Luc Frieden au sujet de la reprise de Fortis par BNP Paribas et les conséquences pour la BGL

Corinne Folscheid: BNP Paribas keeft also 75% vun der Fortis Bank an der Belsch op. Wat bedeit dat elo konkret fir d’BGL hei am Land?

Luc Frieden: Dat ass emol fir d’éischt eng gutt Léisung fir Lëtzebuerg, dat ass eng gutt Léisung fir d’BGL, well mir ëmmer gesot hunn, datt et gutt ass an dëse schwieregen Zäiten, datt déi fréier Fortis Bank, an heiteg BGL, engersäits e staarken Aktionär huet, deen de lëtzebuerger Staat ass a bleiwt, mä donieft, datt esou eng Bank och en internationale Bankpartner brauch, deen know how huet, deen en internationale Réseau huet.

Déi Léisung vu gëschter, déi huet jo net eng direkt Influenz op Lëtzebuerg, mä awer eng indirekt, well BNP huet ëmmer gesot, mir hätte gären en Deal an der Belsch an da maache mir zugläich och deen Deal zu Lëtzebuerg. Juristesch hänken déi zwou Saachen net zesummen, faktuell awer schon. Dofir ass déi Léisung vu gëschter, dee positive Vote vun den Aktionäre vu gëschter, d’Signal, fir datt mir och zu Lëtzebuerg déi Accorden kënnen ëmsetzen, datt de lëtzebuerger Staat an d’BNP zesummen Aktionär vun der BGL ginn, an datt d’BGL virun allem och elo net méi brauch dauernd sech mat den Aktionärsfroe ronderëm ze ploen, mat all deene Gerüchter déi do ronderëm zirkuléieren, mä datt se sech ka konzentréieren op hir Clienten, op hir Bankaktivitéit. Dofir mengen ech, bréngt déi Décisioun vu gëschter och méi Rou.

Corinne Folscheid: Wéi grouss sinn d’Chancen, datt BNP Paribas deemnächst da bei der BGL géif mat era klammen?

Luc Frieden: Déi Chancë sinn 100%, well mir hunn Accorden mat der BNP, an déi mussen elo ëmgesat ginn. Ech hunn och an deene leschten Deeg nach eng Rei Accorden ënnerschriwwen. Déi gesi vir, datt de lëtzebuerger Staat, deen haut 49% vun der BGL huet, erof geet op 33%. Hien huet also domat eng Sperrminoritéit an der BGL, kann also all wichteg Entscheedunge matkontrolléieren. Deen aneren Aktionär, fir de Moment, war d’Fortis Bank Belsch, dee gëtt also duerch eng Rei Ëmstrukturéierungen elo ersat duerch BNP, esou datt mir an deenen nächste Wochen eng Struktur hu fir d’BGL vun 33% lëtzebuerger Staat, 67% BNP. An deem Accord gëtt de lëtzebuerger Staat och e klengen Aktionär vun der BNP a Frankräich.

Mir hunn also elo just dat doten ëmzesetzen, dat ass eng Aarbecht déi wäert e puer Woche brauchen. Mä ech ginn dovun aus, datt all déi doten Accorden iwwer d’Bühn sinn ier de Summer ufänkt. Ech selwer gesi mar de Moien déi Responsabel vun der BNP a mir diskutéieren dann déi weider Schrëtt. Mä am Prinzip ass näischt méi ze négociéieren. Déi Accorde stinn, se mussen elo just technesch ëmgesat ginn.

Corinne Folscheid: Här Frieden, villmools Merci fir d’Explikatiounen.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour