Le ministre du Développement durable et des Infrastructures François Bausch au sujet du tram

"Wa mir d'Mobilitéit net propper geléist kréien, da gëtt dat een zimlechen Duercherneen, respektiv da gëtt dat och een immenst Hindernis am Fong an der Entwécklung, der wirtschaftlecher Entwécklung vum Zentrum"

Jean-Paul Roden: Ronn 320 Milliounen Euro soll déi éischt Tramphase kaschten, inklusiv engem Tramsschapp an den néidege Maschinnen. Déi éischt nei Stater Tramlinn dierft ronn 7,5 Kilometer laang sinn, a soll vun der Gare bis bei d'Luxexpo 15 Statiounen hunn. Mä et muss nach méi geschéien an esou sollen zwou weider Tramlinnen esou séier wéi méiglech op d'Schinn kommen, datt den ëffentlechen Transport net zesummebrécht. De Ressortminister François Bausch: 

François Bausch (O-Toun): Mä wat wichteg ass, dat ass, datt déi Stécker vun der Gare op den Houwald, also d'Gemeng Hesper, Cloche d'Or, datt déi - an och de Findel - beschleunegt gëtt, well dat sinn déi gréissten Entwécklungsgebitter am Zentrum, dat heescht do hutt Dir op där enger Säit déi ganz Midfield- an Aktivitéitszon Houwald vun der Gemeng Hesper an op där anerer Säit d'Cloche d'Or, de Ban de Gasperich vun der Stad Lëtzebuerg. Do ass och virgesinn, datt och ee grousse Park & Ride gebaut gëtt op där Säit, respektiv um Héienhaff oder beim Findel gëtt ee ganz ganz grousse Park & Ride gebaut. An dat ass alles extrem wichteg, well dat déi gréissten Entwécklungsgebitter sinn. Et kënnt dobäi, datt um Kierchbierg uewen och eng Kéier d'Nordstrooss erauskënnt an ech mir de Moment vill Suerge maache wéi dat capacitéitsméisseg do ze packe wär, esou datt dee Park & Ride am Fong och een Opfangparking wär fir d'Leit, déi do erauskommen, datt si da vun do aus kënne bequem iwwerall mam Tram duerch d'Stad fueren. 

Jean-Paul Roden: Dat alles wor zwar Uganks net esou geplangt, mä d'Phase zwee vum Tram huet aus wirtschaftleche Grënn musse virgezu ginn an esou kënnt et, datt d'Regierung dem Tram absolut Prioritéit gëtt. Den Nohaltegkeetsminister: 

François Bausch (O-Toun): Wa mir d'Mobilitéit net propper geléist kréien, da gëtt dat een zimlechen Duercherneen, respektiv da gëtt dat och een immenst Hindernis am Fong an der Entwécklung, der wirtschaftlecher Entwécklung vum Zentrum. 

Jean-Paul Roden: Bis bei d'Luxexpo gëtt den Tram wéi geplangt gebaut. Wéi dann elo d'Tramlinn Héienhaff - Findel soll verlafen, de Ressortminister: 

François Bausch (O-Toun): Vun der Luxexpo hannen iwwert d'Autobunn eriwwer, am Fong op deem Tracé dee virgesi war wou den Zuch sollt gebaut ginn. Et war jo, ursprénglech sollt jo do den Zuch iwwert de Findel op de Kierchbierg kommen an do fiert den Tram op deem Tracé da Richtung Findel an da komme ganz sécher mol deen Arrêt um Héienhaff bei de Park & Ride an natierlech een um Findel selwer. Do muss ee kucken ob een nach een dertëschent setzt. 

Jean-Paul Roden: Mä och vun der Gare erfort a Richtung Houwald, wéi Cloche d'Or, solle fir den Tram nei Arrêten a méi wéi geplangt hinnerkommen. 

François Bausch (O-Toun): Do komme mol ganz sécher een, wann net zwee Arrêten um Houwald, dann am Ban de Gasperech uewen ass dee leschten uewe beim Park & Ride Cloche d'Or. Do si mir elo am gaangen ze beschleunegen. Ech hunn alleguerten d'Servicer, esou gutt d'Stroossebauverwaltung wéi awer och den Transport hei vum Ministère schaffen intensiv. Et kënnt drop un elo esou séier wéi méiglech den Avant-projet détaillé fäerdeg ze kréien. An da musse mir kucken déi EIE Prozedur duerchzemaachen, wéi beim éischten Tracé och. Dat heescht dat ass déi Ëmweltverträglechkeetsprozedur. Do geet et haaptsächlech drëms d'Inzidenzen ze kucken vun deenen Tracéen op d'Ëmwelt. Déi dierften awer am Prinzip keng gréisser Schwieregkeete maachen, well et geet néierens duerch iergendeen Naturschutzgebitt. Et ass och esou, datt op de Findel, do wunne jo guer keng Leit wou et duerchgeet. De Findel ass e bëssen heikel, déi Streck um éischte Stéck uewen, wat nach beim Gréngewald ass. An da musse mir een zweete Gesetzesprojet, ee Finanzéierungsgesetz noschéissen iwwert déi zwee Tracéen, mee dat wäert awer dann nach een zwee Joer daueren bis dat ka gemaach ginn. Well fir d'éischt muss den Avant-projet détaillé plus déi Prozedur muss ofgeschloss sinn, éischter dierf ech kee Gesetz selbstverständlech déposéieren. 

Jean-Paul Roden: Fir datt d'Benotzer vum Transport public déi aus dem Norden erfort mam Zuch an d'Stad fueren méi séier op de Kierchbierg oder an d'Stad kommen, plangt d'Regierung an Zesummenaarbecht mat der Eisebunn jo den Zucharrêt ënnert der Rouder Bréck. Wou ee mam Arrêt Pont rouge drun ass, de François Bausch: 

François Bausch (O-Toun): Dee Projet geet ganz gutt weider, dat ass jo ee rengen Eisebunnsprojet an dee misst 2017 operationell sinn, dat heescht d'Eisebunn huet mir och gesot an och meng Servicer hu mir gesot, datt si wierklech do gutt weiderkomm sinn. Dat ass natierlech strategesch ganz wichteg, well herno kënnen herno och Zich vum Süden hir  d'Leit bis dohinner fueren a vun do direkt op de Kierchbierg kommen, da brauche si net méi op der Gare ëmzeklammen. Mir musse wëssen, wa mir, haut schonn op der Gare centrale hu mir ee groussen, eng iwwerméisseg Affluence vu Leit a wa mir nach wëllen d'Capacitéiten ausbauen, da géing et op der Gare Lëtzebuerg eng Kéier Schwieregkeete ginn. Et ass zwar virgesinn, datt eng Kéier do ee Quai bäigebaut gëtt, mä et geet net nëmmen drëms den Transport de Moment an der Gare, mä et geet dann och drëm, datt och d'Leit vun do op een anert Verkéiersmëttel ze kréien, sief et de Bus oder den Tram an ech mengen dofir ass et wichteg, datt mir déi Plateformes multimodales, wéi se heeschen, där ginn et der jo 10 insgesamt herno. Dat sinn der deelweis, et sinn der nëmme fir d'Busse geduecht, wéi zum Beispill d'Stäreplaz, mä dat do gëtt een natierlech Zuch op aner Verkéiersmëttelen. Et ass wichteg, datt mir déi och relativ séier kréien an ech si frou, datt dee Projet gutt weidergeet. 

Jean-Paul Roden: Wéi gehéiert ass geplangt um Kierchbierg weider Park & Riden nieft der neier Tramlinn, zum Beispill um Héienhaff ze bauen. Ma wéi et ëm ee globaalt Konzept fir den ëffentlechen Transport mat Busspuren vun der Grenz bis zum Beispill op d'Stäreplaz aus der Belsch erfort an oder engem Park & Ride um Hunneschwanz bei der Opfaart fir op d'Areler Autobunn ass, nach eemol de Ressortminister Bausch: 

François Bausch (O-Toun): Also mir hu jo ee ganze Konzept och vu Park & Riden  an natierlech mécht et Sënn déi Park & Riden méiglechst ëmmer méi wäit och ewech ze baue vun der Stad zum Beispill. Well wat een natierlech d'Autoen éischter, d'Leit éischter opgefaange kritt mat den Autoen an d'Park & Riden méi wäit eraus, wat d'Tendenz manner grouss ass, fir ëmmer erëm ze mengen et misst een awer bis an d'Stad erafueren. An do gëtt et eng Rei Iddien mat de Grenzgebitter ganz sécher, et gëtt esou Iddien fir carrément a Frankräich zum Beispill ee Park & Ride  ze bauen, dee vu Lëtzebuerg aus finanzéiert gëtt. Och Richtung Westen natierlech, also Richtung Stengefort selbstverständlech och. Et gëtt een Aarbechtsgrupp Couloirs bus gëtt et de Moment bei Ponts & Chaussées an ech menge mir mussen dat erëm e bësse méi beschleunegen. Mir schwieft souwisou vir, datt ee bei Ponts & Chaussées sech iwwerleet ob een net dem ganze Buskonzept een natierlech méi ee grousse Stellewäert och lo muss ginn an och fir d'Mobilité douce an ob een net do een neien Departement grënnt. Mä ech mengen dat si mir am gaangen alles ze kucken. Mä kloer ass, datt op deene groussen Afahrtstroosse fir d'Bussen, musse Prioriséierunge kommen, well wann d'Leit mam Bus mat den Autoen am Stau stinn, dann ass et relativ kloer, datt de Bus oder den ëffentlechen Transport ganz wéineg attraktiv ass an dann hëlt och keen en. 

Jean-Paul Roden: Fazit: a punkto ëffentlechen Transport sinn nei Konzepter fir d'Land néideg an zum Deel jo lo och ugesot, datt de Verkéierschaos geléist gëtt. Den Tram ass dobäi eng Méiglechkeet, mä och een Ëmdenken a punkto wéi a wou fueren d'Busser, alles kombinéiert mat Park & Riden ass eben néideg, datt enges Daags de Verkéiersfloss zu Lëtzebuerg net méi zéi ass. 

Dernière mise à jour