Le Premier ministre, Jean-Claude Juncker au sujet de la visite de travail en Russie

Paul Konsbrück: Här Juncker, Dir waart a Russland. Russland ass e wichtege Partner vu Lëtzebuerg, mä virun allem, aus dem Grand-Duché fléisse 36 Milliarden Dollar an Direktioun Russland. Ëmgedréint ass et e gutt Stéck manner, nämlech 1 Milliard – eng Bezéiung also déi een nach muss ausbauen.

Jean-Claude Juncker: Déi Bezéiung muss ausgebaut ginn an déi 36 additionéiert Milliarden Dollar déi iwwer Lëtzebuerg a Russland investéiert gi sinn, sinn haaptsächlech Finanzdéngschtleeschtungen déi iwwer d'Finanzplaz Lëtzebuerg gemaacht ginn. Mä do ass nach weider Loft dran an dofir hu mir ofgemaacht, datt déi 2 Finanzzentre Lëtzebuerg a Moskau, deen eng grouss Zukunft viru sech huet, weider sollen ausgebaut ginn.

Mir hunn ofgemaacht, datt mir en neit Duebelbesteierungsofkommes tëscht Russland a Lëtzebuerg maachen. Dat ass essentiell, fir datt Investissementssécherheet entsteet.

Allgemeng hu mir eis ugeschloss un deen EU-Russland Programm iwwer d'Moderniséierung vun der russescher Wirtschaft, dat betrëfft d'Finanzplaz; dat betrëfft d’Investissementer déi vu Lëtzebuerg aus organiséiert an an der russescher Stolindustrie kënne gemaacht ginn; dat betrëfft d'Uso vu Russland, datt déi lëtzebuergesch Automobilzouliwwerer déi mir doheem hunn, datt déi méi staark agebonne ginn an d'russesch Automobilproduktioun. D'komplett Bild vun de wirtschaftleche Relatioune mat Russland gëtt also Stéck fir Stéck ausgebaut.

Paul Konsbrück: Wann zwee Staats- respektiv Regierungschefe beienee kommen, dann ass et jo net aussergewéinlech, datt et ëm wirtschaftlech Relatioune geet. De russesche President huet sech awer besonnesch fir d'Finanzplaz Lëtzebuerg interesséiert an Dir sidd jo och net fir näischt mam Finanzminister Luc Frieden op Sotchi geflunn. Et wéilt ee léiere vum Grand-Duché, heescht et vu russescher Säit. Wëll Russland dann europäesche Finanzzentre wéi Lëtzebuerg, Frankfurt oder London City elo Konkurrenz maachen?

Jean-Claude Juncker: Neen, et geet drëm fir Synergien tëscht de Finanzplaze Lëtzebuerg a Moskau hierzestellen. Moskau huet eng grouss regional Finanzzukunft an et ass essentiell, datt mir vun eiser Säit aus de russesche Firmen et erlabe Lëtzebuerg zu där Plattform fir international Geschäfter ze maachen, an do si mir gëschter zu Sotchi e gutt Stéck virukomm.

Paul Konsbrück: Dat heescht, d'Finanzplaz Lëtzebuerg ass eng Plaz vun där Russland just ka léieren, mä et ass keng Gefor datt et eng Konkurrenz géif ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech sinn net op Sotchi gefuer fir dem Land Konkurrenz z'organiséieren, ech sinn op Sotchi gefuer fir dem Land zousätzlech Geschäftsaktivitéiten ze bréngen.

Paul Konsbrück: En anere Sujet: et war gëschter esou, datt och soll iwwer en Duebelbesteierungsofkommes mat Russland diskutéiert ginn, do koum et awer zu kenger Décisioun.

Jean-Claude Juncker: Mir hunn eng prinzipiell Décisioun geholl déi doranner besteet, datt mir en neit Duebelbesteierungsofkommes maachen. Mir hunn eis op déi grouss Lignen do gëeenegt. De Finanzminister Luc Frieden flitt zréck op Moskau an den nächsten 2 Méint fir déi Gespréicher op en Enn ze bréngen.

Paul Konsbrück: Här Juncker, ekonomesch Relatioune sinn déi eng Saach. Wa mir iwwer Russland schwätze komme mir awer och net dolaanscht iwwer Mënscherechter, Meenungs- a Pressefräiheet ze schwätzen. War dat och e Sujet bei Äre Gespréicher gëschter mam russesche President?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn en Accord getraff dee vun de Justizministèrë vu Lëtzebuerg a vu Russland ausgeschafft ginn ass, an deen doranner besteet, datt et zu engem Échange vun de Praktike kënnt, datt mir Hëllefstellung gi bei dem weideren Ausbau vum russesche Rechtsstaat. Et ass ganz evident, datt d'Relatioune mat Russland net nëmmen en ekonomesche Profil hunn, mä datt si méi en allgemeng breede politeschen Zouschnëtt hunn, an dozou gehéiert d'Mënscherechtssituatioun a Russland selbstverständlech dozou.

Paul Konsbrück: Dat heescht, Lëtzebuerg, oder och déi Europäesch Unioun, gesäit sech dann awer och als eng Zort Watchdog, als e Wiechter vun de Mënscherechter a Russland, oder geet et awer net esou wäit ?

Jean-Claude Juncker: Et soll een net pretentiös ginn an der Beschreiwung vun deenen Hëllefstellungen déi ee ka ginn. Russland ass e grousst Land, Russland ass eng relativ jonk Demokratie, nach net esou skulptéiert wéi eis, déi al Weltdemokratien dat sinn.

Mir ginn eise russesche Frënn gutt Rotschléi, mir weisen hinne wéi d'Saache bei eis kënne gemaacht ginn, wéi se bei hinnen och vläicht kënne gemaacht ginn, mä mir ginn net op Sotchi an op Moskau fir Lektiounen z'erdeelen, mä fir Hëllefstellung ze ginn. Dat ass dat wat d'Mënsche brauchen. Déi brauche keng Opfuerderungen ëffentlecher Natur, déi brauche konkret Hëllefstellung.

Paul Konsbrück: Här Juncker, ech soen Iech Merci fir dës Explikatiounen.

Jean-Claude Juncker: Merci och.

Dernière mise à jour