Jean Asselborn au sujet du Conseil Affaires générales et relations extérieures et des discussions sur le secret bancaire

Jean Asselborn: Majo, mir hun d’Virbereedung gemaach am Conseil Affaires générales fir de Conseil européen, an do sinn, wann Dir esou wëllt, déi Messagen dran, déi vum Conseil européen sollen un de G20 op London, den 2. Abrëll, goen. Do ass ënner anerem festgehale ginn, datt, wann een den Text liest, datt et och nach ëmmer „non-cooperative“, dat heesch, net-kooperativ Juridictiounen Länner aus der Europäescher Unioun gëtt, fir et méi einfach ze maachen, déi a Saachen Transparenz an a Saache Reguléierung an Iwwerwaachung net koopéréiren. Dëst betrëfft alleguerten déi grouss Zieler vun der Konferenz vu London.

Bon, ech kann elo nëmme just vu Lëtzebuerg schwätzen, mä Éisterräich ass am selwechte Fall, déi hunn dat och gemaach wat ech gemaach hunn. Bei eis ass jo eppes de leschte Freideg geschitt, nämlech d’Regierung huet eng Décisioun geholl an an där Décisioun kann ee soen, datt d’Bankgeheimnis nei definéiert ginn ass. D’Confidentialitéit, selbstverständlech, déi ass net touchéiert ginn. D’Kompetenz vun eiser Bankeplaz, do huet sech ebenfalls näischt geännert, déi ass nach ëmmer ganz héich.

Mir hu redefinéiert am Sënn, datt mir de Champ d’application adaptéiert hunn, wann ech esou dierf soen, un d’Exigenzë vun dëser Zäit. D’Exigenzë vun enger Zäit, wou mir an enger grousser Finanzkris dra sinn. An dat ass jo och net nëmme vu Lëtzebuerg gemaach ginn, oder vun Éisterräich, dëst ass och vun anere Länner gemaach ginn, déi net an der EU sinn, wéi d’Schwäiz, wéi awer och Singapur, Hong Kong, an aner kleng Länner an Europa.

Dofir géing ech mengen, dat do ass jo e vitalen Intérêt fir Lëtzbuerg. Ech hunn och un d’Solidaritéit appeléiert, datt mir doranner gehollef kréien, esou datt mir net op eng Lëscht gestallt ginn, um G20, wou mir net higehéieren.

Mick Entringer: Wéi wäit gëtt dann Ärer Meenung no de Revendicatioune vu Lëtzebuerg net Rechnung gedroen? Hätten déi aner EU-Staaten am Dossier Bankgeheimnis vläicht méi wéi dat wat Lëtzebuerg an Éisterräich an och d’Schwäiz hinnen u Kooperatioun offréieren?

Jean Asselborn: Ech wëll bestëmmt näischt ënnerstellen, och virun allem net der tschechescher Presidence. Mir wëssen, datt do aner Kräften hannendru sinn. Mä mir musse wëssen, datt um ECOFIN de Premierminister de leschte Méindeg intervenéiert huet. Dunn ass en Zousaz dobäi komm, deen awer elo net de Problem ganz léist. Selbstvertändlech, de leschte Méindeg war net gewosst, wat eis Regierung géif e Freideg maachen. Ech mengen, vun e Freideg un, definitiv, gehéiere mir net op esou eng Lëscht. An dat ass, mengen ech, d’Ziel vun der Regierung. Daat muss daat eenzegt Ziel si vun der Regierung, fir dat z’erreechen.

Ech si mir bewosst, well ech jo och gëschter mat ville Kollege geschwat hunn, datt dee Schrëtt, dee mir e Freideg gemaach hunn, schon appréciéiert gëtt. Et gëtt schon zur Kenntnis geholl, datt daat fir Lëtzebuerg eppes ass, wat wichteg ass, an och, datt dëst fir Lëtzebuerg trotzdem eng komplett Ëmstellung bedeit. Déi meescht hu gesot, et ass gutt, datt dir dee Schrëtt gemaach hutt, an déi meescht hunn och gesot, mir wäerten iech hëllefen, fir datt mir zu London net op eng Lëscht kommen, wou mir net higehéieren.

Allerdéngs, an dat ass ëmmer de Punkt, Dir wësst, zu London ass d’Europäesch Unioun vertrueden duerch verschidde Leit, duerch verschidde Länner. Mä, déi Dynamik déi zu London entstoen kann, ass staark. Do musse mir nach eng Kéier um Conseil européen drop zréckkommen, fir datt déi gebremst gëtt, an datt mir definitiv do op där richteger Säit sinn.

Dernière mise à jour