Luc Frieden au sujet de la révision de la Constitution et de la proposition de loi pour le droit de mourir en dignité

Mariette Zenners: Vill Opreegung deemno, mä firwat ass de Problem eigentlech net éischter op d’Tapéit komm, op mannst de Premier wousst jo schonn zanter e puer Méint dovunner an elo gëtt bemol bannent engem Dag eng Verfassungsännerung décidéiert?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dem Grand-Duc seng Suerge ronderëm de Komplex vum Euthanasiegesetz bekannt waren, mä datt en eréischt méi zum Schluss ganz kloer gesot huet, datt en ee Problem hätt esou ee Gesetz guttzeheeschen an datt och d’Regierung an deene Gespréicher tëscht dem Grand-Duc, dem Staatsminister an anere Ministere versicht hunn de Grand-Duc vun eppes Aneschters z’iwwerzeegen. An dofir mengen ech ass dat elo méi akut ginn, wou dee Vote iwwert deen Text méi nokënnt. Mä ech mengen d’Fro déi hei gestallt ass, ass vill méi eng fundamental, well se och iwwert deen Text muss erausgoen.

Mariette Zenners: Déi Fro ass ebe grad déi wou mir och wollten un Iech viruginn. D’Constitution gëtt jo an deem Sënn geännert, datt de Grand-Duc d’Gesetzer also net méi approuvéiert, net méi sanctionnéiert, mä just nach, wéi de Premier sot, technesch a Kraaft setzt. Mä wéi den Här Bodry och elo grad am Reportage sot, war et iwwerhaapt säi Recht sech iwwert een demokratesche Vote vun der Chamber ewechzesetzen an do seng perséinlech Meenung awer mat eranzebréngen? War dat iwwerhaapt der Verfassung no säi Recht?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Verfassungspraxis an de Verfassungstext net genau dat nämlecht soen. D’Verfassungspraxis ass effektiv esou, datt zu Lëtzebuerg, ëmmer de Grand-Duc, och seng Virgänger, all Text ënnerschriwwen hunn, dee vum Parlament gestëmmt ginn ass. Iwwregens ënnerschreift de Grand-Duc jo net alleng, mä zesumme mat engem Minister dee responsabel ass virum Parlament. Mä de Grand-Duc ass hei an enger onméiglecher Situatioun am Fong. Well dem Text no sanctionnéiert de Grand-Duc en Text an hëlt domat Deel vun der legislativer Gewalt. Et ass also d’Chamber plus de Grand-Duc déi ee Gesetz am Fong maachen. Or, de Grand-Duc ka seng Meenung net ausdrécken. De Grand-Duc ass deen eenzege Bierger am Land, well e politesch irresponsabel ass, deen net d’Recht huet an de politeschen Débat anzegräifen, dofir ass de Grand-Duc och deen Eenzegen deen net wiele geet. De Grand-Duc muss iwwert de Parteie stoen.

Mariette Zenners: Mä deemo hätt e jo missen am Fong ënnerschreiwen?

Luc Frieden: Dofir muss de Grand-Duc, an dat ass och d’Interpretatioun déi d’Regierung huet, muss de Grand-Duc ee Gesetz, esou wéi mir och als Ministeren, ënnerschreiwen, wat d’Majoritéit vun der Chamber stëmmt. Mä de Grand-Duc ass an enger anerer Situatioun wéi d’Ministeren, d’Ministere kënne soen, mir sinn net domat d’accord, da musse se trotzdem nach dat maachen, mä da kënne se demissionéieren. De Grand-Duc ka seng Meenung net ausdrécken. All Meenung déi de Grand-Duc ausdréckt muss vun der Regierung [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: …oder en hätt missen zrécktrieden an dee Moment wier den Ierfgroussherzog a seng Plaz komm, mä dat hätt d’Saach wahrscheinlech net geännert?

Luc Frieden: Dat sinn Optiounen déi ee sech alleguerte ka virstellen. Mir mengen, datt an der legislativer Gewalt d’Chamber alleng d’Soe muss hunn. D’Chamber gëtt vum Vollek gewielt, d’Chamber décidéiert. D’Promulgatioun ass eppes ganz aneschters. Ech mengen et muss ganz kloer sinn, datt d’Promulgatioun ass den Uerder, datt d’Gesetz muss observéiert ginn, publizéiert ginn an a Kraaft trieden. Dat ass ee Pouvoir vum Executiv.

Mariette Zenners: Mä elo stellt sech jo awer d’Fro, déi och am Reportage opgeworf gouf, ob een net och dee Pouvoir iwwerhaapt nach kënnt ewech huelen, ob deen iwwerhaapt och nach der Zäit ugepasst ass?

Luc Frieden: Et muss kloer sinn, datt dat ee Pouvoir ass, deen en Executiv huet, iwwregens och an anere Länner, och an enger Republik. De President vun der franséischer Republik ënnerschreift d’Gesetzer. An der Verfassung steet, datt heen d’Gesetz muss promulgéieren. Et ass un der Regierung, un der executiver Gewalt fir d’Gesetzer auszeféieren an dofir kann ee sech nëmme virstellen, datt dat ee Vertrieder vum Executiv ass. Ech mengen, datt eis Verfassung muss moderniséiert ginn. Et kann een dee Pouvoir beim Grand-Duc loossen, well de Grand-Duc ënnerschreift jo mat engem Minister. Et kann ee sech awer och virstellen, datt de Staatsminister deen Text géing ënnerschreiwen.

Ech weisen Iech iwwregens drop hin, datt eis Verfassung zum Beispill d’Fonctioun vum Staatsminister an eng ganz Rei Pouvoire vun der Regierung och net virgesäit. Eisen Text ass e bëssen iwwerlieft. Ech mengen awer [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Et ass also en e bësse längst iwwerfälleg Reform? Mä just nach eng Fro, hätt se net awer vläicht kënnen an engem bessere Kontext geléist ginn, wéi elo grad bei dem Euthanasiegesetz, wat schonn esou ee Malaise an der Populatioun awer ervirgeruff huet, esou eng gespléckten Haltung?

Luc Frieden: Et war d’Suerg vun der Regierung, datt de Wëlle vun der Chamber, ob deen engem gefält oder net, an enger parlamentarescher Demokratie kann ausgeféiert ginn. Et war d’Resultat vun de Gespréicher tëscht der Regierung an dem Grand-Duc, datt mir géinge kucken, datt eis demokratesch Institutioune géinge gutt fonctionnéieren. An dofir ass déi Solutioun, fir dat Guttheeschen, d’Sanctionnéiere vum Gesetz erauskënnt, eng Solutioun déi mir gemeinsam mam Grand-Duc getraff hunn. An dofir ass och net de Grand-Duc vun der Regierung entmuecht ginn, d’Regierung hätt gären, datt d’Demokratie fonctionnéiert an datt d’Parlament ka seng Pouvoiren ausüben. Et ass och net de Grand-Duc déi eng Säit, de Staatsminister déi aner Säit. Et war just de Wëlle vun der Regierung, datt d’Gesetzer déi vum Parlament gestëmmt ginn, vun der Majoritéit vum Parlament, respektéiert ginn.

Mariette Zenners: Mir komme gläich nach drop zréck. Bei eise belschen Noper gouf et 1990 iwwregens eng ähnlech Situatioun, wéi mir se elo zu Lëtzebuerg kennen. Deemools hat de Kinnek Baudouin aus perséinleche Gewëssensgrënn refuséiert d’Ofdreiwungsgesetz z’ënnerschreiwen an och de Grand-Duc Jean hat zu Lëtzebuerg an de 70er Jore perséinlech moralesch Problemer mam Avortementsgesetz, huet et awer trotzdem ënnerschriwwen. De Petz Bartz mam Verglach zu der Situatioun vun haut.

[...]

Mariette Zenners: Theoretesch hätt de Grand-Duc Henri jo d’selwecht wéi säi Papp kënnten agéieren, dat heescht seng moralesch Bedenke kënnen äusseren, mä trotzdem sech dem Wëlle vun der Chamber beugen an d’Gesetz signéieren?

Luc Frieden: De Grand-Duc muss d’Symbol si vun der Eenheet vum Staat. De Grand-Duc muss iwwert de politeschen Débate stoen, e kann och net un deenen deelhuelen. Heen huet net dat Recht un deenen Debatten deelzehuelen. De Grand-Duc, an dat éiert en, huet seng perséinlech Meenung an ech menge mir hunn hei eng Léisung gesicht, déi dem Grand-Duc et erlaabt an Zukunft net méi brauchen zu Texter seng Ënnerschrëft drënner ze setzen, mat deenen en am Fong net d’accord ass. Zugläich awer hu mir séchergestallt, datt och wann en an Zukunft ënnerschreift, e bësse fir festzestellen, datt d’Prozedur gemaach ginn ass, datt d’Gesetz kann executéiert ginn, zesumme mat de Ministeren, datt d’Demokratie fonctionnéiert. Ech menge mir hunn am Fong hei eppes gemaach fir de Grand-Duc ze stäerken an d’Demokratie ze stäerken.

Mariette Zenners: Et kéint ee jo eigentlech e bëssen erstaunt driwwer sinn, datt eng CSV déi jo eigentlech géint d’Euthanasiegesetz war elo awer alles drugesat huet, datt dat Gesetz séier an d’Chamber kënnt?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et d’Aufgab ass vun all Partei an och vun där Partei vun der CSV, vun där gréisster Partei, datt d’Demokratie an d’Institutioune gutt fonctionnéieren. Ech mengen, datt d’Monarchie, eng Persoun déi iwwert de Parteie steet, ganz vill Avantagen huet, dofir solle mir net elo d’Fro vun der Monarchie stellen, mä mir solle kucken, datt d’parlamentaresch Demokratie fonctionnéiert an datt mir eisen Text vun der Verfassung do moderniséieren, wou en am Fong net méi d’Verfassungspraxis reflétéiert, dat ass dat wat d’Regierung duerch de Mond vum Staatsminister gëschter Owend am Fong versicht huet ze maachen, am Accord mam Grand-Duc.

Mariette Zenners: Nach ganz kuerz, wéi geet et elo konkret virun? Elo kënnt jo déi Reform schonn d’nächst Woch eventuell an d’Chamber kommen an och d’Euthansiegesetz. Kéint dann awer vläicht schonn am Dezember nach gestëmmt ginn?

Luc Frieden: Et ass de Wëllen, datt de parlamentaresche Kalenner, och iwwert d’Soins paliatifs an d’Euthanasie ka komme wéi e virgesi war. Den Text ass haut deposéiert ginn. De Staatsrot wäert an deenen nächste puer Deeg säin Avis ofginn. D’Verfassungsrevisioun wäert an engem éischte Vote gestëmmt ginn d’nächst Woch an ech ginn dovun aus, datt dann d’Euthanasiegesetz e puer Deeg duerno oder déi lescht Woch am Dezember wou d’Chamber tagt kann zur Ofstëmmung kommen.

Mariette Zenners: An da kéint et duerno esou Mäerz-Abrëll eventuell a Kraaft trieden, well deen Délai vun 3 Méint jo muss agehale ginn?

Luc Frieden: D’Verfassungsrevisioun muss eng zweete Kéier dann am Mäerz gestëmmt ginn.

Mariette Zenners: Merci Här Frieden fir elo.

Dernière mise à jour