Luc Frieden au sujet du blocage du Luxembourg à un budget destiné à l'OECD

Francine Closener: D’OECD hat vun de Membersstaaten eng Ralonge budgetaire vun 136.000 Euro gefrot, fir Aarbechten am Kontext mat de G-20 ze bezuelen. Mä d’Organisatioun huet hir Roll vis-à-vis vun hire Memberen net gutt gespillt, seet de Budgetsminister Luc Frieden.

Luc Frieden (O-Toun): An dofir huet gëschter och Lëtzebuerg bei deem Conseil vun der OECD géint déi Demande vun dem Generalsekretariat gestëmmt, zesummen, wéi gesot, mat der Schwäiz an aneren, Éisterräich. Doduerch kritt d’OECD net déi Suen déi se do brauch. Et ass also fir ze weisen, mir si mat där Method do net d’accord. An d’Generalsekretariat muss mierken, datt et hei Saache gemaach huet, déi net an der Kompetenz vum Generalsekretariat vun der OECD sinn.

Francine Closener: Et ass wuel just e klenge Montant dee blockéiert gouf, mä et ass e staarke symbolesche Geste, mengt déi schwäizer Regierung. Och Éisterräich an d’Belsch hu sech queesch geluegt.

Wat elo d’Duebelbesteierungsofkommes ugeet, décidéiert d’lëtzebuerger Regierung selwer, mat wiem se déi 12 oder méi Accorden ofschléisst. D’Verhandlunge mat den USA, Frankräich an Däitschland si jo schonn amgaangen. De Luc Frieden betount awer, datt d’Regierung net nëmme politesch, mä och ekonomesch Intérêten am A huet.

Luc Frieden (O-Toun): Dat ass zum Bespill de Fall mat Bahrain a Qatar, wou mir éischt Kontakter elo opgeholl hunn, déi mir bal fäerdeg hunn, Accorden déi mir elo nach wëlle präziséieren. Esou datt mir hei eppes maachen, wat gutt ass an deem Kontext vun der OECD-Diskussioun, mä wat och gutt ass fir d’lëtzebuerger Ekonomie, an notamment d’Fongenindustrie, déi ëmmer erëm nei Marchéë sicht, an zu deene mir elo keng Accordë konnte kréien wéinst deem Problem, datt mir net OECD-konform Duebelbesteierungsofkommes haten.

Francine Closener: Fir d’éischt gëtt awer mat de Leaderen an der Diskussioun ëm d’Steieroase verhandelt, a wann dobäi gutt Accorden eraussprangen, ginn déi dann als Modell fir aner Ofkomme geholl.

Dernière mise à jour