Jean-Claude Juncker au sujet du sommet G7 à Washington

Henri Eipppers: De Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker wëll nach näischt vun Optimismus an engem Enn vun der Wirtschaftskris wëssen. Um G7-Sommet, deen den Ablack zu Washington ass, huet de Jean-Claude Juncker den Äiffer vun den Amerikaner, an och soss Commentateurë relativéiert.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn iwwerhaapt keen Optimismus, an ech deelen och déi breet Berichterstattung iwwer éischt Unzeeche vun enger Erhuelung net.

Wat mir hei festgestallt hunn ass, datt an de Vereenegte Staate vun Amerika den Ufank vun enger Stabiliséierung agetrueden ass. Dat ass wäit dovun ewech sech eng Erhuelung kënnen ze nennen. Mä déi Stabiliséierung gëtt et, esouwuel um amerikaneschen Haisermaart, wéi och an Deeler vum Kreditwiesen.

Dat si gutt Zeechen. Dat weist, datt et net weider biergof geet an der éischter Ekonomie vun der Welt. Mä et muss ee wëssen, datt d’Amerikaner an d’Finanz- an an d’Wirtschaftskris era gerode sinn ee gutt Jor virun den Europäer a virun deenen aneren. Et ass also normal, datt den ënneschte Punkt méi fréi an Amerika erreecht gëtt. Et ass och normal, datt se sech éischter aus dem Lach kënnen eraus bewege wéi déi aner.

Mä am Rescht vun der Welt ass Stuerm, an Europa geet d’Wirtschaftswuesstëm dramatesch zréck, esouwuel an der Eurozon wéi an der ganzer Europäescher Unioun, wéi och zu Lëtzebuerg. Dat selwecht ass wouer fir Japan; dat selwecht ass wouer fir déi esou genannten opstriewend Ekonomien: China, aner asiatesch Ekonomien.

Déi Kris hei déi wäert nach laang daueren. Déi éischt Stabiliséierungszeechen déi do sinn, déi féieren, wa se sech och an aner Deeler vun der Welt iwwersetzen an eng Erhuelung, wann och douce Erhuelung, am Laf vum Jor 2010, viraussiichtlech am zweete Semester 2010.

Henri Eippers: Um G7 ass et och op en Neits ëm d’Reguléierung vun de Finanzmäert gaangen, e Beräich an deem de Jean-Claude Juncker Fortschrëtter gesäit.

Jean-Claude Juncker: Mir sinn eis am Krees vun der G7-Ministeren eens, datt een alleguer déi Décisiounen, déi d’Europäesch Unioun ugeleiert huet an de G20 iwwerholl huet, wat d’Reguléierung vun de Finanzmäert ubelaangt, séier mussen an d’Wierklechkeet ëmgesat ginn. An Europa si mir domat amgaangen.

Mir hunn eis elo schonn op een Text geeenegt fir d’Rating Agenturen an Europa speziell ze accréditéieren, dat heescht och z’encadréieren.

Dat selwecht geschitt weltwäit elo mat den Hedge Funds, dat geschitt mat alle Finanzprodukter, déi iergend wou op der Welt op iergend enger Finanzplaz vun iergend welche Finanzacteurë traitéiert ginn. Déi gehéieren ënner Kontroll an déi gehéieren ënner Surveillance. Déi Saache ginn elo lues a lues ëmgesat.

Et gesäit een éischt Ofsazbewegungen, haaptsächlech vun den Englänner, déi zwar ëmmer do gutt do si fir aner Leit gutt Rotschléi ze ginn, mä déi awer net gären hunn, wa si selwer sech mussen esou reguléieren, datt d’Finanzplaz London vläicht en Avantage verléiert. Déi Resistenz wäert net an de Resultater opgoen, well déi aner Länner maachen do Drock.

Dernière mise à jour