Claude Wiseler au sujet des dossiers d'actualité dans le domaine des transports et travaux publics

Frank Kuffer: Dee leschte Mount sinn zwee Foussgänger op eise Stroossen ëmkomm, an der ganz vill ugestouss ginn. Allgemeng maachen d’Foussgänger ëmmer e groussen Deel vun de Verkéiersaffer aus. Dat ass ee Sujet an den nächste Minutten. Den Transportminister Claude Wiseler ass bei eis am Studio. Gudde Mëtteg Här Wiseler.

Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Den detailléierte Bilan vun den Akzidenter vun 2012 läit wahrscheinlech nach net vir. Kënnt Dir awer scho soen a wéi eng Richtung et geet, goufen et allgemeng méi, manner Akzidenter, méi, manner Doudecher?

Claude Wiseler: Den detailléierte Bilan läit effektiv nach net vir, well déi Methode déi de Statec haut employéiert a sech et méiglech eréischt mécht e Mount duerno e richtege Bilan erauszezéien. Mä dee vum éischte Semester 2012 läit awer vir, an do hate mir 17 Doudesfäll op eise Stroossen. Dat waren der am Joer 2011 16. Dat heescht, grosso modo an deene selwechten Zuele wéi mir am Joer 2011 waren.

Frank Kuffer: Och fir d’ganzt Joer mengt Dir? Et kann ee jo awer eng Richtung gesinn?

Claude Wiseler: Ech mengen datt grosso modo et an déi do Richtung wäert goen, dat heescht mir leie relativ déif. Wësst Dir souwisou sinn zu Lëtzebuerg déi Statistiken esou déif, datt se statistesch net e richtege Wäert hunn, mä mir leien an de selwechte Parragen, dat ass ganz kloer.

Frank Kuffer: Komm mir kucken awer dann emol besonnesch op d’Foussgänger. Wou ass dann do unzesetze fir d’Situatioun ze verbesseren? Sinn et d’Chauffeuren déi net genuch oppassen, sinn eis Stroossen, d’Zebrasträifen net genuch beliicht? U wat läit et meeschtens, et gëtt jo net just ee Phänomen, soss wier et jo einfach?

Claude Wiseler: Genee, et läit am Fong un alles, wat Dir elo genannt hutt, un deenen dräi Saachen. Mir hunn e wéineg statistesch och do gekuckt fir de Phänomen besser ze gesinn.

Éischtens muss ee soen, datt bei den Akzidenter, esouwuel deene schwéier Blesséierten, wéi bei deenen Doudechen op der Strooss, ronderëm 17% bis 18% Foussgänger sinn. Dat ass schonn zolitt.

An dann hu mir och gekuckt, wéini déi Akzidenter haaptsächlech mat Foussgänger virkommen, an do ass et ganz kloer datt d’Period dovunner zwëschent Januar, Februar, November, Dezember, iwwer d’Halschent vun den Akzidenter leien an deene Géigenden. Dat heescht, iwwerall do wou et däischter ass, wou also d’Visibilitéit net esou gutt ass. An déi meescht Concernéiert sinn och haaptsächlech entweder Kanner oder eeler Leit, an déi meescht Akzidenter sinn och an deene Stonne wou et ufänkt däischter ze ginn, oder hell ze ginn. Also ass et ganz kloer e Problem, wéi dat sech aus de Statistiken erausgëtt, vu Visibilitéit.

An ech mengen datt dofir déi Aktiounen, déi gemaach gi sinn, op deenen dräi Punkte musse gemaach ginn. Éischtens nach eng Kéier ganz kloer bei den Autosfuerer och gesot, haalt an den urbane Géigenden, an de Stied an an den Dierfer déi Vitessen an, passt op d’Schëlder op där enger Säit, op där anerer Säit och zu de Foussgänger, dat hu mir scho gemaach, kuckt datt dir op de Foussgängersträifen eriwwer gitt, do wou et signaléiert ass, do wou et kloer ass, ditt iech hell un datt dir gesi gitt.

An dann ass et natierlech eng Responsabilitéit, haaptsächlech vun de Gemengen an den urbanen Centre selwer, oder vun dem Staat da wann et um Land, op de Landstroossen ass fir déi Iwwergäng vun de Foussgänger esou ze gestallten, datt se visibel sinn, dat heescht, datt keng Mauer steet déi et verstoppt, respektiv keng Arbusten do stinn, mä datt, a respektiv eng genügend Beliichtung do ass, datt d’Visibilitéit assuréiert ass.

Frank Kuffer: Do ginn et der awer manifestement och déi net gutt si momentan, oder?

Claude Wiseler: Selbstverständlech. Also et ass scho vill gemaach gi vun deenen eenzelne Gemengen, och vum Staat, mä natierlech ass nach net alles gemaach ginn. Natierlech muss gekuckt ginn, datt wa mir Akzidenter, wa mir Incidentë feststellen, u wat se leien an dorop ze reagéieren och duerch baulech Moossnamen.

Frank Kuffer: Sinn dann do nach Projeten amgaangen och?

Claude Wiseler: O, ech mengen datt mir elo wat Projeten amgaangen ass, et ass hapsächlech de Staat concernéiert, do wou mir schwaarz Punkten op de Stroossen hunn, manner an de Gemengen elo selwer, well dat haaptsächlech dann, de Foussgängersträifen, Gemengeresponsabilitéite sinn. Mä selbstverständlech ginn déi Akzidenter gekuckt, an dorop reagéiert.

Frank Kuffer: D’Leit solle sech och visibel maachen. Et kann ee jo awer och net d’Leit forcéieren elo déi ganzen Zäit a giel dorëmmer ze lafen.

Claude Wiseler: Neen, mir wäerten och kee Gesetz maache wou d’Gieldroen zur Obligatioun wäert ginn an der nächster Zäit.

Mä ech mengen et ass awer e kloeren Opruff un de Bon sens, da wann et däischter ass, an haaptsächlech bei Kanner, respektiv wann der lafe gitt, well do d’Bewegunge méi schnell sinn, kuckt datt dir eppes unditt wat visibel ass. Haaptsächlech bei Kanner ass et fir d’Eltere jo einfach e Schoulsak ze kafe mat deene Bänn drop déi widderspigelen, also beliichten. Alles dat si Méiglechkeeten déi een haut kritt. An et ass net esou einfach, an d’ailleurs och net esou ellen heiansdo esou Saachen unzedinn. Et kann nëmmen eng Recommandatioun vum Ministère sinn.

Frank Kuffer: Anere Sujet wat d’Sécherheet op de Stroossen ugeet. Wéi gesäit et mat de Radaren aus?

Claude Wiseler: Bein, mat de Radaren do si mir amgaangen an deem Sënn drun ze schaffen, datt d’Gesetzgebung finaliséiert gëtt. Mir mussen déi jo ännere fir kënnen déi automatiséiert Erkennungen anzeféieren op där enger Säit, an datt och elo de Cahier des charges fir d’Ausschreiwung och finaliséiert gëtt [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dat ass awer fest?

Claude Wiseler: Et ass awer méi schwéier wéi ech effektiv am Ufank geduecht hat, well d’Technik fir am Fong déi kleng Zuele vu Radaren déi mir hunn, awer e relativ grousse Käschtenopwand wäert gi fir dat en place ze setzen. Dofir hëlt et e wéineg méi Zäit wéi ech am Ufank geduecht hat.

Ech wëll och keen Datum elo soen, well ech hat der e puer avancéiert, déi sech net realiséiert hunn, dofir halen ech op mat deenen Datumen ze nennen. Mä de Prinzip dovunner deen hale mir oprecht.

Frank Kuffer: Mä d’Plazen, stinn déi fest?

Claude Wiseler: D’Plaze stinn nach net fest. Mir hunn eng Rei Plaze genannt kritt wou et sënnvoll wier. Dat sinn haaptsächlech Plaze wou vill Akzidenter geschéien, also wou mir gären hätten, datt d’Autoen méi lues fueren.

Et geet hei net drëm fir a sech Suen an d’Keess ze kréien, mä et geet drëm fir de Leit ze soen, fir de Leit och ze annoncéieren datt e Radar ass, kënnt, datt se also méi lues fueren, datt op deene Plaze manner Akzidenter sinn. Et ass also eng Sécurité routière-Moossnam, net eng Finanzmoossnam, wéi et heiansdo fälschlecherweis gesot gëtt.

Frank Kuffer: Den ëffentlechen Transport dann, deen ass op den 1. Januar däitlech méi deier ginn. Wéini kritt een da méi fir seng Suen, oder gëtt och eppes a punkto Qualitéit gemaach awer?

Claude Wiseler: Jo, also ech mengen dat ass elo eng Fro, déi ech soen, wou ech am Fong d’Äntwert ginn, et gëtt all Joer un der Qualitéit, respektiv un der Offer vum ëffentlechen Transport wiesentlech verbessert. An dat säit enger ganzer Rei Joeren.

A mir hunn haut en héich qualitativen ëffentlechen Transport. Wann een e vergläicht mat sämtleche Saachen, déi een am Ausland ronderëm eis ka fannen. Wann Dir elo spezifesch dëst Joer uschwätzt, just fir Iech do e puer Beispiller ze nenne wat dann als Neies wäert entstoen.

Mir hu säit dem Dezember/Januar Fahrpläng elo vun der CFL op där Pist, wou mir eng Duebelgleisegkeet säit Januar hunn, der Péitenger Streck, och vu 56 op 107 Zich den Dag eropgesat, dat heescht och d’Offer wiesentlech verbessert.

Et ginn nei Linnen déi an deenen nächsten Horairë wäerten agefouert ginn, coordonéiert Linnen iwwer Stroossen, Leideleng-Gare.

Et ginn och, de Belval-Zentrum ganz anere Bussystem nach agesat, wou Esch-Gare, Belval, alles dat matenee verbonne gëtt, also entwéckelt gëtt. Iwwerall do wou also en zousätzlecht Ugebot steet, gëtt och neien ëffentlechen Transport offréiert, nei Offeren gemaach, verbessert, qualitativ awer och un der Quantitéit méi grouss. Dat heescht, et geschitt villes.

A schlussendlech hu mir elo en Telematiksystem ausgeschriwwen, fir och an deenen nächste Joere sämtlech Bussen am Land mat engem telematesche System ze équipéieren, wou Dir och op de Panneauë kënnt gesi wéini de Bus kënnt, wou op engem informatesche System jiddwer Bus repérabel ass, wat d’Konfienz, d’Vertraue vun de Bierger an den ëffentlechen Transport wiesentlech wäert verbesseren.

Alles dat kascht seng Suen, alles dat muss ee finanzéieren, mä alles dat gehéiert zu engem modernen, qualitativen ëffentlechen Transport.

Frank Kuffer: Elo mécht d’Stad Lëtzebuerg d’Parkinge méi deier, als logesch Konsequenz well Dir Zuch a Bus méi deier maacht [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech gesinn zwar net do d’logesch Konsequenz dodraus [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Verstitt Dir dat awer e bëssen?

Claude Wiseler: Also ech gesinn net d’logesch Konsequenz doraus, par contre verstinn ech awer dat wat d’Stad Lëtzebuerg an hirer Logik wëllt maachen. Si wëllen a sech kucken, datt den ëffentlechen Transport de Stadzentrum desservéiert haaptsächlech op där enger Säit, an dee Moment den Individualverkéier och an dem Stadzentrum selwer net onbedéngt dat Parkingugebot, oder dann zu engem aneren Tarif huet, an dat Parkenugebot ronderëm dann anescht benotzt gëtt, dat heescht datt s de an d’Stad kënns mam ëffentlechen Transport. Dat ass d’Zilsetzung, déi Zilsetzung fannen ech logesch, a verstinn ech.

Frank Kuffer: Mä dat heescht et ginn elo am Fong geholl zwee Argumenter fir provokativ gefrot net méi an d’Stad akafen ze goen? Also de Bus an Zuch si méi deier fir dohinner, a wann ee mam Auto kënnt, an et wëll ee parken, dann ass och nach méi deier. Also?

Claude Wiseler: Dir kënnt natierlech alles esou duercherneegeheien, wann Dir dat wëllt, mä Dir musst den Ënnerscheed maachen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Neen, mä dat ass jo awer e Fakt.

Claude Wiseler: Dir hutt jo Recht. Mä ech wëll awer d’Explikatioun ginn, dat ass déi, datt alles dat wat hei gemaach gëtt am Fong ass fir de Beruffsverkéier, wat en aneren ass wéi den Akaafsverkéier, fir de Beruffsverkéier op den ëffentlechen Transport eriwwer ze kréien.

An da muss ee kucke fir déi kuerz Zäit akafen an der Stad Lëtzebuerg, wat wichteg ass, dat muss méiglech sinn, wéi een dat organiséiert kritt, datt et ënnert uerdentleche Konditioune ka gemaach ginn.

Ech hu virdrun an Ären Noriichten héieren, datt do Reflexioune vum Verband vun de Geschäftsleit géingen zesumme mam Schäfferot gemaach ginn. Ech mengen dat geet och an déi richteg Richtung. Mä et muss een awer d’Zilsetzungen, Beruffsverkéier, Akaafsverkéier awer vun eneen trenne wann een agéiert. A genee dat ass dat wat jo elo geschitt.

Frank Kuffer: Dir hutt gesot, den ëffentlechen Transport kascht vill Suen, d’Stroosse kaschte jo och vill Suen. Firwat hu mir da keng Autobunnsvignette? Eng Fro déi Dir net fir d’éischt gestallt kritt, mä firwat gëtt dat näischt?

Claude Wiseler: Éischtens hu mir eng Autobunnsvignette fir d’Camionen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Jo, awer keng Vignette [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Dat ass eng déi mir gemeinsam hu mat de Belsch an den Hollänner, an dat ass och richteg esou.

Ech mengen datt mir keng Autobunnsvignette och kënnen alleng, och sollen alleng maachen, well d’Duerchfahrt - a mir hunn extrem vill Transitverkéier jo op eisen Autobunnen - duerch eist Land, wa mir do d’Autoen op der Grenz all kéiers stoppe musse fir datt se déi Vignette kafen, ass awer extrem problematesch ze organiséieren [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mir maachen dat och wa mir an d’Schwäiz fueren.

Claude Wiseler: Jo, ma ech mengen do ass et jo och net onproblematesch. An haaptsächlech fir déi puer Kilometer duerch Lëtzebuerg stellt sech déi Fro dann natierlech méi drénglech.

Mä wat ech wollt soen dat ass, datt ech natierlech mat Interesse kucken op all déi Bewegungen, déi elo notamment bei eisen Nopeschlänner, haaptsächlech an der Belsch geschéien, wat do gemaach gëtt. A wann eng Solutioun fonnt gëtt, wou eng Rei vu Länner, notamment am Benelux, kéinten eppes zesumme maachen, ass dat schonn eng Reflexioun wäert.

Frank Kuffer: Dat wiere jo awer liicht verdéngte Suen, loosse mir emol et emol esou ausdrécken, a Krisenzäiten.

Claude Wiseler: Jo, dofir soen ech, et ass ganz kloer, an et wier och ekologesch net onsënnvoll esou eppes ze maachen do. Mä ech mengen, datt een et muss am Verbond mat anere Länner maachen, an déi Diskussioun déi fënnt positiven Echo bei mir, an op déi Diskussioun géif ech gäre mat den Nopeschlänner an.

Frank Kuffer: A wa mir Iech schonn am Studio hunn, Här Wiseler, Dir sidd jo och zoustänneg fir d’Infrastrukturen. Wat gëtt dann dëst Joer u grousse Projete gebaut, ugefaangen, grouss mengen ech elo deier, well et muss jo gespuert ginn? Grouss ass meeschtens deier.

Claude Wiseler: Jo, grouss ass meeschtens deier op där enger Säit, mä op där anerer Säit ass awer och déi Projeten, déi mir elo nach um Programm stoen hunn, si Projete wat keng Luxusprojete sinn, mä wierklech noutwenneg Projeten, déi haaptsächlech an deem Sënn noutwenneg sinn, datt si eis wäerten hëllefen eis Ekonomie entwéckelen.

Zum Beispill sinn ech der Meenung, datt mir esou schnell wéi méiglech mat der Voirie um Ban de Gasperech mussen ufänken, well do en ekonomescht Entwécklungsgebidd entsteet, well wou kënnen Entreprisen dohinner kommen, wat wiesentlech ass. Dat steet also um Programm fir déi nächst Méint.

Den Échangeur Diddeleng-Biereng steet um Programm, well do d’Entrée un de Logsitikszentrum, wat mir amgaange sinn ze maachen, och muss besser geregelt sinn, also och ekonomesch wichteg.

Selbstverständlech d’Liaison Micheville an d’Nordstrooss déi weidergefouert, respektiv fäerdeggestallt musse ginn.

De Contournement Jonglënster, deen och amgaangen ass gemaach ze ginn. An da schlussendlech als ee vun deene visibelste Projete wahrscheinlech ass elo den Ufank vun dem Bau vun der provisorescher Neier Bréck, déi an deenen nächste Méint da wäert och, bein wou jiddweree de Chantier wäert kenne suivéieren, an dofir [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dat féiert zum Chaos dann?

Claude Wiseler: An där éischter Phas selbstverständlech net, well jo de Pont Adolphe nach opbleift, an déi provisoresch Bréck just niewendru gebaut gëtt. Dat wäert also verkéiersméisseg guer näischt änneren.

Duerno wann natierlech déi Nei Bréck zougemaach gëtt, an déi provisoresch Bréck a Gebrauch geholl gëtt, da gëtt et, ass dat eng ganz aner Geschicht. Mä vu datt mir awer dräi Spueren op enger provisorescher Bréck maachen, denke mir datt mir déi Problemer duerchaus kënnen an de Grëff kréien.

Frank Kuffer: Gëtt dann och am Detail bei den Aarbechte gespuert, also do ginn elo keng Plättercher geluegt, mä ech soe bei grousse Gebaier gëtt do bei, ech weess net, bei Plättercher gespuert, oder datt net méi dat Deierst geholl gëtt?

Claude Wiseler: Neen, vläicht nach fir ze soen, am Héichbau do si mir haaptsächlech u Schoulen amgaangen ze bauen an deenen nächste Joeren [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Ma do kann ee jo zum Beispill awer am Detail spueren.

Claude Wiseler: Ma voilà. Mä ech wëll soen, dat ass wat mir elo als grouss Saachen hunn. Natierlech kann een do spueren, an dat ass och dat wat mir och maachen.

All Projet deen op den Instanzewee geet, geet duerch eng Commission d’analyses critiques, wou gekuckt gëtt op de Volume, mir dat alles brauchen, wou gekuckt gëtt ob d’Materialen net iwwerdriwwe sinn, wou wierklech de Projet esou zeréckgeschrauft gëtt, datt en a Präisgéigende kënnt, wou en akzeptabel ass.

Mir hunn och elo mat der Chamber gekuckt, ob mir net kéinten higoe fir eng Rei Schoulen an deem préfabriqué System ze bauen, wéi mir elo de provisoreschen Athenäum gebaut hunn, wat e ganz flotte Bau ass, mä deen nëmmen d’Halschent vum Präis ass vun deem wat klassescherweis eis Schoulgebaier kaschten. An ech mengen, datt mir an deenen nächste Joere wierklech an déi do Richtung wäerte goen. Dat spuert eis ganz substantiell Suen.

A schlussendlech si mir och nach amgaangen déi Experienz déi mir mam PPP haten zu Miersch, an d’Praxis ëmzesetzen, fir ze kucke wat fir eng aner Projeten nach kënnen esou realiséiert ginn, well dat hëlleft eis iwwer 25 Joer och un der Maintenance an un der Gestioun vum Gebai wiesentlech Suen ze spueren. An ech mengen dat sinn déi dräi Richtunge wou mir schaffen niewent dem Fait datt mir eng Rei Saachen net bauen.

Frank Kuffer: Claude Wiseler, da soen ech Iech villmools Merci datt Dir de Mëtteg komm sidd. Ech mengen Dir hutt genuch ze dinn, héiere mir, fir dëst Joer.

Claude Wiseler: Dat sot Dir gutt.

Frank Kuffer: Dann awer e schéint Joer.

Claude Wiseler: Merci!

Dernière mise à jour