Luc Frieden au sujet des élections présidentielles aux Etats-Unis

Henri Eippers: De lëtzebuerger Minister an den nei gewielten amerikanesche President ware sécher op der nämlechter Schoul, während de Studien hu si sech awer net gekräizt.

Luc Frieden: Ech kennen de President Obama selwer net, seng Fra war an deem nämlechte Joer wéi ech, ouni datt ech se awer weider gutt kannt hunn, ech weess wéi si ausgesäit. Déi Plaz, wou si hir Formatiounen gemaach hunn, sinn Universitéiten, déi op Leeschtung setzen. Et gesäit een och d’Wahlresultater a Massachusetts, wou Harvard läit, wou den Obama en enormt gutt Resultat gemaach huet, dat ass den Osten vun Amerika, deen op ass op d’Welt. An ech mengen, datt dat déi Formatioun ginn huet, déi e brauch, nämlech Leadership ze exerzéieren, op eng opgeschlossen, tolerant Aart a Weis.

Henri Eippers: An déi Aart a Weis kéint notamment och méi Dialog mat sech bréngen, virop mat Europa.

Luc Frieden: Ech mengen, et ass flott, datt e Jonke President vun Amerika gëtt, dat ass ëmmer en neien Ufank.

Fir Europa ass et wichteg an Amerika säi stäerkste Partner ze gesinn, an de President Obama muss wëssen, datt Europa säin natierleche Partner ass. Ech hätt gären, datt déi transatlantesch Partnerschaft et fäerdeg bréngt, op deene groussen Erausfuerderunge vun eiser Welt virunzekommen, Kampf géint de Klimawandel, géint de Fundamentalismus, géint d’Aarmut, fir méi stabel Länner.

Henri Eippers: An och d’Relatiounen tëschent Amerika-Russland, gesäit de Luc Frieden ënnert engem méi positive Stär.

Luc Frieden: Ech weisen drop hin, datt de President Medwedew déi nämlecht Alterskategorie huet, dat sinn zwee Leit, déi d’Halschent vun hirem Liewen net am kale Krich gewunnt hunn, och dat misst et méi einfach maachen.

Henri Eippers: Mä generell rechent de lëtzebuerger Justizminister mat méi diplomateschem Fangerspëtzegefill.

Luc Frieden: Ech menge schonn, well an deene leschte Joeren huet Amerika eng Rei Aktioune gemaach, wou se net genuch gelauschtert hunn op hir Partner. A wa se d’Lektioune vun deem aus deene leschte Joeren zéien, da mengen ech ass Amerika dat Amerika wat mir gären hunn, nämlech en Amerika wat eis op e richtege Wee bréngt, en Amerika mat deem mir op deem Wee kënne goen.

Ech menge villes vun deem wat d’Amerikaner gemaach hunn, war guer net esou falsch, just et wier vill besser gewiescht, wa se et mat anere gemaach hätten, an deenen aneren och méi nogelauschtert hätten. An et ass do, mengen ech, wou mir musse mat där neier amerikanescher Regierung usetzen.

Henri Eippers: Ganz dovun ofgesinn géif Amerika awer seng eegen Intérêten net vergiessen.

Luc Frieden: Mä et muss een och wëssen, datt Amerika déi eenzeg ekonomesch a militäresch Supermuecht an der Welt ass. Ech kennen d’Amerikaner gutt, ech hunn d’Amerikaner gären, mä et dierf een net mengen, datt d’Amerikaner sech elo an déi zweet Rei stellen.

De President Obama ass een, deen de Leadership vun Amerika an der Welt wäert weider no vir bréngen. Dat ass dat schéint och un Amerika, dat ass eng amerikanesch Natioun déi u sech selwer gleeft, déi och deenen déi haart schaffen eng Chance gëtt.

Mir mussen also dem President Obama kloer maachen, datt Europa e Partner ass deen déi nämlecht Wäerter deelt, déi een net op ville Plazen op der Welt fënnt. An ech hoffen, datt e méi Wäert leet un déi Partnerschaft, wéi vläicht verschiddener vu senge Virgänger.

Henri Eippers: Gréisser Reforme wieren iwwerdeems schwéier ëmzesetzen, d’Zäite wiere fir keen einfach.

Luc Frieden: De President gëtt President an enger Zäit, wou et immens schwiereg ass e Land ze féieren, dat gëlt fir Europa, dat gëlt fir Amerika. Déi Kris déi mir elo hunn, déi huet schlussendlech an Amerika ugefaangen, déi huet net an Europa ugefaangen. De President Obama kritt et also ganz schwiereg eng Rei vu senge soziale Projeten ze maachen, well fir Sozialpolitik ze maache muss ee fir d’éischt Suen an d’Keess kréien. An ech mengen eng Rei vun deene Politiken, déi en annoncéiert huet, wäert en net liicht ëmgesat kréien. Well an Amerika kréien d’Leit net séier Sue fir Haiser ze finanzéieren, d’Betriber wäerten net vill investéieren, seng Steierpolitik, mengen ech, ass net eng, déi onbedéngt de Betriber Courage mécht.

Henri Eippers: An duefir wier de Barack Obama gutt berode seng Reforme méi lues ëmzesetzen. Et wier ee positive Message, datt de Barack Obama elo den éischte schwaarze President géif ginn. Trotz allem sollt een d’Hautfaarf net iwwerbewäerten.

Luc Frieden: Ech mengen, datt et net einfach ass deen éischte schwaarze President ze sinn vun esou engem risege Land, Amerika ass sécher e Land mat ville Faarwen, mä et ass awer während enger ganz laanger Zäit an den Ae vun der Welt e wäisst Land gewiescht. E muss also fir d’éischt no banne weisen, datt hien net e Schwaarzen ass géint déi aner. Ech mengen awer de Fait, datt en op den Elitenuniversitéite vun Amerika war, datt en et wäert méi liicht hu vläicht mat där wäisser Grupp vu Leit, wat schlussendlech awer e ganz groussen Deel vun Amerikaner ass, zesummen ze schaffen.

Henri Eippers: An de Luc Frieden huet och grousst Vertrauen an den neie Vize-President, de Joe Biden.

Luc Frieden: Den Joe Biden hunn ech vill méi laang erlieft, well de Joe Biden am Fong e Monument ass vun der amerikanescher Politik, scho wéi ech an Amerika gewunnt hunn, war de Joe Biden een, deen dauernd op der Televisioun war. Wat de Joe Biden charakteriséiert ass, datt et e Personnage ass, deen d’international Politik ganz gutt beherrscht, net op eng unilateral Aart a Weis, mä dee gutt Bezéiungen zum Ausland huet. An duefir mengen ech, den Joe Biden ass e Personnage, deen ech mir gutt hätt kënne virstellen och als Ausseminister. Elo gëtt e Vize-President, ech mengen de President Obama géing gutt drun doen, den Joe Biden och international anzesetzen, wéi dat emol fréier bei Vize-Presidente war. Ech mengen, datt et e Personnage ass, deen e gudde Complément ass zu engem President Obama, deen nach net déi aussepolitesch Erfahrung huet, mä deen op Grond vu senge Fähegkeete ganz sécherlech ganz schnell kann an der Welt weise wat hie kann.

Dernière mise à jour