Xavier Bettel au sujet des résultats des élections européennes

"D’Lëtzebuerger hunn den Här Juncker hei gewielt"

Xavier Bettel: E schéine gudde Moien.

Claude Zeimetz (RTL Radio Lëtzebuerg): D’Wieler hunn also tranchéiert. Zu Lëtzebuerg ass d’CSV allgemeng déi stäerkste Kraaft ginn. Bon, Europawahle si keng Nationalwahlen, an awer kann ee se net ganz lassgeléist vunenee kucken. D’CSV stellt och schonn d’Legitimitéit vun der Dräier-Koalitioun deels a Fro. Wéi analyséiert Dir elo déi Resultater?

Xavier Bettel: Europawahle sinn Europawahlen, esou wéi Dir och gesot hutt. An ech hunn och gëschter Owend dem Här Juncker ugeruff fir him ze felicitéieren.

D’Lëtzebuerger maache gäre mat wann een de Choix huet fir kënnen an enger Spëtzepositioun e Lëtzebuerger mat ze bestëmmen an hunn, wann ee kuckt, a Griicheland, ob dat de Kandidat vun deene Lénken ass, an Däitschland de Kandidat vun der SPD, oder hei zu Lëtzebuerg de Kandidat vun der CSV, deen zwar net Kandidat war, mä dee 7. Geheimkandidat op der Lëscht war, datt do d’Leit staark ënnerstëtzen. D’SPD huet staark zougeluecht. A Griicheland ass d’extrême Gauche stäerkste Partei ginn. Hei zu Lëtzebuerg huet d’CSV och zougeluecht.

Mä wat mech virun allem awer gefreet huet, muss ech Iech soen, ass, datt d’Lëtzebuerger Europäer an d’Europaparlament gewielt hunn, Europhilen, keng Leit déi d’Europaparlament an d’Institutioune wëlle vu banne futti maachen. A si hunn och Leit gewielt mat engem europäesche Format. Wann ee kuckt, déi Resultater och vun der Madame Reding a vun de Sortanten, well d’Sortanten hunn och ganz, ganz gutt Resultater gemaach. Also, fir mech gëtt et keng Ursaach fir dat eent mat deem aneren ze vermëschen.

Claude Zeimetz: Eng Revanche elo vun de Leit, datt d’DP eben net wollt am Oktober mat der CSV an eng Regierung goen, gesitt Dir dann net?

Xavier Bettel: Neen, fir mech huet dat eent mat deem aneren näischt ze dinn. An dat hei, et ass och gutt, datt d’Wahlen och getrennt waren, an datt d’europäesch Sujeten och hei dominéiert hunn. An ech hoffen, datt dat och an Zukunft esou wäert bleiwen.

Claude Zeimetz: An de Spëtzekandidat vun der DP, de Charel Goerens, krut hannert dem Viviane Reding déi zweetmeeschte Stëmmen, huet awer och Stëmme verluer, 30.000. Hunn do déi intern Diskussiounen no de Neiwahle geschuet, oder wéi gesitt Dir dat, dee Stëmmeverloscht?

Xavier Bettel: Ech si ganz frou ,datt de Charel Goerens deen zweetbeschte Score gemaach huet, dat ass wichteg. Wann eng Partei verléiert, huet een och de Spëtzekandidat deen automatesch och verléiert, wann een net Ënnerstëtzung kritt vum Wieler. An ech mengen, datt d’Analys muss elo kucke wat déi eng oder aner Ursaach war.

Ech sinn op jiddwer Fall frou, datt dee Sëtz verdeedegt ginn ass, an datt de Charel och esou e gutt Resultat gemaach huet. A wéi gesot, d’Analysen erlaben eis dann duerno ze kucke wat déi eng oder déi aner Ursaach ass. Mä ech insistéieren, de Charel huet gutt Aarbecht gemaach.

An dat och fir just drun ze erënneren, datt mir d’Resultater, fir eis oder fir d’CSV, och hu vun 2004, dat heescht, et seet een elo 37%, dat wier dat bescht Resultat wat jee eng Partei kritt hätt, d’CSV hat, mengen ech, 2004 37,17%, dat heescht, si hunn e bësse méi elo kritt wéi 2004, wou deemools och e Jean-Claude Juncker op der Lëscht war, an dës Kéier ouni datt en op der Lëscht war awer present war, hu si et och fäerdeg bruecht.

Et muss een elo d’Analyse maachen, et huet elo kee Wäert deem engen oder deem aneren d’Schold ze ginn. Wësst Dir, ganz oft a Wahlen ass et de Verdéngscht vun alleguer wann een d’Wahle wënnt, an et ass d’Schold vun engem wann ee verléiert. Esou sinn ech net.

Claude Zeimetz: Eng Analys déi och bei der LSAP natierlech gemaach muss ginn. Dat ass eng ganz batter Défaite awer, do kann een awer net dat och schéirieden duerno?

Xavier Bettel: D’Lëtzebuerger hunn den Här Juncker hei gewielt, d’Sozialisten haten en anere Kandidat, deen dem Juncker säin Opposent war, a si haten eng nei Lëscht. Si hunn och eng Kandidatin gehat, wann ech virdru gesot hunn, datt déi aner Kandidaten éischter en europäescht Format haten duerch déi Experienz déi si um europäeschen Niveau haten, d’Madame Delvaux hat déi net. Si hat och virdrun e Ministère deen net deen einfachste war.

Mä wéi gesot, wat wichteg ass, de Status quo och point de vue Sëtz, an datt och déi Kräften déi hei zu Lëtzebuerg wëllen e Land moderniséiere weider an deem Europaparlament vertruede si wéi virdrun, a weider hir Aarbecht wäerten hei am Land och maachen.

Claude Zeimetz: Dir sidd muer zu Bréissel dobäi mat den anere Staats- a Regierungschefen aus den 28 Memberlänner fir eng éischte Kéier iwwer d’Propos jo da vum Conseil fir de Kommissiounspresident ze schwätzen. Wat ass sech dann do ze erwaarde vun Diskussiounen? An ass et denkbar, datt de Jean-Claude Juncker als Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun net nominéiert gëtt?

Xavier Bettel: Ech kann Iech just soen, ech hunn Iech scho virun de Wahle gesot, ech soen et och haut, an ech soen et och muer, datt ee vun de Spëtzekandidate muss de Poste kréie vum EU-Kommissiounspresident, soss hu mir wierklech e Problem och vu Crédibilitéit vun den EU-Institutiounen.

Ech weess awer net wéi et muer geet. Ech soen Iech ganz éierlech, a wann een och lénks a riets héiert, do si verschidde Parteien déi schonn ukënnegen, déi awer dem Här Juncker nostinn, och am Europaparlament, déi schonn ukënnegen, datt se net wéilten den Här Juncker ënnerstëtzen. A virdru ware se sech awer eens, datt hien de Spëtzekandidat sollt sinn. Ech hunn do Schwieregkeeten domat. Dann hätte si et solle virun de Wahle soen, wéi se en designéiert hunn.

Ech wëll kee Kouhandel muer erliewen, wou een da seet, déi eng oder déi aner, du kriss dat do, da kréien ech dat do.

Wat wichteg ass, dat ass, datt een elo emol och, an et ass net fir Zäit ze wannen, mä datt een och waart bis d’Fraktiounen zesummegesat ginn, well d’Europaparlament muss komposéiert ginn, an do sinn eng Rëtsch vun Deputéierten, wou een nach guer net zouuerdne kann a wéi eng Richtung, an a wéi eng Fraktioun datt se dann elo sëtze ginn.

Mä fir mech ass et wichteg, de Jean-Claude Juncker, et ass gesot ginn déi gréisste Fraktioun soll de Poste kënne revendiquéieren. Wa muer direkt gesot gëtt, datt kee vun deene Spëtzekandidaten d’Propositioun soll si vum Conseil, hunn ech perséinlech e risege Problem, och eis Regierung, well mir dann eng institutionell Kris kréien, wou laang dauere wäert. A gleeft mir, Europa brauch alles ausser eng Kris.

Claude Zeimetz: Xavier Bettel, Merci fir de Moien. Mir wäerten dat do natierlech ganz genee analyséieren a suivéieren.

Dernière mise à jour