Le Premier ministre et président de l'Eurogroupe, Jean-Claude Juncker, au sujet du Conseil européen

Mick Entringer:Am Virfeld vum Sommet a vu Panorama, hu mir de Moien en Interview mam lëtzebuerger Premier a Chef vum Eurogupp, Jean-Claude Juncker gemaach. Mat wellechen Iwwerleeungen a Gefiller fiert hien haut op Bréissel?

Jean-Claude Juncker: Ech fueren op Bréissel vum staarke Wëlle beséilt, fir dozou bäizedroen, datt mir een definitiven Accord iwwer alleguer déi Froen, déi nach opstinn, kréien. Ech si weder optimistesch nach pessimistesch.

Ech weess just, datt mir een Accord brauchen, well wa mir déi nächst Woch ufänken an deem Duercherneen, deen dann entsteet, wa mir keen Accord fannen, da géif dat eng ganz schwéier Woch fir den Euro ginn, an dat wëll ech deem selwechten, a mir och, erspueren.

Mick Entringer: Wat ass dann d’Positioun vu Lëtzebuerg géingeniwwer deene vun Däischland a Frankräich gefuerdeten Traitésännerungen, an dem Widderstand vu Groussbritannien?

Jean-Claude Juncker: Ech wëll emol fir d’éischt soen, datt déi meeschte Propositiounen, déi Däitschland a Frankräich maachen, Propositioune sinn, déi mir selwer als Présidence vum Eurogrupp, oder awer déi dräi Benelux-Regierungen, iwwer dat ganzt lescht Joer verdeelt, gemaach hunn, an déi ëmmer vun Däitschland a vu Frankräich ofgeleent gi sinn.

Dat wat Däitschland a Frankräich haut virschloen, a wat mir passt, dat ass eigentlech een Démenti vun deem Accord, deen Däitschland a Frankräich virun engem Joer zu Deauville ënnert sech selwer fonnt haten.

Well wann et elo drëm geet fir déi Sanktiounen, déi da musse gräifen, wa Länner sech net un déi gebuede Budgetsdisziplin halen, méi automatesch ze maachen, dann ass dat keng nei Positioun, dann ass dat eng al Positioun, déi mir haten, zesumme mat aneren, an déi Däitschland a Frankräich net wollten hunn. Insofern ass dat, wat proposéiert gëtt vun Däitschland a Frankräich eppes wat an déi richteg Richtung tendéiert.

Elo musse mir just kucken, op deene Punkten wou Däitschland a Frankräich elo virpreschen, zu Recht virpreschen, awer ze spéit virpreschen, an op anere Punkten, wéi mir déi kënnen a Vertragssprooch iwwersetzen.

An do si mir der Meenung als lëtzebuerger Regierung, datt dat soll wéineg Vertragsbestëmmungen betreffen, wéineg Artikelen nëmme solle of- oder ëmgeännert ginn. Dee Ratifizéierungsprozess dee muss séier goen, well mir hu keng Zäit ze verléieren.

Mick Entringer: D’Eurobonds ware jo och e Sujet, deen Dir proposéiert hat, ass jo och en Deel vun der lëtzebuerger Positioun scho säit Méint gewiescht. Inwiefern ass dat dann e Sujet haut, oder kann dat en Thema ginn?

Jean-Claude Juncker: De President vum Conseil européen, den Här Van Rompuy, schléit vir an deem Text, deen en de Staats- a Regierungschefen zougeleet huet, fir datt mir viru fueren eis mat där Fro ze beschäftegen. Där Meenung sinn ech och, datt mir solle viru fueren eis mat deem Thema auserneenzesetzen, am feste Wëssen allerdéngs, datt dat keng kuerzfristeg Äntwert un d’Kris ka sinn.

Et ass net méiglech einfach vun haut op muer Euro-Obligatiounen anzeféieren, et ass net méiglech Euro-Obligatiounen iwwerhaapt anzeféieren, wann et net zu ganz substantiellen Traitésännerunge kënnt, déi weider Schrëtt a Richtung vun enger méi kompletter Budgets- a Wirtschaftsunioun géife goen.

Euro-Obligatiounen ass een Thema, mä et ass keen Thema, wat an der kuerzfristeger Aktualitéit eng Roll ka spillen.

Mick Entringer: Déi franséischsproocheg Dageszeitung "Le Monde" schreift haut, datt wann och keen et wéilt zouginn, datt sech awer géing drop virbereet ginn, datt sech d’Eurozon deemnächst an en nördlechen an an e südlechen Deel géing splécken. Et gëtt ebe vum Enn vum Euro geschwat. Wéi kommentéiert Dir dat?

Jean-Claude Juncker: Ma ech kann där Theorie fir d’Eurozon an zwee Deeler ze deelen, näischt Positives ofgewannen. Ech kennen och de Moment keen, deen aktiv op deem Thema géif schaffen, well dat géif jo eng ganz substantiell Zäit vu Virbereedung brauchen, iert een esou eppes ka maachen. Där Gespréicher lafe keng, soss wier ech an deene Gespréicher dobäi, an ech halen dat Ganzt fir eng Themesetzung, déi mir net brauchen.

Mir sollen elo duefir suergen, als Staats- a Regierungschefen, datt d’Confiance op d’Marchéen zeréckkënnt, an eis net mat Iddië beschäftegen, déi keng Chance hu realiséiert ze ginn, an déi och, géife se realiséiert ginn, eppes ganz negativ ze Betruechtendes géifen duerstellen.

Dernière mise à jour