Claude Wiseler au sujet d'une réforme réglementant les taxis

Carole Schimmer: Am Taxis-Wiesen ginn et jo vill Changementer. Den Automobilclub huet sech dofir agesat, mä e kritiséiert den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler, deen och fir den Transport zoustänneg ass, well de Gesetzesprojet iwwer d’Reform vum Taxis-Wiesen nach net do ass. Den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler präziséiert firwat et méi laang gedauert huet.

Claude Wiseler: Déi Reform, den Text deen ass hei am Haus fäerdeg gemaach. Mir hunn en awer elo nach net an d’Prozedur ginn, well mir einfach normal fannen datt an deem do Kontext mat deenen zoustännege Leit geschwat gëtt.

Zoustänneg Leit dat ass op där enger Säit selbstverständlech Taxis-Entreprisen, d’Taxis-Federatioun, mat där mir eng Diskussioun momentan amgaange sinn ze féieren. An dat ass op där anerer Säit awer och nach all déi Administratiounen, déi vun esou enger Reform concernéiert sinn, wéi Polizei, Douane, ITM, Parquet an Ähnleches. An dat ass selbstverständlech och déi Gemengen, Dir wësst datt d’Gemengen haut eng grouss Kompetenz a Saachen Taxis hunn, also datt och déi Reform muss mat deenen duerchgeschwat ginn. Esoubal dat ofgeschloss ass, dat wäert an deenen nächste Wochen de Fall sinn, da geet och déi hei Reform an d’Prozedur. Mä wichteg ass, datt mir déi Concertatiounen uerdentlech maachen.

Carole Schimmer: Dir schwätzt vun enger breeder Consultatioun. Et ginn awer ganz ënnerschiddlech Avisen och iwwer dee Gesetzesprojet, an d’Prioritéiten déi sollen dorann ze stoe kommen.

Claude Wiseler: Jo, selbstverständlech ginn et ënnerschiddlech Vuen, well, a mir kréien och net eng Reform déi duerno jiddwereen mat all Punkt d’accord ass. Mir maachen hei eng Reform déi enger Rei grousser Prinzipien entsprécht.

Mir wëllen eng grouss Transparenz am Taxis-Wiesen, mir wëllen och e Gesetz dohinner maachen, wat eis erméiglecht an enger liberaliséierten Taxis-Welt awer d’Präisser esou méiglech ze maachen, datt duerch d’Konkurrenz eventuell kënne méi bëlleg ginn, op där enger Säit, an op där anerer Säit awer och kucken, datt mir assuréieren datt d’Qualitéit vun dem Taxis-Wiesen och nach ofgeséchert ass an deenen nächste Joeren. Dat sinn déi grouss Zilsetzungen déi mir hunn.

Op d’Fro wat maache mir elo méi präzis anescht? Do géing ech soen, datt ee vun deene grousse Punkte vun der Reform dat ass, datt mir am Fong vun dem Zonage, deen haut besteet, Dir wësst datt haut et am Taxis-Wiesen esou opgedeelt ass, datt jiddwer Gemeng eenzel seng Autorisatioune gëtt, an datt da jiddwer Taxi och nëmme kann an där Gemeng Leit ophuelen op den Taxis-Plazen, wou en d’Autorisatioun huet.

Dat heescht e relatiivt komplizéiert Taxis-Wiesen, wat natierlech och duerch déi Komplexitéit net einfach ass ze géréieren, an och Geld kascht.

Wa mir also wëllen et méi einfach maachen, an dee Moment och Geld spueren dodran, dann ass et kloer datt mir musse vun där Gemengekompetenz do ewechkommen, dee Zonage ganz anescht, vill méi grouss maachen, an dat och zentral géréieren. Dat ass ee wichtege Punkt, dofir hu mir eng Consultatioun mat de Gemengen.

Op där anerer Säit si mir och der Meenung datt zumindest eng kleng Basisformatioun esouwuel fir den Exploitant wéi fir de Chauffeur an Zukunft sënnvoll wier. A mir sinn och amgaangen ze kucke fir Transparenz bei de Präisaffichagen esou ze gestallten, datt jiddwer Client direkt ka gesi wat de Käschtepunkt vun deem engen oder deem aneren Taxi ass.

Aner Punkte bei där Reform dat ass, datt zum Beispill d’Taximeteren, déi Firmaen déi déi installéieren, net méi kënnen déi selwecht si wéi déi déi d’Taxië momentan exploitéieren. Dat schéngt mir logesch ze sinn, dat musse mir awer och an dem Gesetz fixéieren, dat ass haut an der Realitéit net esou.

An datt och déi Kontrollen, déi gemaach ginn, ob dat dann elo vu Polizei, vun Douane, vun ITM ass, vu wiem och ëmmer, datt déi Kontrollen och efficace um Terrain kënne lafen, datt dat wat am Gesetz steet, och dat ass wat duerno an der Realitéit ass.

Carole Schimmer: Dir schwätzt vu méi Transparenz an och méi Kontrollen. Mä wéi ee Sanctiounesystem wëllt Dir aféieren?

Claude Wiseler: Mir wëllen e Sanctiounesystem aféieren wat efficace ass an deem Sënn datt et ka schnell exekutéiert ginn. Dat heescht an anere Wierder, mir wëllen ewech komme vun esougenannte Sanctions pénales, déi duerno eng Procédure judiciaire hannert sech huelen. Firwat? Mä ganz einfach well dat natierlech op där enger Säit eis Geriichter encombréiert, a well et och net gutt ass wann déi Strofen, déi vu Saachen déi festgestallt ginn, wann déi e puer Méint, oder eng ganz Zäit méi spéit eréischt exekutéiert ginn. Mir géinge gären op Strofe kommen wéi zum Beispill Avertissements taxés, wou ouni Geriichtsprozeduren direkt mussen exekutéiert ginn, respektiv och administrativ Mesuren, déi de Minister kann direkt huelen, wann e gesäit datt d’Gesetz wierklech net respektéiert gëtt. Wat eis also do d’Méiglechkeet gëtt, wierklech méi schnell an effizient um Terrain ze handelen.

Dernière mise à jour