Jean-Claude Juncker au sujet des conclusions du sommet du G7 à Washington

Jean-Claude Juncker: Mir si gëschter an där Sitzung vun de G-7 zur Conclusioun komm, datt et éischt Unzeeche fir Erhuelung gëtt. Erhuelung heescht am konkrete Fall Stabiliséierung. Dat ass awer eng Stabiliséierung déi sech éischter op d’amerikanesch Ekonomie uwend wéi op de Rescht vun der Weltekonomie. Amerika ass éischter an d'Kris era komm; et ass net onlogesch, datt se sech och éischter aus der Kris iwwer de Stabiliséierungswee – dat ass nach kee Verbesserungswee – eraus bewegen.

Am Rescht vun der Weltekonomie stinn d'Zeechen nach ëmmer op Stuerm. Déi rezent Zuele fir d'Eurozon a fir d'Europäesch Unioun ingesamt déi den Internationale Währungsfong publizéiert huet weisen eng däitlech nach-Verlangsamung vun der Ekonomie. A Japan ass et net anescht. An den opstriewende Länner, a China an an aneren asiatesche Länner ass och eng Wuesstëmspaus – dat ass frëndlech ausgedréckt – agetrueden.

Mir hunn eng Stabiliséierung an der gréisster Ekonomie vun der Welt. Dorop kann de Rescht hoffen, datt d'Stabiliséierung eis och erreecht, mä dat geschitt net virun der zweeter Halschent vum Jor 2010.

Jean-Claude Wolff: Den Timothy Geithner seet, d'Reform vun der Finanzreguléierung an den USA an och an anere Länner wier um gudde Wee. Wat heescht dat elo konkret? Wat gëtt domatter gemengt? Ass dat elo, zum Beispill, déi Diskussiounen iwwer d'OECD, iwwer d'Steierparadäiser, iwwer Bankgeheimnis? Oder sinn do scho méi déifgräifend Reforme geholl ginn?

Jean-Claude Juncker: Mir mengen, datt dat Thema Steiergeheimnis en Thema wier, wat am Mëttelpunkt géif stoen. Dat ass drop zréck ze féieren, datt an Europa besonnesch vun de Fransouse vill Tapage domat gemaach ginn ass. Mä an deem Mooss wou all Mënsch weess, datt Bankgeheimnisser net ursächlech un där Wirtschaftskris an un där Finanzkris Schold sinn, dréint d'Attentioun vun der internationaler Gemeinschaft ronderëm aner Froen.

Et geet hei ëm d'Reguléierung vun de Rating Agenturen. Do si mir an Europa e Stéck viru komm. Et geet hei ëm den Encadrement vun den Hedge Fongen. Et geet hei drëm, datt kee Finanzprodukt an den Hänn vun iergend engem Finanzacteur iergend wou op der Welt dierf ouni Surveillance an ouni Kontroll sinn. Op deem Punkt, wat europäesch Positioune sinn déi vum G-20 iwwerholl gi sinn, gëtt et éischt Fortschrëtter déi zur Stabiliséierung vun de Finanzmäert solle féieren.

Et fält engem awer op, an de Gespréicher, ech hat och e bilateralt Gespréich mam amerikanesche Finanzminister Timothy Geithner a mat aneren, datt do déi éischt Bremsen ageworf ginn, och an Europa. D'Englänner si guer net esou äerdeg wann et ëm hir eege Reguléierung geet. Si hunn d'Reguléierung vun deenen aneren. An do muss ee grousse Wäert drop leeën, an den nächste Wochen a Méint, datt do reell Fortschrëtter erzilt ginn. Mir passen dorop op, zesumme mat aneren.

Jean-Claude Wolff: Et sinn och elo Réunioune vum FMI, vun der Weltbank. Stinn do och elo déi nämmelecht Themen un, oder gëtt et do nach elo méi spezifesch Dossieren?

Jean-Claude Juncker: Do geet et ëm de weltwirtschaftlechen Ausbléck, eng Gesamtappréciatioun vun deem wat an der Wirtschaft lass ass. Mir haten e Samschdeg de Moien eng Sitzung vun den Haaptfinanzministere vun der Welt iwwer de sou genannten Early-Warning-System, also e Fréiwarnsystem: Wat kënne mir maache fir relativ fréi Feelentwécklungen op de Finanzmäert, an eenzelne grousse Banken, an eenzelne Länner, an der Weltekonomie iwwerhaapt ze detectéieren? Do hu mir eis op Methodë geeenegt, wéi een dat an Zukunft soll maachen. Mir halen dat als Eurogrupp an och als Lëtzebuerger – mir si jo een Deel dovun – fir eng wichteg Saach, datt een net méi kal erwëscht gëtt.

Dernière mise à jour