Déi staatlech Rettungsaktioun vun de Benelux-Staate fir d'Fortis schéngt nach laang net iwwerstan ze sinn. An der Belsch huet d'Plainte vun de klenge Fortis-Aktionnären déi lescht Woch wéi eng Bomm ageschloen. D'Vente vun der Fortis u BNP-Paribas wär illegal well d'Aktionnären net gefrot goufen. De Bréisseler Ministère public huet a sengem Avis de klengen Aktionnäre Recht ginn. Elo gëtt op d'Urteel vum Gericht gewaard. Domat net genuch. Och d'EU-Kommissioun wëll elo Explikatioune vun de Benelux-Staaten. D'Françoise Medernach:
Françoise Medernach: D'EU-Kommissärin fir Konkurrenzfroen Nelly Kroes verlaangt Präzisiounen an 3 Punkten. Si wëllt wëssen ob dann elo dat laangfristegt Iwwerliewe vun der Fortis och effektiv geséchert wier. Donieft wëll d'EU-Kommissärin och Opklärung doriwwer ob déi Mesure dann och wirklech dee klengstméiglechsten Agrëff war a si wëll wëssen ob d'Marchés-Geschäfter sou mann wéi méiglech doduerch gestéiert gi sinn. Dem lëtzebuerger Budgetsminister Luc Frieden no ass dat eng ganz normal Prozedur vun der Kommissioun.
Luc Frieden (O-Toun): Dat ass dat normalst vun der Welt. Dat gëllt iwwregens souwuel fir de Fortis-Dossier wéi fir den Dexia-Dossier. Et ass d'Aufgab vun der Kommissioun, ze kucken, datt duerch déi Operatioun déi mir gemaach hunn déi Banke keng net autoriséiert staatlech Bäihëllefe kréien. An duefir hu mir och déi noutwenneg Notificatioune gemaach un d'Europäesch Kommissioun. Mir waren och während deene Verhandlungen am Kontakt mat der Europäescher Kommissioun. Dat ass also eng ganz normal Prozedur. Ech gesinn net, datt hei iergendee Problem vu staatleche Bäihëllefen ass an d'Kommissioun muss da soen, datt dat alles an der Rei ass. Ech ginn dovunner aus, datt dat de Fall ass.
Françoise Medernach: Lasgetrëppelt gi war dat ganzt Nospill ronderëm d'Fortis vun de klengen Aktionnären an der Belsch, déi eng Plainte géint d'Vente vu Fortis un d'BNP-Paribas gemaach hunn. Fir si ass déi Iwwernam illegal, well d'Aktionnären net gefrot goufen. De belsche Premier huet ganz hefteg reagéiert an huet gedrot, datt de belsche Staat seng Suen erëm géif zeréck zéie wann d'Rettungsaktioun da géif annuléiert ginn. Wéi eng Repercussiounen hätt dat op Lëtzebuerg?
Luc Frieden (O-Toun): Déi Problematik déi fir den Ament an der Belsch besteet ass eng déi situéiert sech tëschent der Fortis Holding an der belscher Bank. Déi huet also näischt mat eis zu Lëtzebuerg ze doen, well de lëtzebuerger Staat huet Sue geléint déi herno an Aktien ëmgewandelt ginn um Niveau vun der lëtzebuerger Entitéit. Mir sinn also net direkt hei concernéiert. Et ass also eng Fro vu belschem Recht fir ze kucken op wéi engem Niveau, also de Verwaltungsrot oder d’Assemblée vun den Aktionnären, déi Entscheedung do muss geholl ginn.
Françoise Medernach: Zu Lëtzebuerg wier esou eng Aktioun vun de klenge Fortis-Aktionnären esou wéi an der Belsch och net méiglech, esou de Minister Frieden wieder:
Françoise Medernach: Hei am Land ass d'Prozedur eng aner, esou de Luc Frieden. An enger éischter Etapp huet de Staat der Fortis 2,5 Milliarden Euro geléint. Déi Kapitalerhéigung muss elo an der Assemblée autoriséiert ginn fir d'Obligatiounen an Aktioune kënnen ëmzewandelen. An dat wäert am Dezember de Fall sinn, esou de Luc Frieden.