Xavier Bettel au sujet des défis et des objectifs du nouveau gouvernement

Xavier Bettel: E schéine gudde Mëtteg.

François Aulner: Här Bettel, virop wollt ech Iech awer Folgendes froen. Dir hutt an der Chamber e Mëttwoch nach emol widderholl, datt d’CSV direkt no de Wahle vum 20. Oktober Iech proposéiert hat, eng schwaarz-blo oder blo-schwaarz Regierung ze maachen, ouni Jean-Claude Juncker. Den CSV-Vizefraktiounschef Claude Wiseler sot eis dozou dat hei.

Claude Wiseler (O-Toun): Dat musst Dir dann de Xavier Bettel froen, mat wiem hie geschwat huet a wien him dat gesot huet. Déi Leit déi an der Parteispëtzt senger Zäit waren, respektiv an der Regierung, hu sécher kee sou e Virschlag offiziell dem Här Bettel gemaach.

François Aulner: Här Staatsminister, wien huet Iech dann déi net-offiziell Propose gemaach?

Xavier Bettel: Ech fannen et immens witzeg, datt den Här Wiseler, e passt jo op wéi en et seet, ech hat keng offiziell, tatsächlech, ech hu kee Communiqué kritt, ech hu keng offiziell Stellungnam. Ech kann Iech just soen, datt ech no de Wahlen, awer nom Méindeg den Owend, wou ech d’Mandat kritt hu fir mat deene Gréngen a mat deene Rouden ze diskutéieren, vun CSV-Leit kontaktéiert gi sinn. Ech wëll elo keen hei op Pilori setze fir ze soen, wie wat gesot huet.

Mä ech mengen, datt hei mauvaise Foi ass, wann een op eng Kéier géif soen, dat wier net richteg. Da soll en Iech et soen, datt et inoffiziell da vläicht geschitt ass. Ech si gefrot ginn, ob ech da bereet wier eng Koalitioun ze maachen ouni Jean-Claude Juncker. A meng Äntwert war ganz einfach, datt et net u mir ass ze decidéieren, wie wéi eng Partei opsetzt, an datt ech e Mandat kritt hu vu menger Partei fir mat deene Rouden a mat deene Gréngen zesummen un en Dësch ze kommen an net mat der CSV.

François Aulner: Dir wëllt net soe wien et war, mä also et war op jiddwer Fall net de Jean-Claude Juncker selwer.

Xavier Bettel: Ech soen näischt.

François Aulner: Et war net de Parteipresident Michel Wolter?

Xavier Bettel: Ech soen näischt.

François Aulner: Net den Här Roth?

Xavier Bettel: Dir kënnt der nach eng 100 Leit opzielen.

François Aulner: Aus wéi engem Grond wëllt Dir net soen, wien et war.Xavier Bettel: Well ech einfach fannen, datt ee Gespréicher tëscht Politiker sollen och ënnert Politiker bleiwen. Mä dat Eenzegt wat ass, wann ech sou de Virworf gemaach kréien, datt et just ëm Muecht géif goen, an datt et géint d’CSV war, datt een awer och muss zur Realitéit soen, datt verschidde Leit an der CSV, déi eis jo soen, et géif just ëm Muecht goen, bei hinnen d’Bereetschaft awer do war fir och deen dee jo indispensabel war an deen ouni se d’Wahle bestëmmt net esou e Resultat gemaach hätten, awer bereet wieren ze opferen.

Ech ginn elo net an den Detail an, ech wëll net, l’incident est clos fir mech. Ech hat geduecht, dat géif elo net méi thematiséiert ginn. Mä well ech d’Fro och gestallt kritt hunn, a well ech ee sinn deen net ka soe wat net geschitt ass. Ech sinn tatsächlech abordéiert ginn a gefrot ginn, ob de Jean-Claude Juncker en Hindernis wär fir eng Koalitioun mat der CSV, well da kéint een driwwer diskutéieren, wéi déi Koalitioun ouni Jean-Claude Juncker géif ausgesinn.

François Aulner: Wéi géift Dir Iech fillen, wann a 5 Joer déi Parteie mat deenen Dir zesumme schafft, elo net méi wéilte mat Iech, aus wéi engem Grond och ëmmer, viru fueren a si géifen da proposéieren, der CSV zum Beispill, a wéi wär et ouni Bettel? Wéi géift Dir Iech fillen?

Xavier Bettel: Ech wier net frou driwwer, mä bon, dat ass eben sou. Wësst Dir, le Roi est mort, vive le Roi. An wann dann op eng Kéier eppes schif geet, an et wëll een onbedéngt un der Muecht bleiwen, ass een heiansdo bereet Saachen ze maachen déi ech net op jiddwer Fall korrekt fonnt hätt an. Punkt.

D’Saach ass fir mech souwisou, ech hat Méindes e Mandat kritt fir mat deene Rouden a mat deene Gréngen zesummen ze diskutéieren, an net mat der CSV. Dofir war fir mech dat och ausgeschloss.

François Aulner: D’accord, e weidere Sujet deen de fréiere Premier betrëfft. Här Bettel, Dir hutt bestëmmt, oder ech hoffen, de Récit vum fréiere Geheimdéngschtmataarbechter André Kemmer héieren oder geliest, dee Paperjam gëschter publizéiert huet, an an deem dem Jean-Claude Juncker ganz aggressiv a frech Aussoen ënnerstallt ginn. Här Bettel, wat haalt Dir dovunner?

Xavier Bettel: Ech kommentéieren de Fong net. Ech war net dobäi. Ech kann Iech net soen, ob dat stëmmt oder net stëmmt.

Mä ech stelle just fest, an dat ass dat wat mech am meeschten interesséiert, datt do Aussoe gemaach ginn déi am Fong net dat korroboréiere wat verschidde Leit ënner Eed gesot hunn. An dann ass et a mengen Ae wichteg, datt de Legislateur, dee jo och eng Kontrollkommissioun gemaach huet, eng Spezialkommissioun iwwert d’Enquêten an iwwert de Geheimdéngscht, datt do déi Enquêtekommissioun soll dann iwwerpréiwe wat gesot ginn ass. Ob dat konform ass oder net. An dann déi verschidde Protagonisten domat konfrontéieren. Dat sinn iwwert Ecouten, dat si verschidde Saachen, wou dann d’Enquêtekommissioun ze decidéieren huet, ob da penal Schrëtter op Säite vum Parquet ze huele si vis-à-vis vun deem engen oder deem aneren an deem doten Dossier.

Mä ech ginn net an de Fong an, well ech net do war, an ech net wëll kommentéieren iwwert verschidde Saachen déi gesot solle gi sinn oder vläicht gesot gi sinn. Wësst Dir, ech war net do, an ech hunn de grousse Prinzip, wann ech Iech virdru gesot hunn, datt d’CSV mech kontaktéiert huet, dat kann ech soen, well ech sinn et gewiescht; wann ech awer elo misst soen ob dat stëmmt oder net stëmmt, ech hale mech do eraus, ech war net do. Dat Eenzegt wat ass, ech soen et nach eng Kéier, wa juristesch Saachen hei eraus komm sinn déi falsch vis-à-vis vun Aussoe sinn déi ënner Eed gesot gi sinn, da muss de Parquet sech domat befaassen a kucken, ob se d’Affär an eng Sitzung huelen, oder net.

François Aulner: Wa mir scho beim Sujet sinn, hutt Dir als neie Staatsminister Wëlles der Saach op de Fong ze goe wat elo déi ominéis CD ugeet mam Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc, fir dat ze dekryptéieren?

Xavier Bettel: Ech war elo déi lescht Deeg mat de Servicer och zesummen. Do krut ech den Dekryptage virgestallt. Ech krut vun hinne gesot, si géifen net alles dekryptéiert kréien.

Ech weess jo net, wat op där CD ass. Ech wëll Iech och soen, datt ech mir virgeholl hunn de SREL ze gesinn an dat och regelméisseg, awer net alleng. Ech wëll dat mam Vizepremier a mam Justizminister maachen. Dat heescht, mam Här Braz a mam Här Schneider. Sech zu 2 ze gesinn ass ëmmer scho gutt, zu 4 gesinn ass besser, zu 6 ass wierklech sou wéi ech et gären hätt, also 6 Aen Prinzip, net zu 6, mä 6 Aen-Prinzip, an datt een och 6 Oueren huet, an datt een zu 6 eppes nolauschtert mat deem Beamten am Ministère, deen dann och d’Koordinatioun vun deem Dossier wäert maachen, an datt mir mat hinnen zesummen op enger Basis – ech hunn net Wëlles Saachen ze wëssen an dann deenen aneren ze verstoppen. Dës Koalitioun ass als Equipe mat an d’Wahle gaang, an [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Dat ka jo schif ausgoen.

Xavier Bettel: Et ass net well ech gäre Garantien hätt, a well ech Angscht hunn, datt ech da vläicht Saache gesot kréie wou ech net weess wéi wat a wou. Mä ech fannen, et ass eng kollegial Equipe. Et sinn 3 Partner, an déi 3 Partner hunn d’Recht dat ze wësse wat an deem Staat geschitt, sou wéi de Staatsminister dat huet. An dat ass eben eng Compétence partagée, op d’mannst fir mam SREL zesummen ze kommen. An d’Chamber virun allem, déi den Organe de contrôle ass vum SREL, soll och déi Moyene kréie fir och hir Aarbecht kënnen anstänneg ze maachen.

François Aulner: Komme mir elo och bei Är Partei. D’DP war bal 10 Joer an der Oppositioun a relativ kleng opgestallt am Verglach vläicht mat de Regierungsparteie vu virdrun. Huet Är Partei elo am Moment genuch Leit déi Dir elo kënnt fir d’Regierungsaarbecht asetzen, respektiv um Niveau vun der Chamber, oder och um Niveau vun Europa, a wann net, wéi a wou rekrutéiert Dir?

Xavier Bettel: Mir hu selbstverständlech, an Dir hutt och op eise Kongresser gesinn, oder de Wahlowend, mir sinn eng grouss Partei, mir hunn och ganz vill Leit, mä et ass ëmmer de Fait, datt een déi selwecht gesäit. Wann dir 9 Mandatairen an der Chamber hutt an 1 zu Stroossbuerg, dann hutt dir 10 bekannte Käpp. An dat ass et. A wa mir et elo fäerdeg bréngen op 13 Deputéierte plus 7, si mir zu 20, plus 1 an Europa, 21 Käpp, da wäert Dir op eng Kéier soen, hei d’DP huet awer vill Leit. Mä et ass einfach, well een dann an enger anerer Positioun ass, wou een da méi Gesiichter och gesäit.

Sou ee wéi d’Corinne Cahen. D’Leit hunn dat net mat der DP identifizéiert. Bedingsch, et ass an d’Regierung komm. An dat ass eng Persoun déi scho joerelaang konstruktiv matgeschafft huet. An Dir hutt eng Rëtsch sou vu Leit, wou se vläicht net bekannt sinn, mä déi awer d’Kompetenzen hu fir wierklech an eng éischt Rei ze kommen. An ech sinn elo frou, datt déi éischt Rei am Fong méi breet ginn ass, doduercher datt mir déi Regierungsplaze kritt hunn an och d’Zuel vun de Sëtz an der Chamber. Et soll een net vergiessen, mir hu bal 50% méi. Mir haten 9 Sëtz, mir hunn der elo 4 méi, dat ass e risegt Potential och fir ze soen, et ass net, datt mir keng Leit hunn, au contraire, mir hu ganz vill Leit. An ech kann Iech soen ech hätt eng Regierung ganz alleng kënnen opstelle mat Leit déi bereet gewiescht wiere Verantwortung ze iwwerhuelen.

François Aulner: A fir elo am Hannergrond vläicht, also fir méi am Hannergrond Leit ze hunn déi schaffen, an ech mengen, an den Administratiounen, wou een awer och wëll vläicht da Leit hu bei sech fir matzeschaffen?

Xavier Bettel: Wësst Dir, ech maache keng Hexejuegd elo fir ze kucken, elo komme mir, elo geheie mir mol all déi aner eraus. Ech mengen, dat ass jo net sou wéi ech, op jiddwer Fall, wëll schaffen.

Mä mir hunn de Fait, datt et wichteg ass, datt Dir Vertrauenspersounen hutt. Wësst Dir, ech hu bei mir am Ministère, meng Haaptleit, do sinn eng Rëtsch déi si mat der CSV mat an d’Chamberwahle mat gaangen, oder an d’Gemengewahle mat gaangen, oder aner Mandater haten. Et ass awer egal, ech vertrauen deene Leit, oder si hunn an der CSV-Fraktioun geschafft. Ech vertrauen deene Leit. Ech hunn och Diskussioune mat deene gehat. Ma ech muss dat awer e bësse reorganiséieren.

Ech hunn den Här Senninger an den Här Thill, déi elo Generalsekretär ass a Secrétaire général adjoint bei eis am Ministère sinn, ech hunn d’Madame Backes, déi Conseillère diplomatique ass, déi och do war. Ee vun Ären Aarbechtskollegen, ass jo dës Woch och eraus komm, vum Radio, virdru war den Ady Richard dee sech ëm dem Här Juncker seng Kommunikatioun bekëmmert huet. De Paul Konsbruck wäert mir zur Säit stoen. Ech hunn elo keng Equipe vun 100.000 Leit, wou ech mir soen, dat doten sinn elo déi déi ech matbréngen. Mä et ass, ech mengen, déi Leit déi do sinn hunn och eng Erfahrung.

Ech ka mech erënneren, wéi ech och meng Sekretärinne gesinn hunn, d’Madame Soyka an d’Madame Biever, déi scho beim Här Werner ugefaang huet, huet d’Madame Soyka mir gesot, wou ech weess, ech si sou frou, datt ech se hunn. An et ass net, datt ech elo kommen, hei, déi doten déi ginn elo alleguer, an datt een e Service aux petites cuillères de Limoges géif kreéiere fir d’Kollektioun am Palais, wou een dann all déi Leit géif histellen. Dat hu verschidde Parteie gemaach. Dat hu verschidde Parteien gemaach, mä bon, ech op jiddwer Fall a mengem Ministère hunn net Wëlles dat ze maachen.

François Aulner: Wie gëtt neie Parteipresident vun der DP? Ass do eppes gewosst?

Xavier Bettel: Also, am Moment ass et de Xavier Bettel, an dee kann Iech soen, datt e mat de Kollege wäert diskutéiere wat am Intérêt vun der Partei ass. Well ech och do eng Plaz besetzen, wou ee sech dann d’Fro ka stellen, wär dat net opportun fir engem anere vläicht déi Méiglechkeet ze gi fir kënnen och méi an d’Vitrine ze kommen a méi un der Vie politique partizipéieren ze kënnen, mä wéi gesot, also, haut, Samschden, sinn ech et nach.

François Aulner: Dir hutt och als neie Regierungschef elo puer Mol missen op Remarquë reagéieren, datt Dir de Finanzministère dem Pierre Gramegna ginn hutt. Ech wëll elo net weider op déi Kritiken zeréck kommen. Par contre huet de Jean-Claude Juncker e Mëttwoch an der Chamber bedauert, datt déi 3 Ressorte Finanzen, Budget an Trésor elo gebündelt gi sinn an un déi selwecht Persoun gaange sinn, well da Lëtzebuerg, wann ech richteg verstan hunn am Eurogrupp net méi 2 Persoune kann alternéieren?

Xavier Bettel: Ech kann Iech just soen, ech si frou, datt den Här Gramegna d’Kompetenzen huet fir och déi Saachen zesummen ze maachen.

An et gëtt eng gewësse Konsequenz. Et soll een sech bewosst sinn, datt dat wat am Eurogrupp geschitt wichteg ass, datt de Finanzminister dat och weess. Den Här Juncker huet den Eurogrupp geleet, dat heescht, deen huet do missen eng Dier hale fir iwwerhaapt kënnen do ran ze goen, dat war den Trésor, wou en da konnt och do matwierken. Mä ech si Premier hei am Land an et si genuch Dossieren hei am Land fir elo net och nach mussen an aner international Gremie wëlle matzeschaffen.

An ech sinn iwwerzeegt, datt den Här Gramegna dat gutt mécht. Ech hu schonn eng Rëtsch, als Premier, vun internationalen Obligatiounen, wou ech wäert maachen, mä ech soen et nach eng Kéier, mir hunn och Problemer déi hei um nationalen Niveau ze léise sinn.

François Aulner: “Virun eis leie gewalteg Erausfuerderungen. D’Leit erwaarde sech kloer Äntwerten. Si wëlle Kloerheet ëm hir Zukunft hunn” – dat waren d’Wierder vum neie Premier a senger Regierungserklärung dësen Dënschden an der Chamber. Här Bettel, Dir hutt annoncéiert, wëllen d’Budgetskonsolidéierung virun ze féieren, op éischter Plaz duerch d’Reduzéiere vun Depensen, Iwwerpréiwe vun de Sozialtransferten, eng TVA-Hausse vun 2% a méiglecherweis, wann et muss sinn, weider Steiermesuren. Als Zil huet sech Är Regierung festgeluecht, bis Enn vun der Legislatur annerhallef Milliard Euro ze spueren, respektiv méi eran ze kréien.

Är Regierung steet elo zanter e bësse méi wéi enger Woch. Vill Kloerheet ëm d’Zukunft kënnen d’Leit sech elo nach net molen. D’Leit mussen awer kënne plangen, wësse wéi vill se solle spueren, fir sech zum Beispill e Logement unzëeegenen, wëssen ob se elo éischter sollen an d’Vakanz goen, oder vläicht éischter net ,wann et enk gëtt. Am beschten, si wësse sou séier wéi méiglech wéi et mat hirem Akommes a mat hirer Ekonomie viru geet, Här Bettel.

Xavier Bettel: Do si mir eis ganz eens. Mä wat huet dat e Wäert, datt ech Iech elo eppes soen, wou mir jo genau kritiséiert hunn, datt virdru just Epiciers-Finanzpolitik gemaach ginn ass, wou e gesot huet, wa mir dat doten erhéijen, wéivill kréie mir eran? Awer ouni ze denken, wat dat vu Konsequenz kann hunn. Deemno wat Dir héicht, kann dat eng Repercussioun och op de Marché sinn, Dir sot selwer, deemno wat mir héijen, fuere vläicht Leit net méi an d’Vakanz, oder kafe vläicht net méi en Appartement.

Dat heescht, et muss ee mol ausrechnen a wëssen, wann ech do d’Schrauf opdréinen, bréngt et mir eran, jo, mä wat riskéiert dann och vläicht ze kaschten.

An dat ass dat wat mir elo wëlle maachen. Am Moment stelle mir fest, datt déi Instrumenter déi mir brauche fir dat iwwerhaapt kënnen ze maachen, net do sinn. A mir sinn am Gaang alles opzesetze fir et kënnen ze maachen.

Wat mir awer elo scho kënne maachen, dat ass elo, an déi nächst Méint wäerte mir elo am Januar wäerte mir domat ufänken, dat ass de Budget. Mol vun eis aus ze kucken, wou mir selwer kënnen an eise Ressorte spueren. Ech fannen et delikat de Leit ze soen, elo huele mir Iech dat ewech, ier mir iergend Hausaufgabe gemaach hu fir ze kucken, wou mir selwer Sue kënne spueren am Fonctionnement vum Staat. An dat ass dat wat mir elo direkt maachen. An déi aner Punkten, do wäert vläicht déi eng oder aner Mesure scho gesot ginn. Ech hu schonn eng an der Chamber gesot, wou ech mir einfach soen, dat ka jo net si mam Bausparvertrag, datt dir 10 Joer spuert, an dann duerno kënnt Dir Iech en Auto domat kafen. An Dir hutt awer während 10 Joer manner Steiere bezuelt, well Dir soi-disant déi Sue wéilt investéieren an de Logement.

Dat heescht do sinn eng Rëtsch vu Saache wou ee wierklech muss kucken, wéi een dat soll maachen.

Ech sinn dogéint elo fir Annoncen ze maachen déi vläicht Panik kéinte maachen, obwuel mir se nach net ausgerechent hunn. An den Här Gramegna huet déi schwiereg Charge, a gleeft mir et, mir hunn an de Koalitiounsverhandlungen, den Här Juncker huet gemaach wéi wa mir scho guer net driwwer diskutéiert hätten. Mir hu scho Pistë fir iwwert 1 Milliard, a méi wéi 1 Milliard souguer Suen anzespueren, mä mir wëlle wierklech, ier mir déi ëffentlech maachen, de Calcul hunn, wat et wierklech era bréngt a wat vu Repercussioune virun allem domat verbonne sinn.

François Aulner: Dir hutt elo an engem Esprit de transparence awer schonn déi Comptes rendus public gemaach iwwert d’Koalitiounsverhandlungen, an do sinn, Dir hutt et och erwänt elo, och eng Rei Pisten, wann een déi sech elo genee ukuckt, da gesäit een zum Beispill am Aarbechtsgrupp dee vun der Inspection générale vun der Sécurité sociale Saache berechent krut, datt eng Besteierung vum Kannergeld eng 150 Milliounen Euro dem Staat kéint erspueren, oder bréngen, wéi och ëmmer. Géing och de Kannerbonus besteiert ginn, da géing de Staat 50 Milliounen Euro aspueren. Dat ass jo schonn eng konkret Mesure. A wann ee wëll op annerhallef Milliard [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Dat si keng konkret Mesuren, dat si konkret Ausrechnungen. Mä wéi gesot, nach eng Kéier, ouni ze kucke wat d’Repercussioune sinn. Ass et sozial gerecht, ass et sozial net gerecht? Muss et selektiv sinn, muss et net selektiv sinn? Dat sinn déi Froen déi ee sech muss stellen. Wa mir besteieren, wie bezilt do d’Steieren? Just déi Leit mat Kanner, just déi Leit mat Kanner. Ass dat dat wat ee wëll?

François Aulner: Dann ass nach e Problem mat de Frontalieren och.

Xavier Bettel: Ech schwätzen elo just vun deem heite Volet. Wann Dir se besteiert. Hei zu Lëtzebuerg sinn dann déi déi hei wunnen an déi Kanner hunn, grad déi déi do bezuelen. Sinn dat déi déi mir wëlle cibléieren?

Dat heescht, d’Rechnung ass ganz einfach gemaach. Mä ass et dann net méi einfach, et fënnt een eppes Aneschters, wou mir am Fong jiddweree soen, mir mussen eppes fir d’Fongen, fir d’Kannergeld a fir d’Famillje maachen, amplaz ze soen, elo gi grad déi besteiert déi et jo brauchen. Also, d’Rechnunge si ganz einfach gemaach, mä hannert de Rechnungen ze kucken ass vill méi komplizéiert. An dat ass déi Hausaufgab déi mir eis ginn hunn.

François Aulner: Wéi kënnen d’Leit sech dann awer virstellen, dat elo mam Kannergeld, datt do näischt geschitt elo an den nächste 5 Joer?

Xavier Bettel: Dach, hunn et och schonn ugekënnegt an engem Interview, datt ee sech d’Fro muss stellen, mir hunn zum Beispill zu Lëtzebuerg Kannergeld wat jo steigt, proportional. Dat heescht, wann Dir 1 Kand hutt ass et 183, mengen ech, oder ech weess elo net méi d’Zuele ganz genau, bei 2 ass dann eng aner Zomm, bei 3 dann 216, dann 280, da steigt et.

All Etude weist, datt et keng Ursaach gëtt, datt dat 2. méi deier ass wéi dat éischt, well meeschtens d’Bensinsrechnung, wa se zu 2 am Auto sëtzen oder een ass déi selwecht. D’elektresch Rechnung ass ganz oft déi selwecht, d’Iessensrechnung ass e bëssen driwwer, awer net vill driwwer. Dat heescht, datt et bewise ginn ass, datt dat net wierklech de groussen – dat war gutt an der Zäit wou ee sech gesot huet, d’Leit musse véier Kanner maachen, dowéinster mécht een dann, fir datt se sech ausrechnen, wéi vill se der méi kréien.

Mir sinn der Meenung, datt ee vläicht misst kucken, ob een net seet, hei dat éischt Kand amplaz 180 oder 184, ech weess elo net méi ganz genau, komm mir schrauwen et erop op 200, an dann, all Kand ass déi selwecht Tranche, well et eben keng [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Majoratioun oder wéi?

Xavier Bettel: Neen, well et einfach keng Ursaach gëtt fir ze soen, datt dat 3. Kand méi deier ass wéi dat éischt an dat zweet. An do si Saachen do, à long terme, do spuert Dir awer och.

A wéi gesot, mä beim Kannergeld, ech mengen, datt een eng Politik soll maachen, selbstverständlech, wou d’Famill och nach seng Wichtegkeet huet. Et kann een net soen, datt et eis egal ass, ob Kanner kommen oder net, well wa keng natalistesch Politik gemaach gëtt a keng Kanner nokommen, da kréie mir wierklech e grousse Problem. An et muss ee soen, datt schonn d’Lëtzebuerger en Taux de natalité hunn deen zimlech niddereg ass. Ech wëll elo keen encouragéieren no där Sendung Kanner ze maachen, mä wéi gesot, et ass schonn e Problem dee kënnt, datt ganz vill Familljen éischter de Wee vun net Kanner wéi Kanner, an do musse mir wierklech Input ginn, fir datt och déi nächst Generatioune kommen.

François Aulner: Fir op d’Mesurë selwer zréck ze kommen, kann een dovunner ausgoen, datt dat dann elo an engem Joer geschitt, oder gëtt et do wierklech e grousse Worf?

Xavier Bettel: Déi Zäit déi mir brauchen. Ech kennen Iech, Dir wäert elo nohake bis ech Iech genau soe wéini ,an da wäert Dir mech deen Dag selwer uruffen a soen, Här Bettel, Dir hat mir deemools Samschdes do bei eis gesot, datt et sou a sou wär. Kritt Dir elo net gesot. Dir kritt se presentéiert wa se fäerdeg sinn.

François Aulner: Jo, dat verstinn ech, mä just, fir datt een awer e bësse kann anticipéieren. Do kann ee relativ vague sinn.

Xavier Bettel: Jo, da soen ech Iech Här Aulner, kritt Dir och elo net gesot. Ech hunn Iech Pisten, Dir hutt jo selwer an de Rapporte geliest [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Dir musst Iech dach eng Deadline ginn, also, a 5 Joer muss et wuel geschitt sinn.

Xavier Bettel: Neen, et wäert keng 5 Joer daueren.

François Aulner: Voilà. Da komme mir elo bei d’Depensen. Ech probéieren da bei den Depensë vläicht awer dat eent oder dat anert méi ausféierlech hei ze thematiséieren. Also et gesäit een, datt alles an allem duerch zousätzlech sozial Selektivitéit bei den Allocatiounen a weidere Leeschtungen, do ass Spuerpotential. Mä domat wier Är Regierung nach net um Zil ukomm, alleng domat.

Xavier Bettel: Nee. Et muss e Mix gemaach ginn tëschent 3 Saachen.

François Aulner: Richteg, jo.

Xavier Bettel: Et muss e Mix gemaach ginn tëschent den Depensen, et muss e Mix gemaach ginn tëschent Rentréeën an et muss e Mix gemaach gi bei der Selektivitéit. A bei all deene Saache muss ee sech d’Froen iwwerleeën. Méi Suen erakréien heescht op der enger Säit, eng TVA-Erhéijung. Mir kommen net dolaanscht, well d’Sue feelen einfach ze vill duerch de Commerce électronique.

Mä, an et ass genau dat wat ech Iech gesot hunn, wann ee weess, datt ee Suen huet, mä awer pertinemment weess, datt ee se eng Kéier net méi kritt, awer net drun denkt, datt een do nei Depensë schaaft déi dann net méi ze bezuele sinn. An dat ass d’Katastrof déi een elo dann huet, an dolaanscht komme mir dann net; d’Erhéijung vun der TVA.

Mä dann hutt Dir Attraktivitéit. Mir mussen och nees nei Betriber op Lëtzebuerg kréien. Dat kreéiert selbstverständlech Aarbechtsplazen an dat kreéiert och nei Rentréeë vu Suen.

An dann hutt der och d’Depensësäit, dat ass déi aner Säit.

François Aulner: Richteg, also d’Depensësäit, do bleift nach ëmmer de Motto, sech net futti spueren, dat ass jo kloer. Ech mengen, et wëll ee jo, datt d’Ekonomie weider fonctionnéiert. Mä Dir wëllt awer do nach méi wäit goen, well d’Regierung vu virdrun, d’CSV-LSAP-Regierung, huet schonn 2010 op d’mannst spéitstens ugekënnegt oder ugefaang och bei de Fonctionnementskäschten ze spueren, Investissementer och ze analyséieren, an ze hannerfroen, ob déi wierklech noutwenneg sinn, an och eben ze kucken, wat geschitt wa mir dee Projet lo net maachen. Dir wëllt elo nach do weider fueren, méi wäit. Ass do nach Sputt?

Xavier Bettel: Wann ee wëll, da kann een.

François Aulner: Wou ass da Sputt, zum Beispill?

Xavier Bettel: Bei ganz ville Saachen, bei verschidde Projeten. Et muss ee scho mol kucke wéi mir bauen. Kuckt eng Kéier, wéi deier, kuckt d’International School wat déi kascht huet a wa mir e Lycée niewendru bauen, wat en eis kascht. Et muss ee sech eng Kéier d’Fro stelle bei den Depensen, et muss ee kucken, also zu Lëtzebuerg gëtt ganz oft d’Ham an der Mëllech gekacht, ob wierklech alles muss sou gebaut ginn, gemaach ginn. Mir hunn, Dir wësst jo och de Punktewäert och elo fir d’Fonction publique ass fir 5 Joer och agefruer, dat heescht, datt keng nei Augmentatioun kënnt. Mä et sinn eng Rëtsch vu Saache wou mir wierklech gesot hunn, et geet duer. Stop.

François Aulner: Gëtt et da sou e Projet wéi, kann ee sech virstellen, wéi de Lift am Pafendall, géif dat elo fale gelooss ginn?

Xavier Bettel: Dat ass e Gemengeprojet, do musst Dir d’Madame Polfer froen.

François Aulner: Dat ass e Gemengeprojet, entschëllegt, dat hat ech elo spontan sou gesot, mä e konkrete Projet kënnt Dir elo net nennen?

Xavier Bettel: Dee gëtt awer ganz schéin, wann Dir elo scho vum Lift am Pafendall schwätzt, an dee wier scho laang fäerdeg wann net Faillitë gewiescht wären, déi mat sech bruecht hätten, datt alles e bëssen a Retard komm wär, mä dat erlaabt, datt e Quartier nees mat der Uewerstad verbonnen ass, a wat och da vläicht, wann ee vu Mobilité douce schwätzt, wat en Zil sollt sinn, och dat vereinfacht. Well gleeft mir et, den Eecher Bierg mam Velo erop, ech weess net ob Dir et scho probéiert hutt, do ,wann ech de Choix hunn tëschent dem Lift an dem Eecher Bierg, do kann ech Iech scho soe wat ech dann huelen.

Jo, et sinn eng Rëtsch vu Projeten do. Mir hunn de Plan quinquennal a verschiddene Beräicher gekuckt an do si verschidde Projete wou mir mengen, datt se net op der Prioritéitslëscht sinn.

François Aulner: Wéini kann een do plus ou moins anticipéieren, ob eppes decidéiert gëtt?

Xavier Bettel: Soubal de Plan quinquennal wierklech ganz zréckbehal ginn ass. Mir hunn de Ministeren hir Missioun ginn, andeem mir gesot hunn, dat heiten ass net op eiser Prioritéitelëscht. Mä ech wëll elo net, verstitt Dir [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Riskéieren elo net Investisseuren awer Angscht ze hunn, ah zut, elo kéint de Projet deen ech elo anticipéieren awer net gemaach ginn, an dann [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Wéi mengt Dir dat?

François Aulner: Ma wann elo e Projet, deen awer scho vläicht ugereizt gi war, awer nach net festgehal ginn ass [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Gitt mir e Beispill. Wat nennt Dir en Investisseur deen, also mir maache jo awer keng Politik, fir datt Investisseure sech schonn am Kapp Sue maachen.

François Aulner: Et ginn awer, ech weess et net, Schoule gebaut [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Jo, mä wou ass dann den Investisseur do? Do ass net en Investisseur, do ass e Constructeur vläicht dee baut, mä do ass nach kee Kontrakt. A wann et nach net ausgeschriwwen ass, a Schoulen ass wierklech do wou mer net wëlle spueren. Mä et gi verschidde Saachen, gleeft mir et, wou ee spuere kann.

François Aulner: Bei den Administratiounen, elo bei de Leit vläicht och. Do war virun e bësse méi wéi engem Joer en Astellungsstopp erwänt ginn, ass awer duerno net gemaach ginn, well dat iergendwéi net konnt gemaach ginn, well ëmmer méi zousätzlech Ressourcen gebraucht sinn. Also ech denken nëmmen, well d’Demande vu Servicen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Do wou gebraucht gëtt, dierf och net gespuert ginn. Ech soen et nach eng Kéier, bei der Adem zum Beispill, e Placeur huet hei bei eis zu Lëtzebuerg bal 300 Dossieren ze traitéieren, ma en huet jo keng Ahnung wat am Dossier steet bei 300 Leit. An et ass iwwerall bewisen, datt en e Maximum vun 100 Leit ka geréieren. Dat ass dat wat zielt. Dat heescht, et muss ee kucken.

Ech wëll elo net soen, datt et elo sou drastesch muss ëmgerechent ginn, mä do si Moyenen. do wou Moyene gebraucht ginn, ginn der gebraucht, mä do wou keng Moyene gebraucht ginn, muss ee sech d’Fro stellen.

Ech hu gëschter nach e Beispill gehat, wou ech awer haut mat engem diskutéiert hunn deen och an der Regierung ass, wou mir festgestallt hunn, datt et Servicer ginn déi dat selwecht maachen. Do muss ee sech d’Fro stellen, ob dann net éischter een eng aner Missioun kritt.

François Aulner: Ech schléissen dann elo den éischten Deel vun dëser Emissioun of hei, vu “Riicht eraus”. Zu Gaascht ass de Xavier Bettel. Mir fueren dann no enger klenger Paus an dem Noriichteniwwerbléck weider.

[Noriichteniwwerbléck vum Serge Kesseler]

François Aulner: Wëllkomm am zweeten Deel vun onser Emissioun “Riicht eraus”, haut mam neie Premier a Staatsminister Xavier Bettel. Mir haten am éischten Deel versicht schonn e puer Saachen erauszefannen, iwwert, op der Säit vun den Depensen, wat kéint op d'Stéit an op d'Leit duerkommen. Mir hunn och gekuckt um Niveau vun de Sozialtransferten. Geet een elo dovunner aus oder hëlt een un, datt d'Kierzunge bei den Depensen net duergi fir d'Budgetskonsolidéierungsziler ze erreechen, da kann ee Steierhaussen och net méi ausschléissen.

Dir sot, Här Bettel, an Ärer Erklärung, datt am Kader vun enger Steierreform déi a Rou gemaach gëtt keng hektesch Ännerunge wäerte kommen.

Xavier Bettel: Ech hunn Iech och jo schonn am éischten Deel vun Ärer Sendung gesot, datt ee mat Steiere muss immens oppassen. Ech ka mech erënneren, zum Beispill, datt virun 2 Joer gesot ginn ass, datt bei verschidde Gesellschaften d'Minimumsteier sollt gehéicht gi vun 1.500 op 3.000 Euro, mä et ass net gekuckt gi wéi vill Entreprisen hir Suen net op Lëtzebuerg placéiere komm sinn a keng Betriber opgemaach hunn; wéi vill Aarbechtsplazen net kreéiert gi sinn; wéi vill Suen net erakomm sinn. Dat heescht, déi Epiciersrechnung déi een da mécht, andeem ee seet, hei elo kréien ech mol 2 sou vill, ass awer net d'Joer drop oder zwee Joer drop, wéi vill ech elo verluer hunn, wéi vill Aarbechtsplazen ech elo net kreéiert hunn.

Dowéinst ass et net dans le va vite, datt een déi Epiciersrechnung sollt maachen, andeems ee seet, sou vill, wësst Dir, sou vill Sue kréie mir eran, mol sou vill méi kréie mir der esou vill eran. Well dat ass falsch, dat ass falsch. An dofir brauch een och de Statec, et brauch een d'Inspection générale des Finances, et brauch een all déi verschidde Verwaltungen op déi een ziele kann, fir justement d'Repercussioun vun där enger oder vun där anerer Hausse mat anzerechnen.

François Aulner: Wann een dann esou wäit wéi méiglech ausgerechent huet, geet et dann dorëm wierklech ze soen, datt wann Efforten op där enger Säit gemaach ginn, och op där anerer Säit gemaach ginn. Ass dat nach ëmmer och eng Maxim oder?

Xavier Bettel: Ma selbstverständlech. Hei geet et net, datt ee just op een elo facht. Ech mengen, datt den Effort muss collectif sinn a collectif, dat heescht, och privat, awer och point de vue Gesellschaft. Insgesamt muss ee kucken, wou et nach Inegalitéite ginn, wou duerch verschidde Mechanisme Leit déi Steiere solle bezuele se dann op eng Kéier net bezuelen. Dat geet net. Dat geet net.

François Aulner: Jo, géint d'Steierflucht wëllt Dir jo och hei doheem virgoen?

Xavier Bettel: Jo, jo, jo. A mir sollen och scho mol déi Sue kréien déi mir zegutt hunn, well et soll ee jo och net vergiessen, datt et eng Rëtsch vu Sue ginn, déi de Staat zegutt huet, deen en am Moment net kritt. Et ass een Ensembel vu verschidde Critèren déi solle gemaach ginn.

François Aulner: Ouni elo ze vill wëllen an eng Epiciersrechnung ze goen: an engem Aarbechtsdokument vun Äre Koalitiounsverhandlunge sinn, do geet Rieds, datt wann ee géif d'Steieren allgemeng elo ëm 1 Prozent an d'Lut ajustéieren, dat géif jo dann natierlech am meeschte bréngen, logesch, 104 Milliounen Euro fir 2014, dann d'Joeren drop awer ëmmer manner. Ass dat och eng ze hektesch Mesure, oder?

Xavier Bettel: Dir gesitt et selwer, et bréngt eis 104 Milliounen. Mir brauchen iwwert 1 Milliard 500. Dat heescht, et ass en Ensembel vu Mesuren déi musse geholl ginn, mä et muss een awer och d'Repercussioune kucken. Wa mir d'Steieren elo einfach soen, elo gëtt alles gehéicht, wat ass d'Repercussioun? Wat ass de Risque deen dat mat sech bréngt? Ech hu léiwer mir kucken elo mol déi Mechanismen déi verschidde Leit hunn. Et si verschidde Leit, déi hunn da verschidden Immeublen, da maache se déi an eng Gesellschaft, da brauche si keng Steieren drop ze bezuelen. Verstitt Dir, do sinn déi Saache wou ee muss kucken, datt déi Steieren déi geschëlt sinn och bezuelt ginn an net duerch d'Mechanismen d'Leit einfach dolaanscht kommen.

François Aulner: Dat heescht, déi aner Schrauwen, wéi zum Beispill eng nei Tranche vu 6%, also, et misst ee wierklech all déi Saachen mat [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Alles gëtt gekuckt, gleeft mir es, den Här Gramegna huet genuch ze dinn.

François Aulner: Wann een dann déi lescht 5 Joer kuckt, oder 4 Joer Regierung, déi et gouf, do war plus ou moins am Ufank och ugekënnegt ginn, mir wëllen esou vill spueren. Elo setzt ee sech en ähnlecht Zil, wann net esouguer méi ambitiéis [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Mä mir soen et net, mir maachen et.

François Aulner: Richteg, mä [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Mir erklären de Leit et, a mir kënnegen et net un an duerno geschitt näischt. Well ech gesi jo awer d'Situatioun.

François Aulner: Mä et war awer och, d'Krisesteier ass agefouert ginn, de Spëtzesteiersaz [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: A wat ass du geschitt? Dunn ass se nees?

François Aulner: Ofgeschaf ginn.

Xavier Bettel: An ass d'Kris eriwwer?

François Aulner: Neen.

Xavier Bettel: Ah.

François Aulner: Also ech weess et net, Dir musst mir dat soen.

Xavier Bettel: Ech mengen net, ech mengen net.

François Aulner: Mä dat heescht, et kann een awer dann, well et jo dorëm geet awer wierklech Kloerheet ze hunn an ze wësse wéi et virugeet, dat heescht, et muss een awer dovunner ausgoen, datt elo an den nächste Joren erëm awer Steierhaussen och kommen.

Xavier Bettel: Dat ass déi lescht, lescht Léisung déi do ass, wa wierklech näischt aneschters geet. Mä et ass awer net domatter wou mir wëllen ufänken. Si hunn deemools ugefaangen domatter, Krisesteier, dann d'Solidaritéitssteier, dat heescht, déi eng an déi aner gëtt dann dobäigeholl, ouni ze kucke wéi ee ka fir d'éischt spueren.

Ech soen Iech, mir fänke lo mol bei eis un, an da kucke mir och wéi d'Mechanisme kënnen si fir méi Suen eranzekréien ouni d'Steieren ze erhéijen. A wa mir da mam Latäin um Enn sinn, da kënnt déi. Mä mir fänken awer net domatter un.

François Aulner: Et gouf awer scho gespuert, an et muss een awer dovunner ausgoen, datt een net kann, Dir hutt et jo och gesot, datt een net kann einfach spueren, et kann een net einfach all sozial Transferten op eemol esou pauschal maachen.

Xavier Bettel: Dat hunn ech net gesot. Ech hunn ni gesot, mir géifen d'Sozialtransferten – et ass jo dat wat mir verschidde Leit direkt jo wëlle reprochéieren. Dat heiten ass eng Regierung, déi wierklech oppasst, datt net op déi eppes geholl gëtt déi schonn näischt hunn. Mä mir sinn der Meenung, datt d'Steieren déi ze bezuele sinn, net kënnen duerch verschidde Mechanisme hannerzu ginn, an datt een déi net bezilt; datt et verschidde Gesellschafte ginn zu Lëtzebuerg, déi dat selwecht maachen. Mir musse kucken, wéi een op eng gesond Aart a Weis et fäerdegbréngt, datt d'Solidaritéit an déi Konsolidatioun déi mir elo wëlle maachen, vun de Schëllere gedroe ginn.

François Aulner: Mä wann een oppasst, da gëtt et jo awer schwiereg dann awer op eng grouss Zomm ze kommen.

Xavier Bettel: Oh, loosst Iech iwwerraschen. Also, déi Zuelen déi ech kritt hunn, sinn awer schonn net schlecht. Dir géift se elo gär wëssen, ech kennen Iech, Här Aulner, mä Dir kritt se net. Mä ech soen Iech nach eng Kéier, mir hunn eis Hausaufgabe sérieux gemaach.

François Aulner: Ok, ech probéieren da mol mat der TVA virunzefueren. Wat elo déi direkt Steieren ugeet, d'TVA, do ass d'Kaz aus dem Sak, gewollt oder ongewollt, dat wësse mir och net genau. D'Hausse soll bei 2% leien. Gëtt dat an engem Coup gemaach?

 

Xavier Bettel: Normalerweis jo. Mir wäerte vu 15% op 17% goen, do si mir nach ëmmer déi nidderegst a mir kommen net dolaanscht. Deen Defizit dee mir elo kritt hunn, einfach duerch d'Perte vum Commerce électronique, an deen net schonn, et ass dat wat ech der Regierung wierklech reprochéieren, andeem net déi lescht Jore gesot ginn ass, hei mir mussen elo iergendwéi déi kompenséieren, oder mir dierfen net nei Depensë maachen, ass gemaach ginn, wéi wann einfach déi Suen en Jackpot wier, deen all Joers géif falen. An elo hu mir d'Resultat a mir kommen net laanscht déi Hausse vun der TVA vun 2%.

François Aulner: Gesäit et dann esou aus, datt een och bei aneren indirekte Steiere kéint Hiewelen usetzen, esou zum Beispill bei Accisen, Bensin, Zigaretten?

Xavier Bettel: Et steet och am Regierungsprogramm, datt zum Beispill verschidde Produiten déi nocif sinn, een eng extra Taxe sollt hunn, och präventiv fir d'Gesondheet, mä wéi gesot, et ass näischt ausgeschloss.

François Aulner: Nach ëmmer beim Thema Steieren: an engem Aarbechtsgrupp gouf och d'Grondsteier ugeschnidden, wann och vague a kuerz.

Les discussions en la matière, au sein du groupe de travail, relatives à la réforme de l'impôt foncier avancent rapidement. Toutefois, une hausse future de l'impôt foncier devrait éventuellement être contrebalancée par la baisse d'autres impôts.

Bedeit dat, datt an den nächste 5 Joer näischt geschitt um Niveau vun der Grondsteier?

Xavier Bettel: Dat gesi mir.

François Aulner: Déi ass awer extrem niddereg.

Xavier Bettel: Jo, ech weess, jo.

François Aulner: Esou niddereg, datt a gewësse Gemenge jo d'Gemengen drop verzichte se andreiwen ze goen.

Xavier Bettel: Se iwwerhaapt anzekasséieren, jo. Jo jo, wéi gesot, dote soll een och eng Kéier kucken, andeems een net duerno de Risiko huet, Dir wësst jo, datt dat wat zu Lëtzebuerg schonn immens, de Logement, eng vun den Haaptprioritéite vun dëser Regierung ass, an do muss ee kucken, net datt, well een op enger Säit op enger Schrauf dréint, datt herno awer een deen an d'Locatioun wëll goen oder säin Daach wëll bauen op eng Kéier an eng schwiereg Situatioun kënnt, well et dann duerch indirekt Taxe vläicht dat eent kéint gehéicht ginn. Dat heescht, et muss een dat eent an dat anert kucken.

François Aulner: Si ass jo wierklech esou niddereg, datt een do [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Mir sinn eis jo eens, datt se wierklech niddereg ass, mä wéi gesot, wa mir se duerno héijen an et fält grad op [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Mä et muss jo net vill sinn, mä also tëscht 200 an 300 Euro, ech weess net, wann ee bis 1, 2, 3 Haiser huet kann ee jo och staffelen a kucken, vläicht wann ee kuckt [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Gleeft mir et Här Aulner, datt mir näischt ausgeschloss hunn, an datt Dir en temps voulu, et ass elo fir d'Véiert wou Dir probéiert, ech soen Iech et nach eng Kéier, Dir kritt soubal mir fäerdeg sinn eis verschidde Pisten, ob dat Steiere sinn, ob dat direkt Steiere sinn, ob dat indirekt Steiere sinn, ob dat d'Depensësäite sinn; ech probéieren Iech nach eng Kéier ze soen, datt mir keng Epiciere sinn, déi einfach d'Rechnung maachen, sou vill mal sou vill gëtt sou vill. Mir kucke wat d'Repercussioun vun deem engen a vun deem aneren ass, ouni eppes auszeschléissen.

François Aulner: Nach eng Kéier probéieren ech trotzdem fir erauszefannen, ëm wéi en Zäitraum, also, Dir wëllt dat an den nächste 5 Joer maachen, dat ass vague fir ze plangen.

Xavier Bettel: Neen, Här Aulner, net an den nächste 5 Joer, mir wëllen dat an den nächsten 2-3 Joer maachen. A 5 Joer ass et ze spéit.

François Aulner: Dat ass scho méi präzis.

Xavier Bettel:  Wann een alles [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Ech mengen, do ass nach eppes dran, ech kréien nach méi eraus.

Xavier Bettel: Wann ee seet, dat maache mir alles a 5 Joer, dann ass et ze spéit. Mir mussen déi do Mesuren an den nächsten 2 bis 3 Joer spéitstens duerchzéien.

François Aulner: Den éischte richteg politesche Budget, mat zum Beispill [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel:  Mir mussen elo e Budget an 3 Méint maachen. Dat huet jo kee Wäert, datt ech Iech elo soen, datt dee ganz – dat gëtt ee Budget wou mir elo kucke wou mir kënnen, elo gëtt d'Schrauf e bësse gedréint, hei oder do, et gëtt gekuckt [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Also Epiciersrechnung awer trotzdem, elo am Ufank.

Xavier Bettel:  Neen, well mir selwer eis soen, mir spueren esou vill. Mir spueren esou vill, andeems mir net soen, op deem do oder op deem do, mä mir kucken einfach, wou wierklech d'Prioritéitelëschte sinn a wat een elo net muss onbedéngt maachen. An dat maache mir och op eng sérieux Aart a Weis.

François Aulner: D'accord, komme mir mol elo, fir Iech endlech a Rou ze loossen da mat deene Froen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel:  Et ass net desagreabel.

François Aulner: D'accord. Mä komme mir dann elo bei méi generell Iwwerleeungen dann iwwert d'Ekonomie. Här Staatsminister, d'DP ass jo eng liberal Partei am Sënn vun ekonomeschem Liberalismus. Et kann een d'lëtzebuerger Liberal esouguer nach als relativ sozial bezeechnen, sot den europäesche Spëtzekandidat vun de Sozialdemokraten a President vum Europaparlament de Martin Schulz am Oktober.

Martin Schulz (O-Toun): Ich habe auch nicht den Eindruck, dass die luxemburgischen Liberalen marktradikale Liberale sind, sondern, wie das in Luxemburg eigentlich im ganzen Land üblich ist, auch der Liberalismus ist in diesem Land von einer gewissen sozialen Verantwortung geprägt. Deshalb glaube ich, dass man mit Herrn Bettel sehr gut auf europäischer Ebene arbeiten kann.

François Aulner: Sidd Dir frou dat ze héieren?

Xavier Bettel:  Ma, dat do ass elo fir d'éischt wou ech et héieren. Ech sinn elo en Zentimeter gewuess. Ma villmools Merci.

Ech mengen, datt dat och stëmmt. A mir hunn et och do wou mir Verantwortung hunn, an ech virun allem och déi lescht Zäit hat, dat war bei eis an der Stad Lëtzebuerg, bewisen, datt mir keng Liberaler sinn déi heeschen, nëmme Maartwirtschaft, guer keen Interventionismus.

Ech weess, datt eng Zäitche gesot ginn ass, sou vill Staat wéi néideg, sou mann Staat wéi méiglech. Ech sinn der Meenung, datt de Staat eng Roll an engem Fonctionnement vun engem Land huet, an datt mir hei an dësem Land, obwuel vill Leit et net gesinn, ënnerschiddlech Problemer hunn an och eng Gesellschaft déi ganz vill profitéiert vum Wuelstand vun dësem Land, an eng Partie vu Leit déi Schwieregkeeten hunn duerch dee Wuelstand iwwerhaapt kënnen no ze kommen.

Wann ech gesinn, de Centbuttek, wéi ee Succès deen huet, wann ech gesi wéi eng Strukture mir hunn, wéi eng Problemer datt et ginn Enn des Mounts fir iwwerhaapt nach kënne Loyer ze bezuelen, well déi héich Käschte vum Loyer; dat si Saachen déi dës Regierung, an ech brauch kee soziaalt Gewësse vun der LSAP oder vun deene Gréngen, ech mengen, au Contraire déi 3 Parteie si sech bewosst, datt een eng Politik wëll maachen, wou een d'Leit virun allem motivéiert aus enger prekärer Situatioun erauszekommen, an net dee Liberalismus, dee verschidde Leit, déi ultraliberal. Ech kréie selwer Pautschen an d'Gesiicht wann ech verschidden Theorien héieren, verschidden ultraliberaler.

François Aulner: Wann dann elo liberal a sozial méiglech ass, wou kann een dann eng Linn zéien tëscht LSAP, DP, an Déi Gréng an CSV? Wou ass dann do nach eng Linn ze gesi fir déi Leit déi awer dann d'accord si mat méi liberalen Iddien, mat méi ekonomeschem Liberalismus?

Xavier Bettel:  De Virdeel ass vun där Majoritéit déi mir elo hunn, ass datt et e Kompromëss ass tëscht deenen 3. An datt dee sozialen Deel, dee mir immens um Häerz läit, och eben duerch eng LSAP gestäerkt gëtt; datt en ëmweltbewossten Deel och duerch eng Gréng Participatioun do ass. Mä déi Gréng hunn net de Monopol vun der Ëmwelt, déi Rout hunn net de Monopol vum der Sozialpolitik an déi Liberal sinn net déi eenzeg déi och wëssen, datt Ekonomie wichteg ass. Dir hutt an deenen 3 Parteie Leit déi vun deem engen, vun deem aneren iwwerzeegt sinn, an déi Leit déi sech zesummefonnt hunn – an ech kann Iech nach soen, gëschter hate mir Regierungsrot, mir sinn net getrennt jiddwereen a säin Eck iesse gaangen, mir sinn zesummen iesse gaangen, well mir wierklech gemeinsam un engem Projet schaffen an deem wierklech net ee vun deenen 3 sech ze verstoppen huet.

François Aulner: Den Här Juncker huet probéiert Iech e bëssen ze trennen an der Chamber, hu mir jo gesinn, e Mëttwoch. Den Etienne Schneider war do e bëssen a Bedrängnis geroden.

Xavier Bettel:  Jo bon, c'est de bonne guerre, e probéiert. Ech hat dem Här Schneider jo och gesot, e soll sech net provozéiere loosse vum Här Juncker. Den Här Juncker hat jo op enger éischter objektiver, konstruktiver Aart a Weis déi éischt 45 Minutten ugefaangen an dunn huet en eben [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Wéini kann den Här Juncker dann ufänken, richteg Oppositiounsaarbecht ze maachen, andeems en e bësse méi weess wat Dir elo als Mesuren ënnerhuelt an [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel:  Dir wäert jo net soen, datt den Här Juncker keng Oppositiounsried gehalen huet. En huet probéiert eis auserneen ze bréngen, mä dat geléngt him net.

François Aulner: Dat gëtt vläicht nach méi spéit méi schwéier. Dat huet ee jo och gesi mat der CSV-LSAP, déi och natierlech Unitéit weisen am Ufank, mä ab engem gewësse Moment, vun engem gewësse Moment un, wann et ëm Saache geet, den Drock an der Gesellschaft och wiisst, do riskéiert et jo zu 3 relativ schwéier ze ginn.

Xavier Bettel:  Wësst Dir, mir wësse pertinemment, datt den Drock aus der Gesellschaft dës Kéier wäert kommen, well mir net nëmme Bonbonen auszedeelen hunn. An da kënnt Drock. An da kommen och schwéier Momenter. An dat ass awer, wann ee weess, datt mir wëllen an eng Richtung zesumme goen, dat berouegt mech, well ech weess, datt do déi Solidaritéit an dat Zesummenhalen – a wa mir zu 3 soen, datt et wierklech néideg ass, weess ech, datt et déi richteg Richtung ass. An ech ka mir eppes aneschters net virstellen, datt deen een elo probéiert deem aneren elo eng Bananeschuel ze geheien.

François Aulner: D'DP hat elo an hirem Wahlprogramm de Gehälteraccord, d'Hausse vun de Paien ëm 2,2% 2015 an eng Prime vun 0,9 am August d'nächst Joer Wëlles a Fro ze stellen. Mat LSAP an Déi Gréng war dat onméiglech duerchzesetzen.

Xavier Bettel: Et steet am Koalitiounsaccord, wësst Dir, verschidde Leit, Dir schwätzt just vu Suen, et ass och d'Reform vun engem Statut dee virgesinn ass, net nëmmen d'Paien, e Gehälteraccord.

A vill Leit hu gemengt, ma da komm mir maache mol d'Paien an da kucke mir wéi et mat der Reform vum Statut ass. An dat Eent huet mat deem Aneren eppes ze dinn. Komm mir sinn eis jo eens, datt Reforme jo och an der Fonction publique gemaach ginn, an datt déi fréier Regierung se moneéiert huet, dat heescht, datt si Sue ginn huet fir iwwerhaapt déi Reform duerchzekréien. Dat heescht, wat fir eis op jiddwer Fall ausgeschloss war, ass datt ee seet, hei elo gëtt dat Eent gemaach an da fir dat Anert kucke mir wann et da méiglech ass oder net. Dat heescht, wann de Statut geännert ass, da kënnt och déi Hausse mat de Suen.

De Fait war, mir waren der Meenung, datt 2015, wat riskéiert dat schwéierst Joer ze ginn, et net opportun ass fir ze soen, elo gi mir awer deenen nach eppes bäi. Den Deal dee mir fonnt hunn ass wéi gesot, éischtens, datt dat eent mat deem anere gekoppelt ass an zweetens, datt déi nächst 5 Joer keng Erhéijung da kënnt, dat heescht, datt mir och beim Status quo bleiwen. Dat ass bei enger Koalitiounsverhandlung dat wat erauskënnt wann ee verschidde Positiounen huet. An ech mengen, datt dat e Kompromëss ass tëscht deene puer Positiounen, wou bei där enger gesot ginn ass, et ass egal, mir musse bezuelen, egal wat dat Eent an dat Anert ass, a vläicht nach eppes bäiginn, an eis Positioun ass, de Mëttelwee fonnt ginn tëscht deenen 3 Parteien.

François Aulner: Zu Lëtzebuerg kann een awer heiansdo eng gewësse Crispatioun fillen tëscht privat an ëffentleche Secteur. Ass an Ären Aen den Ecart tëscht den Ufanksgehälter am Public an am Privé e Problem?

Xavier Bettel: Duerch déi Reform gi jo och do Saache geännert, an dowéinst ass et wichteg, datt déi Reform och vum Statut duerchkënnt. Mä sou wéi et an der Zäit war, wou et wierklech ganz grouss Ecarte gi sinn, déi hu sech och reduzéiert.  

François Aulner: Wat äntwert Dir dann zum Beispill deene Lëtzebuerger, déi als Ingenieur, soen ech mol, an e private Betrib schaffe ginn, manner Congé hunn, manner Pai wéi am ëffentlechen Déngscht an no e puer Joer schonn direkt wiessele bei d'Gemeng zum Beispill, oder bei de Staat, an datt et schwiereg gëtt fir Leit ze fannen déi wëllen an de Privé goen, wann den Ecart esou ass.

Xavier Bettel: Et soll ee selbstverständlech net eng Diskrepanz hunn déi ëmmer méi grouss gëtt, do si mir eis ganz eens. Et kann net sinn, datt den Ënnerscheed tëscht deem engen an deem aneren ëmmer wiisst. Do si mir eis ganz eens.

Mä dat wat ass, wann et gutt geet, soll och eng Fonction publique dovunner profitéiere kënnen. Mir brauchen en efficace Staat. Ech brauch kee Staat fir just Staat ze hunn. Ech brauch e Staat deen efficace schafft, justement fir déi Prestatiounen, déi Servicer, déi Sozialleeschtungen, all dat wat de Staat haut, d'Sécherheet organiséiert, datt déi Beamten och hir Aarbecht anstänneg maache kënnen, an engem Kader deen hinnen dat och erlaabt ze maachen.

A wéi gesot, ech hunn e grousse Prinzip, dat ass dee vum pacta sunt servanda. Dat wat bis elo gemaach ginn ass, soll och respektéiert ginn, mä duerch déi nei Reform wäerte mir dann och fir déi nei Staatsbeamten dann och nei Regelen hunn. Et gëtt keng Regel fir den ongebuerene Staatsbeamten.

François Aulner: An et gi jo awer Leit, och op Patronatssäit zum Beispill, mä wéi gesot, och Leit déi vläicht frustréiert sinn, wa si elo gesi wéi et ass. Muss dann net grad, wann déi wiele ginn, sinn dat jo grad déi, déi sech do eppes erwaarden an dat wiele se.

Xavier Bettel: Ech géif et wierklech traureg fannen, wa mir an dësem Land eis fokaliséieren, andeems mir soen, et gëtt déi déi fir d'Fonction publique sinn an déi déi géint d'Fonction publique sinn. Den Dag wou Dir an d'Spidol musst goen; den Dag wou Dir eng Ambulanz braucht; den Dag wou bei Iech agebrach gëtt; den Dag wou Dir Problemer hutt; den Dag wou Dir an d'Schoul wëllt goen; den Dag wou Dir d'Strooss frëschgemaach kritt; den Dag wou Dir e Problem hutt mat dem Elektresch, da sidd Dir frou wann e Service public bei Iech kënnt an Iech do hëlleft. Also et soll een ophalen ze maachen, wéi wann an dësem Land e Gruef wier tëscht Fonction publique a Fonction privée. Deen Ee brauch deen Aneren, a mir sollen eng Politik maache wou een déi zwee beieneen hëlt an net déi zwee spléckt a probéiert ee géint deen aneren opzehetzen.

François Aulner: Kucke mir elo vläicht anescht gesinn, déi grouss Gehälter elo, dat kann da Public oder Privé sinn, dat stellt jo awer en enorme Problem duer fir déi déi wéineg verdéngen, well déi drécke jo d'Präisser domat ëmsouméi an d'Lut. Wat kann een dann do maache fir den Ecart ze stoppen? Den Ecart gëtt ëmmer méi grouss.

Xavier Bettel: Et ass net u mir elo ze soe wat een am Privatsecteur dierf verdéngen oder net dierf verdéngen. Et ass net un der Regierung ze decidéiere wat deen Ee verdéngt a wat deen Anere verdéngt. Also, wann et ëffentlech Paie sinn, dann hunn ech eppes ze soen, mäi bei privat, et ass net u mir ze decidéiere wat eng Boîte decidéiert seng Leit ze bezuelen. Also do mam beschte Wëlle mengen ech net, datt et un der Regierung ass do ze intervenéieren.

François Aulner: Bei den Ufanksgehälter sinn et dann zum Beispill déi déi sech trauen, soe mir et mol esou, an de Privé ze goen, déi hunn da méi Péng. Huele mir elo un, et géif keng Hëllef vun doheem ginn an näischt. Et kuckt ee just d'Akommes, de Salaire, déi hunn et jo dann trotzdem nach ëmmer méi schwéier wéi déi beim Staat, quasi ëmmer.

Xavier Bettel: Ech verstinn d'Fro net.

François Aulner: Mä datt et fir si demotivant ass, fir déi Leit, fir dann an de [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Also hautdesdaags hutt Dir, et ginn eng Rëtsch vu Beruffer wou Dir hautdesdaags net vill manner verdéngt am Privatsecteur, au contraire, esouguer wéi am ëffentlechen Déngscht.

François Aulner: Awer och manner Congé hutt.

Xavier Bettel: Jo, also, wësst Dir, elo hutt Dir mir just virdru gesot, et géif ëm d'Sue goen, elo geet et schonn erëm ëm de Congé. Also, Dir fannt ëmmer nees eppes aneschters [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Ech reflektéiere Saachen déi een dobaussen héiert, déi Acteuren engem soen.

Xavier Bettel: Jo, ech soen Iech just, ech fannen et traureg wann een an engem Land d'Land spléckt a probéiert ze maache wéi wann d'Fonction publique, d'Fonction privée géif zerstéieren, an d'Fonction privée jalous wier iwwert d'Fonction publique, an d'Fonction privée d'Fonction publique net géif gebrauchen. Ech fannen dat traureg, wa mir esou an engem klenge Land, wou een deen anere brauch et fäerdeg bréngen, den Dialog ze reduzéieren op, wie verdéngt elo méi fir déi Aarbecht déi e mécht.

Ech fannen, datt et wierklech, ech soen et nach eng Kéier, net gutt ass, datt den Ënnerscheed bei därselwechter Aarbecht, deem selwechte Posten, e risegen Ënnerscheed ass. An dat soll een dann och kucken. An dat ass eben duerch d'Reform vum Statut och esou analyséiert ginn. Mä ech géif et traureg fannen, wann ee sech just fokaliséiert an da seet, mä déi hunn zwee Deeg Congé méi. Do sinn Acquisen, do sinn Negociatioune gewiescht, dat si Gewerkschaften déi zesumme mat hirem Patron Saachen ausgemaach hunn. An ech sinn net deen, deen elo seet, hei elo kommen ech, all déi Acquis sociaux gi lo mol gekäppt. Dat géif ech kee gudde Stil fannen.

François Aulner: Et muss awer nach Ureizer gi fir eben an d'Privatwirtschaft ze goen. Gëtt et do Méiglechkeeten, vläicht dann anescht – also et ass jo net wéi wann déi Leit [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Wa mir d'Ekonomie nees ugekuerbelt kréien, Här Aulner, da kënnen nees Aarbechten och kreéiert ginn.

François Aulner: Jo jo, mä ech mengen, elo am Privatsecteur, ech wollt lo net soen, datt d'Leit am Privatsecteur mir géifen erzielen, mir wëllen d'Fonction publique zerstéieren, dann hunn ech mech schlecht ausgedréckt, mä si sinn einfach viru schwéiere Situatiounen. Wa si sech en éischte Logement wëlle kafen, wa si wëllen eben och [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Och dowéinster maache mir eng Logementspolitik fir jonk Leit.

Wësst Dir, mir hunn zu Lëtzebuerg ganz vill gemaach am Logement social a mir hunn den normale Marché lafe gelooss. Mä mir hu ganz wéineg gemaach fir de Mëttelstand, fir déi Leit, wéi Dir sot, dee Jonken dee vun der Uni kënnt, dee seng éischt Pai kritt, dee ka sech hei zu Lëtzebuerg ganz schwiereg e Loyer bezuelen oder e Prêt kënnen zeréckbezuelen. Dat sinn déi wou mir mussen den erschwéngleche Wunnraum – dat sinn all déi déi ze vill verdénge fir eng Sozialwunneng, awer net genuch verdénge fir um private Marché eppes ze fannen. Dat sinn déi Leit deenen ee muss hëllefen.

Mä ech wëll wierklech net dat Land splécken tëscht deem engen an deem aneren. Ech mengen, et ginn och Leit déi an der Fonction publique och net Paien hu wéi der Verschiddener se géife gären an d'Vitrine stellen. An ech wëll wierklech evitéieren, datt an deem Land hei ee vis-à-vis vun deem aneren opgehetzt gëtt, an dat seet mir guer näischt.

François Aulner: Fir en aneren Thema elo, Dir hutt e Mëttwoch betount, datt Dir wéilt “effets pervers” iwwerpréiwen an der Relatioun tëscht RMG, Mindestloun a Chômageindemnitéiten. Et géif dorëm goen, op kee Fall eng ewechzehuelen, dat hutt Dir e puer Mol och scho betount, mä et ass awer elo kloer, een deen  de Chômage kritt, kritt manner wéi säi volle Gehalt an een deen den RMG kritt, kritt manner wéi de Mindestlounemfänger. Doriwwer eraus gëtt en RMG och anescht berechent, do komme Saachen en compte déi net beim Mindestloun en compte kommen. Wisou muss do eigentlech eng Analys gemaach ginn?

Xavier Bettel: Well Dir ganz einfach verschidde Familljen hutt, wou een dann ënnert engem Daach wunnt, wann een dann zum Beispill den RMG huet a wann dann de Fils ufänkt mat schaffen, awer nach doheem wunnt, op eng Kéier den RMG ewechfält. An datt sech dann d'Fro stellt, ob et sech iwwerhaapt rentéiert wann de Fils schaffe geet, oder ob et besser ass, wann d'Famill den RMG behält.

Dat sinn Effeten dat kann net sinn. Et kann net sinn, datt d'Leit rechne wat de Risiko ass wann een am Stot schaffe geet oder doheem schaffe geet, wat een da vläicht kéint manner kréien, obwuel e schaffe geet. Dat sinn Effeten, dat kann net sinn. Mam beschte Wëllen, mir kënnen net e System hu wou d'Leit doheem ausrechnen ob si schaffe ginn, si da vläicht riskéieren eppes manner ze kréien. Dann hu mir e perverse System. An dat sinn déi Saachen déi mir gäre ganz genau analyséieren.

Ech hat de Fall als Responsabelen an der Gemeng vum Logement, wou d'Leit mir gesot hunn, jo neen, meng Duechter oder mäi Fils dee geet lo net schaffen, well soss kréie mir den RMG ewechgeholl oder de Loyer geet an d'Lut. Dat si Saachen, dat geet net Här Aulner. Et muss een awer haut net kënnen eng Politik maache wou d'Leit duerno doheem opschreiwe fir ze kucken, wann deen elo schaffe geet, dat heescht, eng Aarbecht kritt, eng normal Pai, riskéiere mir dann net duerno awer vläicht dat eent oder anert manner ze kréien an du coup ass et besser, e geet net schaffen. Stellt Iech vir am Kapp, dat ass net auszehalen.

François Aulner: Do kann ee lo dovunner ausgoen, Dir hutt Iech elo do e bëssen opgereegt, et gëtt awer da sécher geännert, d'Critèren op d'mannst. Et gëtt net engem ewechgeholl, mä fir ze kréie gëtt awer méi schwéier.

Xavier Bettel:  Et muss ee kucke wéi et gemaach gëtt. Et muss ee kucke wéi et gemaach gëtt, wéi de Calcul gemaach gëtt. Mä et kann awer net sinn, datt dann op eng Kéier de Bouf vun 19 Joer gesot kritt, mat där Pai déi s du lo hues muss du plënneren, well soss kréie mir dat eent oder dat anert ewechgerechent. Dat heescht, et muss ee kucken, et muss een dat analyséieren. All déi Konsequenz vun deem engen a vun deem anere muss ee rechnen. Mä et kann awer net sinn, datt een dann dem Fils éischter seet, hei du gees elo net schaffen, well soss kréie mir dat Eent oder dat Anert manner. Also, ça va pas.

François Aulner: Et bleift eis net méi vill Zäit, wann ech mech elo net ieren. Eng Propose aus Ärem Koalitiounsaccord ass d'Aféiere vun de sougenannten Intérêts notionnels. Dës gesi jo vir, datt Betriber déi selwer Kapital opbrénge Steiere kënnen ofschreiwen, an Héicht vun den Zënsen déi si fir dat Kapital bezuelt hätte wa si hätte missen empruntéieren. Den CSV-Fraktiounschef Jean-Claude Juncker huet e Mëttwoch dës Mesure ferme kritiséiert. E Kado fir déi grouss auslännesch Betriber, déi dem Staatsbudget vill géing kaschten.

Xavier Bettel: Mir musse ganz genau mat den Intérêt notionnels dat ausrechne kënnen, well Dir wësst jo, datt d'Belsch am Moment et jo och maachen. D'Belsch hunn d'Intérêts notionnels ënnert dem Didier Reynders erabruecht. De But ass jo, datt déi Suen an d'Ekonomie nees investéiert gëtt, dat heescht, datt déi Suen och reinvestéiert ginn am Betrib. Et muss ee just kucken, selbstverständlech, dat wat si soen an der Belsch, se elo e Lach maachen, dat dräifacht vun deem wat am Ufank geplangt war, da muss ee sech dat iwwerleeën. Mä wéi gesot mir wollten an déi Richtung och goen, well mir gemengt hunn, datt et de Betriber kéint hëllefen. Mä wann op där anerer Säit elo festgestallt gëtt, datt d'Intérêts notionnels einfach dem Staatsbudget en ze grousst Lach maachen, da musse mir eis d'Saach zweemol iwwerleeën. Wéi gesot, d'Intentioun ass awer do.

François Aulner: Enger Etude vun der Columbia University no, déi sech wierklech mat deem spezifesche Fall befaasst huet, wier dat elo, och wann een duerno wäitsiichteg kuckt wat een dofir och awer erëm zeréckkritt, hätt dat dem belsche Staat tëscht 150 a 400 Milliounen Euro kascht. Do ass nach e klenge Sputt. Et ass och riskant, well wann een déi Mesure alleng mécht, zitt ee Betriber un, déi och direkt erëm fort sinn, wann een dat ofschaaft. An déi Betriber déi vun där Mesure profitéiert hunn, hunn anscheinend och kee Skrupel gehat, anscheinend, laut där Etude, fir Leit ze entloosse während der Kris.

Xavier Bettel: Jo, mä déi Leit si fir d'éischt agestallt ginn. An am Moment muss ech Iech soen, datt ech frou sinn, wa Betriber op Lëtzebuerg kommen, an déi Betriber [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Et ass awer volatile, et ass awer [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Jo, ech soen Iech et nach eng Kéier, et muss een de Pro an de Contra kucken. An der Belsch hu mir jo d'Méiglechkeet dat genau ze analyséieren. Et ass jo net incontestéiert, esouguer um europäeschen Niveau. Et soll een net vergiessen, datt et och um europäeschen Niveau vill Contestatioune sinn iwwert dee System deen an der Belsch och fonctionnéiert huet iwwert d'Intérêts notionnels, an et soll ee kucken.

Den Esprit ass ebe Betriber op Lëtzebuerg unzéien doduerch. Wa mir awer duerno gesinn, datt déi Betriber déi do sinn, mir doduerch awer méi Sue verléiere wéi mir riskéieren eran ze kréien, a manner Aarbechtsplaze géife kreéiere wéi mir mengen, da muss ee sech d’Saach awer nach eng Kéier iwwerleeën, muss ech Iech och ganz éierlech soen.

François Aulner: Bleift mir um Schluss nach eng lescht Fro un den neie Staatsminister: wéi gesäit den Här Bettel Lëtzebuerg a 5 Joer, oder an 10 Joer? Wat sinn déi wichtegst Saachen?

Xavier Bettel: Ech gesinn e Premierminister emol, deen net dee beléifste Premierminister ass vun der lëtzebuerger Geschicht, well en ebe Mesurë geholl huet, mat senge Koalitiounspartner, déi néideg ware fir eist Land.

Premierminister ass kee Schéinheetsconcours, ech muss och net am nächste Politbarometer virbäi sinn, ma ech hu léiwer, datt d’Leit dann, an 10 Joer, vläicht soen, mir hate Chance déi Koalitioun ze hu mat deene Gréngen, mat deene Rouden a mat deene Bloen, well soss wiere mir haut net dat wat mir houfreg kënne sinn ze sinn. An dat ass dat wat ech mir hoffen, datt an 10 Joer Perspektiven do sinn, fir datt mir deene jonke Generatiounen net eidel Keese loossen, an eng Zukunftsperspektiv. Well wa mir, gleeft mir et, d’Koalitioun esou gehalen hätte wéi se war, hätt ech Iech dat net kënne garantéieren.

François Aulner: Wat erwaart Dir Iech vun de Lëtzebuerger fir déi nächst 5-10 Joer?

Xavier Bettel: Ecoute, Verständnes, Solidaritéit, datt si verstinn, datt, wa mir dat maachen, net well mir et einfach maache fir de Leit op d’Nerven ze goen, ma et ass [ondäitlech] fir eist Land.

François Aulner: Ech muss elo d’Editioun vun dësem “Riicht eraus” ofschléissen. Zu Gaascht bei eis am Studio war déi lescht Stonn, Dir hutt héieren, den neie Premier- a Staatsminister Xavier Bettel. Här Bettel, villmools Merci fir Äre Besuch.

Xavier Bettel: Villmools Merci, Här Aulner.

Dernière mise à jour