Jeannot Krecké au sujet de la situation économique

Frank Goetz: A ganz Europa gëtt mat Héichdrock u Léisunge geschafft wéi een am beschte Politik géint d’Rezessioun ka maachen. Wat u Moossnamen hei am Land geplangt ass an a wéi wäit d’Virschléi vun der europäescher Kommissioun kënnen hei am Land ëmgesat ginn, doriwwer schwätze mir elo mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké. Gudden Owend.

Jeannot Krecké: Gudden Owend.

Frank Goetz: Här Krecké wat haalt Dir dann dovu fir d’TVA eng Zäit erof ze setze wéi zum Beispill d’Kommissioun dat jo haut fuerdert ?

Jeannot Krecké: Also an eenzelne Länner mach dat vläicht eng gutt Léisung sinn. Mir hu schonn des öfteren am Ecofin doriwwer geschwat, ënner Finanz- a Wirtschaftsministeren, a mir sinn ëmmer zur Conclusioun komm, datt gewéinlech wann een esou eppes mécht, déi Baisse net bei dem Konsument ukënnt an dofir fannen ech se net gutt. Lëtzebuerg ka se souwisou net maachen, mir sinn um nidderegsten Niveau deen erlaabt ass, nämlech 15%. Ech mengen och, datt déi ganz Saach verpufft an net beim Konsument ukënnt.

Frank Goetz: Wéi schlëmm d’Situatioun ass gesi mir haut. 56 Betriber hu Kuerzaarbecht ugefrot. Dat gouf et jo nach ni hei am Land. Wat kënnt Dir dann elo maache fir de Kleng- a Mëttelbetriber trotzdem ënnert d’Äerm ze gräifen?

Jeannot Krecké: Et muss ee mol ënnerscheeden, beim Handwierk, dem Handel an haaptsächlech der Industrie, do ginn et déi déi am Export schaffen. Do kënne mir direkt jo näischt maachen, do si mir ofhängeg vun deem wat déi aner Länner maachen. Dat heescht wéi erhëlt d’Wirtschaft sech an deene Länner a wat geet do vir. Dat eenzegt wat mir do kënne maachen, dat ass probéieren iwwer Kuerzaarbecht, am Fong geholl de Leit ze hëllefen an domat och dem Betrib, deen domat seng Käschte kann niddereg halen. Hei zu Lëtzebuerg selwer, mengen ech, musse mir einfach kucken, datt mir éischtens mol eis Investitiounen héich halen. Dat probéiere mir jo um Niveau vum Staat ze maachen, iwwert de Budget. Mir wäerten 2,5% vun eisem PIB investéieren, dat heescht et gëtt nach eng Kéier eng Steigerung vu méi wéi 12% vis-à-vis vum leschte Joer. Mir sinn am gaangen ze kucken ob mir net Saachen, déi mir souwisou 2010, 2011, 2012 wollte maachen, kennen virzéien. Mir sinn am gaangen ze kucken ob een net eng Rei Investitiounen déi Privatleit och wëlle maache, an déi vläicht elo an de Prozedure leien an deenen eng Prioritéit ginn, fir datt se méi schnell kënnen ëmgesat ginn. A schlussendlech, mengen ech, fir den Handel ass et wichteg, datt mir eng Stäip och fir d’Kafkraaft ginn. De Mindestloun gëtt ugepasst, d’Rente ginn ugepasst den 1. Januar, et ass eng Indextranche fälleg den 1. Mäerz, et gi Steierreduktioune fir déi déi Steiere bezuelen, et komme Steierkrediter, wou also eng direkt Akommessteigerung kënnt fir déi déi kleng Akommes hunn an domat wëlle mir eben de Konsum och ënnerstëtzen, well d’Situatioun zu Lëtzebuerg ass awer exzeptionell, dat muss ee soen, dat gesäit een un deene ville Betriber déi Kuerzaarbecht ugefroot hunn. Dat hate mir bis elo nach net, mä et muss een awer soen, datt mir vunn enger extrem gudder Situatioun ausginn, dat heescht d’Fundamenter an de Betriber si gutt. Mir haten alleguerten och eng propper Kafkraaft vis-à-vis vum Ausland, esou datt ech mengen, datt mir kënne villes guttmaachen a vläicht besser aus der Krise rauskommen herno wéi munch aneren.

Frank Goetz: Besonnesch betraff jo och bei deene Betriber do déi Kuerzaarbecht ugefrot hunn, ass de Secteur vun den Autoen. Hei si jo Länner déi gi carrément hinn a gi Primen zum Beispill fir al Autoen. Ass dat eppes wat een och kéint hei am Land maachen?

Jeannot Krecké: U sech hu mir eng Mesure déi vläicht esouguer nach méi wäit geet a vläicht och esouguer besser ass: mir gi Primë wann ee sech een neien Auto keeft, mä déi Prim ass dorun gebonnen, datt den Auto ganz wéineg CO2 Ausstouss huet. Mir ginn also déi 750 Euro dofir. Mir gesinn och, datt d’Autoen déi déi Conditiounen erfëllen och elo vill méi kaaft gi wéi virdrun. Fir de Rescht musse mir natierlech kucke wéi d’Automobilindustrie am Ausland an haaptsächlech Däitschland a Frankräich sech behëlt an dofir fanne mir déi stäipend Moossnamen déi do geschéien, esouguer dat wat an Amerika géing geschéien, kritt direkt Auswierkung hei zu Lëtzebuerg an zwar positiver.

Et si Leit déi fannen, datt mir do an eppes investéiere wat net méi tragbar ass. Ech sinn der Meenung et muss een elo kuerzfristeg handelen a kuerzfristeg muss ee kucken, datt een déi Aarbechtsplazen ofséchert. Ech ënnerstëtzen absolut d’Kommissioun, déi jo wëllt an d’Richtung goe fir méi ëmweltfrëndlech Autoe speziell z’ënnerstëtzen, Recherche doranner ze maachen. Dat maache mir schonn zum Deel. Ech mengen dat wat Delphi hei zu Bascharage mécht, fir nëmmen déi ze nennen, dat ass näischt anescht wéi dat. A si kucke wéi een alles wat Airconditionning ubelaangt, wéi een do ka manner verbrauchen. Dat heescht dat hei schon um emweltfrëndlechen Auto vun der Zukunft geschafft gëtt.

Frank Goetz: Mä esou konkret Saache wéi am Ausland, datt een zum Beispill d’Autosteier eng Zäit aussetzt wann een een neien Auto keeft, sinn dat da Méiglechkeeten déi een net och hei kéint maachen?

Jeannot Krecké: Ech mengen dat wier keng gutt Léisung. Souwisou hu mir d’Autosteier relativ niddereg hei, wann een déi Autoen hëlt, déi een dann och wëllt ustriewen. Ech mengen et kann een net einfach dat iwwert de graphë Beidel ewechzéien. Et ass scho vill besser wann ee gezielt seet, mir wëllen déi ënnerstëtzen déi méi kleng Autoe kafen, déi déi Autoe kafen déi manner verbrauchen, déi déi Autoe kafen déi manner Ausstouss hun. Ech mengen dat ass de richtege Wee an net einfach hinzegoen an elo ze soen, generell brauch ee keng Autosteier méi ze bezuelen. Et soll ee gezielte Moossnamen huelen. Dofir och, all Konjunkturprogramm deen esou mat der Géisskan iwwert ee Land fiert, dat kascht vill, et bréngt net ganz vill an dofir si mir éischter drop aus ganz selektiv virzegoen.

Frank Goetz: Déi 300 Milliarden déi Europa elo zesumme wëllt bréngen, wat kascht dat eigentlech de lëtzebuerger Staat?

Jeannot Krecké: Et kascht de lëtzebuerger Staat manner wéi déi Berechnung déi si gemaach hunn. Si gi jo dovun aus, datt et 1,5% vum PIB ass. Wann ech kucken d’Investissementer déi de lëtzebuerger Staat wëlles huet ze maachen, da leie mir schonn iwwer 2%. Wann ech kucken déi Investissementer déi mir ënnerstëtzen, da leie mir bei 4,4% vum PIB: dat heescht, déi Suen déi mir ginn an d’Privatwirtschaft, fir d’Investitiounen z’ënnerstëtzen, also do leie mir largement driwwer. Dat verhënnert awer net, datt mir nach nodenken a vläicht pragmatesch eruginn. Mir sinn am gaangen ze kucke mam Bauteminister Claude Wiseler, wéi een och kann eng Rei Projete virzéien. Ech sinn am gaangen ze kucke wéi mir kënnen op ëffentlech Gebeier vläicht eng ganz Rei Moossnamen huelen, déi am Beräich vun Energieaspueren, erneierbar Eenergien, am Beräich vun der Aspuerung vun der Wäermt notamment an esou weider wou een awer mengen ech wierklech villes kann uleieren, wou de Benefiss och hei zu Lëtzeuberg bleift. Dat heescht, et huet kee Wert eppes unzekuerbelen wou herno d’Suen alleguerten an den Import ginn, dat heescht wou mir Saache vu bausse kafen an am Fong geholl just den Händler eng Kommissioun dovunner huet plus TVA. C’est déjà ça, mä mir probéieren awer haaptsächlech ze kucken, beispillsweis d’Renovéierungsaarbechte sinn ee gutt Beispill, wa mir et géinge fäerdeg brénge vill Renovéierungsaarbechte virzezéien, déi d’Leit eventuell wëlles hunn. Wa mir hinne mol kloer explizéiert hu wat si alles vun Hëllefe kënne kréie wa si am Energiespuerberäich an hirem Haus investéieren, da gëtt dat och vläicht gemaach an dat sinn direkt Benefisser fir d’Handwierk an domat stäipe mir trotzdem all déi Kleng- a Mëttelbetriber wou de groussen Deel vum Emploi ass.

Frank Goetz: Ee groussen Thema am Konjunkturcomité war och Arcelor-Mittal. A ganz vill Länner ass Kuerzaarbecht ugefrot vun Arcelor-Mittal. An den USA gi Plazen ofgebaut. Wéi kënnt Dir verhënneren, datt hei am Land Plazen ofgebaut ginn?

Jeannot Krecké: Mir hunn ee Sozialdialog dee mir mat hinne fleegen, deen ass gëschter zwëschent de Sozialpartner weidergefouert ginn, deen huet och zu Eenegunge gefouert, déi dann Enn der Woch och sollen an d’Realitéit ëmgesat ginn. Dat huet villes ze di mat de Produktiounssiten haaptsächlech hei zu Lëtzebuerg. Elo hu mir zu Lëtzebuerg awer och ee Siège, mir hunn also Saachen déi iwwergräifend sinn an déi elo a leschter Zäit enorm ausgebaut gi sinn. Et muss ee kucke wéi Arcelor-Mittal sech elo vis-à-vis vun deene Leit am Fong geholl behëlt. Fir d’Siten ass et mir u sech net esou baang. Si sinn éischtens ganz efficace an zweetens si se voll ausgelaascht. Also ech ka mir net virstellen, datt een do vill nach kann aspueren, well soss geet ee schonn un d’Substanz a vu datt déi Sitë Saache wéi Palplanchen a Railträgere produzéieren, déi ginn et soss net an där Qualitéit op der Welt, mengen ech, datt eis Sitë relativ gutt ofgeséchert sinn. Bon datt an der Périphérie, sin eenzel Betriber déi Zouliwwerer sinn, déi elo natierlech ganz vill Schwieregkeeten hunn, och eenzel Deeler, déi vläicht net esou efficace an net esou produktiv am Moment sinn, mä déi eigentlech Haaptaktivitéit vun Arcelor-Mittal hei an eise Wierker, do kann ech mir net virstellen, datt déi a Gefor ass a mir wäerten eis och wëssen ze wieren.

Frank Goetz: Jeannot Krecké, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Dernière mise à jour