François Bausch au sujet du nouveau gouvernement et de la politique des transports

François Bausch: Gudde Mëtteg.

Max Theis: Här Bausch, Dir souzt iwwer 20 Joer laang fir déi Gréng an der Chamber, op der Oppositiounsbänk also. Wat ass dat da fir e Gefill elo an der Majoritéit ze sëtzen?

François Bausch: Bein, et ass e ganz spannend Gefill. Et ass, eigentlech hunn ech relativ séier entdeckt, datt et awer vill Méiglechkeete gëtt, a vill Potentialer gëtt fir datt een dann direkt vill méi séier ka gestalten. An der Oppositioun kann ee sécherlech villes bewierken, well een Drock mécht, well een d’Regierung och kontrolléiert, an dat och zu Korrekture féiert, mä hei huet een natierlech direkt Gestaltungsméiglechkeeten. An ech muss soen, dat ass awer relativ spannend a relativ flott.

Max Theis: Dat hutt Dir elo schonn esou séier festgestallt an deenen zwou Wochen?

François Bausch: Absolut, ech muss soen, ech sinn och immens frou dee Ministère wou ech sinn, ech hunn eng super motivéiert Équipe mat där ech zesummeschaffen, immens gutt kompetent Mataarbechter, déi wierklech vun der éischter Sekonn un, direkt nodeem ech mech an d’Waasser gehäit hunn, well et war jo awer e bëssen e Sprong an d’Waasser direkt, direkt richteg flott matgezunn hunn, an dat mécht richteg Spaass.

Max Theis: Dir souzt jo zu dräi um Dësch fir ze verhandelen. Ass dee Regierungsprogramm Iech da gréng genuch?

François Bausch: Ech géing menge schonn, well mir hunn et fäerdegbruecht, datt dee ganzen Nohaltegkeetsgedanken transversal e bëssen duerch all d’Ressorte gefloss ass. An dann natierlech an deene Beräicher wou mir selwer elo d’Soen hunn, nämlech an der Nohaltegkeet mat all sengen, hire Facetten hu mir awer wierklech e ganz gudde Programm hikritt. Bon, ech mengen, et ass natierlech ëmmer, e Koalitiounsofkommes ass ëmmer e Kompromëss, et sinn ëmmer emol Saachen dran, wou mir an der Nohaltegkeet sécherlech vläicht d’Saachen emol anescht nach gemaach hätten, gesinn hätten, oder méi wäit gaange wieren. Mä et ass awer, géing ech awer soen, e ganz gudde Kompromëss, wou mir ouni Problemer kënnen dohannert stoen.

Max Theis: Dir sot, transversal also iwwer déi ganz Regierungspolitik eigentlech. Wiem seng Verantwortung ass dat da fir dat ëmmer ze kontrolléieren, an och eventuell op d’Fanger ze klappen? Ass dat dann Ären Job, oder wéi?

François Bausch: Neen, ech menge mir hate souwisou eng flott Diskussioun an de Koalitiounsverhandlungen ënnert deenen dräi Partner, a wou mir generell der Meenung waren, datt et wichteg wier, datt mir aus deem Cloisonnement géingen ewechkommen, datt d’Ministèren zwar jiddweree seng eege Verantwortung huet, an och do ka seng Aarbecht maachen autonom, mä datt déi transversal Zesummenaarbecht insgesamt extrem wichteg wier. Also mir hunn do am Fong kee brauche richteg ze iwwerzeegen.

Bon, elo ass et natierlech esou bei der Nohaltegkeet versiche mir natierlech e besonnescht A drop ze halen. Mä ech hunn awer och do, muss ech soen, mam Wirtschaftsminister Etienne Schneider zum Beispill schonn ofgemaach, datt mir all d’Dossieren déi elo d’Ekonomie betreffen, datt mir net waarde bis en Dossier fäerdeg ass, mä vun Ufank un eng flott Zesummenaarbecht maache fir datt wann da Schwieregkeeten, oder Hürde kommen, datt mir déi kënnen a Rou an am Konsens zesummen diskutéieren. An ech mengen déi Approche, wa mir déi géingen hikréien déi nächst 5 Joer, dat wier schonn en immense Wandel an der Aart a Weis wéi d’Regierung géing fonctionnéieren.

Max Theis: Op ville Plaze feelt et un Detailer am Koalitiounsaccord. Sinn déi einfach net am offiziellen Dokument festgehalen, oder ass dat potentiaalt Sträitgespréicher?

François Bausch: Neen absolut net. Mä ech menge wann ech zum Beispill den Aspekt eraushuele vun der Spuerpolitik, ech mengen do si mir, hu mir Richtungen uginn, mir hunn eis en Zil gesat. A mir hunn natierlech och an de Koalitiounsverhandlungen iwwer eenzel Saachen diskutéiert, mä ech mengen dat muss ee jo awer verstoen, dat muss emol duerchgerechent ginn alles, déi verschidden Optiounen déi et gëtt. An et huet jo elo kee Wäert datt mir eppes an de Raum setzen, wou mir wëssen, datt et herno iwwerhaapt net machbar ass, oder carrément kontraproduktiv ass. An dat muss ee wierklech verstoen.

Mä mir sinn awer, mir hu wierklech intensiv diskutéiert, mir hate jo d’Verwaltungen och relativ laang, vill Stonnen do. An et ass elo un deenen nächste Méint fir dorunner nach méi intensiv ze schaffen. A bon, am Abrëll, Mee wäert de Premierminister jo och den état de la nation maachen an der Chamber, dee soll jo de Budget fir 2015 virbereeden. An an deem Kontext wäerte selbstverständlech dann éischt Pisten opgezeechent ginn.

Max Theis: Am Débat iwwer d’Regierungsdeklaratioun huet et geheescht vum Gast Gibéryen zum Beispill, Dir bräicht kee Kassensturz ze maachen, et wiere keng Suen dran, just Scholdschäiner. Wat sot Dir dann zu esou Saachen, wou Dir elo u sech an déi Keesen esou richteg eragesitt?

François Bausch: Also ech mengen datt d’Situatioun finanziell net ganz gutt ass, dat wësse mir, dat wosste mir och scho virdrun, dat war och kee neie Moment.

De Kassensturz dee mir gemaach hunn nach an de Koalitiounsverhandlungen, dat war, datt mir nach vläicht vill méi an den Detail kucke gaange sinn, duerch wat koum et, an esou weider.

Mä et ass awer esou datt, och wann et schwiereg ass, ass et net hoffnungslos, au contraire. Éischtens muss mir dofir suergen, datt et erëm konjunkturell besser geet, datt mir effektiv erëm besser do stinn insgesamt.

An zweetens, mengen ech, dat sinn eng Rei Saachen, eng Rei Décisiounen, déi wäerte musse geholl ginn, an déi huele mir jo och fir datt et duerno erëm besser geet. Mir huelen Décisiounen, well mir eis gesot hunn an de Regierungsverhandlungen, et ass net responsabel datt mir géingen hei där nächster Generatioun e Scholdeball dohinner schieben. An ech mengen do hu mir eng immens Responsabilitéit.

Et geet net drëms fir ze handelen nëmmen en Fonctioun vun den nächste Wahlen, mä et geet drëms ze handelen en Fonctioun datt mir dat Land fit behalen, oder fit kréie fir datt och déi nächst Generatiounen nach genee esou gutt kënnen am Wuelstand liewen, wéi mir dat haut maachen.

Max Theis: Mä Frënn mécht ee sech net onbedéngt domat, ech soen elo bei der Wielerschaft zum Beispill?

François Bausch: Jo, also ech mengen et gëtt eng Rei Décisiounen, déi ze huele sinn, déi si sécherlech, oder ech soen, et sinn anerer déi wiere sécherlech méi populär. Et ass ëmmer méi einfach wann d’Keess voll ass, wann een nëmme brauch d’Scheckheft ze huele fir ze verdeelen. Ech menge wann een dat awer gutt erkläert, an de Leit och seet, datt mir dat maache fir datt eis Investitiounskraaft vum Staat erhale bleift, fir datt mir kënne weider investéieren, fir d’Land no vir ze bréngen, an datt doduerch vläicht kuerzfristeg dat e bësselche méi haart ass, mä wou mir awer mëttelfristeg all zesumme profitéieren, da maachen d’Leit do och mat. Ech muss natierlech och gerecht sinn, et dierf net egal wat gemaach ginn. Et geet och net drëms fir mam Bulldozer duerch alles ze fueren, mä ech mengen et soll iwwerluet a gerecht sinn, a gutt erkläert sinn. An da mengen ech, sinn d’Leit scho bereet och mat op dee Wee ze goen.

Max Theis: D’Wahlresultat vun deene Gréngen war net dat Bescht. Am Géigesaz zu der DP déi zolitt bäigeluegt huet, an der LSAP déi stagnéiert ass, hunn déi Gréng ee Sëtz verluer an de Chamberwahlen. Et hat een d’Gefill datt d’Partei e bëssen ënner Schock stoung no deene Wahlen. Géift Dir dat elo konfirméiere mam Recul vun deene leschte Wochen?

François Bausch: Dat kann ech Iech ganz gutt konfirméieren. Ech kann Iech soen, owes géint 5, 6 Auer do ass et mir schonn, et ass mir schonn Deeg besser gaange wéi dee Wahlsonndeg géint 5, 6 Auer. Ech mengen et misst ee jo léie wann een net géing dat zouginn, datt wann ee vill geschafft huet déi ganz Joeren, an d’Wahlresultat ass e bëssen, dat emfënnt ee jo och e bëssen esou als eng Zensur, déi een ausgestallt kritt, a wann déi Zensur dann net esou gutt ass wéi ee sech se erwaart huet, dann deet dat engem natierlech wéi, dat ass guer keen Zweiwel.

D’Ursaache firwat dat ass, ech mengen, dat ass nach wahrscheinlech och ze fréi, do gëtt et wahrscheinlech vielfälteg Ursaache firwat dat Resultat esou ausgefall ass. Mä ech kann nëmmen just soen, mir hunn eist Bescht ginn, a mir wäerten och déi nächst 5 Joer eist Bescht ginn. A mir hoffen datt d’Leit dat dann och esou honoréieren.

An ech menge mir hunn awer elo eng Chance kritt, duerch déi Regierungsbedeelegung och, fir och ze beweisen, datt mir och dat kënnen, datt mir dat wat mir an de Gemenge scho laang bewisen hunn, och um nationalen Niveau kënnen. An ech, mir wäerten op alle Fall alles drusetzen, déi Leit déi an der Regierung sinn, wéi och an der Fraktioun, wéi d’gesamt Partei fir eis am Intérêt vum Land ze stellen, fir datt mir dat kënnen ënner Beweis stellen.

Max Theis: Wann een déi Chifferen eng Kéier e bësse méi präzis kuckt. Am Zentrum huet Är Partei bal 3 Prozentpunkte verluer, alleng Dir hutt 6.000 Stëmme manner kritt wéi nach 2009. Am neieste Politmonitor faalt Dir an der Sympathie vun 41% op 37%, an der Kompetenz vu 50% op 46%. Wéi erkläert Dir Iech dann déi Chifferen, et ass alles esou an der Basis?

François Bausch: Also wann ech mäi perséinlecht Resultat kucken, bon, gëtt et fir mech zwou Erklärungen.

Déi éischt Erklärung, dat ass natierlech, ech hunn eng Aarbecht gemaach dat lescht annerhalleft Joer an där Enquêtekommissioun, dat ass eng zimlech haart Aarbecht gewiescht, si huet mech enorm vill Energie kascht, mä dat ass keng flott Aarbecht, an déi gëtt och net als flott ëmfonnt dobaussen. An do geet ee sech keng Punkte sichen. Dat wosst ech iert ech dat ugefaangen hunn. Mä am Intérêt vun der Demokratie hunn ech fonnt, datt et awer richteg war. An ech hu mech politesch engagéiert fir déi Saachen ze maachen, déi ech richteg fannen, an och wou ech mengen, datt et am Intérêt vum Fonctionnement vum Staat a vun der Demokratie ass. An ech war mir dees bewosst, datt dat mech géing wierklech och Stëmme kaschten. Dat ass deen ee Punkt.

Deen zweete Punkt ass, datt, dat muss ech awer soen, dat huet mir am meeschte wéigedoen, dat ass, datt vu Juli un eng onwahrscheinlech Campagne géint mech gemaach ginn ass, ënnert d’Ceinture, wou ech mengen, datt se och politesch gesteiert war mat wahnsinnege Ligen, déi géint mech verbreet gi sinn, ugefaange mat esou absoluten Topegkeeten, ech géing mat engem Porsche Cayenne duerch d’Landschaft fueren, bis zu ganz aner Saachen. Do si wierklech massiv [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Wou koumen déi Rumeuren dann hier, mengt Dir?

François Bausch: A bein, eng ass jo vun engem geschriwwe ginn, et ass jo e Lieserbréif vun engem geschriwwe ginn an enger lëtzebuerger Dageszeitung. Ech hunn net dorop reagéiert, well ech éierlech gesot, dozou keng Loscht hunn, well dat fir mech esou en ënneschten Niveau ass, an ech dozou wierklech keng Loscht hunn, well ech dofir keng Politik gemaach hunn.

Mä wat awer mech nach am meeschte blesséiert huet, dat ass, datt ech iwwer Ëmweeër gewuer gi sinn, datt déi Mailen och massiv politesch verschéckt gi sinn doruechter. Dat heescht, do ass natierlech versicht gi Revanche ze huelen géint eng Aarbecht, déi ech gemaach hunn. Bon, wéi gesot, dat huet mech perséinlech extrem blesséiert, an dat huet, ganz sécher huet dat mir och geschuet. An dat ass och dat wat ech fannen, wat an der Politik eigentlech traureg ass, well am Endeffekt, och wann dann déijéineg déi dat maachen, Satisfactioun kréien, well dat eben deem aneren da geschuet huet, dem Géigner. Et muss een ëmmer wëssen, datt een insgesamt der Politik domat immens vill Schued uriicht. An dat fannen ech net gutt. An dofir hunn ech och ëmmer Schwieregkeeten op esou Saachen ze reagéieren, well ech dozou keng Loscht hunn, well ech einfach net wëll datt d’Institutioune beschiedegt ginn, si si scho beschiedegt genuch esou. An dat ass net mäi Politikstil.

Max Theis: Dir hutt Iech ganz séier no de Wahlen, u sech Konsequenzen aus deem Wahlresultat gezunn, hutt Iech an déi zweet Rei gestallt, de Felix Braz gouf Delegatiounschef. War dat eng Décisioun, déi Dir selwer geholl hutt, oder war dat op Parteiniveau? Wéi géift Dir dat beschreiwen?

François Bausch: Dat war ausschliisslech meng eegen Décisioun. Ech hu schonn, virun de Wahlen hunn ech gesot zum Felix Braz, an och zu anere Leit an der Partei, datt ech fir déi Partei déi Wahle wëllt wierklech bis un d’Enn féieren, ech hat, de Fraktiounschef hunn ech gemaach elo vun 1999 un, an ech hu scho virun de Wahle gesot, wann déi Wahlen eriwwer sinn, gëtt et zwou Méiglechkeeten. Wa mir an d’Regierung kommen, sinn ech bereet dee Match matzemaachen, well dat mech och wierklech, well mech dat och wierklech géing interesséieren a reize fir dann déi Aarbecht ze maachen. A wa mir an der Oppositioun géinge bleiwen, dann hätt ech de Fraktiounschef net méi iwwerholl, an dunn hat ech dem Felix Braz scho proposéiert dat ze maachen. An et huet, fir mech war et eng logesch Konsequenz wéi d’Wahlen dunn eriwwer waren, obscho mir an de Koalitiounsverhandlunge waren, ech hunn d’Sondéierung nach gemaach am Ufank, well ech och vill Initiative geholl hat fir datt et iwwerhaapt dozou komm ass. An ech hunn dem Felix Braz gesot, ech féieren déi Sondéierung just fäerdeg, an duerno iwwerhëls du, et ass elo un dir dat ze maachen. Ech maachen dat esou laang fir déi Partei, iergendwann eng Kéier geet et duer. An dofir hunn ech dat och gemaach. An ech sinn och elo frou, muss ech soen, datt ech mech wierklech ka konzentréieren op mäi Ministère, an op eng Aarbecht, déi mir wierklech vill Freed mécht, well ech kann an e lauter Beräicher schaffen, d’ganz Mobilitéitsberäich, Landesplanung, wou mir ëmmer ueweloungen, wou ech och vill, mengen ech awer, Kompetenz opgebaut hunn, a mech just kann dorop konzentréieren, dat mécht Freed.

An ech muss och soen, mat enger gewëssener Genugtuung kann ech elo heiansdo feststellen, datt wann et emol haart op haart gëtt, parteiintern oder –extern, datt da vläicht awer emol en anere muss de Kapp duerhalen, an net ëmmer ech.

Max Theis: Dir hutt gesot, Initiative geholl am Virfeld. Wéivill Gespréicher gouf et dann iwwer eng Dräierkoalitioun virun deene Wahlen?

François Bausch: Et, wat an der Press stoung, ech mengen dat haaptsächlech och gestreet ginn ass vun der CSV, ech mengen esou war dat natierlech net. Et si keng Verhandlungen am Virfeld gefouert ginn [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Deen ominéisen 18. Juli, oder war [gëtt ënnerbrach]

François Bausch: Neen, dat ass alles net richteg. Ech menge wat awer richteg ass, dat ass, dat wäert jo elo awer kee verwonneren, datt ech mam Xavier Bettel vill Gespréicher gefouert hunn. Ech mengen den Xavier Bettel an ech mir hunn 8 Joer zesummen an der Gemeng immens gutt zesummegeschafft. Mir hu bal entretemps eng frëndschaftlech Bezéiung. An déi Aarbecht, déi Zesummenaarbecht huet ëmmer super fonctionnéiert. Mir hunn dat mat engem immense Respekt een géint deem aneren, ee géintiwwer deem anere gemaach. An ech mengen dofir war dat awer net esou erstaunlech, datt de Xavier Bettel a mech Vertrauen hat, an och wéi d’Wahlresultat esou war, sech gesot huet, bein, ech weess wat ech do hunn, an dorop kann ech opbauen, fir dann op déi Richtung ze goe fir déi Dräierkoalitioun ze probéieren, déi jo awer mat 32 Sëtz eng knapp Majoritéit ass.

An dofir, wéi gesot, ech mengen datt an der Politik den Inhalt ass sécherlech wichteg, an d’Programmer si wichteg. A wa mir alleguer deen nämmlechte Programm hätten, wiere mir alleguer zesummen an enger Partei. Donc ass dat net de Fall. An et gëtt Ënnerscheeder, mä dee mënschlechen Aspekt, an d’Aart a Weis wéi ee kann zesumme schaffen, spillt och eng Roll.

An ech muss och dofir soen, ech kann nëmme staune wann ech gesi wéi d’CSV, wéi beleidegt do verschidde Leit sech spieren. Ech mengen dat wat den Xavier Bettel seet, ass absolut richteg. Si musse sech selwer froe firwat datt kee méi Loscht hat mat hinnen an eng Koalitioun ze goen. Dat huet awer och zu engem gudden Deel ze di mat Verhalen, vun net alle Leit vun der CSV, wëll ech betounen. Ech wëll Iech e Beispill ginn. Ech hu mam Claude Wiseler exzellent zesummegeschafft an der Gemeng, an ech respektéieren hien och nach haut. Ech hunn och déi Iwwergab mam Claude Wiseler op eng Aart a Weis gemaach, wou ech nach haut den Hutt virun him ofdinn, wéi hien dat gemaach huet, ganz propper.

Mä awer insgesamt als Partei, déi arrogant Haltung, an dat vun uewen erof kucken, an ëmmer nëmmen op deenen aneren erëmtrëppelen, ech mengen da kënnt dat do dobäi eraus, datt een natierlech sech, wann et da geet, an d’Inhalter och stëmmen, well dat war awer och d’Viraussetzung, datt ee sech dann ebe séier kann eensgi fir eng Koalitioun ze maachen.

Max Theis: Dir hutt elo d’CSV an d’Spill bruecht. Et ass jo onëmstridden déi stäerkste Partei, déi aus de Wahlen ervirgaangen ass, an dat gëtt dann och ëmmer nees erënnert an der CSV eigentlech. An domat gëtt jo och dann ëmmer d’Legitimitéit vun der Dräierkoalitioun u sech a Fro gestallt.

Wat huelt Dir dann, wat maacht Dir mat esou Kritiken, och wa se vu bausse vu Leit un Iech erugedroe ginn. Ech géif soen, wann Dir duerch d’Stad gitt, kritt Dir och bestëmmt esou Remarque gemaach? Wat sot Dir dann zu deene Leit?

François Bausch: Also éischtens ass et natierlech esou, wësst Dir, d’Leit déi mat engem d’accord sinn, schwätzen een natierlech éischter u wéi déi, déi net mat engem d’accord sinn. Mä bon, ech mengen, ech kréien awer och där anerer Meenungen, dat ass, do gëtt et guer keen Zweiwel.

Mä ech soen ëmmer do, kuckt mir sinn, an enger Demokratie ass eng Majoritéit ass eng Majoritéit, an d’Majoritéit ass den Ament 31 Sëtz vu 60 muss een hunn, fir datt een eng Majoritéit huet. Déi dräi Parteien zesummen hunn der 32. An ech fannen et och relativ seltsam wann da Vergläicher gemaach gi mat Prozenter op nationalem Niveau. Mir hunn net bei den nationale Wahlen ee Wahlbezierk. Meng Partei ass zwar do dofir, mä all déi aner sinn do dogéint.

Max Theis: Mä da wier et net zu der Dräier komm, reng rechneresch?

François Bausch: Jo, dat ass, ebe bezweiwelen ech, well ech sinn iwwerzeegt, wa mir ee Wahlbezierk hätten, da géingen d'Leit anescht wielen, da géing ganz anescht gewielt ginn. An ech ginn Iech e Beispill. Datt wann Dir déi lescht Europawahle kuckt, mir haten déi leschte Kéier den nämmlechten Dag Nationalwahle wéi Europawahlen. Do hate mir bei den Nationalwahlen 11 Komma an eppes Prozent, mir hate bei den Europawahle bal 17%. Dat heescht, dat war en immensen Écart tëschent der National- an den Europawahlen, déi den nämmlechten Dag stattfonnt huet. Dat huet natierlech zu engem Deel domat ze dinn, datt zum Beispill och do d’Net-Lëtzebuerger matwiele ginn, mä dat ass awer nëmmen e klenge Prozentsaz, datt d’Leit och vläicht anescht wiele bei den Europawahlen. Mä et huet awer och domat ze dinn, datt well et nëmmen ee Wahlbezierk ass, d’Leit d’Choixen anescht treffen. An dofir ass dat Äppel mat Bire verglach.

Et kann een nëmmen op der Sëtzzuel zu Lëtzebuerg kucken. D’autant plus wou jo och hei eise System esou opgebaut ass mat deene 4 Bezierker, datt déi zwee kleng, entre guillemets, Wahlbezierker, dat heescht wou manner Mandater ze verdeele sinn, wéi een do un e Sëtz ka kommen, oder wéi ee kann en zweete kréien, ganz, ganz speziell ka goen. D’CSV huet am Norden 6% Stëmme verluer, si huet awer kee Sëtz verluer. Mä dat war ausschliisslech well den ADR eng Géigelëscht hat mam Här Colombera, an déi dem ADR 2% ewechgeholl hunn, an doduerch huet d’CSV de Sëtz behalen, kee Sëtz verluer am Norden.

Dofir gesäit ee schonn, et gëtt kee Sënn fir d’Prozenter ze vergläichen, et kann een, wann een national kuckt, nëmmen d’Sëtzer kucken, an do ass et relativ kloer, déi Majoritéit huet hei 32 Sëtz, dat sinn zwee Sëtz iwwer deem wat ee brauch fir, also zwee, mat zwee Sëtz d’Majoritéit ka se regéieren.

Max Theis: Wéini wiele mir dann an engem Bezierk zu Lëtzebuerg?

François Bausch: A wann et eis nogeet, schonn déi nächste Kéier, mä ech menge mir hunn dat am Koalitiounsofkommes net drastoen, et ass och keng aner Partei, mengen ech emol ze wëssen, dach ech mengen d’Piratepartei sinn déi eenzeg, déi och an hirem Programm dat stoen haten. Mä mir wieren der Meenung datt dat dat eenzegt Richtegt wier, well mir sinn e klengt Land, wou eigentlech an Zukunft et misst drop ugoen, datt mir als Land gi mir jo regéiert, d’Chamber soll och als Chamber fir d’ganzt Land fonctionnéieren. An dee Cloisonnement datt deen ee seet, ech si méi fir den Osten zoustänneg, deen anere méi fir de Süden, ech mengen dat mécht haut an deem Mooss net méi ganz vill Sënn, an dofir misst een dat eng Kéier sérieux diskutéieren, an dann [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Et ass jo wuel diskutéiert ginn an de Verhandlungen, huelen ech un? Dat heescht, Dir hutt Iech net duerchgesat do?

François Bausch: Neen, et ass net eng Fro vun net duerchsetzen. Ech mengen et war, dat war e Punkt, deen déi aner emol net an hirem Programm stoen haten. Mir hunn och eigentlech net vill dofir doriwwer diskutéiert. Bon, mir haten et eng Kéier kuerz opgeworf, mä dat war awer elo ni e groussen Diskussiounspunkt. Et ass leider esou datt, wéi gesot, mir déi eenzeg sinn, déi hei zu Lëtzebuerg, mat der Piratepartei nach, déi dat vertrieden.

Max Theis: Elo emol fir op Är Aarbecht ze kommen. Dir sidd jo elo Minister. Wéi séier gewinnt ee sech dann un esou e Posten?

François Bausch: Ah bein et ass, ech kann Iech just soen, et ass ganz spannend, ganz flott, et ass vill Aarbecht, mä bon, dat mécht mir wierklech näischt aus, dat ass eng Aarbecht déi ech mat Freed maachen. An et ass natierlech am Ufank relativ hefteg.

Et kënnt dobäi datt mir jo elo am Dezember ugetratt sinn, et ass eppes anescht wann een am Dezember direkt an d’Amt kënnt, wéi elo zum Beispill am August, wou ee vläicht e Mount Zäit huet fir sech emol e bëssen drun ze winnen. Bon ech hat och hei direkt zolitt Dossieren um Dësch leien, wéi zum Beispill dee vun der Cargolux, wat ee ganz, ganz komplizéierten Dossier ass. An do muss een natierlech relativ séier léiere schwammen an deem ganzen neie Verantwortungswaasser do. Mä wéi gesot, et mécht awer wierklech vill Spaass.

Max Theis: Dir kommt jo dann an e Ministère era wou e Staff do sëtzt, dee sech iwwer Joeren ugesammelt huet, soen ech elo emol. Wéi ass dat da fir e Gefill, gitt Dir mat deene Leit eens, oder mussen do Leit ausgetosch ginn, oder e Revirement, oder wéi muss een dat gesinn?

François Bausch: Also wësst Dir, ech hunn, mäi Fonctionnement war ni, dat war och net an der Gemeng esou wéi ech dohinner komm sinn, ech kucken net ob een eng Parteikaart huet oder net. Dat eenzegt wat fir mech zielt, dat ass wat déi Persoun mécht, kann, an ob se loyal ass natierlech par rapport zu deemjéinegen deen da Minister ass, also donc dat par rapport zu mir ass.

An ech hat an deem Ministère vun dem éischten Dag un datt ech do erakomm sinn, domat, do war keen, dee mir do iergende Problem gemaach huet. Au contraire, ech hu wierklech eng extrem engagéiert Équipe do. Ech ginn awer och gären zou, ech hunn do och en Deel kannt, well ech natierlech duerch meng Fonctioun am Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg ganz vill mat dem Nohaltegkeetsministère ze dinn hat iwwer Sëtzungen a Konventiounen wou ech souz, dofir hunn ech der e gudden Deel kannt. Mä dat huet awer och elo net nëmmen domat ze dinn. Ech mengen et ass einfach, et ass eng super Équipe, an ech si frou datt ech déi do hunn.

Max Theis: Dir hutt elo scho gesot, datt Dir mam Dossier Cargolux e ganz waarmt Eisen hutt missen iwwerhuelen. D’Regierung huet dës Woch gréng Luucht gi fir den Deal mat HNCA. Wéi séier geet dat dann elo alles?

François Bausch: Also et ass esou datt et mir wichteg war fir deen Dossier op Regierungsniveau nach virun der Chrëschtvakanz ofzeschléissen. Dat huet elo esou laang geschleeft. Ech mengen dat hätt d’Saach jo och net besser gemaach, d’autant plus wou mir d’Kommissioun am Genéck sëtzen hunn wéinst dem Portage, deen elo bal e Joer am Lafen ass, an natierlech och am Intérêt vun der Gesellschaft. D’Cargolux, et ass eng wichteg Gesellschaft fir eis Ekonomie, et si vill Aarbechtsplazen déi och drun hänken. An et ass wichteg datt déi Gesellschaft elo en neien Ufank ka maachen, wou Rou dra kënnt, a wou mir wierklech kënnen optimistesch fir déi Gesellschaft an d’Zukunft kucken, wat ech op alle Fall hoffen.

Wéi séier datt den Deal elo geet? Dat hänkt natierlech elo vun der chinesescher Säit of, well mir sinn amgaangen nach dee leschte Fine-tuning ze maache nach wat de Shareholdersagreement ugeet, also net méi inhaltlech, dat ass alles kloer, mä dat sinn nach kleng Detailfroen. An am Prinzip ginn awer d’Dokumenter haut échangéiert, dat heescht, an da geet dat natierlech a China bei den Zentralstaat, well et ass jo d’Provënz Henan, déi dat Ganzt also iwwerhëlt, an déi 35% iwwerhëlt, an dat muss natierlech vum Zentralstaat a China autoriséiert ginn, an déi mussen natierlech och do dohannertstoen. Esou datt dat nach kann elo een, zwee Méint dauere bis alles iwwer, bis de Wee gekläert ass. Am Prinzip ass virgesinn, datt ech dann nach eng Kéier soll a China fléien, entweder mam Premierminister zesummen, oder och alleng, dat musse mir nach kucken [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Am Januar ass dat?

François Bausch: Jo, mir haten de Januar ugepeilt. Et ass natierlech e Problem. De Januar, Enn Januar ass a China de chinesesche Neijoeschdag, an dat ass ëmmer ganz schwiereg, do sinn immens vill Festivitéiten déi geplangt ginn. Dofir ass et net sécher datt et am Januar opgeet, mä dat ass awer nach a Klammeren alles. Mä dat ännert awer näischt um Fong vun der Saach.

Ech hoffen, datt mir elo, wéi gesot, séier doduerch kommen, an da spéitstens, géing ech awer soen, bis de Mäerz misst alles fäerdeg sinn, dat heescht, misst alles operationell sinn.

Max Theis: 120 Millioune kritt de Staat fir déi 35% vun de Parten. Dir hutt se fir 117,5 iwwerholl vu Qatar Airways. Kann een da soen, datt do e Boni ënnert dem Stréch bleift, oder geet et esou just duer fir d’Käschten ze decken, déi entstane sinn duerch déi ganz Retarden, an déi ganz Prozedur, déi elo huet missten [gëtt ënnerbrach]

François Bausch: Neen, also et ass ganz sécher kee Boni, well dat ass méi Zoufall, et gëtt jo, an Dollare ginn déi Aktie jo also monetariséiert, an dat hänkt natierlech ëmmer dovun of wéi de Kurs vum Dollar ass, an e steet elo gënschteg, dofir sinn et 120 Milliounen Dollar. Also mir maachen do sécher elo par rapport zu deem wat mir bezuelt hunn, gëtt dorop ganz sécher kee Bénéfice. Dat war och ni d’Intentioun, weder vun där fréierer Regierung, ech mengen, de Claude Wiseler huet deen Dossier jo, iwweregens och, muss ech soen bis zur leschter Stonn wou en am Amt war, zwar an Zesummenaarbecht mat där neier Regierung, virbereet, a wat ech och wierklech exemplaresch fonnt hunn. An et ass esou datt et eis hei net drëms geet dorop e Boni ze maachen, mä et geet eis drëm e Boni, datt déi Gesellschaft e Boni kritt, an datt mir eng Zukunft, an eng Perspektiv behale fir déi Gesellschaft, oder eng zousätzlech Perspektiv kréie fir déi Gesellschaft an och fir de Fluchhafen Lëtzebuerg mat der ganzer Logistik déi ronderëm ass, well et ass jo net nëmmen d’Cargolux déi heivunner ka profitéieren, wann et da fonctionnéiert, mä et ass och de Fluchhafen selwer mam ganzen Handling.

Max Theis: Den Deal mam Qatar Airways war jo e Schlag an d’Waasser. Wéi e Gefill hutt Dir dann elo bei dësem Partner?

François Bausch: Also wësst Dir, eng Garantie huet een ni. Mir si souwisou an engem ganz, ganz fragile wirtschaftleche Secteur hei, d’Aviatioun, an haaptsächlech de Frachtberäich deen ass an enger terribeler Kris, weltwäit, dat ass jo net nëmme e Phänomen elo fir d’Cargolux. Et ass ofhängeg vun der wirtschaftlecher Konjunktur, et ass ofhängeg vun de Spritpräisser, also vum Uelegpräis, also dat sinn immens vill Onsécherheetsfaktoren dran.

Ech menge just datt awer hei eng Chance ka bestoen, éischtens emol doduerch datt mir een zousätzlechen Aktionär hunn, erakritt hunn, deen och bereet ass éischtens ze bezuelen, an och bei der Kapitalerhéijung matzemaachen, wat net onwichteg ass, mä deen awer e stabile finanzielle Partner ass.

An dat natierlech am Zesummenhang mat enger Regioun, mat engem Land wat awer déi grouss Ekonomie ass de Moment weltwäit. Ech wëll awer drun erënneren, datt China laut alle Pronostiken de Moment, 2020 déi bedeitendst  Ekonomie op der Welt wäert sinn, dat heescht d’Vereenegt Staaten wäert iwwerhuelen.

A wa mir dann natierlech et géinge fäerdegbréngen déi duebel Hubstrategie do hinzekréien, dann ass dat awer fir Lëtzebuerg eng immens Opportunitéit niewent aneren, déi mir de Moment hunn, wou mir wirtschaftlech gesi mat China zesumme schaffen, a wou China Interessen huet iwwer Lëtzebuerg den europäesche Marché ze bedéngen. De Finanzsecteur zum Beispill ass jo een aneren.

An dofir soen ech mir, et ass awer eng Perspektiv hannendrun, et ass eng Visioun hannendrun. Ob mir se elo erfëllen, dat, muss jiddweree mat aller Kraaft do drugoen. An ech mengen, ech hat de Management nach en Dënschdeg gesinn, an déi hu mir gesot, si wiere bereet wierklech do elo alles drun ze setzen, mä et géing e schwéiere Wee biergop ginn. Do ginn ech hinne vollkomme Recht. Mä wat mech erfreet huet, dat ass, datt jiddweree wëllt elo d’Äerm eropstrëppen, an dee schwéiere Wee biergop matzegoen. A wann eis dat geléngt, an dee Projet eppes gëtt, jo da mengen ech, dann hu mir awer der Cargolux an dem Fluchhafen eng gutt Perspektiv ginn.

Max Theis: An dee Projet dee verdéiwe mir herno nach eng Kéier weider. Elo ass et emol geschwënn Zäit fir de Journal. Merci fir elo!

[Noriichten]

Max Theis: Här Bausch ech wollt nach eng Kéier e bëssen de Projet verdéiwen an deen d’Cargolux sech jo dann elo rastierzt mat deenen Décisiounen déi geholl goufen. Notamment an eng Zukunft mat der chinesescher HNCA eran. Wat bedeit deen Deal dann fir d’Cargolux? Am Ufank war jo riets vun Delokalisatiounen an sou weider. Dat ass jo alles vum Dësch, mä wat geschitt dann elo konkret an der Cargolux?

François Bausch: Also déi éischt oder am Fong déi eenzeg Obligatioun déi den Ament an de Kontrakter virgesinn ass, dat ass, datt d’Cargolux 4 mol an der Woch op Zhengzhou a China soll fléien wann den Deal bis steet an datt eben dann deen double Hub do géing fonctionnéieren, dat heescht datt chinesesch Wueren iwwert Zhengzhou op Lëtzebuerg kommen a vun hei natierlech a ganz Europa verdeelt ginn. Ech muss och dobäi soen, datt dat vläicht och oft falsch verstan ginn ass an der ëffentlecher Wahrnehmung, well der chinesescher Säit déi si bal nach grad souvill interesséiert um Flughafen Lëtzebuerg mat all deem wat ronderëm ass wéi un der Cargolux als solches. Dat heescht déi hunn, dat ass och vläicht den Ënnerscheed tëschent Qatar Airways, dat war wierklech en Zesummebréngen vun 2 Fluggesellschaften. Hei ass net en Zesummebréngen vun 2 Fluggesellschaften, mä vun engem Investisseur deen eben e Projet huet fir net nëmmen sech un d’Fluggesellschaft ze interesséieren, mä och den Handling hei um Flughafen. Alles wat ronderëm de Flughafen ass. Firwat wëllen se dat hunn? Mä well se soen éischtens Lëtzebuerg läit geographesch gesinn fir si extrem gënschteg, mä dann awer vill méi wichteg, si soen zu Lëtzebuerg gëtt et eng ganz gutt Qualitéit an deene ganze Beräicher. Et sinn héich qualifizéiert Leit déi hei schaffen, motivéiert Leit déi hei schaffen an et ass eng grouss Sécherheet um Flughafen hei. Dat haaptsächlech am Cargo-Beräich huet déi chinesesch Säit eis gesot, datt am Ausland oft op Flughäfen vill geklaut gëtt, vill gestuel gëtt an mir hunn e séchere Flughafen, een dee gutt organiséiert ass. A si wëllen dat natierlech notzen. Si wëllen natierlech och ganz kloer hei en Know How kréien fir dat ze notzen fir op hirer Säit d’nämmlecht opzebauen, wat absolut de bonne guerre ass, mä et geet awer net drëms fir Leit hei ofzezéien, au contraire, si soen déi Leit déi hei schaffen mat där Qualitéit déi se hunn, ëm Gottes Wëllen déi sollen hei bleiwen, well déi brauche mir jo fir datt dat och fonctionnéiert. Mä wat mir just gär hätten, dat ass, mir kucken natierlech wéi et hei fonctionnéiert a mir wëllen eng Copie dovunner quasi zu Zhengzhou maachen. Dat heescht datt mir déi nämmlecht Qualitéit och eng Kéier do kënnen ubidden. An dann an enger spéiderer Phase ass ugeduecht, mä dat ass awer nach wäit ewech, eventuell eng Jointventure ze maachen, och am Flugberäich fir vu China ausserhalb vu China weider an Asien ze fléien. Do hu mir eng Rei ganz grouss Garantien elo kritt. Dat ass, datt dat ëmmer alles leeft ënnert der Leedung an ënnert dem Hutt vun der Cargolux. Ma ech mengen dat wichtegst ass awer fir si awer elo éischter déi double Hub Strategie a fir déi Flich ze kréien a wéi gesot, dat ass awer vun der Perspektiv hir, fir d’Cargolux, fir de Flughafen wier een awer, géif ech soen net ganz intelligent wann een dat net géing notzen. D’autant plus wou een awer och muss soen, datt d’Chinesen hei einfach sou mol 250 Milliounen Dollar op den Dësch leeën fir an d’Cargolux hei ze investéieren. Also d’Investisseuren stoungen net an der Schlaang an Europa an an der Welt fir hei anzeklammen, well et ass jo alles probéiert ginn. Et ass jo och, de ganze Prozess ass jo ënnert der virechter Regierunge gelaf. Do war UBS als Partner mat dran fir dat ganzt vum finanziellen a vum wirtschaftlechen hir ze begleeden. Et war eng grouss Affekotenetude hannendrun fir dee juristesche Volet ze kucken a mir hätte gären de Choix gehat tëschent 10 oder 15 verschidden Investisseuren, mä déi waren net do. An ech  mengen duerfir ass et wierklech derwäert hei et anzegoen an dat kann wann et klappt, fir Lëtzebuerg ganz vill bréngen.

Max Theis: Dir sot Zhengzhou ass eng top strategesch Plaz fir si, mä ass Zhengzhou dann och eng top strategesch Plaz fir eis a China? Et ass awer e bëssen alles op der grénger Wiss alles do.

François Bausch: Et ass, op der grénger Wiss vläicht net, mä et ass awer, et läit jo bei enger Milliounestad. Zhengzhou ass d’Haaptstad vun der Provënz do. Mä et läit immens zentral. Et läit am Fong zwou an eng hallef Flugstonnen ewech vun all Destinatiounen a China. Et läit wierklech an der Mëtt an da muss ee wëssen, déi gréissten Zuchgare vu ganz Asien ass zu Zhengzhou an et ass de Knuetepunkt vum Camionsverkéier vun Osten no Westen a vum Norden no Süden a China. Also et läit schonn strategesch extrem gutt an extrem wichteg. A wat een net dierf vergiessen, am 5 Joresplang vun der chinesescher Zentralregierung steet ganz kloer d’Optioun dran, datt Zhengzhou soll als dee Knuetepunkt ausgebaut ginn a China fir dat wat eben elo geplangt ass. Duerfir et gëtt awer eng Rei Elementer. Elo kann een natierlech ëmmer soen, dat ass eng grouss Visioun an dat ass, dat héiert sech alles esou fantastesch un an dat ass net méiglech, oder dat gëtt schwiereg oder et erfëllt sech net. Natierlech ass et nach e wäite Wee bis dat sech alles erfëllt huet, mä mindestens ass awer eng Perspektiv do. Par contre wa mir näischt maachen oder keen Investisseur géinge sichen, dat géing souwisou mol net goen, well de Staat dee kënnt déi 35% net selwer halen, da géing en vun der Kommissioun, géinge mir zimleche Sträit mat der Kommissioun kréien. An da muss ee soen, dat hei ass awer wéinstens elo mol eng Perspektiv an eng aner seriös hate mir net. An ech mengen duerfir soll een där eng Chance ginn an ech sinn och duerfir frou wéi gesot, datt duerch déi Gespréicher déi ech och hat, déi mir och haten och mam Pierre Gramegna, hat ech déi zesummen, mam Finanzminister, dee jo hei zoustänneg ass herno fir de Verkaf ze maachen vun de Parten als Finanzminister, datt mir an deene Gespréicher awer d’Confiance kruten, datt d’Bereetschaft do ass där Saach eng Chance ze ginn.

Max Theis: Hei ass den Transportminister op mannst mol mat agebonnen. Dat war jo bei Qatar Airways net esou direkt de Fall.

François Bausch: Ech mengen dat ass dat wat mir hei vun Ufank un gemaach hunn. Ech hu mech vun der éischter Sekonn un, hunn ech zwar hei de Lead gehat fir dat ganzt elo ze verhandelen an ze geréieren, mä ech hu mech mam Pierre Gramegna quasi deeglech ofgeschwat a mir hunn eis och 2, 3 mol gesinn. Mir hunn d’Gewerkschaften och eng Kéier zesumme gesinn, de leschte Méindeg nach an et ass eng enk Zesummenaarbecht do gewiescht vun Ufank un an et ass eben dee Styl wou mir wëllen zesumme schaffen, fir datt jiddwereen zu all Moment déi nämmlecht Informatiounen haten a jiddwereen zu all Moment herno, datt keen iwwerrascht ginn ass herno zum Schluss mat engem Deal wou en da gesot huet, majo dat doten, firwat hunn ech dat net éischter duergeluecht kritt. An dat huet och, muss ech soen, wonnerbar fonctionnéiert.

Max Theis: Et ass Iech dru geleeën nees Rou an d’Gesellschaft ze kréien. Dir hutt och scho vun engem neie CEO geschwat. Hutt Dir do schonn een am Kapp, oder?

François Bausch: Nee, dat ass jo net un eis ze décidéieren, net u mir ze décidéieren. Ech mengen dat muss d’Cargolux Gesellschaft selwer maachen. Ech hu just ee Wonsch, ech hunn e Wonsch, dat ass datt ech hoffen, datt mir ee fannen, oder d’Gesellschaft ee fënnt, deen eng charismatesch Perséinlechkeet ass, deen e gudde Kontakt huet, dee gutt kommunikéiere ka mat de Leit, deen d’Leit och eescht hëlt am Betrib. Ech mengen dat war bei de Qatari, menger Ansicht no, ee vun de grousse Problemer och, datt do Leit virgaange sinn, wéi mat Bulldozer an ech mengen, déi Leit déi an der Gesellschaft schaffen, zanter Joren, déi hunn, déi stinn zu der Gesellschaft, déi hu vill fir déi Gesellschaft gemaach an déi soll ee seriös huelen an duerfir brauch et een, dee Versteesdemech duerfir huet an natierlech muss en och de Business kennen. Mä vu que datt, wann all d’Leit bleiwen déi am Management sinn, déi wou ech mengen, déi wichteg sinn, déi wierklech vill fir déi Gesellschaft gemaach hunn an deene leschte 15 Joren, da kënnt et am meeschten drop un, datt et e gudde Manager ass, an dee virun allem wéi gesot e gudden Drot zu senge Leit huet, dee mat senge Leit gutt weess ëmzegoen an deen de Betrib zesummen hält. Bon an ech mengen de Verwaltungsrot huet jo décidéiert fir en ad hoc Aarbechtsgrupp anzesetzen wou all d’Aktionäre solle vertruede sinn, ech mengen dee soll seng Aarbecht maachen an en Fonctioun vun der Sachkenntnis hir, zesummen och vläicht mat deenen an der Entreprise selwer herno de Choix treffen.

Max Theis: Dem 100,7 no ass net auszeschléissen, datt de Robert Schaus den Informateur, dee Poste géif kréien vum CEO. Dat wär net onbedéngt e gléckleche Choix.

François Bausch: Also, ech soen Iech jo, dat soen ech Iech ganz éierlech, ech sinn net duerfir, datt mir een huelen deen Informateur war. Dat ass elo meng perséinlech Meenung, mä dat soll d’Gesellschaft décidéieren. Ech fannen, datt hei soll gekuckt ginn, datt mir mussen en Neiufank hei kréien an dee muss propper lafen, dee muss uerdentlech lafen an ech mengen dee Match soll deen Aarbechtsgrupp do maachen en Fonctioun, hoffen ech vun deene Prémissen wou ech elo beschriwwen hunn. Ech mengen et ass dat wat déi Gesellschaft brauch.

Max Theis: D’Gewerkschaften hutt Dir déi schonn iwwerzeegt? Sinn déi mat am Boot?

François Bausch: Also, ech weess net ob ech d’Gewerkschaften all mat an d’Boot kréien. Ech hu mäi bescht gemaach. Ech hunn 2 laang Sëtzungen gehat mat hinnen an et waren och ganz gutt Gespréicher. Et gëtt nach ëmmer Meenungsverschiddenheeten a Skepsis déi bleift iwwereg. Ech krut och gesot, et wären Kommunikatiounsfeeler gemaach ginn, et war vläicht och net grad glécklech wéi dat lescht Woch gelaf ass. Et hätt ee vläicht am Virfeld vum Verwaltungsrot ze soen, nach eng Kéier méi informéieren iwwert dat wat op den Dësch géing kommen. Mä bon dat ass alles awer lo, ech wëll soen dat ass awer net de springende Punkt. Ech hat och versicht hinnen ze soen, hei lauschtert emol, maacht eng Trennung vläicht awer tëschent deem wat kommunikativ net gutt gelaf ass a leschter Zäit an där Perspektiv déi mir brauchen fir déi Gesellschaft hei. Et geet jo awer schlussendlech ëm Är Aarbechtsplazen an et geet ëm Dausende vu Leit déi hei hiert Brout verdéngen a komm mir versichen dach elo all zesummen deenen eng Perspektiv ze ginn. An ech mengen do musse mir, wa mir e Stréch wëllen zéien, da muss jiddwereen iwwert säi Schied eng Kéier sprangen an och wierklech bereet sinn dat ze maachen. Ech hu vläicht de Virdeel, datt ech net virbelaascht sinn an deem Dossier, well ech deen elo réischt iwwerholl hunn viru kuerzem, mä mir geet et drëms wéi gesot mat all de Leit zesummen, mat souvill wéi méiglech Diskussiounen se mat an d’Boot ze kréien an ech hoffen, egal wat d’Gewerkschaften elo vläicht maachen, wou ech och verstinn, wou se hir Rechter akloen par rapport zur Matbestëmmung an sou weider, datt duerno d’Bereetschaft do ass wann den Deal elo leeft fir mat ze maachen.

Max Theis: D’Cargolux ass jo net Ären eenzegen Dossier. Dir hutt jo nach eng ganz Partie anerer. An do wollt ech nach e puer opgräifen. Als fréiere Mobilitéitscheffen an der Stad Lëtzebuerg ass dat natierlech ee Sujet deen Iech um Häerz läit. Wat hutt Dir dann do Wëlles, sou a groussen Linnen?

François Bausch: Ben de groussen Challenge wäert sinn fir ewech ze kommen vun engem eendimensionale Mobilitéitsdenken wou alles fokusséiert ass just op ee Verkéiersmëttel hin zu der Multimobilitéit. Haut ass et esou, et ass net ee Verkéiersmëttel alleng wat eis Problemer léist. Weder den Tram, nach den Auto, nach de Bus, nach den Zuch. Mä eng intelligent Kombinatioun vun all deene Saachen. Velo, zu Fouss goen, wat et och ëmmer ass. An duerfir muss d’Mobilitéitspolitik och doropper ausgeriicht sinn. Dat Konzept “Modu” gëtt eis eng gutt Basis do dozou fir doropper ze schaffen, mä ech mengen mir mussen awer eng Rei Saachen net iwwerdenken, mä éischter e bësselchen aneschters tesselen. Och verschidde Saache beschleunegen, zum Beispill bei de groussen Investissementer do muss de Projet Tram, do mussen déi Antennen déi virgesi waren, vill méi fréi kommen wéi dat ursprénglech geplangt war. Dat si mir och amgaangen alles schonn ze kucken. Mä…[gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Wat schwieft Iech dann do vir? Den éischte Volet vum Tram war jo 2017? Dee Stéchdatum. Dat bleift jo dobäi?

François Bausch: Dat loosse mir och alles lafen.

Max Theis: An dat anert soll méi séier elo goen.

François Bausch: Also ech mengen de Gesetzesprojet ass jo vum Claude Wiseler nach deposéiert ginn. Dee soll och elo den Avis vum Staatsrot, ech hoffen datt deen elo séier kënnt, datt dee kann an d’Chamber kommen. Awer dat Stéck vun der Gare  Lëtzebuerg op den Houwald bis bei d’Cloche d’Or erop, wou och e grousse Park and Ride soll gebaut ginn an och dat Stéck vun der Luxexpo bis op den Héienhaff, op de Findel wou och nach eng Kéier e grousse Park and Ride kënnt, déi sinn extrem wichteg. Firwat? Ma éischtens sollen do 3 wichteg Plates-formes multimodales gebaut ginn. De Park and Ride plus Busëmsteigegeschichten. An dat zweet ass, dat si ganz grouss Entwécklungsgebitter, wirtschaftlech Entwécklungsgebitter vum Land. Dat heescht dee ganze Beräich an der Gemeng Hesper, Houwald, respektiv riets d’Cloche d’Or, de Ban de Gasperich, dat entwéckelt sech enorm rapid. Do entstinn Dausenden Aarbechtsplazen. Et ass ganz, ganz wichteg, datt mir dat séier uschléissen un dee ganzen. An dann natierlech Héienhaff-Findel. Bon Héienhaff fir en Deel opzefänken wat vum Osten oder vun der Nordstrooss kënnt, mä awer och natierlech wéinst deene ganzen Aktivitéitszonen ronderëm de Findel wou haut scho vill Aarbechtsplaze sinn an der nach vill wäerten entstoen, datt mir déi iwwert den ëffentlechen Transport dohinner kréien an da mécht dat ganzt och Sënn, dann hu mir eng flott Verdeelung, fein Verdeelung, eng kammoud, schnell Feinverdeelung mat engem Héichkapazitéitstransportmëttel wéi den Tram duerch déi grouss Wirtschaftszentren am Bezierk Zentrum am Fong.

Max Theis: D’Nordstrooss hutt Dir elo ernimmt. Eng Strooss déi Dir wahrscheinlech wäert aweien. Wee weess, ass dat dann eng Éier, oder, wéi ee Gefill hutt Dir do?

François Bausch: Dat ass dat éischt wat mir an de Kapp komm ass, wéi ech vereedegt war, hunn ech geduecht, et ass awer wierklech, d’Geschicht spillt engem heiansdo komesch Tir, an bon, effektiv wäert ech déi Strooss aweien.

Max Theis: Wahrscheinlech, et weess een ni.

François Bausch: Jo, nee, ech hoffen awer wierklech, datt mir dee Projet. Ech mengen elo ass se jo quasi gebaut, ech hoffen, datt mir dat elo rapid wierklech zu Enn féieren. Obschonn ech mir vill Suerge maachen herno wann d’Nordstrooss um Kierchbierg eraus kënnt well mir keng Léisungen hunn fir de Verkéier do opzefänken. Dat war ënnert anerem och ee vun de Kritikpunkten deen ech ëmmer gemaach hunn, wann ech gesot hunn, déi Variant en plus déi do gewielt gëtt, déi mécht eis e Riseproblem um Kierchbierg an duerfir hoffen ech jo, datt ech den Héienhaff, Park and Ride an den Tram alles relativ séier kréien fir do Léisungen ze fannen. Mä nach bleift awer, dat ass d’Geschicht, ass eben sou, an ech wäert dat och mat enger gewëssener Portioun Humor maachen, an awer natierlech och frou sinn, datt dee Projet endlech kann dann de Bändchen durchgeschnidde ginn.

Max Theis: Am Koalitiounsaccord heescht et, datt d’Regierung lues awer sécher aus dem Tanktourismus wëll eraus goen. Wéi soll dat da goen?

François Bausch: Ben mir mussen aus der Ofhängegkeet do raus kommen, well aus verschidden Grënn wäert déi Recette eis souwisou ewech briechen. Engersäits well natierlech d’Motorisatioun vun den Autoen, respektiv Camionen déi wäert ëmmer méi wech kommen vum Petroll, ganz kloer, duerfir wäert dat ewech briechen. Dat anert ass awer och, well mir eng Harmoniséierung kréien vun den Akzisen an Europa. Haaptsächlech beim Diesel an och nach beim Benzin méi nach wéi haut. An da kënnt awer ee Punkt dobäi, dat ass net nëmme Kyoto a Klima wou et eis vill Misère mécht dee ganzen Tanktourismus, mä och, deen Tanktourismus, et misst ee mol eng Kéier eng vollekswirtschaftlech Berechnung maachen wat dat eis alles och kascht. U Stroossen déi mir musse méi bauen, un Verkéiersakzidenter déi mir hunn, un Nuisancen duerch d’Loftqualitéit, Stéckokziden déi méi zouhuelen doduercher an doduerch och Gesondheetsrechnunge kommen. A wann een eng Kéier déi Rechnung mol eng Kéier genau géng maachen, da sinn ech iwwerzeegt, datt ënnert dem Stréch dee grousse Boni deen do ëmmer beschriwwe gëtt, datt deen iwwerhaapt net do ass. Datt dat eis ënnert dem Stréch warscheinlech méi kascht wéi et op där aner Säit era bréngt.

Max Theis: Sinn dat Etuden déi elo gemaach ginn, oder wéi?

François Bausch: Mir wëlle mol kucken, versichen dat ze maachen. Et ass jo am Koalitiounsofkommes steet et jo dran, datt sou e virtuellen Szenario soll beschriwwe ginn, eng Etude soll gemaach ginn fir dat genau eng Kéier alles ze berechnen. Mä ech mengen mir hu kee Choix, mir mussen eis bewosst sinn, déi Recette do brécht souwisou ewech a wa mir d’Nuisancen gär lass ginn, da musse mir op aner Saache setzen wéi op sou eng fragwürdeg Niche déi eigentlech am Endeffekt eis net ganz vill bréngt.

Max Theis: Déi Gréng plädéieren zanter Jore fir eng ekologesch Steierreform. Am Koalitiounsaccord gëtt et net grad sou genannt. Entsprécht dat dann Ären Iddien wat elo do kënnt, oder? Wéi ökologesch ass dat eigentlech?

François Bausch: Et geet drëms, mir wëlle jo eng grouss Steierreform maachen. An ech mengen déi soll sou gutt déi direkt Steieren wéi déi indirekt Steiere betreffen. An ech soen ëmmer, wa mir bei den indirekte Steiere Saache maachen, da solle mir wierklech do Saache maachen wou och e gewëssene Lenkungscharakter ekologesch mat dran ass an dat soll een am Detail analyséieren. Mir wollten och duerfir net, well dat ass ëmmer, wësst Dir wann dir eng Steier einfach mol sou proposéiert an net wësst, well et net duerchgerechent ass wat déi genau Konsequenzen dovunner sinn, dovunner halen ech net ganz vill. Dat ass immens abenteuerlech. Dat kritt der och zu Recht relativ séier demontéiert. Mä ech mengen déi ganz ekologesch Iwwerleeungen sollen an d’Steierreform mat a fléissen a wat mir herno genau maachen, dat kucke mir. Mä d’Steierreform ass jo am Fong am Prinzip virgesinn eréischt fir 2016, déi grouss Steierreform. Ech mengen d’TVA Erhéiung kënnt éischter. An da solle mir dat a Rou alles duerchrechne loossen an datt mir eppes maache wat Kapp a Fouss huet. An et geet och drëms, ech mengen dat muss een och no bausse soen, et geet drëms, datt d’Leit Previsibilitéit kréien. Ech mengen mir wäerten de Leit soen 2015 kënnt ee Spuerpak an deen, dat ass een an da war et et an 2016 gëtt nach eppes bei de Steiere gemaach. Do gëtt och net nëmme Steieren, do gëtt wahrscheinlech och gekuckt wéi d’Belaaschtungen insgesamt sinn. Do kréien och Leit Steiere manner ze bezuelen an sou weider. An da war dat et. Dat heescht fir dës Legislaturperiod wëssen d’Leit mat där do Regierung, brauche mir net all Joers domat ze rechnen, datt erëm nei Aventuren op eis zoukommen an duerfir brauch een e bëssen Zäit fir dat ze rechnen, datt dat och an deem gesamte Pak och stéchhalteg ass an och fir d’Leit novollzéibar ass.

Max Theis: Deene Grénge läit déi douce Mobilitéit um Häerz. Zu Fouss goen, Velo fueren. Wéi sollen dann d’Conditiounen do besser ginn?

François Bausch: Majo et ass jo sou, datt am Konzept “Modu” och dra steet, datt d’Potential vun der Mobilité douce énorm grouss ass, wat ech nëmme kann ënnerschreiwen. 25% gëtt geschriwwen. Mä wa mir dat Potential och wëllen erreechen, da musse mir eppes duerfir maachen. Da geet et net duer einfach nëmmen dat ze dekretéieren oder e Gesetz ze maachen. Et kënnt jo elo gläich an d’Chamber e Gesetz iwwert d’Velospisten hei am Land. Mat neie Bestëmmungen. Dat ass nach ausgeschafft ginn vun der virechter Regierung. Mir wäerten nach eng Rei Saachen nach dru verbesseren. Et sinn eng Rei Iwwerleeungen déi ech nach wëll mat dran era bréngen. Mä dat soll awer relativ zügeg an d’Chamber. An der Chamber elo diskutéiert ginn. Also d’Gesetz ass schonn deposéiert. Den Avis vum Staatsrot ass do. Mir wäerte just nach eng Rei kleng Ännerunge bréngen. An da muss een sech Moyenen ginn um Niveau vum Ministère. A meng Iddi ass fir am Ministère selwer en Departement oder eng Cellule ze schafen fir d’Mobilité douce wou ee Verkéiersplaner wierklech sech nëmmen dorëms bekëmmert an datt och dat nämmlecht misst komme bei der Stroossebauverwaltung. Wéi dat elo genau organiséiert gëtt, dat si mir amgaangen alles ze analyséieren, well et ass nëmmen sou wou mir och wierklech ënner dem Stréch weider kommen. Ech soen ëmmer et dierf an Zukunft net méi sou sinn, datt iergend eng Strooss geplangt gëtt wou net d’Mobilité douce sou gutt de Foussgänger, wéi de Velo mat geduecht gëtt. An dat muss e Reflex ginn, dat muss a Fleesch a Blutt iwwergoen. An dann, wa mir dat fäerdeg bréngen, och genau gekuckt hunn wéi mir d’Velosréseauen am Land zum Beispill verbessert hunn an nach eng ganz Rei aner Mesure musse mir ergräifen um Niveau Serviceleeschtung och ronderëm de Velo. Da kréie mir dat Potential erreecht an dann ass dat och ganz sécher eng flott Alternativ fir vill Leit fir sech ze deplacéieren.

Max Theis: Ech hunn Iech déi Fro ganz bewosst elo zum Schluss gestallt fir op déi lescht Fro kënnen ze kommen. Wéi Dir nach Deputéierte waart a Scheffen, dunn huet een Iech regelméisseg mam Velo an der Stad gesinn. Ass dat elo nach de Fall?

François Bausch: Ech versichen sou vill wéi méiglech mam Velo ze fueren. Et geléngt mir natierlech, ech soen Iech et ganz éierlech, net ëmmer. Mäin Timing ass de Moment op d’Sekonn heiansdo geplangt. Dat heescht ech ginn och doruechter gefouert oder ech fueren och mol selwer mam Auto. An ech muss Iech awer soen, ech hu mir elo eppes afale gelooss, fir datt ech de Velo awer nach sou vill wéi méiglech kann huelen. Ech hu mir e Brompton Velo kaaft, dat ass en, ëntschellegt fir d’Schleichwerbung, dat ass e Velo deen ech och kann zesumme klappen. Dat heescht, datt ech mech kann deplacéieren mol mam Velo iergendwou hin a wann ech mam Auto muss ewech geholl ginn, datt ech deen awer ka mathuelen. Dat heescht et geet mir wierklech drëms och virzeliewen, datt dat alles ka fonctionnéieren, datt et haut vill Méiglechkeete gëtt fir déi Multimobilitéit och ze liewen an natierlech spillt den Auto och seng Roll an deem ganzen a wéi gesot ech ka wahrscheinlech manner, ech muss mech méi mam Auto deplacéieren wéi elo virdrun, mä ech versiche mäi Bescht fir souvill wéi méiglech mam Velo ze maachen. Dat mécht mir och immens Freed, zum Beispill moies op de Ministère. Dohinner fueren ech all Moien mam Velo an och owes heem. Dat deet mir och gutt. E bësse frësch Loft, da kommen ech schonn mat enger vill besserer Laun um Ministère un.

Max Theis: François Bausch, ech soen Iech Merci fir d’Gespréich.

François Bausch: Gär geschitt.

Dernière mise à jour