Jean-Claude Juncker au sujet des réformes programmées dans la Fonction publique

Jean-Claude Juncker: Ech hat zu Senneng e puer Ministeren, déi sech a Froe vun der Fonction publique auskennen, gemeinsam mat e puer Deputéierten déi sech och do auskennen, zesumme geruff fir iwwer déi Reformen ze diskutéieren déi an der ëffentlecher Fonctioun ustinn.

Mir sinn eis an de grousse Linnë grosso modo eens. Déi zwee Ministere Biltgen a Modert si beoptragt ginn, nach eng Rei vun net onwichtegen an heiansdo onwichtegen Detailfroen ze klären, esou datt ech am Numm vun der Regierung bei der Erklärung zur Lag vun der Natioun de 5. Abrëll an der Chamber kann déi Haaptdécisiounë vun der Regierung dem Parlament virdroen.

Michel Delage: Kënnt Dir do vläicht e bësse méi an d'Detailer goen? Bei den Ufanksgehälter, zum Beispill, wat ass do d'Léisung déi fonnt ginn ass?

Jean-Claude Juncker: Majo, ech hu jo den 100,7 ganz gär, wéi Dir wësst, mä ech hunn d'Chamber nach léiwer an ech wëll de 5. Abrëll an der Chamber bei der Erklärung zur Lag vun der Natioun d'Regierungsintentioune bekannt maachen.

Michel Delage: Och wat de Bewäertungssystem betrëfft?

Jean-Claude Juncker: Alleguer déi Froen, déi et am Zesummenhang mat der Reform am Beräich vun der ëffentlecher Fonctioun ginn, ginn de 5. Abrëll a graffe Linnen, well ech kann net op all Detail agoen, am Parlament presentéiert.

Et deet mir leed, datt ech Iech muss enttäuschen, datt ech Iech elo net méi ka soen. Un enger Rei vu Froe gëtt nach geschafft. An d'Resultat vun all eisen Iwwerleeungen, deene vun haut an deenen déi kommen, droen ech bei der Erklärung zur Lag de 5. Abrëll vir.

Michel Delage: Gëllt dat och fir d'Reform vum Avortementsgesetz?

Jean-Claude Juncker: Do gëtt et e Projet de Loi, doriwwer ass haut och kuerz diskutéiert ginn, mä ech hunn un där Diskussioun net weirklech deelgeholl. Mä ech mengen net, datt ech zu där Fro an der Erklärung zur Lag vun der Natioun eppes wäert soen.

Michel Delage: Dat heescht, et ass bei deenen 2 Punkten do bliwwen: Gehälterreform a Reform vum Avortementsgesetz, oder waren do nach zousätzlech Punkten?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn och iwwer d'Situatioun a Japan diskutéiert. Ech hunn e bëssen informéiert iwwer d'Währungs- an d'Wirtschaftssituatioun an der Eurozon. Mä dat sinn normal Virgäng, wann déi Haaptresponsabel vun der Koalitioun sech treffen.

Michel Delage: Wéi war d'Klima? Konnt ee soen, datt ee sech do méi no komm ass, och wat d'Atmosphär an der Koalitioun betrëfft?

Jean-Claude Juncker: Ech gesinn d'Atmosphär an der Koalitioun duerch keen Evenement an Element gestéiert. Mir hunn net mussen eng gutt Atmosphär restauréieren. Mir hunn déi gutt Atmosphär déi mir hu bäibehalen, an an där gudder Atmosphär hu mir och diskutéiert. Ech versti munch Opreegung heiansdo net. Déi entstinn aus Grënn déi ech net novollzéie kann.

Dernière mise à jour