Jean Asselborn au sujet du Conseil européen et des discussions sur le secret bancaire

Fränk Goetz: Här Ausseminister, fir d’éischt waren et déi Däitsch, duerno waren et d’Fransousen, an elo, wéi et schéngt, sinn et dann d’Englänner, déi nach am léifsten hätten, hei op dësem Sommet géif eist Bankgeheimnis begruewe ginn. Wéi gesitt Dir dat?

Jean Asselborn: Ech corrigéieren Iech net gären, mä mir mussen oppasse wou mir vu Veto schwätzen, dat kënne mir an der Europäescher Unioun maachen, mä mir kënnen net vu Veto schwätzen, wa mir géifen zu London beim G-20 géifen op eng Lëscht komme vun non-kooperativen Länner. Dat ass dee groussen Enjeu.

D’Englänner hunn effektiv elo e Pabeier déposéiert, de Mëtteg, iwwer ganz komesch Kanäl. Si wëllen den Échange d’informations automatique, dat heescht, op Knappdrock misst Lëtzebuerg matdeelen, zum Beispill Berlin, wéivill Däitsch, oder wie vun den Däitsche bei eis Suen hätt, an och wéivill, a wéivill Zënsen datt se kritt hätten. Dat gëtt et net an Däitschland. Et gëtt et och net an England. An dofir muss een do cool bleiwen. Ech mengen, d’Englänner hunn dat do scho gefuerdert 2000 zu Feira, si hunn et net kritt, si kréien et och elo net.

Fränk Goetz: Dir sot, et soll ee cool bleiwen. Et sinn d’Englänner, mä et sinn awer och déi Däitsch, et sinn och virun allem déi däitsch Sozialisten, déi dach extrem groussen Drock gemaach hunn. Wéi gesitt Dir dat dann?

Jean Asselborn: Fir d’éischt muss een erëm soen, mir hunn e Schratt gemaach an där grousser Finanzkris, a Saachen, ech soen dat emol, et ass net pathetesch, mä Moralisatioun. Mir hunn och ethesch dat Richtegt gemaach a mengen Aen.

Dee Schrëtt dee mir de leschte Freideg décidéiert hunn, an dozou sti mir alleguer, an dat ass net näischt wat mir gemaach hunn. Mir hunn de Champ d’application vum Bankgeheimnis nei definéiert, mir hunn en opgemaach ouni natierlech elo de Prinzip hierzeginn.

De Moien huet den Här Müntefering mir ugeruff gehat, an ech hunn aus dem Gespréich ganz kloer erausfonnt, datt hien och weess, datt en op der Tangente war, vun engersäits ze soen, datt ee selbstverständlech nëmme kann duerch Verhandlungen déi Steierparadieser, wéi si dat nennen, fir do international ze kucken, datt een déi ka reguléieren, well Regulatioun an och Supervisioun ass jo ee vun de Punkte vum G-20. Allerdéngs wann en dann dee Saz hannendru seet: Fréier hu mir d’Zaldote geschéckt. Dat ass wierklech, mengen ech, op der Limit. An hie weess dat och.

Mir hunn deenen Däitschen dat och gesot, de Premier huet mat der Kanzlerin geschwat, ech hu mam Ausseminister Steinmeier geschwat, direkt wéi et geschitt war, mir sollen awer Zen bleiwen, an net elo do explodéieren do dobäi.

Wichteg ass et, ech soen et nach eng Kéier, datt mir den 2. Abrëll um Sommet zu London als ee kooperativt Land ugesi ginn.

Mir hunn an de leschten Deeg vill Efforte gemaach mat den Däitschen. Ech sinn iwwerzeegt, datt si dat verstanen hunn. Mir hunn och Efforte gemaach, zum Beispill de Moien am Benelux, mat den Hollänner, déi jo um G-20 Sommet sinn. Mir hunn och Efforte gemaach an de leschten Deeg mat de Fransousen, ech mengen dat leeft net schlecht.

Déi Initiative vun den Englänner déi kenne mir, déi ass eigentlech scho während Joeren annoncéiert gewiescht, mä d’Englänner selwer, muss een awer och kënne soen, net elo ze polemiséieren, mä déi hu ganz, ganz vill virun hirer eegener Dier nach ze kucken, datt se do gekiert kréien.

An et muss een och wëssen, datt déi ganz Operatioun vun den Englänner, si ass duerchkuckt op eng Manéier, et dierf jo net sinn, datt d’City vu London all dat accaparéiert wat eventuell géif Schued erleiden, anerwäerts an Europa, a virun allem an der Europäescher Unioun. Dofir, déi Däitsch an och d’Fransousen, d’Hollänner zum Beispill schénge mir fir de Moment vill méi wichteg, an do si mir um gudde Wee.

Fränk Goetz: Mä wann ech virdru vum Veto geschwat hunn, hunn ech schonn d’EU gemengt, well et geet jo och ëm déi Zënsbesteierungsdirektiv déi jo a Verhandlung ass, an do spillt jo awer schonn e méigleche Veto vu Lëtzebuerg mat oder net?

Jean Asselborn: Mä ech soen Iech just de Moment. Virum 2. Abrëll ass et méi wichteg eis elo ze konzentréieren op dat wat zu London an d’Welt gesat gëtt vu Kooperatioun oder net-Kooperatioun.

An da kënnt jo am Ecofin an der Europäescher Unioun, héchstwahrscheinlech eréischt am Juni, eng Diskussioun iwwer déi Propositioun vun der Kommissioun. Mä mat deem Schrëtt dee mir do gemaach hunn, fir effektiv eis jo ze adaptéieren, a fir ze soen, mir erkennen d’Regelwierk vun der OECD un, ouni Ausname wëllen ze kréien, an dat huet Éisterräich jo och gemaach, als Member vun der Europäescher Unioun, ass et mir awer guer net baang, datt mir och do ganz propper a ganz flott eis Intérêtë kënnen [gëtt ënnerbrach]

Fränk Goetz: Dat heescht, Dir gitt dovunner aus, datt Lëtzebuerg säi Bankgeheimnis och an Zukunft behale kann?

Jean Asselborn: Mir mussen oppassen am Sproochgebrauch. Wa mir zu Lëtzebuerg dauernd soen, mir hunn d’Bankgeheimnis, mir hunn d’Bankgeheimnis, a mir hunn d’Bankgeheimnis selbstverständlech am Prinzip, mir hunn d’Bankgeheimnis awer nei definéiert, mir hunn et adaptéiert un d’Exigenzë vun dëser Zäit, an där Finanzkris wou mir dra sinn, an dofir hu mir de Champ d’application, den Uwendungsberäich adaptéiert.

Fränk Goetz: Mir hunn awer ëmmer gesot, datt mir dat Bankgeheimnis ophale wann Drëttlänner wéi d’Schwäiz d’OECD-Regelen unhuelen, oder net?

Jean Asselborn: Do gi mir elo an eng Technik eran, wou mir eis net dierfe verfänken.

Ech mengen, wat wichteg war, dat ass Singapur, Hong Kong. Vill europäesch Länner, d’Schwäiz virun allem, europäesch net-EU-Länner, mä och Éisterräich, d’Belsch a mir hunn de Schratt gemaach an déi richteg Richtung, an dee Schratt wëlle mir, datt deen unerkannt gëtt. Bei deenen Däitschen, a mengen Aen, ass de Frang do gefall, bei de Fransouse schéngt en och gefall ze sinn, elo musse mir nach e wéineg schaffen, datt d’Englänner dat och verstinn, mä ech mengen dat ass ze maachen. Si hunn et 2000 verstanen, datt se d’Limitë gewise kritt hunn, si mussen och elo gesot kréien.

Fränk Goetz: Här Ausseminister, villmools Merci.

Jean Asselborn: Merci.

Dernière mise à jour