Pierre Gramegna au sujet de la place financière luxembourgeoise

Pierre Gramegna: Gudde Moien.

Max Theis: Här Gramegna, Dir hutt bannent kierzester Zäit missten d’Roll wiesselen, vum Patronatsvertrieder bei de Minister. Ass da schonn alles ëmgepolt?

Pierre Gramegna: A mengem Kapp ass alles vum éischten Dag un ëmgepolt ginn. Dee Programm deen ech appeléiert sinn ëmzesetzen, ass deen deen am Koalitiounsprogramm vun der Regierung ass. An dat ass jo e Kompromëss vu Positioune vun dräi Parteien, an dat ass dat wat ech mot à mot wäert ëmsetzen.

Max Theis: Et gëtt awer schwiereg, well et ass jo net alles präzis ausformuléiert an deem Sënn?

Pierre Gramegna: Also, dat ass an all Regierungsprogramm esou. Dat muss een emol ganz kloer soen.

Zweetens, wat d’Finanzen ubelaangt, ass dat jo een Deel vum Programm, wou ganz vill Erwaardunge sinn, wou d’Regierung sech en ambitiéist Zil gesat huet, an dat ambitiéist Zil wäerte mir och ëmsetzen. Mä vu datt mir jo och wëllen a Saache Budget innovéieren, datt mir wëllen de Budget fir d’Zukunft vun eisem Land maachen, musse mir do innovéieren, an dat musse mir elo en Place setzen.

Max Theis: Dir waart nawell ëmstridden, manner als Personnage, mä éischter de fait, datt keen aus der éischter Rei vun der DP de Poste geholl huet. Wat sot Dir dann zu deene Kritiken?

Pierre Gramegna: Ech hunn dozou guer näischt ze soen. Ech muss just kommentéieren, datt ech ganz geéiert war, datt u mech geduecht ginn ass. An ech hu mir dat gutt duerch de Kapp goe gelooss. An de Fait, datt ech gefrot gi sinn, huet mir déi Indikatioun ginn, datt d’Kollegen aus der DP gemengt hunn, datt ech déi richteg Persoun wier. An domat huet et sech.

Max Theis: Den Här Bettel huet e puer Mol ënnerstrach, datt Dir Member an der DP waart ier Dir gefrot gouft, oder op d’mannst parallel. Wéi laang sidd Dir da schonn an där Partei aktiv?

Pierre Gramegna: Ma just e puer Deeg virun der Vereedegung.

Max Theis: Dat heescht, et ass elo net eng historesch gewuesse Relatioun an deem Sënn?

Pierre Gramegna: Ech hu meng Aufgaben, virdrun, als Diplomat während 20 Joer fir d’lëtzebuerger Land, an da meng Aufgab 10 Joer op der Chambre de commerce ëmmer wëlle politesch neutral maachen. An dat hunn ech och während 30 Joer esou duerchgezunn. An ech mengen, datt dat déi richteg Attitude war, an datt dat meng perséinlech Astellung war, an datt dat esou gutt war.

Et ass natierlech eng aner Saach wann ee Minister gëtt, do huet ee mussen eng Faarf bekennen, an ech hunn do ouni Hesitatioun natierlech d’Faarf vun der DP bekannt. An ech fannen, dat ass awer e ganz normale Prozess.

Max Theis: Fir elo emol op aner Sujeten ze kommen. D’Finanzplaz ass eng Zort Mëllechkou fir d’lëtzebuerger Wirtschaft. Elo ass et awer esou, datt eist Land vun der Kris net verschount gouf, an och Nichen ëmmer méi ausgedréchent ginn op europäeschem Niveau. Wéi wëllt Dir dee Secteur dann ofséchere fir d’Zukunft?

Pierre Gramegna: An der Wirtschaft kann een ni eppes ofsécheren [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Probéieren ofzesécheren.

Pierre Gramegna: An der Wirtschaft muss een ëmmer no vir kucken, an dat si mir amgaangen ze maache mat der Finanzplaz. Dat huet dëst Land säit 40 Joer gemaach, a mir hunn eis do ëmmer adaptéiert, mir hunn ëmmer nei Nichë fonnt, an esou wäert et och weider goen an der Zukunft.

Et ass eng Étude gemaach ginn iwwer den Impakt vun der neier Politik vun der Regierung mat elo méi Transparenz. Et ass jo esou, datt d’Regierung gesot huet, datt se en Échange automatique d’informations fir 2015 wëll aféieren. Dat bréngt Changementer op der Finanzplaz. Mä ech mengen, mir hunn elo genuch Zäit fir dat ze preparéieren an den Impakt ze reduzéieren, an haaptsächlech mat Luxembourg for Finance déi nei Nichë besser auszeschluechten, an och méi aktiv ze ginn am Ausland an nei Clienten op Lëtzebuerg ze kréien.

Max Theis: A kuerze Wierder: déi Étude, wat ass dann u sech do d’Conclusioun?

Pierre Gramegna: Déi Étude, déi ass amgaangen ausgeschluecht ze ginn, wann ech esou ka soen, fir d’Enseignementer doraus ze zéien. Déi ass net public.

Wat doraus erausgeet, dat ass, datt gewësse Wiessele wäerte kommen, zum Beispill am private banking mir méi déck Cliente wäerten hu wéi an der Vergaangenheet, mä déi vu méi wäit kommen. Dat ass e Changement op deen ee sech muss astellen, op dee sech d’Banke schonn agestallt hunn zu engem gewëssenen Deel, wat och hiweist a welleche Länner mir mussen aktiv gi fir d’Promotioun.

Fir esou e Beispill ze nennen, mir wëllen am Domaine vun dem Finance islamique méi aktiv ginn. Do ass jo och e Projet de loi deposéiert ginn nach am Dezember. Mir wëllen eben och kucke wéi mir aus deem Argument vu méi Transparenz eng Stäerkt kënne fir Lëtzebuerg maachen.

Max Theis: Mediapart huet rezent eng Attack op Lëtzebuerg lancéiert, huet esouguer provokant gemengt, d’Steieroas misst aus der EU erausklammen. Ass dat pur Polemik, oder huelt Dir och deenen hir Reprochen deelweis un?

Pierre Gramegna: Mir liewen an enger Finanzwelt, oder an enger Mediëwelt wou ëmmer méi Transparenz exigéiert ass. An do dogéint ka Lëtzebuerg sech net striewen, a soll sech och net striewen. A mir mussen eis dorop astellen.

Konkret, Mediapart huet eng ganz Rëtsch Elementer do op den Dësch bruecht. Ech mengen, et dierf een dat net iwwerschätzen, awer och net ënnerschätzen. An ënnert anerem mengen ech, datt mir deen Trend musse ganz no suivéieren.

A mat där neier Politik vu méi Oppenheet a méi Échange d’informations, vun deem ech virdru geschwat hunn, mengen ech, datt Lëtzebuerg sech ka méi pro-aktiv positionéieren an Zukunft.

Max Theis: Et gouf eng Datz vun der Europäescher Zentralbank wat de Gesetzesprojet iwwer d’ëffentlech Finanzen ugeet, den Text iwwer déi sougenannte Règle d’or. Déi Regel misst an der Verfassung verankert ginn, d’Regele wieren net streng genuch, heescht et do. Gëtt dee Projet iwwerschafft, a wéini ass e fäerdeg?

Pierre Gramegna: Jo, dee Projet ass amgaangen iwwerschafft ze ginn op verschiddene Punkten, an e gëtt an den nächste Wochen och deposéiert. Wat d’Règle d’or ubelaangt, steet am Traité net datt een dat muss an Constitutioun setzen [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: D’EZB wier awer frou wann et géif geschéien.

Pierre Gramegna: D’EZB huet dat recommandéiert. Verschidde Länner hunn dat gemaach, verschiddener hunn, wéi dat am Frankräich de Fall ass, eng Loi organique ugewennt. Dat heescht, dat ass e speziellt Gesetz mat spezielle Majoritéiten, mä dat ass eppes wat mir zu Lëtzebuerg net hunn, esou datt dee Wee net méiglech ass. An och de Conseil d’État huet net recommandéiert, datt een dat esou sollt maachen.

Ech kann Iech just soen, wa mir dat do elo alles ëmsetzen an den nächste Wochen, an et steet am Gesetz dran, datt mir déi europäesch Critèren an déi europäesch Eckwäerter musse respektéieren, da wäert d’Regierung dat maachen. Et ass nämlech an eisem Intérêt fir dat ze maachen, a fir selwer Meeschter an eisem Budget ze sinn an ze bleiwen. A fir de Meeschter ze bleiwen, muss een déi Critèren anhalen.

Max Theis: Eng wichteg Decisioun déi nach ze huelen ass, ass jo déi vun der TVA déi soll nach dëst Joer an d’Lut goen. Do war elo Rieds vu 17%. Wéini ass dat dann ugepeilt?

Pierre Gramegna: Déi Diskussioun ass nach amgaangen. Ech si mat menge Servicer amgaangen ze kucken, wéini den optimale Moment wier fir déi Hausse vun der TVA ze maachen. Awer eng definitiv Decisioun ass do nach net geholl ginn, an et ass och nach keng definitiv Diskussioun do och am Conseil de Gouvernement gelaf. Do si ganz vill Elementer déi musse gekuckt ginn. Et si jo och Intermédiaire-Tauxen déi misste gekuckt ginn. All déi Punkte sinn nach net definitiv tranchéiert.

Wat sécher ass dat ass, datt d’TVA-Erhéijung kënnt, den Timing ass nach net definitiv.

Max Theis: D’Regierung ass jo ugetruede fir ze spueren. Dat ass wuel Ären Job fir dat alles ze koordinéieren. Wéi wëllt Dir dann do genee virgoen? Wéi séier ginn do déi Eckwäerter vun deem Spuerpak ficeléiert?

Pierre Gramegna: Mir hunn do zwou Etappen. Dat alleréischt ass, datt mir amgaange sinn d’Eckwäerter vum Budget 2014 festzesetzen. Mir hunn haut de Mëtteg Conseil de Gouvernement doriwwer. Eist Zil ass, ëm Mëtt Februar dee Projet de Budget an der Chamber ze deposéieren, a bis Enn Abrëll da gestëmmt ze kréien an der Chamber. An dat gëtt e Budget deen nach e bësse méi en traditionellen ass, am Sënn datt een do, och wat d’Spuermoossnamen ubelaangt, sech méi op horizontal Mesurë wäert konzentréieren.

En revanche de Budget 2015, do wäerte mir eis mussen eng nei Aarbechtsmethod ginn. An do si mir amgaangen déi éischt Elementer zesummenzesetze fir dat ze preparéieren.

Max Theis: Et gouf jo vill Diskussiounen iwwer d’Déngschtween vun de Ministeren déi lescht Deeg. Wat sot Dir dann zu där Diskussioun, a wéi handhaabt Dir et?

Pierre Gramegna: Ech mengen, datt eng Traditioun bestanen huet, an datt d’Staatssekretärin sech dorunner gehalen huet. An im Nachhinein stellt sech dann eraus, datt dat vläicht keng optimal Traditioun war. Wann déi soll iwwerschafft ginn, da soll dat gemaach ginn. Mä ech mengen, et soll ee kengem e Stee wäerfen deen dat applizéiert wou e gesot kritt huet, datt dat d’Regel wier.

Max Theis: Anescht gefrot, waart Dir och mam Déngschtauto an d’Vakanz?

Pierre Gramegna: Neen, ech war net mam Déngschtauto an d’Vakanz.

Max Theis: Gutt. Här Gramegna, ech soen Iech Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt, an da si mir gespaant op Ären éischte Budget, deen da geschwë soll presentéiert ginn.

Pierre Gramegna: Jo, ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour