Marie-Josée Jacobs au sujet des Objectifs du millénaire pour le développement

Radio 100,7: Madame Jacobs, Dir sidd an Ärer Fonctioun als Lëtzebuerger Kooperatiounsministesch um Sommet vun de Vereenten Natiounen dobäi, wou et ëm d'Agenda fir déi international Entwécklungspolitik am 21. Joerhonnert geet. Vläicht wier et gutt, kuerz op déi 8 Millenniums-Entwécklungsziler anzegoen déi bis 2015 sollen erreecht ginn.

Marie-Josée Jacobs: Ech denken, datt dat wichteg ass, well ee jo déi 8 net ëmmer alleguere beinee verhält. Dat éischt an dat wichtegst ass, déi extrem Aarmut an den Honger ëm 50% ze reduzéieren. Dat zweet Zil ass Primärschoul fir all Jongen a Meedercher. Dat drëtt, d’Chancëgläichheet tëscht Mann a Fra an och d'Selbststännegkeet vun de Fraen ze promovéieren. Dat véiert ass d'Kannerstierflechkeet erof ze setzen. Dat fënneft Zil ass d'Gesondheet vun de Mammen ze verbesseren, virdrun, während an nodeems se e Kand kritt hunn. Dat sechst Zil ass de Kampf géint den Aids, Malaria an aner Krankheeten. Am siwenten Zil geet et drëm d'Ëmwelt besser ze versuergen, an aachtens e weltwäit Partenariat tëscht allen Entwécklungsacteuren op d'Been ze bréngen.

Radio 100,7: Dat heescht da wuel och, datt mir alleguerten un engem globalen Entwécklunskonsens musse matschaffen.
Wéi gesäit et dann elo mat de Responsabilitéiten aus? Et gëtt weltwäit eng abberzuel Konflikter an et zeechent sech och ëmmer méi kloer eng Grenz of tëscht Norden a Süden; iwwerméissege Räichtum a Wuelstand an der nërdlecher Hemisphär an op där anerer Säit onvirstellbar Aarmut, Krankheete, Biergerkricher, ganz Regioune sinn an der Tëschenzäit depeupléiert. Stéchwuert also Responsabilitéit. Ass dat iwwerhaapt en Thema?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass sécher een Thema an dat ka jo och net aneschters sinn.
D'Responsabilitéit ass kloer fir d'éischt bei de Länner selwer, well et muss ee jo selwer fir d'éischt probéieren alles ze maachenn fir datt seng eege Bevëlkerung eng Chance kritt op e bessert Liewen. Dat heescht virun allem och eng seriös Verwaltung op allen Nivaeuë vum Staat, dat wat mir da governance nennen.
Mä mir wëssen awer op där anerer Säit och, datt déi Leit an déi Länner dat selwer net packen an dofir hu mir och eng Responsabilitéit. Dat heescht also, d'international Gemeinschaft an der Verantwortung ze hëllefen. Eng Kéier aus Solidaritéit an aus Respekt virun de Mënscherechter, mä eis eegenen Interessen, ëm déi geet et jo och.
Mir wëssen haut, datt wann eppes am Norden geschéit, dat Auswierkungen am Süden huet. An datt wann eppes am Süden Auswierkungen huet, datt mir dat och ze spiere kréien. Dat gesi mir am allerbeschte wat d'Sécherheet ubelaangt, mä awer och de Klimawandel wou Dir zu Recht gesot hutt, datt ebe ganz vill Leit sech dann op d'Rees maachen, an d'Migratioun, an déi dann natierlech och probéieren an eis Länner ze kommen, mat all deene Schwiergekeeten déi et fir déi Leit selwer, mä awer och selbstverständlech fir eis an eis Länner da stellt.
Et ass net, datt nëmmen deen Een oder deen Aneren eng Responsabilitéit huet. Vun dohier ass dat selbstverständlech och en Thema wou een also och muss dorop Äntwerte fannen. Well déi aarm Länner soen zu Recht, mir sinn déi déi am mannste Schold drun hunn, fir net ze soen iwwerhaapt keng, ob et iwwer de Klimaschutz ass – si sinn déi déi am wéinegsten CO2 verbrauchen. Si sinn déi déi also domat am alleréischten ze kämpfen hunn, mat Iwwerschwemmungen, mat Dréchenten an heiansdo an deem enge Joer och fir d'éischt Iwwerschwemmungen an duerno eng aussergewéinlech Dréchent, wou se dann net méi genuch produzéiere fir kënnen hire Leit genuch z'iessen ze ginn.
Op där anerer Säit soe si zu Recht, datt si net déi wieren déi Schold hätten un der Weltwirtschaftskris, datt mir also och do mussen hëllefe fir de Leit eng aner Chance ze ginn.
Wat awer natierlech och elo an eenzelne Länner bei eis, mä awer och an anere Länner, dozou gefouert huet, datt d'Entwécklungshëllef vun deenen dann och zréck gesat gouf.

Radio 100,7: Wa mir dann elo iwwer all dat schwätzen, iwwer Aarmut, iwwer Honger, Migratioun, och iwwer hygienesch Sanitäranlagen, da musse mir op den Accès zu propperem Drénkwaasser agoen. Iwwer 884 Millioune Mënschen op der Welt hunn effektiv keen Zougang zu Drénkwaasser an dat ass mat Sécherheet eng vun de ganz groussen Erausfuerderunge fir déi nächst Joeren.

Marie-Josée Jacobs: Proppert Waasser ze hunn – mir dréinen de Krunn op an da loosse mir et lafen a mir denken emol net dru wat fir eng Chance, datt et ass. Wann een da wierklech gesäit, wat dat fir aner Länner duerstellt, dofir hu mir ënner anerem zum Beispill e Projet dee mir wëlle maachen zesumme mam Cap Vert op São Tomé-et-Prinicipe, eng kleng Insel déi enorm vill Waasser huet, mä dat awer nach net garantéiert, datt all Mënsch proppert Waasser huet. D'Waasser ass eppes wat iwwerliewenswichteg ass fir de Mënsch, well en dat ebe brauch, mä op där anerer Säit och, wéi Dir och zu Recht sot, wéinst der Hygiène.
Duerno kommen nach eng ganz Partie och vun deenen aneren Ziler déi mir virdrun opgezielt hunn, déi ganz enk zesummen hänken. Wann ee keen direkten Zougang zum Waasser huet, da sinn et ganz dacks d‘Kanner déi mussen d'Waasser siche goen, a bei de Kanner haaptsächlech d'Meedercher. Wa se musse stonnelaang Waasser siche goen, kënne se net an d'Schoul goen. Wa se net kënnen an d'Schoul goen, da léiere se net schreiwen a liesen. An dat mécht et hinnen dann natierlech herno ëm sou méi schwéier fir och eng Aarbecht ze fannen.
Ech wëll dat eng Kéier einfach soe fir och ze weise wéi enk datt déi verschidden Ziler och aneneen hänken, datt et net nëmmen duer geet wann een dat eent erreecht, mä datt een och muss dofir suergen, datt déi 8 Ziler gläichberechtegt sinn.

Radio 100,7: Dir hat se éineschters alleguerten opgezielt, d‘Millenniums-Ziler. Widderhuele mir awer, datt bis d'Joer 2015, an dat ass guer net méi esou laang, d'Zuel vun deenen Äermsten op der Welt, an och vun deenen déi Honger leiden, ëm d'Halschent sollt reduzéiert ginn. Dat ass enorm. Wéi denken d'Politiker ënner Politiker dann doriwwer am Kader vun dësem UN-Aarmuts-Bekämpfungssommet? Gëtt et esou eppes wéi politesche Wëllen, dëst Zil, an och alleguerten déi aner, z‘erreechen?

Marie-Josée Jacobs: Do ass keen Zweiwel drun. Jiddweree bekennt sech a seet och, datt et nach ëmmer wichteg ass, datt mir déi Ziler ereechen. Da gëtt et natierlech awer heiansdo Meenungsverschiddenheete wéi ee kann dohinner kommen an och iwwer de Finanzement.
Mä et ass ganz kloer hei, datt et net aneschters ka sinn, wéi datt een alles mécht fir déi Millenniumsziler och kënnen z‘erreechen. Mir wëssen, datt dat hei keng Einbahnstrooss ass. Et mussen Effortë gemaacht gi vun eise Länner, mä och vun deenen anere Länner selwer. A wann ech soen, och vun eise Länner, dann nach eng Kéier, well mir fannen, datt mir eng Responsabilitéit virun deene Leit hunn, da sollte mir et maachen och an eisem eegenen Interessi.

Radio 100,7: An um Enn vun dësem klenge Gespréich, géingt Dir en Ausbléck wëlle riskéieren iwwertden Ausgang vun dësem Sommet vun de Vereenten Natiounen?

Marie-Josée Jacobs: Ech sinn zouversichtlech, datt mir och am Schlussdokument, wat zanter Wochen ausgeschafft a verhandelt gëtt, erëm eng Kéier d'Ënnerstëtzung vun de Millenniums-Ziler wäert dra stoen. Mä mir gesinn awer och, bis 2015 hate mir jo gewollt, datt wéinstens d'Halschent vun der Aarmut a vum Honger géingen ausradéiert ginn, datt et eenzel Länner, eenzel Regioune vun der Welt; an eenzelne Länner et där enger Regioun besser geet wéi an där anerer; datt verschidden Ziler méi no erreecht goufen, zum Beispill hu mir e groussen Effort fäerdeg bruecht wat d'Scolarisatioun vun de Kanner ubelaangt, mä et net fäerdeg kritt wat den Honger ubelaangt.
Do gesäit een also, datt mat Sécherheet och bis 2015 op eenzelne Plazen dat besser wäert goen, op aneren et manner gutt wäerte goen. Mä ech sinn trotzdem sécher, dat wat fir mech och wichteg ass, datt Dir hei och spiert, bei der ganzer Weltcommunauté déi awer hei ass, datt jiddweree wëll doranner schaffen, jiddweree säi Bescht wëll maache fir et wierklech fäerdeg ze kréie fir déi Ziler z‘erreechen.

Dernière mise à jour