Jean-Claude Juncker au sujet du résultat du référendum en Irlande sur le traité de Lisbonne

Mick Entringer: Kuerz virum Panorama hu mir eis mam lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker iwwer Telefon iwwer den iresche Referendum ënnerhalen. Wat ass seng Reaktioun nom kloere "Jo"? De Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Ech si frou iwwer dee Votum vun den Iren, dee stellt d’Europäesch Unioun elo erëm op d’Gleis. Wann dann d’tschechesch Republik och nach zoustëmmt, kënne mir besser a méi séier décidéieren, och an neie Beräicher vu gemeinsam ze gestaltender Politik.

Ech si frou, datt d’Iren däitlech gemaach hunn, datt se besonnesch an der Zäite vun der Wirtschaftskris sech besser am Krees vun der Europäescher Unioun opgehuewe spieren, wéi wa s’alleng missten iergend wéi stoen op der Welt a viru goen, dat bréngt kee klengt Land fäerdeg. An all Länner an der Europäescher Unioun sinn an där Bezéiung kleng Länner.

Mick Entringer: Dir hutt gesot, Polen an Tschechien mussen nach elo gréng Lut ginn. Wéi laang rechent Dir, datt dat dauere wäert?

Jean-Claude Juncker: Dat ass an den Hänn vun dem tschechesche Verfaassungsgeriicht. De polnesche President huet mir imperativ gesot, hie géif dee Vertrag ënnerschreiwen, wann d’Iren zougestëmmt hätten. Dat ass jo elo geschitt.

Dat tschechescht Verfassungsgeriicht ass mat enger neier Prozedur befaasst, vun tschechesche Senateuren. Wéi laang datt dat tschechescht Verfassungsgeriicht brauch fir zu de Kloe géint de Vertrag, oder géint d’Begleitgesetzer vum tschechesche Parlament zu deem Vertrag, seng Meenung ze äusseren, entzitt sech menger Kenntnis.

Mick Entringer: Fir Iech perséinlech gëtt de Postë vum europäesche President, esou wéi en den neie Vertrag virgesäit, erëm eng Optioun. Wier en nees interessant, wann Dir gefrot géingt ginn?

Jean-Claude Juncker: Do muss een ofwaarden, wat d’schwedesch Presidentschaft do un Initiativen entwéckelt. De schwedesche Premier, bei deem ech virun e puer Woche war, deen hëllt elo den Telefon an de Grapp, an da kuckt hie wéi d’Meenungsbild an der Europäescher Unioun ass. An ech mengen net, datt et glécklech an indiquéiert wier, wann een do virdru géif dozou Stellung huelen.

Mick Entringer: Dat heescht, Dir hätt awer Loscht drop?

Jean-Claude Juncker: Ech war ëmmer un der Europapolitik interesséiert, well se wichteg fir eist Land ass. Ech maachen déi Politik gären zu Lëtzebuerg, ech ka se och op anere Plaze maachen, mä ech erliewen dat guer net esou dramatesch wéi déi, déi déi Froë vu bausse kucken. Déi zwou Saache si gutt, an ech si gären zu Lëtzebuerg.

Mick Entringer: Esou wäit de Jean-Claude Juncker iwwer Telefon vun Istanbul, wou hien haut a senger Qualitéit als Chef vum Eurogrupp un der Reunioun vun de G7-Finanzminister Deel hëllt.

Dernière mise à jour