Luc Frieden au sujet de la crise de la dette dans la zone euro et des garanties demandées par la Finlande

Umoderatioun: Et gëtt eng gewëss Opreegung an der europäescher Finanzwelt, an Oneenegkeet op politeschem Niveau. Grond ass de bilateralen Accord, deen déi finnesch Regierung mat Griichenland ausgehandelt huet. En Accord iwwer eng speziell Garantie, vun där Helsinki profitéiert, wa Griichenland sollt faillite goen. Eng Ongerechtegkeet fanne vill europäesch Länner, eng Noutwennegkeet, seet de lëtzebuerger Finanzminister, och wa se schwéier ze erklären ass. Paul Konsbruck:

Paul Konsbruck: Et ass ee vun deene Momenter, wou déi d’politesch Realitéit op där enger Säit, an dat wat een dem europäesche Bierger ouni Informatioun kann zoumudden, op där anerer Säit, e wéineg auserneen ze leië schéngt.

D’Eurozon, d’EU, an iwwer den FMI déi ganz Welt, hëlleft fir datt Griichenland net faillite geet. Athen krut an éischter Linn Kreditter a Garantien, ouni där awer selwer kënnen ze liwweren. Dat hat ee geduecht, ma et ass net grad esou.

Finnland krut eng Garantie vun der griichescher Regierung, dat heescht, wann d’Land am Süden effektiv sollt faillite goen, da kréich d’Land am Norden seng Suen erëm. Gär genuch wieren dat da grad déi Fongen, déi Griichenland als international Hëllefen zougesprach krut. Dat ass net ideal, fënnt och de lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden.

Luc Frieden: Duefir sinn ech och guer net waarm fir do eng extra Solutioun ze maache fir Finnland. Ech ka mir héchstens virstellen, datt dat eng Garantie wier op enger Saach, eng Hypothéik op iergendengem Avoir, wat awer och schwiereg ass, well Griichenland jo déi wichteg Avoirë soll am Kader vun enger Privatisatioun verkafen. De politesche Choix ass ebe vun de Staats- a Regierungschefe gemaach ginn, fir alles drun ze setzen, datt Finnland net géing ofsprangen.

Paul Konsbruck: Genee dat wier nämlech eng konkret Gefor gewiescht, esou wéi virdru schonn eng Kéier d’Slovakei sech vun Hëllefen désolidariséiert huet. Dat wollten d’Staats- a Regierungschefen net nach eng Kéier riskéieren.

Luc Frieden: Finnland hat eng ganz schwiereg Regierungsbildung, an am Kader vun där Regierungsbildung ass gesot ginn, datt wa mir keng Garantië kréien, mir Finnen, da maache mir net méi mat bei Griichenland. An duefir ass gesot ginn, fir dee politesche Problem vu Finnland ze léisen, a fir Finnland mat u Bord ze behalen an der Rettungsoperatioun fir Griichenland, ass gesot ginn, da muss ee kucken, ob een eng Léisung ka fannen, fir de Finnen zousätzlech Garantieë kënnen ze ginn.

Paul Konsbruck: Déi lëtzebuerger Regierung kéint mat engem Eenzelfall liewen. De Finanzminister ass awer eendäiteg net frou mat där Extrawourscht, an et dierft och net ausgebaut ginn, an et dierft kee Cash an Direktioun Norden fléissen, esou nach de Luc Frieden, deen hei nach weideren Discussiounsbedarf gesäit.

Dernière mise à jour