Xavier Bettel au sujet du secteur du film d'animation

"Et soll een ophalen ze mengen, datt een zu Lëtzebuerg ausser Banken näischt ka maachen"

Interview vum Julien Pinon (RTL Radio Lëtzebuerg):

Här Minister, e schéine gudde Mëtteg. Merci datt Dir Iech Zäit geholl hutt fir bei eis an den Interview ze kommen um wonnerschéine lëtzebuerger Stand, bei deem wonnerschéine Wieder hei zu Annecy am Kader vun dësem Festival du Film d’animation. Dir waart net zu Cannes. Firwat zu Annecy?

Xavier Bettel: Et ginn e puer Ursaachen. Eng vun den éischten Ursaachen ass, datt ech perséinlech Schwieregkeeten hu fir mam Schlips um rouden Teppech ze sinn, wann ech de Leit erklären, datt mir finanziell Schwieregkeeten hunn. A virun allem awer hei zu Annecy e Secteur ass dee ganz vill Leit net kennen. D’Leit kennen alleguerte Cannes, d’Leit kennen alleguerte Berlin, d’Leit kennen alleguerte Venedeg, mä si vergiessen, datt een Drëttel vun deem ganzen audiovisuelle Beräich dee mir zu Lëtzebuerg hunn och an der Animatioun ass. An datt mir do 2 Nominatiounen hate fir den Oscar, och fir aner Präisser ganz grouss Unerkennung kritt hunn, an den Oscar och gewonnen hunn.

A mir hunn och eng Formatioun, e BTS, deen nach fir vill Leit hei zu Lëtzebuerg onbekannt ass, wou bal ¾ vun de Leit déi dee maachen, duerno eng Aarbechtsplaz direkt fannen, an 200 bis 300 Leit déi dra schaffen, awer onbekannt.

A mir hunn déi jonk Talenter déi och wierklech staark dodra sinn, déi och international Unerkennung kréien an hei zu Annecy  hate se och ni e Premier, hu se mir gesot, si si ganz frou an ech si ganz frou hei ze sinn. Si si ganz frou, datt ech hei sinn, an dann ass jiddweree frou, datt mir hei sinn.

Julien Pinon: Jo, also et ass effektiv jiddweree frou. Dir sidd jo och ganz vill gefrot. Kann een also, nodeems een dat elo héieren huet, richteg houfreg op Lëtzebuerg sinn?

Xavier Bettel: Ma selbstverständlech. Ech sinn als Medien- a Kommunikatiounsminister, mä als Premier, ma virun allem als Lëtzebuerger immens houfreg iwwert dat wat mir maache kënnen. Ech mengen, déi Unerkennung, déi international Unerkennung déi mir hunn; déi Aarbecht déi wierklech vum ganze Filmfong, ënnert der Direktioun vum Här Daleiden gemaach gëtt, ass wierklech ze ënnersträichen.

D’Leit gesi just de Côté bling bling. D’Leit gesinn d’Pailletten an de Strass, mä vergiessen ze gesinn, wéivill dat och era bréngt, wéivill Aarbechtsplazen drun hänken, wat d’Kreativitéit vu Lëtzebuerg ass. An hei elo zum Beispill fir Annecy do hu mir 2 Persounen, den Norbert an d’Nicole déi sech wierklech hei, jiddweree kennt, well se wëssen, datt se hei sinn, net fir Vakanz ze maachen, mä fir Lëtzebuerg ze verkafen a fir och ze weise wat mir maache kënnen. Dofir, mir sollen als Lëtzebuerger houfreg sinn iwwert dat wat mir kënnen. Mir brauchen eis wierklech net ze schummen.

Julien Pinon: Viru kuerzer Zäit hutt Dir Iech och richteg perséinlech implizéiert an der ganzer Zeen. Dir sidd a verschidde Boîten, Firme kucke gaang. Wéi gesäit et fir Iech aus hei zu Lëtzebuerg?

Xavier Bettel: Ma gutt. An et soll een ophalen ze mengen, datt een zu Lëtzebuerg ausser Banken näischt ka maachen. Dat ass de Beweis, datt mir aner Saache maache kënnen, an datt mir weider aner Saache maache mussen, datt mir net kënnen op dat schlofen wat mir bis elo haten, mä och mussen heiansdo nei Saachen erfannen.

Dat heiten ass eppes, wann ee virun 10 Joer gemengt hat, datt mir 200 - 300 Leit haten an deem Secteur déi géife schaffen, a kommt, et ass kee Geheimnis, ech hu muer an haut Rendezvouse mat räiche franséischen Investisseuren déi zu Lëtzebuerg sech wëllen akafen a Firmen, well se gesi wéi gutt, datt déi zu Lëtzebuerg och sinn. A gleeft mir et, et ass keen dee Suen investéiert an eng Firma, wa se d’Gefill huet, datt se näischt daacht. A wa Leit zu Lëtzebuerg wëlle Suen investéieren, sinn ech ganz houfreg, an nach eng Kéier, net nëmmen als Medien- a Kommunikatiounsminister ,an net nëmmen als Premierminister, mä och als Lëtzebuerger ze gesinn, datt eise Savoir-faire Unerkennung kritt op internationalem Niveau.

Julien Pinon: Wéi ass et zum Beispill mam Budget? Et héiert een, datt iwwerall Restriktiounen, Reduktioune gemaach ginn. Wéi ass de Budget vun der Kultur fir de Film a méi speziell natierlech fir den Animatiounsfilm?

Xavier Bettel: Dat eenzegt wat ass, an de Budgete muss een net vläicht onbedéngt d’Zomm erof setzen, mä ech muss Iech éierlech gesot soen, datt ee muss kucke wat fir Depensë gemaach ginn, et muss ee Prioritéite setzen. D’Kreativitéit dierf net gespuert ginn. Mä et sinn doudsécher administrativ Punkten oder Gestiounsfroen déi musse gekläert ginn, a wou ech och mam Filmfong schonn driwwer diskutéiert hunn. Do wou ech net wëll spueren ass bei der Kreativitéit. Mä et ginn ëmmer Poste wou ee spuere kann, ouni datt et vill wéi deet.

Julien Pinon: Mir sinn elo hei wierklech an enger Welt vu Phantasie, vu Kreativitéit. Dir hutt et lo grad gesot. Sidd Dir dann och e Fan vum Animatiounsfilm?

Xavier Bettel: Ech si Fan vu ganz Villem. Ech sinn och Fan vum Animatiounsfilm. Ech bewonnere schonn déi Leit déi d’Imaginatioun hunn, déi d’Kënnen hunn, well eng Animatioun ze maache gesäit esou einfach aus, mä et stellt ee sech net vir wéi eng Aarbecht dat ass fir all Geste deen och muss nei kreéiert ginn. Ech bewonneren einfach déi Leit déi déi Kreativitéit hunn, déi Imaginatioun hu fir eppes op Pabeier oder op Schierm ze bréngen an eppes wou ech laache kann, eppes wou ech kräische kann, eppes wou ee Gefiller einfach matkritt oder wou ee flott Zäit verbréngt. Ech bewonneren dat.

Julien Pinon: Wat ass dann Äre Programm hei zu Annecy? Dir hutt et gesot, Dir hutt ganz vill wichteg Rendezvouse mat Leit déi héchstwahrscheinlech Sue wäerten investéieren, awer och vläicht e bësse méi sou fräizäitméisseg?

Xavier Bettel: Oh, net vill. Gëschter Owend hat ech schonn de Buergermeeschter. De Moien hat ech de Schäffen. Elo hu mir Iesse mat Leit aus der Regioun. Dann hunn ech d’offiziell Ouverture, dann hunn ech Rendezvouse mat Produzenten a mat den Investisseuren, och muer, an da kommen ech schonn Heem. Also, et ass net vill Zäit. Den Här Daleiden huet mir e Programm gemaach wou ech dra muss kucke goe wéini ech mech kann eng Kéier frësch maache goen.

Julien Pinon: Dat misst awer normalerweis klappen. Et ass jo alles zimlech no. Annecy ass net sou grouss. Et ass e bësse sou wéi zu Lëtzebuerg. Virun 2 Joer hate mir d’Geleeënheet och fir de Lien tëscht Annecy a Lëtzebuerg ze maachen. Ech mengen, Lien iwwerhaapt tëscht Frankräich a Lëtzebuerg. Fillt Dir Iech e bësse wéi doheem hei? Oder ass et awer schonn eng aner Welt?

Xavier Bettel: Also, ech soen et nach eng Kéier. Mir sollen net ze bescheide sinn. Mir sinn hei keng small players. Mir hunn hei eng wichteg Roll ze spillen a virun allem awer och ze weise wat mir kënnen. Et sinn net nëmmen Amerikaner, Japaner, Chineesen oder Russen déi eppes kënnen. Mir och. Mir kleng Lëtzebuerger op der Kaart sinn an deem heite Beräich bei deene ganz Décken. An dat soll een och wëssen.

Dat heiten ass selbstverständlech ganz flott och organiséiert an ech gesinn och Beräicher zu Lëtzebuerg wéi am Gaming an esou Saachen, wou ech och de Moie gesot kritt hunn, datt et do nach net vill Internationales gëtt, datt et do Piste gi wou een sech och muss vläicht d’Fro stellen, ob zu Lëtzebuerg net Potential ass fir verschidde Saachen ze kreéieren déi et bis elo nach net ginn, a wou nach Nische sinn déi ee kann entwéckelen.

Op jiddwer Fall hei ass et wichteg do ze sinn, Präsenz ze markéieren an houfreg ze sinn, virun allem och dat wat mir kënne maachen. An och déi Unerkennung beweise vis-à-vis vun all den Acteuren aus deem Milieu.

Julien Pinon: Dat war u sech och een Deel vu menger nächster Fro. Wéi gesitt Dir d’Zukunft vun deem ganze kreativen Deel zu Lëtzebuerg? Ginn nach aner Saachen entwéckelt? Gëtt dat effektiv ënnerstëtzt? Wéi ass do Är Meenung?

Xavier Bettel: Et sinn e puer Saachen. Déi éischt Saach ass, mir musse virdrun an duerno kucken. Mir hunn de BTS, mä duerno gesinn ech, datt déi Leit déi de BTS gemaach hunn an d’Ausland musse goe fir eng Formatioun fäerdeg ze maachen. An déi ganz gutt sinn, heiansdo wëllen déi och net zu Lëtzebuerg bleiwe wann se bis fort sinn. Dat heescht, et muss een och kucke wéi de Point de vue Formatioun och ass, wat een do muss vläicht investéieren, vläicht weider muss kucke fir eben e Pôle d’excellence ze ginn. Éischtens, datt d’Leit déi bei eis sinn net fortginn a vläicht Leit och vu baussen op Lëtzebuerg ze kréien.

Wat erlaabt och d’Kreativitéit ze fuerderen an all déi Leit, ob dat am Gaming ass, ob dat am Internet, am ICT, an deem ganze Beräich sichen och där Leit. A wann se keng Main d’oeuvre fannen, gi se och fort. Dat hu  mir jo och gesi bei enger Firma déi gesot huet, zu Lëtzebuerg fannen ech keng Leit, dofir ginn ech dann an eng aner Haaptstad. Dat heescht, mir mussen dat emol en amont, dat heescht, datt och d’Main d’oeuvre zu Lëtzebuerg och ass.

Ech mengen, datt och dës Regierung de Cadre légal weider ënnerstëtzt deen et erlaabt, deene Betriber déi och weider Aarbechtsplazen, d’Kreativitéit fuerdert, d’Produktioun fuerdert, wäert weider ënnerstëtzen. Do gesinn ech keng Revirementer um Niveau vun der Regierungssäit fir do d’Politik wëllen ze wiesselen.

Dat heescht, ech gesi selbstverständlech nach Perspektiven.

An ech soen et nach eng Kéier, mir mussen, an dat gehéiert zu engem Land, on ne peut pas se reposer sur ses laurieres andeem ee mengt, tout est dû a bei eis komme se well mir ebe besser oder méi schéi sinn. Et muss een all Dag sech Froe stellen, wéi kann ech besser si wéi deen aneren. An dat musse mir och eng Kéier alleguerten an eis Käpp era kréien. Et kënnt keen op Lëtzebuerg, well et bei eis méi schéin oder mir méi sympathesch sinn. Mir musse besser sinn, mir musse méi attraktiv sinn, mir musse méi kompetitiv sinn, a soss kommen d’Leit net bei eis.

Julien Pinon: Dat heescht, als Schlussfolgerung sou ze soen. D’Kreativitéit zu Lëtzebuerg huet eng zimlech positiv Zukunft.

Xavier Bettel: Selbstverständlech, mä mir mussen d’Kreativitéit unzéien an d’Kreativitéit net verléieren. Dat heescht, mir musse kucken, datt Leit déi kreativ sinn op Lëtzebuerg kommen, an déi déi do sinn net fortginn. An dat ass en Challenge dee mir mussen hunn. An dat ass net nëmme lo an deem heite Beräich vun der Animatioun, mä insgesamt, mir dierfen d’Gehirer net verléieren a mir mussen nei Gehirer och unzéien.

Julien Pinon: Zum Schluss dann Äre Lieblingsanimatiounsfilm?

Xavier Bettel: Bon dëst Joer, noblesse oblige, de Monsieur Hublot, en Oscar gewonnen als Lëtzebuerger, dann ass ee ganz, ganz houfreg. An ech muss Iech soen, obwuel keen Toun drop ass, et ass schéin, et ass witzeg [gëtt ënnerbrach]

Julien Pinon: Et ass jo Musek do.

Xavier Bettel: ... et ass fir ze kräischen, jo et ass keng Sprooch do, et ass keen Text do, mä et ass flott. Ech soen net gäre wat ech elo léiwer hu wéi all déi aner. Ech sot et virdrun, meng Goûte gi vum Jean-Jacques Annaud, vum L’Ours, mat engem “A”, bis d’ZEILT-Produktioun vun Hublot. Dat heescht, ech hu vun A – Z alles gär.

Julien Pinon: Gutt, Här Minister, villmools Merci, datt Dir Iech Zäit geholl hutt an nach vill Spaass zu Annecy.

Xavier Bettel: Villmools Merci.

 

Dernière mise à jour