Luc Frieden au sujet de la crise de la dette publique dans la zone euro et des garanties demandées par la Finlande

Umoderatioun: Wann ausser Finnland nach méi Eurozone-Memberstaate vu Griechenland zousätzlech Garantië fir Hëllefsprêten froen, da misst och d'lëtzebuerger Regierung dat maachen, sot de Mëtten de Finanzminister am 100,7-Interview. Dem Luc Frieden no géif de griechesche Problem doduerch nach méi komplizéiert ginn. De Minister huet virun enger eventueller schneller Faillite vu Griechenland gewarnt am Fall wou vill Länner zousätzlech Arrangementer géife fuerderen.

Michel Delage: Finnland huet virun enger Woch en Accord mat Athen iwwert eng net präziséiert Zomm a bor annoncéiert. Zanterdem hunn och Éisterräich, Holland, Slowenien an d'Slowakei ähnlech Fuerderunge gestallt. Datt déi finnesch Regierung dës zousätzlech Garantië wëll ass scho méi laang bekannt. D'Staats- an d'Regierungschefë vun der Währungsunioun haten en dementspriechenden Arrangement och ausdrécklech virgesinn wéi den 21. Juli en zweete Rettungsplang fir Griechenland guttgeheescht ginn ass. Deemools sollt enger schwiereger Regierungsbildung zu Helsinki op d'Spréng gehollef ginn. Dozou de Finanzminister Luc Frieden.

Luc Frieden: Dat mécht natierlech dat ganzt extrem komplizéiert, déi Ëmsetzung vun där Decisioun vum Conseil européen, well wéi soll e Land wéi Griechenland wat schonn net méi vill huet, elo och nach zousätzlech Garantië ginn. An duefir sinn ech der Meenung, datt et besser wir, mir géingen net zousätzlech Garantie vu Griechenland verlaangen, well ech gesinn net wéi dat an der Praxis soll ausgesinn. Mä ech gesinn awer op där anerer Säit, datt de Conseil européen Finnland dat versprach huet an doriwwer mussen lo Gespréicher stattfannen.

Michel Delage: E Spriecher vun der EU-Kommissioun sot de Mëtten, datt déi 17 Memberstaate vun der Währungsunioun hiren Accord zum finnesche-griecheschen Deal misste ginn. Dem Luc Frieden no wier dat ëmsou méi wichteg, well deen Arrangement déi ganz Eurozone negativ kéint beaflossen. Mä wa Finnland esou eppes accordéiert kritt, kënnen aner Länner dann net och déi selwecht Behandlung erwaarden?

Luc Frieden: Jo, selbstverständlech. Wann deen een dat freet, dann abemol wëllen anerer dat och froen. Dat war awer ursprünglech net esou ofgemaach, mä et ass op där anerer Säit awer och kloer, wat 4, 5 Länner eppes froen, da freet jiddwereen et, well sou kann dat jo net goen, a wa jiddwereen et freet, da weess ech wirklech net wéi dat soll fonctionnéieren, well da musse mir et och froen.

Michel Delage: E politesche Problem deemno, deen d'Situatioun fir Griechenland an doriwwer eraus déi ganz Eurozone kënnt geféierlech verschlechteren, esou d'Warnung vum Finanzminister.

Luc Frieden: Wa vill Länner dat froen, da fäerten ech, datt de ganze Griechenland-Problem nach vill méi grouss gëtt an datt Griechenland relativ schnell an enger Faillite land. An et ass jo ebe just drëm gaang fir z'évitéieren, datt ee Land géing a Faillite falen mat der Konsequenz, datt all déi aner och géingen an d'Faillite falen.

Michel Delage: Mëtt September soll an der Chamber iwwert d'Erhéigung vun der lëtzebuerger Garantie fir Griechenland op 2 Milliarden Euro ofgestëmmt ginn. Duefir leet d'Regierung de Griechen am Prinzip keng aner Konditiounen op wéi déi, di schonn op EU-Niveau decidéiert gi waren, nämlech strikt Spuermesuren. Also keng zousätzlech Garantien um finnesche Modell.

Luc Frieden: Mir stinn zu deem wat mir gesot hunn. Mir wëlle Griechenland hëllefen ënner strikte Konditiounen. An déi Garantien hei dierfen dat Zil net a Gefor setzen, well soss riskéiere mir wéi gesot, d'ganz Eurozone no ënnen ze rappen. An ech mengen et ass un de Finnen, fir le Moment venu dann awer och hir Responsabilitéit hei ze huelen.

Michel Delage: Déi finnesch Regierung huet sech hirersäits haut bereet erkläert iwwert d'Modalitéiten vun hirem Arrangement mat Athen ze verhandelen, sollten déi aner Eurozone-Memberen en net akzeptéieren.

Dernière mise à jour