat not Ausland, wat méi schlecht drun ass, dat ka vill Saache fir eis maachen. Mir brauchen eng Bauwirtschaft, mä mir wëlle keng Camionen. Mir brauchen Entrepreneuren déi bauen, mä mir wëllen net de Kaméidi, deen dorunner hänkt. Ech weess, datt mir eng héich Liewensqualitéit hunn, a mir sollen och dono kucken. Mä mir kënnen awer net alles op déi aner Säit tippen. Dat ass net gutt, dat ass och net gutt fir d’Mentalitéit.

Et muss ee kucken, datt dat wat ee brauch, datt een dofir suergt. Et kann een net alles hei maachen, dat weess ech, mä dat wat een awer verursaacht, dee Schued deen ee verursaacht, dee soll ee selwer a Kaf huelen, a kucken en Deel dovunner, a sief et och an der Solidaritéit mat der Groussregioun, ze behiewen.

Ech sinn ëmmer dofir, datt ee responsabel fir sech selwer ass, an net probéiert alles deenen aneren dohinner ze tippen, just well mir eben en héicht Akommes pro Kapp hunn.

Françoise Medernach: Merci emol fir elo, Här Krecké. E Bléck op d’Auer, et ass halwer eng, an domat ass et Zäit fir den Noriichteniwwerbléck mam Gil Goebbels.

[Noriichteniwwerbléck mam Gil Goebbels]

Françoise Medernach: Dir sidd weider ageschalt um 100,7 an der Emissioun „Riicht eraus“, wou de Jeannot Krecké haut eisen Invité am Studio ass. Här Krecké, de Mouvement écologique huet Iech dës Woch en oppene Bréif geschriwwe gehat. Si reprochéieren Iech, déi falsch Diskussioun a Saachen Diversifizéierung ze féieren. Dir hat an Ärer Ried op der Ouverture vun der Foire gesot, datt nei Betriber och Stëbs, Kaméidi, Knascht mat sech bréngen. Mir lauschteren d’Kritik vum Blanche Weber:

Blanche Weber (O-Toun): Mir fannen am Fong, datt de Minister e faux débat lancéiert oder erëm opgewiermt huet, dee mir viru 5 oder 10 Joer haten. Mir hu wierklech geduecht, datt déi Zäit wou een Ekonomie an Ökologie géintenee géing ausspillen, eriwwer wier an datt mir gemeinsam géinge kucke wéi mir Ökologie an Ekonomie ënner een Hutt kréien, fir all déi Virdeeler ze notzen déi doraus entstinn.

Mir hunn haut nach eng Konferenz mat dem OGB-L, wou eng Étude vun de Vereenten Natioune virgestallt gëtt, wouraus ervir geet, wéivill Aarbechtsplazen am Ëmweltsecteur méiglech sinn. Dat sinn net méi Nischenaarbechtsplazen, dat sinn der net méi e puer, mä dat geet weltwäit an d’Milliounen Aarbechtsplazen. Mir haten eis vum Här Krecké erwaart, datt e mat no vir geet an datt en dee Matenee géing mat décidéieren.

Françoise Medernach: Här Krecké, wat äntwert Dir op déi Reproche?

Jeannot Krecké: Déi Reproche loossen ech net gëllen an ech hunn e Méindeg eng Reunioun mat hinnen, wou ech hinnen dat och wäert soen. Mä ech mengen, d’Blanche Weber an de Mouvement écologique hunn hir Astellung dozou. Ech stelle fest, datt meng eng aner ass. Ween elo richteg läit, dat ass eng aner Fro. Datt d’Vereenten Natiounen eis elo ausrechne wéivill Milliounen Aarbechtsplazen an den Ëmwelt-Technologië kommen, fannen ech jo formidabel. Ech géing just gär wëssen, wéi se dorunner kommen. Also, esou einfach geet dat jo net, datt een do einfach Milliounen Aarbechtsplazen an d’Welt setzt. D’Realitéit ass jo e bësse méi sérieux.

Ech stellen einfach fest, datt mir hei zu Lëtzebuerg lues a lues eng Mentalitéit kritt hunn, vun där ech virdru geschwat hunn. Mir iwwerhuelen net méi selwer d’Responsabilitéit fir dat wat mir verursaachen. Ech hätt gären, datt mir déi Prise de conscience hunn.

An da wier ech frou, wann de Mouvement écologique mir emol heiansdo géing hëllefen. Ech kann déi Bedenken op der anerer Säit verstoen, ma ech muss se net onbedéngt deelen. Well den Intérêt général ass deen, dee fir mech nach ëmmer priméiert. Wa mir et normal fannen – ech huelen nëmmen een topescht Beispill – datt mir joerelaang net kapabel sinn déi Ubannung un d’Autobunn Saarbrécken fäerdeg ze bréngen, well mir do a Prozedure leien, well Leit sech dogéint wieren, dann ass dat jiddwerengem seng Affaire, mä da soen ech Iech awer, esou kënnt een net virun. Ech wier frou, an ech hoffen och, datt mir eis vläicht den nächste Méindeg awer méi no kommen, datt ech dem Mouvement kann erklären, wat ech dohannert gesinn.

Ech hätt einfach gären, datt mir net einfach mat Schlagwierder, mat Milliounen Aarbechtsplazen an Ëmwelttechnologien, ronderëm eis geheien. De Mouvement écologique an all déi Leit, déi mir dat soe solle mir där Betriber bréngen. Ech ginn net midd dorëmmer kucken ze goen, mat Betriber ze schwätzen, se z’encouragéieren, mä dat ass net einfach. Et ass méi einfach gewiescht eng Bank heihinner ze kréien, et ass méi einfach gewiescht een am e-Commerce heihinner ze kréien, well mir eng Rei spezifesch Avantagen hunn. Mä fir wat kënnt een dann op Lëtzebuerg Ëmwelttechnologië maachen? Dat muss nach ee mir eng Kéier erklären.

Et muss een déi Leit jo och iwwerzeegt kréien. Ech si bereet, alles matzemaachen. Si solle mir Betriber nennen, déi ech soll besiche goen, fir se z’iwwerzeegen op Lëtzebuerg ze kommen. Ech ginn direkt.

Dat ass alles net esou einfach, wéi si dat duerstellen an dat probéieren ech hinnen duerzeleeën. Dat ass kee schlechte Wëllen an ech wëll de Leit kee schlecht Gewësse maachen. Ech wëll just op e puer Problemer hiweisen déi mir hunn an heiansdo vläicht op d’Mentalitéiten déi mir hunn awierken. Ech hätt gär, datt déi e bësse vun der Wollek sollen erofkommen. Ech sinn net gewinnt de Leit Geschichten z’erzielen an hinne Saache gleewen ze dinn, datt dat alles anescht kéint lafen. Ech si gewinnt mat der Realitéit ze liewen.

Ech probéieren dem Mouvement écologique dat kloer ze maachen. D’Blanche Weber ass eng Frau, déi esou selbstbewosst ass, datt et net wäert einfach gi se z’iwwerzeegen. Ech probéieren et awer.

Françoise Medernach: Mä fannt Dir dann net, datt d’Diskussioun no hanne geet, datt dat scho laang misst selbstverständlech sinn, no Ëmweltcritèren ze kucken?

Jeannot Krecké: Majo, hunn ech déi dann a Fro gestallt? Wat hunn ech Iech elo grad gesot a wat hunn ech och do gesot? Mir kënnen déi selwecht Décisiounen huelen, kënnen allerdéngs kucken, ob do net awer Unfug dobäi ass. D’Zuel vun den Etuden déi ee muss maachen, de Genre vun den Etuden déi ee muss maachen an d’Conclusiounen déi een heiansdo doraus zitt stellen ech awer a Fro.

Wësst Dir, datt bei eis Saache Schwieregkeete kréien, wou mir eis awer heiansdo un de Kapp gräife mussen a soen, ass dat normal? Ech huelen ee Betrib, do war op eemol festgestallt ginn, datt dee Betrib esouvill Kaméidi géing maachen, datt en net kéint op déi Plaz kommen. Or, alleng d’Rausche vun de Blieder am Bësch mécht genau dee selwechte Kaméidi. Et kann net sinn, datt mir do e Problem hunn an d’Rauschen am Bësch huet genau dee selwechten Niveau vun Dezibelen. Do hu mir dann awer kee Problem.

Mir mussen einfach erëm op de Buedem vun der Realitéit kommen. Ech stelle keng Ëmweltstandarden a Fro, ech soe just, komm mir kucken, ob mir Onnëtzes net kënnen ewechloossen. Dee Problem ass net 10 Joer al, deen ass vun haut, an deen ass an 10 Joer och nach ëmmer dee selwechten.

Et wäert ëmmer eng Gewiichtung tëscht 3 Facteure musse ginn. D’Blanche Weber schwätzt ëmmer nëmme vun 2, nämlech vun Ëmwelt a vu Wirtschaft. Ech schwätze vun 3: vun Ëmwelt, Wirtschaft a Sozialem. Mir wëllen am Sozialen héich Standarde weiderféieren, mir wëllen de Leit villes ofsécheren, villes garantéieren. Et ass néierens, wou d’Sozialnetz esou gutt ass wéi zu Lëtzebuerg, néierens. Dat wëlle mir och weiderhi maachen.

Mä wou kënnt dat dann hier? Ma dat kënnt, well mir eis wirtschaftlech eng Rei Saachen ugeeegent hunn, wou mir Sue verdéngen, wou mir kënnen déi Ëmverdeelung maachen a wou mir jiddwerengem kënnen hëllefen. Et gëtt also en Equiliber tëscht deenen 3 an d’Blanche Weber vergësst dee sozialen Deel ëmmer.

Dofir soen ech, datt de Choix de Société deen ass: wëlle mir an engem Naturpark hei zu Lëtzebuerg liewen? Dann dierfe mir net den Usproch hunn, dat héchste Pro-Kapp-Akommes op der Welt ze hunn. Wou kéim dat Geld dann hier? Dat wiist jo net op de Beem. Also musse mir wëssen, datt dat am Equiliber muss sinn. Dee Choix de Société hunn ech 1995 an engem Budgetsrapport emol eng Kéier ervirbruecht a gesot, mir musse just wësse wat mir wëllen. A mir haten eis elo eng Zäit fir méi Wuesstem entscheed, méi Konsum, méi Kafkraaft, e bessert sozialt Ëmfeld. Datt dat e bëssen op Käschte vun der Ëmwelt geet, jo. Mä deen dee mengt, dat eent an dat anert wier méiglech, nee. Et gëtt en Equiliber tëscht deenen 3, an et dierf een déi 3 net vergiessen.

Françoise Medernach: Mä et huet een awer e bëssen d’Impressioun, wéi wann déi schlecht Ambiance, déi Onsécherheet wéinst der Kris géif genotzt ginn, fir erëm alles dat ze maachen, wat een am Fong virdrun net méi konnt. Mam Virwand Finanzkris, Wirtschaftskris, Rezessiounsgefor, dierf een erëm alles?

Jeannot Krecké: Nee, et dierf een net alles, mä et dierf een awer Saachen a Fro stellen. Mir hunn Directivë méi streng ëmgesat, wéi et noutwenneg gewiescht wier. Mir hunn eis keng Suerge gemaach, d’Sue sinn awer komm. Dat dierft vläicht an Zukunft net méi esou sinn. Dann dierf awer d’Fro erlaabt sinn, ob mir dat solle maachen? Musse mir da méi wäit goen, méi streng si wéi déi zu Arel, zu Metz oder zu Tréier? Ech kucke jo net déi a China, ech kucken déi hei ronderëm. Muss dat sinn? Musse mir méi komplizéiert si wéi si? Dat bréngt dem Bierger och guer näischt, et emmerdéiert nëmmen de Betrib. Et ass dat, wat ech a Fro stellen. Mir sollen dach einfach eng sérieux Diskussioun doriwwer kënne féieren, wat onnëtz a wat sënnvoll ass.

Et ass keen, deen d’Ëmweltstandarden a Fro stellt – wa se Sënn ginn. Mä komm, mir vergläichen eis dach awer. Ass et dann normal, datt de Metzler esouvill méi Oplagen huet, esouvill méi Misère huet, wann e sech zu Lëtzebuerg etabléiert, wéi zu Metz, zu Diddenuewen oder zu Arel. Dat ass dach net normal. Deen dee mengt, dat wier normal, muss einfach wëssen, datt déi Schwieregkeeten, déi en de Leit op onnëtz Aart a Weis mécht, dem Bierger net vill bréngen a muer domat ennegen, datt eis Produktioun aus der Groussregioun kënnt an net méi vun eis.

Et ass dorop, wou ech wëll hiweisen. Deen, dee mengt, datt et weider esou geet, datt mir hei allméiglech Standarde kënne méi héich usetze wéi op anere Plazen an awer vill Geld verdéngen, dee froen ech, wou mir dat Geld da verdéngen, wann et net méi iwwer de Finanzsecteur esou ausgiebeg kënnt wéi dat de Fall ass – an dat gesäit dono aus. Mir mussen eis vläicht op esou Zäiten astellen. Da musse mir erëm Geld verdéngen, do wou och déi aner se verdéngen.

Françoise Medernach: Mä generell géift Dir awer soen, datt Ëmwelttechnologien e gudde Secteur fir weider ze diversifizéiere wieren? Wiert Dir op, fir esou Betriber heihinner ze huelen?

Jeannot Krecké: Ech sinn net nëmmen op, ech froen no hinnen.

Françoise Medernach: Dir frot.

Jeannot Krecké: Och gréng Deputéierten erziele mir déi Geschicht do. Da soen ech hinnen, dann nennt mir een, bréngt mir een an de Büro, deen dir gär hätt. Ech waarden haut nach drop, datt deen éischten, ob vum Mouvement écologique oder vun hinne kënnt.

Françoise Medernach: U wat läit dat dann? Well et ginn der jo awer.

Jeannot Krecké: Esou einfach geet dat net. Et muss een ëmmer kucken, wat den Ureiz fir op Lëtzebuerg ze kommen ass. Wat ass dann de groussen Ureiz, fir net op Leipzig ze goen? Et kritt ee méi Bäihëllefe wann een dohinner geet, wéi hei zu Lëtzebuerg, et gi jo kloer Regelen aus der Europäescher Unioun.

Et muss een also probéieren, e Plan d’action ze maachen. Mir sinn amgaangen dorunner ze schaffen. Mir hunn elo dee Plan d’Action iwwer Gesondheetstechnologien ëmgesat. Dat huet 140 Millioune kascht. D’Regierung huet sech awer getraut dat ze maachen, obwuel der vill dat a Fro stellen. Ech soen Iech, dat gëtt e Succès, mä et muss een dee Risiko do huelen. Mir kënnen net tous azimutes schaffen. Ech hunn dat do emol gemaach, meng Leit schaffen elo un engem Aktiounsplang fir d’Ëmwelttechnologien.

Mir hunn iwweregens esou Entreprisen hei. Mir hu SolarWood hei, déi Solarpanneaue produzéieren. Mir hunn Delphi hei. Wat mécht Delphi? Dat ass reng Ëmwelttechnologie wat déi maachen. Déi probéieren de Verbrauch vum Bensinn bei den Autoen erofzesetzen, déi probéieren, datt manner Energie duerch den Airconditionning am Auto verpolfert gëtt.

Mir hunn X Betriber déi doropper schaffen. Ech hunn net drop gewaart, datt ee mir dat géing soen, mä de richtegen Aktiounsplang kann ech eréischt an engem Mount oder esou virleeën. Et war gerechent ginn, fir en am éischten Trimester d’nächst Jor virzeleeën. Ech zéien dat elo e bësse vir, well ech gesinn, datt do eng Noutwennegkeet ass, mä mir hunn net drop gewaart, datt een eis dat géing soen, fir doropper ze schaffen. Wéi gesot, nach kee vun deenen huet iergendee Betrib bruecht. Wann et esou einfach wier, da kéinte si dat jo maachen.

Françoise Medernach: Wéi ass et eigentlech mam Logistikzenter, deen op de fréiere WSA-Site soll kommen. Gëschter huet d’Gemeng Beetebuerg do provisoresch d’Autorisatioun gestëmmt. Wéini soll dat lass goen?

Jeannot Krecké: Dat ass eng gutt Fro. Ech hunn alles en place, fir datt déi nei gegrënnte Gesellschaft lassfiert, déi jo e gudden Deel dovu soll erschléissen an Halen do soll bauen. Dat ass eng Joint-Venture tëscht der lëtzebuerger Regierung a Sogaris. Ech kommen awer net un. Ech stelle just fest, datt mir do op engem Terrain, wou Panzere gefuer sinn, et war keng Spillplaz, et war och kee Biotop, ma wou Panzere gefuer sinn, elo all déi Prozeduren duerchlafe mussen: de PAG muss geännert ginn, et wäert e PAP musse gemaach ginn, Commodo vun der Zone, Commodo vum Betrib an esou weider.

Also, virun 2012 rechnen ech net, datt eng Hal do steet. An dat fannen ech net normal. Muss ech dann dem Land zoumudden, datt ech 2 Legislaturperiodë muss Minister sinn, fir eppes wat evident ass, wou jiddwereen dofir ass, wou d’Gemenge kee Problem domat hunn, wou, mengen ech, och jiddweree weess, datt dat eng Zukunftsbranche fir Lëtzebuerg ass, wou mir en Terrain hu wou, wéi gesot, Panzere gefuer sinn, deen een elo liicht kéint ëmänneren, fir datt dat esouvill Joer dauert, bis mir do vläicht déi éischt reell Hal gesinn, déi der Logistik entsprécht. Ech fannen dat einfach net normal.

Ech maache kengem e Virworf. Ech fannen et just net normal. Wann e Problem ass, sinn ech domat d’accord, datt et eng ganz Rei Asprochméiglechkeete musse ginn. Mä ass et normal, datt mir dat esou laang musse schleefe loosse wa kee Problem ass? Also, et ass och vläicht bei mir am Ministère, wou eenzel Punkten och net schnell genuch duerchginn. Ech stellen einfach fest, datt mir dat 2007 décidéiert hunn, an 2012 brénge mir dat dann op eemol fäerdeg. Dat ass mir ze laang.

Françoise Medernach: Mä wou läit dann do d’Kromm an der Heck.

Jeannot Krecké: Majo, et läit un deene Prozeduren déi mir an der Chamber hunn. Et sinn net d’Beamten. D’Beamten exekutéieren dat wat mir eng Kéier gestëmmt hunn.

Ech muss och mäin Deel vun der Responsabilitéit iwwerhuelen, ech souz laang an der Chamber. Mir hunn eis keng Rechenschaft doriwwer ofgeluecht, datt mir do ëmmer nëmmen dropgetippt hunn. Dat do ass dann d’Resultat vun esou eppes.

Dat ass dach net normal: et ass kee ganz grousse Problem do, et ass eng Prioritéit vun der Regierung, wéi gesot, et ass en zouenen Areal. Do si Panzere gefuer an do brénge mir et net fäerdeg déi Halen ofzerappen an anerer bannent engem Jor dohinner ze setzen. Dat brénge mir net fäerdeg. Also musse mir doriwwer nodenken. Ech stellen näischt a Fro, well et wäert herno esou goen, wéi et elo virgesinn ass, well kee gréissere Problem do ass fir dat esou ze maachen, mä déi Prozedure mussen alleguer esou duerchlaf ginn. An deen dee mengt, et dierft een déi Froen do net stellen, ma deen huet sech geiert.

Françoise Medernach: Komme mir da bei een anert Thema: ganz Lëtzebuerg war elo dës Woch opbruecht iwwer den Interview mam Premier op France 2 an dee Reportage dee virdru gewise gouf, wou Lëtzebuerg esou ze soen als Steierparadäis duergestallt gouf. Wat halt Dir vun där ganzer Diskussioun?

Jeannot Krecké: Emol éischtens déi Duerstellung vu Lëtzebuerg, dat war eng Karikatur déi ech absolut net kann akzeptéieren. Wann d’Fransouse wëlles hunn, grad wéi déi däitsch Kollegen, op déi do Aart a Weis mat eis ëmzegoen, da gëtt et an der Kollaboratioun, dat soen ech hinnen, ganz schwiereg.

Ech verstinn och d’Roserei vum Premier. Esou eng Karikatur kann een net vun engem Land maachen, wat um Dësch vum Eurogrupp sëtzt, um Dësch vun der Europäescher Unioun, a wat sech näischt zu Schëlde komme gelooss huet, wat dat applizéiert wat méiglech ass. Dat do ass awer net nei. Mir spieren dat do säit dem Abrëll, Mee d’lescht Jor um Niveau vum Ecofin, dat heescht vum Europäesche Rot vun de Finanz- a Wirtschaftsministeren. Do ass deen Drock evident. Déi kënnt och zum Deel vun den Amerikaner iwwer d’OECD, et war jo och esou zu Paräis wou déi Veranstaltung do stattfonnt huet.

Ech si mëttlerweil der Meenung, datt eis Finanzplaz effektiv net vum Bankgeheimnis méi lieft an datt een eng Kéier muss déi Perspektiv hunn, datt ee vläicht dat Bankgeheimnis net méi an där Form huet. Da soll een dat awer a Rou maachen. Mir loossen eis awer elo net vun hinnen hei en décke Kapp maachen an eis gleewen doen, déi Finanzkris wier duerch d’Problemer vum Bankgeheimnis ausgebrach. Dat ass jo totalen Nonsens. Komm, mir kucken emol déi Problemer ze léisen déi mir elo hunn an da komme mir och eng Kéier an der Diskussioun op dat do.

Françoise Medernach: Mä den Jean-Claude Juncker sot jo och, datt Lëtzebuerg prett wier fir iwwer d’Bankgeheimnis ze diskutéieren. Wat heescht dat dann?

Jeannot Krecké: Majo, datt mir prett si fir doriwwer ze diskutéieren. Mä dat bedeit net, datt mir eis dat opdränge loossen. Mir mussen ofweie wat dann herno den Avantage ass, wann ee säi Geld hei zu Lëtzebuerg huet a wou een da 35% Quellesteier bezilt an dat ass geschwënn. Huet een dann net besser, et ass ee fir den Échange d’informations an et bezilt jiddweree sengem Land dat, wat en ze bezuelen huet. Déi Fro stellt sech.

Spéitstens 2011 stellt déi Fro sech. Lëtzebuerg huet nach ëmmer gesot, mir si bereet eng Kéier doriwwer ze schwätzen. Mir sinn och bereet doriwwer nozedenke wéi mir kënne virgoen, mä mir ginn eis awer elo net hei e schlecht Gewësse maachen, wéi wann et d’Bankgeheimnis wier, wat à la base vun deene Problemer wier, déi mir am Finanzsecteur hunn. Do gëtt alles matenee vermëscht. Do gëtt probéiert, ënner dem Virwand vun enger Finanzkris, Saachen op eemol duerchzedrécken, déi hinne säit laangem en Dar am A waren. Esou geet dat net.

Françoise Medernach: Déi ganz Diskussioun ëm d’Bankgeheimnis, déi soi disant Attack vu Frankräich op Lëtzebuerg an op déi aner Länner déi d’Bankgeheimnis hunn – schued dat dem wirtschaftlechen Image vu Lëtzebuerg? Kommen elo doduerch vläicht manner Betriber, well déi dann onsécher ginn? Huet dat och domatter ze dinn?

Jeannot Krecké: Oh, ech mengen net. Ma ech wëll eng Remarque dotëscht maachen: Dir schwätzt ëmmer vu Betriber déi kommen. Mir hu ganz vill Betriber hei zu Lëtzebuerg, déi selwer wëllen ausbauen. Et ass net esou, datt esouvill nei Betriber musse kommen. Mir hunn interessant Betriber déi wëllen ausbauen an déi sech hei zu Lëtzebuerg wuelfillen. Et sinn och déi, déi d’Schwieregkeete vun deene Prozeduren am Moment gesinn. Et ass net ëmmer, datt ee sech muss virstellen datt elo esou vill nei Betriber kommen. Mä et geet och ëm Betriber déi hei sinn, déi sech vergréissere wëllen.

Wa mir deene Leit an de Gespréicher kënne kloermaachen, datt et elo an eng gewësse Richtung geet, dat ass déi Sécherheet, déi den Investisseur muss hunn, an déi gi mir hinnen. An eis Geschicht weist och, datt se sech op eis kënne verloossen. Wann et onbequem ass, da solle mir hinnen et soen.

Mir hunn elo gesot, d’TVA um Niveau vum e-Commerce ass 2015 fäerdeg. Da gëtt e Phasing out bis 2019 gemaach – dat ass also Kloerheet. Do weess jiddweree wou en drun ass an domat kënnen déi gutt liewen. Déi wëllen net noutgedrongen ëmmer Extrawurschten, mä si wëlle genau wësse wou et higeet. An dofir, wa mir hinne genau soe wéi mir dat plangen, da muss dat iwwerhaapt kee Schued fir Lëtzebuerg sinn. Dann huet och d’Bankewelt, d’ganz Finanzwelt, Zäit sech dorop anzestellen. An ech mengen, datt dat säit Joeren och geschitt.

Françoise Medernach: Dat heescht, Lëtzebuerg ka sech ganz gutt behaapten, trotz deem Drock, deen et den Ament huet?

Jeannot Krecké: Wa mir wëllen erfollegräich sinn, da musse mir och kapabel sinn, Drock auszehalen, och wann dee vu grousse Länner kënnt. Et ass net dofir, wou mir ufänken Angscht ze kréien. Dat war et net bis elo an dat gëtt et och net.

Françoise Medernach: Bei där ganzer Diskussioun ronderëm d’Steieroasen ass jo besonnesch de franséische President ganz aktiv. Den Nicolas Sarkozy proposéiert jo, fir e Gouvernement économique fir d’Eurozon ze grënnen. Wat wier dat genee?

Jeannot Krecké: Ech muss jo soen, dee gudde Mann zweiwelt un näischt a virun allem net u sech selwer. En huet jo u sech den Eurogrupp ganz staark kritiséiert, well dat ass jo déi Plaz wou d’Koordinatioun vun de Wirtschafts- a Finanzpolitike gemaach gëtt. Hie stellt also sécher fest, datt do seng Ministesch hir Aarbecht net mécht.

Hie stellt also wahrscheinlech fest, datt nëmmen hie kapabel ass, well e gesot huet, d’Legitimatioun fir dat do ze maachen hätten nëmmen d’Premierministeren an d’Chefe vun de Regierungen. Ech fannen, datt dat eng gesond Iwwerhieflechkeet ass.

Ech hu bis elo festgestallt, datt, wann een de Chefs d’État et de Gouvernement, mat allem Respekt deen ech fir se hunn, sektoriell präzis Froen iwwerléisst, datt dat net noutgedronge ganz gutt an déifgräifend Iwwerleeunge sinn, déi dann erauskommen. Dat si gewéinlech grouss politesch Punkten, déi do erörtert ginn.

Ech hu léiwer, de Jean-Claude Juncker bleift weiderhin de Pilot am Eurogrupp a mir schaffen do. Dat ass déi Plaz, wou am beschte geschafft gëtt, kann ech Iech soen, an am efficacesten. Ech weess, datt d’Leit net frou sinn, well et en dehors vun der Press ass an datt eben näischt ëffentlech ass, mä do kënne Saachen nach anstänneg behandelt ginn. Et soll een dat esou bestoe loossen. Do maache mir scho Koordinatioun vun de Wirtschafts- a Finanzpolitiken, an dat ass och gutt esou an dat soll och esou bleiwen. De Sarkozy soll dann ebe senger Ministesch soe wat hie gutt fënnt, mä e soll d’Fangeren dovunner ewech loossen. Dat ass eng staark Kritik um Eurogrupp, dat ass eng staark Kritik un deem, wat mir do maachen. Dat loossen ech net esou op mir sëtzen.

Françoise Medernach: Et gëtt jo vill esou duergeluecht, wéi wann dat eng Tentative vu Frankräich wier fir de President vum Eurogrupp ze stierzen.

Jeannot Krecké: Ech representéiere Lëtzebuerg a gesinn de Jean-Claude Juncker an Aktioun am Eurogrupp an ech fannen, datt mir do eng exzellent Aarbecht ënner senger Regie maachen. Dat ass och vun all deenen, déi awer eppes vu Finanze kennen an déi do sëtzen akzeptéiert. A mir sollen et do loosse wou et ass. Mir kënne vläicht iwwer Ëmorientéierungen a besser Koordinatioun nodenken, mä mir sollen net ufänken nei Gremie permanent ze schafen. Dat bréngt net noutgedronge besser Aarbecht.

Françoise Medernach: Dann hunn ech awer och nach e puer Froen un Iech als Sportsminister. Här Krecké, d’Analysë vum Tour de France sinn elo ofgeschloss. De Fränk Schleck war jo net dobäi. Heescht dat, datt hien elo vun den Dopingvirwërf wäiss gewäsch ass?

Jeannot Krecké: Et stellt ee fest, an ech si ganz frou doriwwer, datt kee vun eise Jongen Saache gemaach huet, déi en net hätt solle maachen.

D’Press huet do net ëmmer, och hei zu Lëtzebuerg, eng flott Roll gespillt. Si huet Dommheeten, déi an der franséischer Press opkomm sinn, opgeholl wéi wann et d’Realitéit wier. Ech war net frou doriwwer. Et kann een d’Leit net esou un de Pranger stellen. Do ass vu Kirchen a vu Schleck geschwat ginn, déi op enger Lëscht sinn. Wann do ee Kaalwereie vum Stapel léisst, an dat war de Fall, da kann een dat dach net einfach esou iwwerhuelen a soen, Jo, dat ass da wahrscheinlech esou.

Et komme jo elo nach eng Kéier Nopréiwungen iwwer d’olympesch Spiller, do gëtt elo nach eng Kéier mat neie Methode getest, ech sinn och frou doriwwer. Si sollen dat roueg maachen. Dat gëllt iwwregens net nëmme fir de Vëlo. Et gëllt fir all déi Sportaarten, well ech sinn der Meenung, datt een Doping op Null muss eroffueren. Ech sinn also ganz frou, datt kee vun eis dobäi war, an ech mengen, ech hunn dat oft gesot, datt ech ganz vill Gespréicher mat hinnen doriwwer hunn. Ech ginn hinne wahrscheinlech heiansdo domat op d’Nerven, mä ech wëll si ëmmer erëm drop hiweisen, datt si an engem geféierleche Milieu sinn. D’Beispill vun deem Schwëmmer weist, datt et nach ëmmer un Opklärung feelt. Et ass eng nei Welt fir esou jonk Leit.

Dofir ass dee Sportslycée, dee mir amgaange sinn en place ze setzen, esou wichteg, well mir si do drop virbereeden. Ech hoffen, datt do all eis Spëtzesportler, déi vläicht eng Kéier a Gefor kéime mat Leit, déi hinnen eppes op der Säit géingen offréieren, a Kontakt ze kommen, datt déi do déi noutwenneg Opklärung kréien. Dee Jong, deen ass jo och un de Pranger gestallt ginn, eemol méi an der Ëffentlechkeet. Et ass e Mannerjäregen. Deen ass méi noenee gemaach gi wéi een, deen als Mannerjäregen een ëmbruecht huet. Dee gëtt méi geschützt wéi de Jong hei.

Dee Jong huet wahrscheinlech eng Dommheet gemaach, mä en huet awer näischt leeschtungssteigerendes gemaach. En huet also näischt gemaach fir seng Leeschtung ze verbesseren. En huet wahrscheinlech e Medikament, eng Crème, geholl, déi en net hätt sollen huelen – dofir ass d’Opklärung noutwenneg. Mir probéieren deene Jonken dat an deem Sportslycée bäizebréngen. Dofir ass et gutt, datt si wa méiglech alleguerten duerch dee Sportslycée ginn, fir datt se déi Opklärung kréien. Mir musse vill op se awierken.

Et ass heiansdo Noléissegkeet, déi dozou féiert. Dat ass sécher net ëmmer de Fall, ganz oft dopt ee sech och bewosst. Ech mengen, dat hunn de Kohl, Schumacher jo och zouginn. Mä eis Leit ware fir de Moment néierens positiv getest. Da soll een hinnen och elo wann ech gelift dat Vertrauen entgéintbréngen, an et soll een ophale permanent och nach ze hëllefen, wann iergendeen an der Press am Ausland Loscht huet, een duerch den Dreck ze zéien.

Françoise Medernach: Mä de Rapport vun der ALAD iwwer déi Iwwerweisung vum Fränk Schleck un de Fuentes ass jo awer nach ëmmer net eraus. Wéini soll deen da kommen? Et war jo gesot ginn, wann d’Resultater vun den Analysë vum Tour bekannt sinn. Firwat dauert dat esou laang?

Jeannot Krecké: D’Analysë vum Tour hunn näischt mat där doter Affaire ze dinn.

Françoise Medernach: Nee, mä si hate gesot, wann déi eraussi géif de Rapport och kommen.

Jeannot Krecké: Ech weess net wat d’ALAD mécht, well si jo onofhängeg ass. Mäi Verständnis ass, datt si an där Affaire déi si beschäftegt elo eng ganz Rei Schrëtt mam Ausland ënnerholl huet, wou si a Kontakt getrueden ass, wou si weider Informatioune sicht. A wa si déi Informatiounen huet, da wäert s’e Rapport doriwwer maachen, an dee Rapport wäert zu Conclusioune kommen.

Entweder, datt de Fränk Schleck wäiss gewäsch gëtt, oder datt e virun d’Sportsgeriicht kënnt. Mir hu jo e Geriicht, wat onofhängeg vun der ALAD fonctionnéiert, wou et och eng Appelinstanz gëtt an dat wäert sech dann domat befaassen. Mä de Rapport vun der ALAD muss zu deene Virwërf déi um Dësch leie Stellung huelen. Dat huet näischt mat deem, wat a Frankräich am Tour war, ze dinn. Den Tour bestäerkt just dat wat d’Jonge selwer gesot hunn: mir hunn net gedopt. Ech mengen, dat huet een do gesinn. Ech hoffen, datt déi nächst Prouwen déi elo gemaach ginn, dat nach weider wäerte bestätegen. Mä d’ALAD muss an der Saach vun där Iwwerweisung kucken, Zesummenhäng hierzestellen, ze verstoe wat do geschitt ass, an dann ze soen, il y a lieu ou il n’y a pas lieu.

D’ALAD schafft onofhängeg vis-à-vis vum Sportsminister an dat ass och gutt esou. Dat muss och esou bleiwen. Ech kréien Drock, mä dee kann ech net weiderginn. Si sollen hir Aarbecht maachen, hire Ruff steet och um Spill, an ech ginn dovun aus, datt et an den nächste Woche Kloerheet gëtt. Ech mengen, si hunn am Ausland eng Rei Informatioune gefrot, a wa si déi Informatiounen hunn, da musse si eben hir Responsabilitéit huelen an zu Conclusioune kommen.

Françoise Medernach: Dat heescht, Dir wësst net wéini datt de Rapport kënnt?

Jeannot Krecké: Nee, ech kann Iech net soe wéini dee Rapport kënnt an et huet dofir och kee Wäert ze spekuléieren. Ech weess et net, ech ginn dovun aus, datt déi an der ALAD et am Moment och net wëssen, well déi musse jo emol all déi Informatioune kréien.

Françoise Medernach: An dat heescht, Dir hutt och keng Ahnung wat drasteet?

Jeannot Krecké: Nee. Ech weess emol net genau wat si nogefrot hunn. Wéi ech gefrot hunn, wéi gitt Dir dann elo vir, hu si mir just gesot, majo mir mussen eng ganz Rei Detailfroe am Ausland nofroen, och nach hei deen een oder anere gesinn, mat deem mir schwätzen an da komme mir zu Conclusiounen. Ech loosse si och gewäerden.

Françoise Medernach: Gitt Dir de Mëtteg d’Halleffinalen am Tennis op d’Kockelscheier kucken?

Jeannot Krecké: Dat ass duerchaus méiglech. Ech ginn entweder haut de Mëtteg oder muer de Mëtteg. Ech ginn op alle Fall eng Kéier kucken.

Françoise Medernach: Da soen ech Iech Merci, datt Dir bei eis an de Studio komm sidd

Dernière mise à jour