Claude Meisch au sujet de la réforme des bourses d’études

"Mir wollte wierklech ëmmer e System hunn, wou jiddwereen nach ka studéiere goen"

Claude Meisch: Gudde Mëtteg.

Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg): Här Meisch, wat soll dann elo änneren?

Claude Meisch: Fir d’alleréischt hu mir emol nach eng Kéier gekuckt, deen Text dee mir virgeluecht hunn, wou mir der Meenung waren, datt mir ganz no dru sinn un eisem Zil, dat heescht, fir och an Zukunft jiddwerengem zu Lëtzebuerg et kënnen ze erlabe studéieren ze goen, dat ze studéiere wat hie wëllt, an och do ze studéiere wou hie wëllt.

Wou mir deem vläicht nach net ganz nokomm sinn, dat war virun allem och bei méi klengem Akommes, bei mëttlerem Akommes. Dofir si mir higaangen a mir hunn déi sozial Bourse, deen Tableau nach eng Kéier geglätt, do wäerte mir och nach méi Geld dran investéieren insgesamt. Mir hunn eng Rei vun Härtefäll ofgeschaaft, déi hätte sech kënne produzéieren. Mir hunn awer och insgesamt déi sozial Bourse gehuewen, vun 2.500 op 3.000 Euro, fir wierklech ze soen, do wou mir nach bereet sinn och méi ze maachen, dat ass wierklech bei deene wou d’Eltere manner d’Chance hu selwer kënnen zum Finanzement vum Studium bäizedroen. Dat war ee wichtege Punkt.

Mir hunn awer och gesot, datt mir bedarfsorientéiert wëlle weider schaffen, dofir bleift et beim Prinzip vun der Bourse de mobilité.

Gläichzäiteg hu mir awer och ëmmer erëm héieren, datt de Wonsch bestanen huet, esouwuel bei deenen déi manifestéiert hunn, wéi och bei ganz villen aneren Associatiounen, d’ACEL zum Beispill, mat deene mir enke Kontakt haten iwwer déi lescht Wochen, déi sech net onbedéngt um Streik bedeelegt hunn, mä déi awer natierlech och hir berechtegt Kritike virbruecht hunn, datt d’Zuel vun de Kanner déi op der Uni sinn, an engem Stot, datt dat natierlech zu enger zousätzlecher Belaaschtung bäidréit. Dofir wëlle mir och deem Critère hei Rechnung droen, a mir soen, datt wann ee méi wéi ee Kand am Stot, am selwechte Stot op der Uni huet, datt een dann eng zousätzlech Bourse pro Kand vu 500 Euro d’Joer nach eng Kéier ka kréien.

Mir wëssen och, datt mir en theoretesche Prinzip hunn dee seet, datt d’Eltere mussen zum Finanzement vum Studium vun hire Kanner bäidroen, wa se dat kënnen. Mir wëssen awer, datt dat net ëmmer tel quel, leider, wierklech muss ech dat bedaueren, net ëmmer tel quel applizéiert gëtt. Dofir soe mir, datt déi Kanner, déi Studenten déi d’sozial Bourse net ganz kréien, datt se de Rescht dovunner, wa mir soen, 3.000 ass de Maximum, et kritt een der 1.500, da kann een der nach 1.500 zousätzlech als Prêt ufroen. Ech mengen, datt dat och eng Äntwert ass op Suerg, ob d’Onofhängegkeet wierklech nach gewahrt wier vum Student, datt e wierklech dat ka studéiere wat hie wëllt, an net onbedéngt dat wat d’Eltere wëllen.

Och d’Suerg déi ausgedréckt gouf, datt Studenten, déi elo scho vum jetzege System profitéiert hunn, do natierlech och hire Liewensrythmus, an hire Studium duerno ausgeriicht hunn, elo bei engem neie System vläicht riskéieren de Studium net kënne weiderzeféieren, datt mir do soen, okay, da kann een iwwer en zousätzleche Prêt deen een do ka maachen, kann een dat ausgläichen.

Ech mengen, datt mir hei eisem Zil, fir datt jiddweree ka weider studéiere goen, nach e Stéck méi gerecht ginn, ouni datt mir awer op wichteg Prinzipien, déi mir am Regierungsprogramm festgehalen hunn, wéi d’sozial Selektivitéit, wéi datt deen och méi ka kréien a muss kréien deen och méi brauch, well en zum Beispill am Ausland studéiert an do muss Loyer bezuelen, datt mir déi bäibehalen hunn.

Max Theis: Wat bedeit dat dann u Méikäschten, déi do Reformen?

Claude Meisch: Mir sinn am Gaangen dat nach eng Kéier am Detail ze rechnen. Ech wëll och soen, datt mir eigentlech vun Ufank un ni gesot hunn, et muss e feste Montant hannen dobäi erauskommen, soss hätte mir jo vun hannen no vir gerechent. Mir wollte wierklech ëmmer e System hunn, wou jiddwereen nach ka studéiere goen, onofhängeg wéi d’Eltere kënne bäileeën, onofhängeg dat wat en a wou e wëllt studéiere goen. Dat war eis wichteg.

Ech schätzen hei, datt mir bei méi Käschte vun ronn 12, 13 Millioune wäerte landen. Woubäi mir awer och wëssen, datt mir an enger Rei vun Avisen, notamment dee vun der Chambre des salariés, ass eis awer och net zu Onrecht virgehale ginn, datt déi Rechnung, datt déi nach verbesserungsfäeg ass, déi mir gemaach hunn, wou mir op e Gesamtkäschtepunkt vun 109 Millioune komm sinn. Esou datt ech mengen, datt mir awer eppes iwwer 109 Millioune wäerte kommen, awer net deem entspriechend méi. Do si mir nach am Gaangen nach eng Kéier nozerechnen, an dat wäerte mir deemnächst och liwweren.

Wat wichteg ass, mengen ech, dat ass, datt mir hei nach eng Kéier eng Rei vu Schwaachpunkten an deem Text elo wierklech analyséiert hunn, an do, op Grond vun Diskussiounen, déi mir gefouert hunn, déi jo leider net mat jiddwerengem méiglech waren, mä wou mir awer wierklech och Verständnis hate fir eng Rei vu Suergen, datt mir déi Problemer kënnen aus der Welt schafen.

Max Theis: Merci, Claude Meisch. A mir hunn och schonn eng éischt Reaktioun, wou mir Iech herno dann och wäerten drop reagéiere loossen, vun de Géigner vun der Reform.

Déi 500 Euro méi vum zweete Kand u ginn an déi richteg Richtung, seet an enger éischter Reaktioun de Paul Reuter vum Streikkomitee, a President vun der UNEL. De Rescht wäert senger Meenung no de Staatsbudget net groussaarteg belaaschten, deet also der Regierung net wierklech wéi.

Paul Reuter (O-Toun): Et schéngt bal, wéi wann e Reflex do wier fir bei der Basis a bei der Mobilitéitsbourse, wou wierklech méi Käschten entstinn, fir do einfach näischt drunner ze änneren, obwuel dat grad deen Deel ass, deen d’Studenten am meeschte betrëfft. Dat heescht, et kann ee scho bal soen, datt eng Studenteverscholdung méi wichteg ass wéi eng Staatsverscholdung.

Max Theis: D’Amendementer ginn dem Streikomitee also net duer. Am Allgemenge géif sech näischt änneren. De Minister Meisch misst och iwwer d’Basis- an d’Mobilitéitsbourse mat sech schwätze loossen.

Den Owend geet een ëm 7 Auer op déi Informatiounsversammlung am Ministère, a muer de Moien ass och eng Pressekonferenz. Et ass een duerchaus dialogbereet, seet de Paul Reuter.

Paul Reuter (O-Toun): Mir wëlle scho mam Här Meisch schwätzen. Mir hu just eis Konditioun gestallt, datt mir en oppenen Dialog wëlle féieren, well mir der Meenung sinn, datt dat déi eenzeg Aart a Weis ass fir eben all deene Leit déi op der Strooss ware gerecht ze ginn, fir déi Transparenz méiglech ze halen, esou och eist Verständnis vun enger geliefter Demokratie, fir datt een oppen iwwer esou Saache schwätze kann.

Max Theis: Claude Meisch, de Streikcomité ass also den Owend dobäi. Wat erwaart Dir Iech da vun deem Échange?

Claude Meisch: Et soll en oppenen Échange sinn, dee mir jo laang gefrot hunn, dee leider net zustane komm ass aus Grënn, déi ech wierklech net kann novollzéien. Mä mir hu jo awer och geliest wat d’Manifestante wollten hunn, wat hir Doléancë waren, wat eenzel Associatiounen, déi mat manifestéiert hunn, gesot hunn.

Ech weess, datt mir hei natierlech bei Wäitem net all de Fuerderunge no konnte kommen, an och net wëlle kommen. Mir mussen e Choix maachen. Wa mir soen, wie wëlle mir méi ënnerstëtzen? Wëlle mir weider Geld mat der Stränz verdeelen? Da maache mir dat iwwer d’Bourse de base. Oder wëlle mir weider do méi hëllefe wou méi Hëllef noutwenneg ass? Da maache mir et iwwer d’Bourse sociale. Mir maachen et als Regierung iwwer d’Bourse sociale.

Max Theis: Mä de Basismontant, do wëllt Dir net méi dru fréckele goen, oder un d’Mobilitéitsprimen?

Claude Meisch: Et ass e bewosste Choix vun der Regierung fir ze soen, do wou mir eppes maachen, da maache mir et do wou méi gebraucht gëtt, amplaz datt mir et generell maachen. Dobäi bleift et och.

Och wat d’Mobilitéitsbourse ubelaangt muss ech jo awer feststellen, datt hei eppes gefrot gëtt wat wierklech net an dës Zäit passt. Wa mir d’Mobilitéitsbourse just um Loyer rechnen, da kritt herno jiddwereen, och hei zu Lëtzebuerg, deen doheem erausplënnert quasi eng Prime vum Staat. An dat kann et net sinn eng Prime vum Staat ze kréie fir doheem Mamm a Papp Äddi ze soen, an do steet en Zëmmer da fräi. Esou vill Geld hu mir elo wierklech net momentan.

Mir wëssen awer, an och dat hu mir am Package mat dran, dat hu mir de Moie an der Regierung nach eng Kéier beschwat, an ech hunn et och scho vill diskutéiert mat der Wunnengsbauministesch, der Madame Nagel, datt mir um Niveau vun de Studentewunnengen Efforte gemaach hunn, weider Efforte musse maachen, och hei zu Lëtzebuerg, an datt mir Studentewunnengen och mussen disponibel hale fir Résidenten hei zu Lëtzebuerg, wa se also vu méi wäit hierkommen, respektiv wa se doheem Situatiounen hu wou een do einfach net a Rou ka studéieren, datt se dann och kënnen eng Studentewunnengen huelen, wou de Staat och ganz vill Geld dran investéiert huet, an nach wëllt dran investéieren.

Max Theis: Mä gëtt et iwwerhaapt Verhandlungsspillraum?

Claude Meisch: Ech mengen datt mir hei Verhandlungsspillraum gewisen hunn. Mir hu laang nogelauschtert, mir hu mat villen Akteuren diskutéiert, mir hunn analyséiert, mir hu berechent, a mir hu festgestallt, datt eisen Text, deen an enger éischter Fassung jo och ganz schnell geschriwwe war, net op alle Punkte perfekt war. Dofir hu mir elo e verbessert, nogebessert op Punkten, déi awer mat der Regierunspolitik kohärent sinn.

Nach eng Kéier, d’sozial Selektivitéit, d’Bedarfsorientéierung an d’Méiglechkeet fir all Student datt hie ka studéiere goen, dat ass eis wichteg. Deem komme mir elo mat deem neien Text nach e Stéck méi no.

Max Theis: Claude Meisch, mir si gespaant wéi d’Gespréicher dann den Owend verlafen. Ech soen Iech elo emol Merci fir elo.

Claude Meisch: Merci och!

Dernière mise à jour