Xavier Bettel au sujet de la réforme du financement des cultes

"Et geet ëm de Prinzip am Fong, datt d’Relioun eng privat Affär ass"

Interview vum François Aulner (100komma7):

Gëtt eng Kierchesteier agefouert oder net? Déi béid LSAP Politiker Étienne Schneider a Claude Haagen hunn dës Piste gëschter an haut op RTL an d’Gespréich bruecht. Wéi konkret ass d’Iddi vun enger Kierchesteier a wéi eng aner Optioune ginn et fir déi zukënfteg Finanzéierung vun de Glawensgemeinschaften? Doriwwer schwätze mir elo live mam Premier- a Kultusminister. Här Bettel, gudde Mëtteg.

Xavier Bettel: E schéine gudde Mëtteg.

François Aulner: Et ass drop an drun, datt Dir eng Äntwert vun de 6 konventionéierte Glawensgemeinschafte sollt kréien op d’Regierungsvirschléi vu virum Summer fir eng Form vun der Finanzéierung. Mat wéi engem Feedback rechent Dir wat d’Fro vun enger eventueller Kierchesteier ugeet?

Xavier Bettel: Also net nëmme vun de konventionéierte Culten soll ech eng Äntwert kréien. Ech hunn och déi net konventionéiert Culten gesinn. Dir wësst jo, datt mir eng scho méi länger Zäit a Gespréicher mat de Reliounsgemeinschafte sinn. Ech hunn d’Vertrieder vun de Gemeinschaften e puermol gesinn. Et gouf een Échange iwwert déi verschidde Vuen an et ginn eng Rei Proposen déi vun all Säite sollten analyséiert ginn. Sou wéi Dir elo just gesot hutt, hate mir se virun der grousser Vakanz gesinn. Si hu gesot, si géife mat hire Leit schwätzen a mat hire Propositiounen zeréck kommen. Mir hunn e puer Modeller proposéiert an déi mussen och dann eben vun deenen anere Säiten och ënnert d’Lupp geholl ginn.

François Aulner: An eng vun de Pisten ass awer d’Aféiere vun enger Kierchesteier, sou de Vizepremier Étienne Schneider. Wou gesidd Dir d’Vir- an Nodeeler vun sou enger Form vu Steier?

Xavier Bettel: Dir sot selwer, et ass eng vun de Pisten. Et sinn eng Rëtsch vu Pisten do. Wann ech Iech elo scho meng Preferenz géif zum Ausdrock bréngen, géif ech net neutral an Diskussioune goen. Mir hunn hinnen déi verschidde Méiglechkeete proposéiert an ech erwaarde mir bei deenen nächste Rendezvousen hir Propositioun, hir Contre-Propositioun, hir Modifikatioun. Op jidder Fall wéi si et gesinn. Et ginn eng Rëtsch Optiounen. D’Kierchesteier ass ee Modell, wéi et zum Beispill an Däitschland ass. Et ginn awer och aner Iddien an déi mussen all Kéiers och op hir Faisabilitéit analyséiert ginn éier ech Iech soen wat elo déi Bescht oder déi manner gutt wier.

François Aulner: Jo, am Kultus- oder respektiv am Staatsministère gouf jo eisen Informatiounen no, e Rapport iwwert déi méiglech Pisten elo schonn ausgeschafft. Wéi eng aner Optioune gëtt et do?

Xavier Bettel: Ech sinn net hei zu Marrakesch um Suk fir Iech ze soen wat ech alles vu Propositioune maachen. Ech sinn zesumme mat de Culten zesumme komm fir driwwer ze diskutéieren. Wann ee Gespréicher huet, da wäert ech Iech all déi Léisunge matdeelen déi mir diskutéiert hunn wa mir bis méi no komm sinn. Mä et huet kee Wäert, datt ech Iech meng Propositioune maachen, well da weess ech ganz genau, datt Dir elo bei d’Kierch gitt fir ze froen wat se vu menge Propositiounen halen. Ech fanne wann een diskutéiert, da soll een dat och zesummen diskutéieren an dann d’Resultat matdeelen.

François Aulner: Dir wëllt Iech relativ séier mat der Plattform vun de 6 Glawensgemeinschaften eens ginn bei der Finanzéierungsfro. Wéi sécher ass et, datt d’Fro vun der Finanzéierung vun de Ministres des cultes d’nächst Joer an engem Referendum gestallt gëtt, wann Dir virdrun en Accord géingt fannen?

Xavier Bettel: Also mir hunn, Dir wësst jo, datt mir de Referendum, do si Gespréicher mat de Culten déi lafen an am Koalitiounsaccord steet och, datt mir e Referendum wëllen an déi Richtung maachen. Dat ass sou wéi et virgesinn ass. Eis Gespréicher mat de Vertrieder vun de Reliounsgemeinschaften dréinen sech deemno ronderëm dat wat da vläicht duerch de Referendum ka präziséiert ginn a gekläert ka ginn. Also wéi gesot, de But ass elo net fir ze soen mir hunn Angscht virum Referendum oder wéi wat oder wou. Mir kucken elo Léisungen ze fannen a wéi gesot dee Referendum ass virgesinn.

François Aulner: Alleng d’Paien an d’Pensioune vun de Ministres des cultes a vun de Reliounsenseignanten an d’Netto-Käschte fir d’Kierchefabriken chiffréieren sech eisen Informatiounen no op en Total vu ronn 55 - 60 Milliounen Euro pro Joer. Vu datt dat och zum Deel d’Gemenge concernéiert, wéi grouss ass de potentielle Spuerpotential fir de Staat do?

Xavier Bettel: Ma am Budget vum Staat steet, dat wat Dir erausfonnt hutt vun de Coûten, vun den direkte Coûten fir de Staat. Et sinn och nach d’Kierchefabriken do, et sinn eng Rëtsch vu Saachen do wéi gesot. Am Moment hunn ech och matdeelt kritt, datt d’Kierchefabriken sech zesumme gesat hunn. Ech hoffe selbstverständlech, datt ee sech do zesumme setzt. Mä et geet awer wierklech net hei ëm eng Spuermesure. Well et huet een d’Gefill wann een elo de Montant seet, datt et hei drëms geet fir Suen ze spueren. Et geet ëm de Prinzip am Fong, datt d’Relioun eng privat Affär ass an déi net am Aufgabeberäich vum Staat gehéiert an dowéinster si mir der Meenung, datt do d’Responsabilisatioun vun de Croyanten vun de Leit déi sech zu enger Relioun bekennen och sollt finanziell Reperkussiounen hunn.

François Aulner: Et ka jo effektiv ëm ee Prinzip goen, mä trotzdem bleift och e Spuerpotential do, an aktuell [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Et geet net ëm Spueren, also ech, j’insiste vraiment. Dir sidd hei elo et geet nach eng Kéier ëm d’Spueren, et geet net ëm d’Spueren [gëtt ënnerbrach]

François Aulner: Mä och.

Xavier Bettel: Hei geet et ëm ee Prinzip an engem Staat, datt een och Reliounen unerkennt, datt ee Reliounen, mä et kann net sinn, datt all Persoun déi fir eng Relioun, mat enger Relioun ze dinn huet, automatesch e Staatsbeamten ass. D’Relioun ass eppes Perséinleches. Ech hunn elo privat gesot, mä et ass eppes Perséinleches. D’Relioun ass eppes Perséinleches. Dir sidd, vläicht an enger Communautéit, mä et ass Äere perséinleche Glawen an ech mengen, ech sinn der Iwwerzeegung, datt et do net um Staat ass an datt et do éischter um perséinleche Glawen an och perséinlech seng Bedeelegung do bäizeleeën.

François Aulner: Wéini ass déi nächst Gespréichs- respektiv Verhandlungsronn mat der Plattform vun de Glawensgemeinschaften?

Xavier Bettel: An deenen nächsten Deeg a Wochen.

François Aulner: Souwäit da Merci, de Premier- a Kultusminister Xavier Bettel iwwert d’Finanzéierungsfro vun de Glawensgemeinschaften. Merci fir d’Gespréich Här Bettel.

Xavier Bettel: Ech soen Iech Merci. Äddi.

François Aulner: Äddi. Mir sti virun éischte Verhandlungen huet et dann de Moien op Nofro hin, bei der kathoulescher Kierch geheescht. Inhaltlech wollt ee sech do awer net op d’Aussoe vun den LSAP Politiker Claude Haagen an Étienne Schneider äusseren.

Dernière mise à jour