Jean Asselborn sur le secret bancaire

Jean Asselborn: Mir als Lëtzebuerg, dat hunn ech haut plädéiert, wëllen definitiv net als "net kooperativ" qualifizéiert ginn. Mir hunn haut ganz kloer gesot, datt e Freideg d’lëtzebuerger Regierung eng Décisioun geholl huet, déi ganz wäit geet an déi eis definitiv vun esou enger net-kooperativer Attitude, déi verschidde Juridictiounen kéinten hunn, ewech hëllt.

Fränk Kuffer: Kënnt dann elo eng Reaktioun vun deenen anere Länner? Wat sote se?

Jean Asselborn: Jo, also déi aner Länner wëssen, datt mer eist Bankgeheimnis redefinéiert hunn, an deem Sënn, datt d’Konfidentialitéit net touchéiert gëtt, an datt och d’Kompetenz vun eiser Bankeplaz selbstverständlech nach ëmmer déi nämlecht ass. Mä mir hunn de Champ d’application eigentlech redefinéiert, daat heescht, mir hunn eist Bankgeheimnis adaptéiert un d’Exigencë vun der Situatioun.

Mir sinn an enger grousser Finanzkris. Et si jo net nëmmen d’Länner vun der Europäescher Unioun, oder Länner aus der Europäescher Unioun déi Drock op eis gemach hunn. Et ass eben am Kader vum G20 ze verhënneren, an dat ass d’Zil vun der lëtzebuerger Regierung, fir net op eng schwaarz Lëscht ze kommen. Wa mir do drop wieren, da kéinte mir 20 Gesetzer hunn iwwer d’Bankgeheimnis zu Lëtzebuerg, da wiere mir um schlechte Gleis. An dat ass eben daat waat hat ech haut probéiert hunn elo och am Virfeld vum Conseil européen ze verdeedegen. Ech ginn dovunner aus, datt déi aner Länner dat och selbstverständlech verstanen hun, dat Sie eis do solidaresch sinn.

Dernière mise à jour