Xavier Bettel au sujet du projet de budget 2014

"Eis Schold huet sech verzéngfacht"

"Ech ka just dem Pierre Gramegna Chapeau soen fir déi Zuelen déi e fäerdeg bruecht huet an dee Budget opzestellen an ech muss och soen, et ass keng Schan wann ee seet, datt een och op een Externe sech berifft fir kënnen ze hëllefen d’Methodologie ze maachen. Eise Budget, mir hunn et selwer festgestallt an ech wëll net soen, datt et mech erschreckt huet, mir gesinn wéi de Budget och opgestallt gëtt. D’Beamte maachen dat Bescht wat se kënnen, mä d’Methodologie ass net déi richteg."

Här Bettel. Gudden Owend.

Xavier Bettel: E schéine gudden Owend.

Frank Goetz: Déi berühmten 100 Deeg, si ware séier riwwer, vläicht fir Iech ze séier. Mä wéi hutt Dir se dann elo perséinlech erlieft?

Xavier Bettel: Ech hunn eng immens Chance, datt no de leschte Wahlen ech d’Éier hunn an d’Vertraue kritt hunn vun de Lëtzebuerger Wieler fir dierfen un der Spëtzt vun enger Regierung ze sinn, wou et net déi einfachsten Zäit ass fir un der Spëtzt vun enger Regierung ze sinn, well et déi ass wou een net méi nëmme Cadeauë ka maachen, mä och wou méi schwéier Décisiounen ze huele sinn. Et ass eng, et ass sou wéi ech et mir erwaart hunn. Et ass en Challenge, et ass eng immens Erfahrung an ech hunn d’Chance wierklech mat Leit kënnen ze schaffen wou et immens flott ass, ob dat d’Regierung, d’Beamten oder um internationalen Niveau.

Frank Goetz: Elo ass d’Enn vun der Schounfrist eriwwer an d’Kritik fänkt un. Besonnesch kënnt déi vun der CSV. D’Chaostrupp, nëmme waarm Loft, Amateuren. Dat kann Iech dach alles net gefalen, oder stitt Dir do driwwer?

Xavier Bettel: Ech mengen, datt d’CSV net begeeschtert ass an der Oppositioun ze sinn, wann een 100 Joer an der Majoritéit war a fir d’éischt an der Geschicht vun der CSV gesot kritt, et misst een an d’Oppositioun goen, well déi leschte Kéier ënnert dem Här Werner, dat war hir Décisioun, weess ech, datt se net zefridde sinn. Si sicht sech och, ech mierken, datt ech ëmmer Schwieregkeeten hunn ze wëssen wien den Uspriechpartner bei der CSV ass, mä ech mengen et ass legitim, datt eng Oppositiounspartei, ech freeë mech just, well se gesot hunn, si géife jo gär eng konstruktiv Oppositioun maachen, wéini dat dann ugeet.

Frank Goetz: Elo kënnt Dir jo net ofstreiden, datt den Ufank e wéineg holpereg war, och mat Affairen déi vläicht net wierklech néideg waren an un déi d’CSV natierlech och ganz gären erënnert, wéi och haut nach emol de President vun der CSV:

Marc Spautz (O-Toun): Dann erënnert een sech un den Ausrutscher op Ärer Antenn vun der Staatssekretärin d’Madame Closener. Deen Durcherneen deen e bësse war an de Familljenzoulagen wou Äusserunge komm sinn vun der Ministesch an herno ass awer keng Suitë méi komm. Et denkt een un de Futtballstadion wou den Här Schneider nach um FLF-Kongress seet et ass lo alles an der Rei. Elo op emol héiere mir e kënnt op eng aner Plaz obwuel mir den Dag virdrun nach e Plan quinquennal am Sport gestëmmt hunn, wou et nach geheescht huet, e kënnt op de Josy Barthel. Wann ee kuckt am Logement, d’Madame Nagel seet 106 Gemengen hätten net dat gemaach firwat se sech engagéiert hunn. Mir hunn elo festgestallt, zanter gëschter, et sinn der 2 déi e Problem domatten hunn. Am Finanzministère ginn 3 Beamten hirer Wee. A gläichzäiteg kënnt ee Conseiller dohinner fir de Budget ze beroden.

Frank Goetz: Ech gräifen direkt d’Kritik vum Budget op. Dat ass jo en éischten Test. Den Här Wiseler gëtt Iech do eng déck Datz an Äre Finanzminister freet sech eigentlech en Oskar do duerfir. Jo mä wien iwwerdreift dann do, Dir laacht?

Xavier Bettel: Ech mengen an 3 Méint et fäerdeg ze bréngen de Budget vun 20.... - mir hätten et vill méi einfach kënne maachen, mir hätte kënne soe mir huelen deen ale Budget an da kucke mir wéi et weider geet - et fäerdeg ze bréngen, a wann ech mech net iren hu mir fir 2014 de Budget 231 Millioune gespuert. Mir hunn elo an deenen nächste Méint, well mir dierfen net vergiessen, datt de Budget vun 2015 muss fir Juni fäerdeg sinn fir op Bréissel ze goen. Dat heescht mir hunn elo bannen am Fong 9 Méint, 2 Budgeten ze maachen. Ech ka just dem Pierre Gramegna Chapeau soen fir déi Zuelen déi e fäerdeg bruecht huet an dee Budget opzestellen an ech muss och soen, et ass keng Schan wann ee seet, datt een och op een Externe sech berifft fir kënnen ze hëllefen d’Methodologie ze maachen. Eise Budget, mir hunn et selwer festgestallt an ech wëll net soen, datt et mech erschreckt huet, mir gesinn wéi de Budget och opgestallt gëtt. D’Beamte maachen dat Bescht wat se kënnen, mä d’Methodologie ass net déi richteg. An datt een eng Datz engem gëtt, ech fannen et ass ëmmer e Besserwisser wann een engem anere scho Punkte gëtt. Ech gesi just, datt ech eng Situatioun hunn wou de Budget vun 2004 op haut sech verzéngfacht huet, d’Schold. Eis Schold huet sech verzéngfacht. Mir haten eng Schold déi bei 1,7 Milliarde war, mir komme war mir net änneren, wa mir déi Politik weider gefuer hätte vun der CSV wiere mir 2015 op 15 Milliarde komm, dat hätt eng Datz doudsécher verdéngt. Dat kann ee soen, well do stinn d’Zuelen.

Frank Goetz: D’Kritik vun der CSV leeft jo och e bëssen doropper aus, datt Iech géif déi finanziell Kompetenz feelen. Et gouf ugeschwat, datt déi 3 Beamten, héich Beamten, kompetent Beamten aus dem Finanzministère fort ginn. Dat och op en externe Beroder zeréck gräift. Wéi kënnt Dir dann berouegen elo och en Vue vun 2015, och berouegen d’Gewerkschaften?

Xavier Bettel: Also selbstverständlech fir de Budget 2014, wat een Transitiounsbudget war, deen hu mir missen elo maache fir 2015. Ech gesinn och d’Gewerkschafte schonn Enn des Mounts, fir viru menger Ried zur Lag mat der Natioun mat de Gewerkschaften ze diskutéieren. D’Gewerkschaft, et ass net wéi wann och keen Dialog do gewiescht wier. Mir hunn déi verschidde Ministeren hunn och scho mat de Gewerkschafte geschwat. Wat immens wichteg ass, dat ass wa mir de Budget 2015 sou séier wéi méiglech clôturéieren, mä wéi gesot, net egal wéi clôturéieren. Do sinn Étuden déi gemaach gi sinn, do ass eng Methodologie déi gemaach muss ginn an ech muss Iech zouginn, datt 3 Beamten déi soen, mir ginn! net flott ass fir den Här Gramegna. An ech sinn awer frou, datt den Här Gramegna op eng Équipe kann zielen déi en am Moment och am Ministère huet, déi bereet ass, déi Efforten an da méi ze schaffen fir awer déi Aarbecht och ze maachen.

Dir hutt, wann Dir just erlaabt, well den Här Spautz schwätzt vun all deenen Affairen. D’Madame Closener huet keng, et ass keng Affaire Closener, ech kann et net héieren. D’Madame Closener huet dat gemaach wat d’Deontologie deemools war. Et ass richteg, datt et net opportun war an dowéinster ass jo och den Text geännert ginn. Mä et ass keng Affaire. Da schwätzt Dir, ech hunn et nämlech opgeschriwwen wat en alles gesot huet, da schwätzt e vun der Madame Cahen. D’Madame  Cahen huet gesot, et misst een sech Froe stellen mam Kannergeld ob et méi deier ass en zweet Kand ze hunn, oder drëtt Kand ze hunn vis-à-vis vun engem Kand. D’Fro ze stellen, ass dat verbueden? Dann huet e vun der Madame Nagel geschwat, déi de Gemengen iwwert de Logement gesot huet, datt ee misst oppassen, datt déi Suen och fir de Logement sollte gebraucht ginn. Ech hunn d’Gefill, soubal een eppes a Fro stellt, soubal een eppes seet, dat dote geet net, datt et direkt dann e Problem ass. Ech fanne mir musse kënnen iwwert alles diskutéieren. Mir kënnen awer net schonn am Viraus, wann d’Madame Cahen zum Beispill alleng seet, mir missten déi Rechnung jo awer kënne maachen, schonn ze soen, et ass verbueden hei an deem Land ze rechnen. An ech wëll just den Här Spautz drun erënneren, datt hie virdru Familljeminister war. Den Här Spautz mir selwer eng Fro gestallt huet wou e mech gefrot huet, ech hätt behaapt, datt mat de Kanner 1, 2 oder 3 een dat misst ausrechnen wéi eng Étuden dat wären. Ech hunn him d’Étudë ginn, ech hunn awer just deemools och d’Fro gestallt, ech wier frou wann de fréiere Familljeminister mir da seng Étuden da kënnt zoukomme loossen. Ech waarden haut nach drop.

Frank Goetz: Allgemeng ass et jo och e bëssen d’Reproche, datt Dir zéckt. Zum Beispill bei der TVA wéini déi Hausse dann do kënnt. Ech ginn Iech ganz einfach elo d’Geleeënheet, wéini Här Bettel, kënnt déi TVA Hausse?

Xavier Bettel: Dat kritt Dir den 2. Abrëll, kritt Dir matgedeelt, well mir ganz einfach nach op eng Zuel waarden. Soubal mir déi hunn, kann ech Iech dat och matdeelen.

Frank Goetz: Mä kuckt, dat do ass elo, Dir selwer hutt dach ëmmer Äre Virgänger kritiséiert an deem Sënn, datt en alles am état de la Nation gesot huet, datt en do déi aner viru Faits accomplis stellt. Maacht Dir net dann elo domatter genau dat selwecht?

Xavier Bettel: Nee, ech maachen net genau dat selwecht. Well ech fir d’éischt wëll genau d’Repercussiounen, ech wëll net Epicier sinn. Ech wëll net d’Rechemaschinn huelen a rechnen wéivill dat plus gëtt, wann duerno ënnert dem Stréch manner awer an d’Keess kënnt. Dowéinster. Et si verschidden Zuelen wou een einfach d’Repercussioune vun enger Hausse vun der TVA och muss rechnen. Ze kucken - an dat si jo och Kritiken déi ee jo heiansdo héiert, datt dat da riskéiert verschidde méi schwaach Leit ze treffen - datt een dann awer ganz genau kuckt wat et vu Mesurë gëtt, fir datt justement eppes ass wat och akzeptabel ass.

Frank Goetz: D’Leit musse jo awer wësse wéini se kënnt. Et ass jo awer net onwichteg fir eis.

Xavier Bettel: Also si kënnt, wéi gesot den 2. Abrëll ass an e bësse méi wéi 2 Wochen, bis dann hunn ech alles an da gëtt et och [gëtt ënnerbrach]

Frank Goetz: An Dir huelt a Kaf, datt déi Recetten net an deem Budget dra sinn. Datt wann se dra kommen, dee Budget rëm falsch ass?

Xavier Bettel: Nee, well firwat muss en dann an de Budget kommen? Déi Sue kënnen och, mir hunn och eng Schold, wësst Dir, mir hunn och eng Schold an ech wier frou wann och déi aner Politiker vun anere Parteie sech bewosst wären, datt wa mir elo dëst Joer vläicht Sue méi ra kréien, et vläicht och gutt wier wa mir d’Schold géifen ofbauen. Oder e Fond souverain kënnte kreéieren wa mir och dann déi Sue kënnte richteg investéieren och fir déi nächst Generatioun. Ech wëll net dee Premier si vun enger Regierung wou et eis egal ass wat mat den nächste Generatioune geschitt. Ech wëll net déi Courbe déi ech virdru beschriwwen hunn, wou mir op 15 Milliarde kommen, einfach esou maachen andeem ee seet, wann ech eng Kéier fort sinn, dann ass et mir egal.

Frank Goetz: Dir hat de Sozialdialog schonn ugeschwat. Elo huet den Här Reding, huet awer ëmmer erëm kritiséiert dat mat deem Sozialdialog dat net sou viru kënnt wéi Dir dat gesot hutt. Et ginn elo wichteg Décisioune geholl, Akzenter gesat, och op Bréissel musse Saache geschéckt ginn. Firwat zéckt Dir do nach fir mat de Gewerkschaften deen Dialog ze féieren?

Xavier Bettel: Ech zécken net fir mat de Gewerkschaften ze diskutéieren, ech weess datt se, d’Gewerkschafte mat der Familljeministesch geschwat hunn. Ech weess, datt se mam Här Schmit geschwat hunn, ech weess, datt se mam Här Schneider geschwat hunn. Ech weess, datt se mam Här Meisch geschwat hunn. Et ass net wéi wa keen Dialog tëschent de Gewerkschaften an der Regierung gewiescht wier. Dat eenzegt wat ass, ech hu gewaart bis ech wierklech och all déi Donnéeën hunn fir mat de Gewerkschaften zesummen ze kommen. Wann et just drëms geet Gewerkschaften ze invitéiere fir Kaffi ze drénken an e Biscuit z’iessen, brauch ech se net ze gesinn. Fir mech ass et wichteg hinne kënnen déi Informatiounen ze ginn. Ech wëll se jo och virum état de la Nation gesinn, fir hinne schonn ze soen op wéi eng Pist ech am état de la Nation wäert agoen. A selbstverständlech wäert och den Dialogue social, deen déi lescht Jore vläicht éischter gelappt huet, nees stattfannen. An ech war och ganz frou. De Moien hat ech zum Beispill d’Vertrieder vum Conseil économique et social bei mir, wou mir och op ee konstruktiivt Dialog pochen.

Frank Goetz: Dat heescht, do kee Fait accompli beim état de la Nation vis-à-vis vun de Gewerkschaften dann?

Xavier Bettel: Déi gi virdrun informéiert.

Frank Goetz: Här Bettel, mir haten och den Opruff gemaach fir vu bausse Froen eran ze kréien. An do si ganz vill Saachen era komm wat d’Studenteboursen, also d’Spuere bei de Studenteboursen ugeet. Ech resüméieren dat ganz kuerz: Et ass e Grafik dee mir zesumme gesat hunn. Dir trefft virun allem Leit déi hire Kanner net sou hëllefe kënnen. Ass dat sozial Gerechtegkeet? Gi Studente gezwongen niewelaanscht schaffen ze goen? An als betraffene Student maachen ech mir immens Suergen ëm meng Zukunft, Suergen déi Dir bestëmmt verstitt. Wéi reagéiert Dir dodrop?

Xavier Bettel: Ech verstinn déi ganz gutt. An ech mengen, datt déi nei Mesuren déi dës Regierung geholl hunn, net drëms ginn fir engem Student et net méiglech ze maachen fir ze studéieren. Ech wëll just drun erënneren, datt wéi den Text vun der Regierung preparéiert ginn ass, et eng Dépense sollt sinn vu 55 Milliounen. D’Joer drop ware mir op 88 Milliounen. An elo wa mir den Text net geännert hätten, wiere mir op 178 Milliouen komm. Si wollten, Si haten ugekënnegt, si wéilte mat där Reform 35 Millioune spueren. Et huet bal 70 Millioune méi kascht. Mir konnten net einfach net reagéieren. A gleeft mir et, et wär nach weider gaang. Wat mir gemaach hunn, mir hunn se sozial gestaffelt. A gleeft mir et, dat dote gëtt och e Leitmotiv fir déi nächst Décisiounen déi mir och huelen. Mir mussen d’sozial Critèren zu Lëtzebuerg an de Leit och bäibréngen, datt dat wichteg ass. Mir kënnen net méi einfach mat der Schëpp d’Suen huelen an sou zur Fënster eraus geheien a mir soen hei jiddwereen muss dat sëllecht kréien, jiddwereen, keng sozial Selektivitéit. Mir wëllen d’sozial Selektivitéit era kréien an haut mat där neier Formule déi et ass, ass kee Schüler deen net méi studéiere kann. Et gëtt gekuckt ob d’sozial Critèren, et ass och e Minimum Bourse, et ass ee Prêt do, et gëtt, wann se och am Ausland studéieren, gëtt et och nach eng extra Prime. Dat heescht wierklech, datt hei net, et ass sozial gerecht an et ass dat wat wichteg ass.

Frank Goetz: Mir bleiwe beim Spueren, Här Bettel. Kee gëtt verschount bei deem Spueren, och net eise philharmoneschen Orchester, den OPL huet elo duerfir seng Tournée a China ofgesot. Déi Nouvelle vum Radio 100,7 gouf och haut aus dem Kulturministère via Communiqué confirméiert. Eng Décisioun déi awer sécher e batteren Nogeschmaach huet an dat net nëmmen an der Kulturszen hei zu Lëtzebuerg:

[Reportage vum Jeannot Ries]

Frank Goetz: Jo, d’Fro un Iech, huet dat do misse sinn wou mir deen Orchester jo ganz gären als lëtzebuerger Produit an d’Fënster stellen a grad elo eng Rees a China ofgesot gëtt. Mat engem Land wou mir jo awer wëlle gutt Relatiounen opbauen.

Xavier Bettel: Wa gespuert muss ginn, muss iwwerall gespuert ginn. Ech muss just soen, wat wichteg ass, datt zu Lëtzebuerg d’Kulturszen net bestrooft gëtt. Mir wëllen zu Lëtzebuerg d’Attraktivitéit och vun der Kulturszen bäibehalen an do musse Choixen getraff ginn. Dir hutt et selwer am Reportage gesot. Esou eng Rees kascht iwwer 200, 300 Dausend Euro. A wa Choixen musse getraff ginn. Ech hu léiwer, datt dann e Concert a China ofgesot gëtt wéi datt hei zu Lëtzebuerg op eng Kéier Leit mussen ofgebaut ginn, oder Concerten mussen ofgesot ginn. Mir mussen zu Lëtzebuerg eng Kulturszen hunn déi attraktiv ass, wou d’Leit op Lëtzebuerg - dat gehéiert och zur Attraktivitéit vun eisem Land a mir wëllen d’Kulturszen zu Lëtzebuerg net ofbauen. A wann een da Choixen muss treffen, gleeft mir et, datt eng Rees a China fir 100 Leit, mat den Instrumenter ganz, ganz deier gëtt an, datt dee Choix huet misse getraff ginn. Et gefält net vläicht jiddwerengem, mä Choixen treffen ass eben ee Choix deen ze treffen ass. Ob deen engem passt oder net, mir hunn deen dote geholl. D’Madame Nagel huet mech och consultéiert. Ech soen Iech et och ganz éierlech. An ech soen et nach eng Kéier. Ech hu léiwer, datt mir d’Kulturszen zu Lëtzebuerg kënne weider präservéieren an datt se weider gutt fonctionnéiert.

Frank Goetz: An Dir sidd och weider fest décidéiert déi nächst Choixen a Saache Finanzen och ze huelen?

Xavier Bettel: Ah et si Choixen ze treffen. Dir hutt et selwer matkritt, datt mir net méi bei der Caravane vum Tour de France och matmaachen. Et si Choixen déi ze treffe sinn. Mir kënnen net maachen wéi wa keng Kris do wier. Mir musse verschidde Choixen treffen a gleeft mir 2015 gëtt net vill méi einfach.

Frank Goetz: Här Bettel ech soe villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Xavier Bettel: Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour