Xavier Bettel au sujet du sommet des chefs d’État ou de gouvernement de l’UE sur la situation en Ukraine

"D’Engagementer déi Europa hëlt ware gëschter richteg, sinn haut nach richteg"

"D’Deeskalatioun, mat deem Prinzip dee mir haut hunn vun deem Accord, ass jo keen neien Accord. Et soll ee wëssen, datt déi 28 Länner ënnert dem Janukowitsch schonn dësen Agreement proposéiert haten. Et gëtt elo keen Argument fir ze soen, dat wat deemools richteg war, zielt haut fir deen neie Premier net méi. "

De Premier Xavier Bettel huet nom Spezialsommet vun engem 3-Trapen-Prinzip geschwat.

Xavier Bettel: Deen éischten ass deen dee mir haut geholl hunn, vun deenen 2 Mesuren. Wann d’Russen net reagéieren, dat ass déi zweet Trap. An deen drëtte Schrëtt deen een da géif huelen, dat ass dee wou da méi schlëmm Mesurë géife geholl ginn. A wéi gesot, ech hoffen, datt een net esouwäit kënnt. Ma et kann awer net sinn, datt, well een e Lien économique huet, dann och näischt méi zielt.   

Jean-Claude Franck: Elo gëtt vill gesot vu Staats- a Regierungschefen, et misst ee kucken, datt d’Situatioun deeskaléiert. Op där anerer Säit ass dann den ukrainesche Regierungschef mat dobäi, an dee kënnt dann eraus virun d’Press an e seet, jo, mir wëllen elo esou séier wéi méiglech mat der Europäescher Unioun deen Associéierungsaccord ënnerschreiwen. Gëtt do awer dann net zousätzlech Ueleg op d’Feier geschott?

Xavier Bettel: D’Deeskalatioun, mat deem Prinzip dee mir haut hunn vun deem Accord, ass jo keen neien Accord. Et soll ee wëssen, datt déi 28 Länner ënnert dem Janukowitsch schonn dësen Agreement proposéiert haten. Et gëtt elo keen Argument fir ze soen, dat wat deemools richteg war, zielt haut fir deen neie Premier net méi. Ech mengen, d’Engagementer déi Europa hëlt ware gëschter richteg, sinn haut nach richteg. [ondäitlech] sinn déi Regelen, déi kënnen elo net unilateralement gewiesselt ginn. Datt hien haut do war, mengen ech, ass en Zeechen, datt een och wollt héieren a wéi eng Richtung datt et geet, a wéi och d’Visioune vun der Regierung sinn. Ech kann Iech haut net soen, wat aus den Urnen an der Ukraine erauskënnt no de Wahlen. Op jiddwer Fall ass dat haut déi Persoun déi vun hirem Parlament d’Ënnerstëtzung kritt huet.

Jean-Claude Franck: War dat haut en Thema an den Diskussiounen, datt méiglecherweis och déi ukrainesch Oppositioun eppes mat deenen Doudegen op der Maidan-Plaz ze di kéint gehat hunn, esou wéi dat op d’mannst mol an engem Telefonsgespréich dat bekannt ginn ass, spekuléiert gouf, tëscht dem Ausseminister vun Estland an der EU-Chefdiplomatin?

Xavier Bettel: Wat haut wichteg ass, datt een all dat condamnéiert, wou d’Leit hiert Liewe gelooss hunn, a Violence condamnéiert huet, a mir hoffen, et steet och an eise Conclusiounen, datt déi Schëlleg vun deenen Akten zur Ried gestallt ginn. Et ass net u mir hei e Prozess ze maachen an ze soen, wie wat gemaach huet.

 

Dernière mise à jour