Jean-Claude Juncker au sujet des réunions de l'Eurogroupe

Corinne Folscheid: D’Wirtschaftskris zitt eng Beschäftegungskris mat sech. Wat mécht Iech esou sécher, datt d’EU an eng Sozialkris rutscht? A wéi eng Répercussiounen hätt esou eng Kris, Ärer Meenung no?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gëschter Owend net gesot, Europa géif an eng Sozialkris rëtschen, ech hu gesot, ech hätt Angscht, datt Europa kéint an eng Sozialkris rëtschen, wa mir et net fäerdeg bréngen, déi Massenaarbechtslosegkeet, déi sech undeit, an de Grëff ze kréien. Effektiv musse mir dovun ausgoen, datt mir, alleng op d’Eurozon bezunn, am Jor 2009 e Chômage wäerten hu vun 9,8% an datt mir am Jor 2010 ee wäerten hu vun 11,5%. Dat ass drop zréck ze féieren, datt d’Wirtschaftswuesstëm sech ëm 4% zréck bild am Jor 2009 an ëm 0,1% am Jor 2010. Doraus resultéiere ganz héich Aarbechtslosebestänn an dat mécht mir Suerg.

Corinne Folscheid: Dir hutt awer och betount, datt et an Europa ésicht Unzeeche vu Berouegung a Stabiliséierung géife ginn. Kënne mir dann esou lues opotmen?

Jean-Claude Juncker: Mir gesinn éischt Unzeeche vu Stabiliséierung an de Vereenegte Staate vun Amerika, mir gesinn Unzeeche vun enger Stabiliséierung op méi héijem Niveau a China. China stellt sech als de Wuesstëmsmotor vun der Weltwirtschaft eraus. D’Weltwirtschaft muss effektiv un d’Rulle kommen, fir datt mir aus deem Rezessiounslach eraus kommen. Mir Europäer si wesentlech méi ofhängeg vum Welthandel, an zwar an der Héicht vun 22% vun eisem PIB, wéi d’Amerikaner, déi wesentlech manner ofhängeg sinn, nämlech zweemol manner.

Déi Unzeechen déi mir do an Amerika feststellen, déi Stabiliséierungsspréng déi mir a China feststellen, déi hunn Europa nach net a vollem Ëmfang erreecht. Trotzdem gi mir dovun aus, datt d’europäesch Wirtschaft sech net méi am fräie Fall befënnt, mä datt mir ënnen am Dall ukomm sinn. Mä fir duerch deen Dall do ze goen, dat kann een net am Sauseschritt maachen. Mir mussen eis duerch den Dall schleefen, fir lues a lues am Laf vum Jor 2010 erëm no uewen ze kommen.

Corinne Folscheid: Eng lescht Fro nach, Här Juncker. Um Bord vun der Reunioun vun de Finanzministere vun der Eurozon huet iwwerdeems nees e méigleche Récktrëtt vun Iech als President vum Eurogrupp fir Gespréich gesuergt. Dir krut déi Fro scho méi wéi eng Kéier gestallt: vu wat maacht Dir dann Är Zukunft un der Spëtzt vun der Eurozon ofhängeg?

Jean-Claude Juncker: Ech wonnere mech e bëssen iwwer déi Artikelen an der internationaler Finanzpress, déi dovu schwätzen, datt ech mat engem Récktrëtt géif gedanklech spillen. Dat ass op e Mëssverständnis zréck ze féieren, huelen ech un. À moins, datt schlecht Absicht dohannert wier. Jiddweree wousst, wéi ech mäin 3. Mandat als Eurogruppechef ugetruede sinn, datt de toute façon de 7. Juni dëst Jor zu Lëtzebuerg géif gewielt ginn. Ech ka jo awer net President vun der Eurogrupp bleiwen am Fall wou ech net méi géif an d’Regierung kommen oder am Fall wou ech an der Regierung géif bleiwen an net méi Finanzminister wier. Dofir ass dat eng relativ normal Saach.

Doriwwer gëtt sech zu Bréissel excitéiert. Mä net déi Bréisseler Journalisten décidéieren driwwer, wien an der Lëtzebuerger Regierung ass, dat mécht de Lëtzebuerger Wieler. A wann dee mech bestätegt, a meng Partei och, da steet näischt der Tatsaach entgéint, datt ech géif als Eurogruppechef virumaachen. Mä dofir muss ee Finanzminister sinn. Dat sinn ech haut, ob ech dat a 6 Wochen nach sinn, dat weess ech net.

Corinne Folscheid: Här Juncker, villmools Merci fir d’Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Ech bieden Iech.

Dernière mise à jour