Luc Frieden au sujet du projet de budget 2009

Mariette Zenners: Här Frieden, am Januar gëtt also eng national Tripartite wéinst der Wirtschaftskris aberuff. D’DP hat och ee rektifizéierte Budget fir Mäerz verlaangt, et wäert awer egal wéi elo nach zu neien Diskussiounen am Mäerz-Abrëll ronderëm dëse Budget kommen, wann Dir bis méi wësst wéi et virugeet?

Luc Frieden: All Budget deen ech ausféieren, muss een ëmmer kucke wéi e während dem Joer évoluéiert. Et kann een ni d’Recettë mat enger gréisster Präzisioun aschreiwen, besonnesch an enger schwiereger ekonomescher Zäit. Ech mengen, datt mir dee Budget kënne grosso modo op der Dépensësäit ausféieren, mir kënnen esouguer eng Rei Dépensë méi maachen, well mir Reserven iwwert déi lescht Joren ugeluecht hunn. Ech wëll net, datt mir aus dem Kader vun der gesonder Finanzpolitik, dat heescht vun de Stabilitéitscritèren, vum Stabilitéitsprogramm, erausginn. Mir hunn een Iwwerschoss presentéiert, fir d’nächst Joer, vun den ëffentleche Finanzen. Wa mir manner Einname kréien, da kënne mir dat ofdecke mat Reserven déi mir gemaach hunn, déi sinn haut méi héich wéi mir se 2004 haten. Dat ass eng iwwerluechte Budgetspolitik déi op mëttelfristeg Ziler ugeluet ass. Ech hätt gären, datt mir elo géingen investéieren a consomméieren, net op eng blöd Aart a Weis, mä do wou mir kënnen der lëtzebuerger Wirtschaft hëllefen, do wou mir och een Impakt hunn an dofir wäert ech och am Laf vun dem Joer, well den éischten Deel vun dësem Joer war gutt, déi Mehreinnahmen direkt op déi Plaze setzen, wou mir kënnen déi Projete machen déi de Staatsminister elo grad an Ärem Reportage och gesot huet.

Mariette Zenners: Et ass jo awer vill Angscht an Onsécherheet bei de Leit, esou beim Duerchschnëttsbierger. Et ass vläicht schwéier drop ze äntwerten, mä wat kann dann awer elo nach op den normalen Duerchschmëttsbierger duerkommen? Si stelle sech jo awer Froen.

Luc Frieden: Grad wéinst der Angscht mengen ech, datt et falsch wär elo esou an der Panik de Budget ganz ëmzemaachen, da kënnt jo nach méi Angscht. Solle mer eventuell d’Steiereduktiounen net maachen? Solle mir elo bemol ganz anescht op der Dépensesäit de Budget maachen? Ech mengen, datt een an enger Kris och muss mat Rou un d’Problemer erugoen. Mir hunn Instrumenter fir iwwert déi Kris hei ewechzekommen. Déi Kris ass hefteg, mä no der Kris wëll eist Land gutt do stoen. Dofir brauche mir modern Infrastrukturen, dofir musse mir elo kucke, datt mir eis déi Mëttele ginn, datt eis Betriber iwwerliewen iwwert déi Kris, dofir méi Investitiounen, mä mir dierfen elo net alles zréckschrauwen, mä mir dierfen och net an eng Scholdespiral goen, wéi déi aner Länner déi hir Konjunkturprogrammer esou finanzéieren. Mir maachen dat net, mir bleiwen am Kader vun deem, och wann d’Resultat vläicht e bësse méi schlecht gëtt wéi dat wat mir virgesinn hunn. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt och no der Kris eist Land eng gutt Zukunft huet, wa mir elo keng Abenteuer aginn, mä e bëssen eis Programmer no vir zéien.

Mariette Zenners: Ech soen Iech Merci fir dës Explikatiounen Här Minister.

Luc Frieden: Gär geschitt.

Dernière mise à jour