Déclarations de Luc Frieden à l'issue d'une entrevue avec une délégation de clients de la banque Kaupthing

Journalistin: Dir huet jo de Moien d’Vertrieder vun der belscher Regierung, awer och Vertrieder vun de belsche Spuerer vun der Kaupthing-Bank emfaangen. Déi wollte wëssen, wéi et hire Konte geet, déi blockéiert sinn. Waren Interessenten am Spill, huet Dir nach Kontakt mat Interessenten, déi vläicht déi Bank wéilten opkafen? Ginn et der do elo?

Luc Frieden: Ech versti ganz gutt d’Suerge vun deene Leit, déi hir Suen op där Bank hannerluegt hunn, sief dat zu Lëtzebuerg bei der Kaupthing-Bank, oder sief dat bei hirer Succursale an der Belsch, an déi Leit wëllen natierlech wësse wat mat hire Sue geschitt.

Ech hunn hinnen de Moien nach eng Kéier erkläert, datt fir de Moment déi Bank net an der Faillite ass, mä datt se an enger Zort vun Zwëschenetappe ass, nämlech an dem esou genanntenen Sursis de paiement, déi Bank leeft, mä absolut keng Ausbezuelungen dierf maachen, an se fonctionnéiert ënnert der Kontroll vum Geriicht agesatenen Administrateuren.

Éischt Aufgab vun deenen Administrateuren, an och éischte Wonsch vun der lëtzebuerger Regierung ass, fir sécherzestellen, datt déi Bank weider fonctionnéiert, an duefir encouragéiere mir all Solutioun déi dorop géing erauslafen, datt ee géing déi Bank ganz kafen.

Et si fir de Moment e puer Banken am gaangen d’Konte vun der Kaupthing ze studéieren, et gëtt awer ganz schwiereg, well déi Bank eng ganz Rei Engagementer nach huet, déi net kloer sin wéi se deene kéinten nokommen, an duefir dauert dat e bësse méi laang, wéi ee sech dat an engem ideale Szenario kënnt virstellen. Mir préludéieren déi Solutioun bei där mir sécherstellen, datt herno d’Leit alleguer hir Suen géingen erëm kréien.

Mä ech hunn awer och deene Vertrieder vun de Clienten de Moie gesot, datt wann déi Solutioun net soll méiglech sinn, datt dann éischtens de System vun der Einlagesécherung, vun der Garantie de dépôts géing spillen, esou wéi et am Gesetz virgesinn ass, dat heescht, datt all Client 20.000 Euro kritt, an datt mir doriwwer eraus, an enker Zesummenaarbecht mat der belscher Regierung kucken, wat mir nach méi fir déi Cliente kënne maachen. Mä dat ass fir eis net deen ideale Szenario, deen ideale Szenario ass, datt d’Bank kënnt weider liewen.

Journalistin: Wann elo alleguer d’Clienten 20.000 Euro géife kréien, wéivill géif dat kaschte fir de Staat?

Luc Frieden: Wann all Client 20.000 Euro géing kréien, da géing dat fir de Staat näischt direkt kaschten, well de System vun der Garantie de dépôts ass esou opgebaut, datt dat en fait en Assurancesystem tëscht de Banken ass. Et kascht de Staat indirekt eppes, well déi Banken hunn déi Sue provisionéiert, an esou datt se déi Suen ofgeschriwwen hunn, an domat bezuele se da keng Steieren. Et ass also eng manner Einnahm fir de Staat, mä et kënnt ké Geld direkt aus dem Staatsbudget.

Wa mir iwwer déi 20.000 Euro eppes maachen, a vue datt de System fir de Moment jo net en Place ass, fir do driwwer ze goen, da muss een dee Moment kucken, datt een dat ënnert enger Form mécht, déi de Staatsbudget op e Minimum belaascht. Do muss een emol kucke wéi ee kann dee Finanzement assuréieren. Ech sinn am gaangen do verschidde Modeller ze iwwerleeën. Ech wëll datt mir den Impakt op de Staatsbudget op e strikte Minimum kënne limitéieren.

Journalistin: Et ass jo esou, datt déi Leit schonn zënter dem 9. Oktober keng Sue méi do eraus kréien. Huet Dir Iech eng Deadline gesat, wou muss reagéiert ginn, wou muss eng Décisioun geholl ob déi Bank elo e Repreneur fënnt, oder ob se an d’Faillite gesat gëtt?

Luc Frieden: Et ass net un der Regierung fir déi Deadline do ze setzen, well d’Regierung kann net décidéieren ob eng Bank a Faillite geet, oder net. Dat décidéiert d’Geriicht.

Vu datt ech awer de Misère vun deene Leit do verstinn, schéngt et mir logesch, datt een eng Solutioun am Laf vum Mount November fënnt. Entweder d’Idealsolutioun datt een ee fënnt, deen déi Bank keeft, oder datt d’Garantie de dépôts ausbezuelt gëtt.

Ech war net der Meenung, datt ee soll direkt ausbezuelen, well dann hätt ee ganz sécher kee fonnt, deen déi Bank géing kafen. An duefir mengen ech, datt een awer déi Leit och net kann éiweg waarde loossen, do si jo eng ganz Rei Leit dobäi, déi hunn nëmmen ee Kont. Dat heescht wann dee Kont blockéiert ass, dann hunn déi näischt fir ze liewen. An duefir mengen ech, datt ee raisonnablement muss am Mount November eng Décisioun huelen, an net nëmmen dann eréischt eng Décisioun huelen, mä dann och ausbezuelen, e Stéck, oder alles, no deene Modalitéiten déi da musse geholl ginn.

Mä ech kann Iech och soen, datt déi Associatioun, déi sech em d’Garantie de dépôts bekëmmert, datt déi e Mechanismus en Place gesat huet, fir kënnen esou schnell wéi méiglech auszebezuelen, wann dann déi Décisioun soll geholl ginn.

Journalistin: Vläicht méi eng allgemeng Fro. Déi 100.000 Euro-Garantie spillt jo nach net, dat muss e Gesetz ginn. Huet Dir do eng Iddi, wéini dat kéint duerch d’Chamber goen?

Luc Frieden: Jo, selbstverständlech, well mir hunn haut de Moien am Regierungsrot deen diesbezüglechen Text, op mäi Virschlag hin, ugeholl. Mir proposéieren do dee Montant an d’Budgetsgesetz ze setzen, soudatt da dat géing fir den 1. Januar 2009 a Kraaft trieden. Mä dat ass e System dee logescherweis nëmme ka fir d’Zukunft spillen, well och elo musse jo fir d’éischt d’Banken déi Provisiounë maachen. Mä dee System trëtt also fir all déi aner Leit, fir all déi aner Banken, den 1. Januar 2009 a Kraaft.

Journalistin: Ech kommen nach kuerz zeréck bei d’Kaupthing-Bank. Do geet ëmmer Rieds vun 20.000 belsche Clienten, huet Dir eng Iddi wéivill Lëtzebuerger kéinte befaasst sinn?

Luc Frieden: Ech mengen datt d’Zuel vun de lëtzebuerger Clienten bei där Bank ganz kleng ass. Dat ass eng Bank déi virun allem individuell Clienten, also Privatpersounen huet bei der belscher Succursale. Et kann ee grosso modo dovunner ausgoen, datt 20.000 Cliente bei der Succursale waren, a ronn 2.000 Cliente bei der lëtzebuerger Filial, déi selwer jo erëm eng Filial ass vun der islännescher Bank.

An ech wëll och nach eng Kéier drop hiweisen, datt den Ursprong vum Problem ass, datt déi islännesch Bank an Island zougemaach huet, an datt doduerch als Konsequenz dovunner, hir Filial zu Lëtzebuerg, an hir Succursale an der Belsch a Schwieregkeete komm ass. An duefir si mir och an enkem Kontakt mat der Regierung vun Island, fir ze kucken, datt déi Engagementer, déi d’Maison mère, déi a grousse Schwieregkeeten ass, déi nationaliséiert ginn ass, hiren Engagementer vis-à-vis vun der Duechter zu Lëtzebuerg kann nokommen. Dat ass een Deel vum Problem, mä et ass net de ganze Problem.

Journalistin: Merci fir d’Explikatiounen.

Dernière mise à jour