Xavier Bettel au sujet de la rentrée politique

"Mir wëllen net, wéi a Griicheland, wéi an Irland, wéi a Portugal musse Pensioune kierzen a sou Saache maachen"

Interview vum Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg):

Max Theis: A mam Xavier Bettel schwätze mir de Moien iwwert déi politesch Rentrée. Xavier Bettel, gudde Moien.

Xavier Bettel: E schéine gudde Moien.

Max Theis: Här Staatsminister, aus Aktualitéitsgrënn wollt ech mat enger Schoulfro ufänken. Déi sinn nämlech zanter e puer Minutten nees am Gaange. De Chômage ass héich, et gi Problemer an der Schoul, et gëtt ëmmer méi an de Modulaire orientéiert, Jonker briechen d’Schoul of, just fir déi Beispiller ze nennen. Wat sot Dir dann deene Jonken, déi vun haut un, respektiv an den nächsten Deeg nees an der Schoulbänk sëtzen?

Xavier Bettel: Datt se fir d’éischt d’Motivatioun mussen hunn, mä virun allem net nëmmen d’Schüler. Ech mengen, och de Corps enseignant ass ganz, ganz wichteg. Datt déi Leit déi an der Schoul schaffen och déi Motivatioun hunn a mir eis eng Kéier déi Fro musse stellen, ob déi Schoul déi mir am Moment hunn déi richteg Schoul ass. Ob déi Schoul modern genuch ass. Ob déi Schoul adaptéiert ass op dat wat um Aarbechtsmaart gefrot gëtt. Dat si lauter Froen déi ee sech muss stellen.

Eng Schoul dierf net eng Occupatioun si fir den Dag ze verbréngen. D’Schoul muss engem eppes bäibréngen, wou een duerno och domatter méi Perspektiven a méi Chancen duerno am Liewen huet.

De Claude Meisch huet keen einfache Ressort. En huet d’lescht Woch eng Pressekonferenz gehat wou en och gesot huet, datt mir e System brauchen zu Lëtzebuerg deen och de Realitéiten ugepasst gëtt, wou mir mierken, datt den däitschsproochege System en inegalitäre System ass am Moment – wann ee kuckt, wéi den Taux de réussite och bei den net-Lëtzebuerger ass. Mä virun allem eng Schoul déi d’Leit op d’Zukunft preparéiert.

Mir hunn, wann eng Firma wéi Amazon hei vu 7 op 1.000 Leit Jobben kreéiert a keen ee Lëtzebuerger fënnt, well keen déi Studie gemaach huet déi do gebraucht gi fir Programmatioun ze maachen an déi Saachen ze maachen, da soen ech mir, datt mir e Problem hunn. An dat musse mir zesumme mat de Schoulen, dat geet vun der Primärschoul, vun der Spillschoul, vum Lycée mat der Uni zesummen, wou mir mussen do schaffen.

An ech sinn der Iwwerzeegung, datt de Claude Meisch an de Marc Hansen och do an déi richteg Richtung ginn.

Awer wéi gesot net alleng. Dat muss zesumme mam Nicolas Schmit gemaach ginn, dat muss zesumme mam Patronat, mat de Gewerkschafte gemaach ginn. A mäi klenge Fanger seet mir, datt mir dës Woch jo och déi Leit gesinn, an do mussen och an déi Richtung goen.

Ech wënschen hinnen op jiddwer Fall vill Freed, well dat muss och sinn, mä virun allem och op ze si fir dat ze verstoen an dat bäibruecht ze kréie wat de Proff och bäizebrénge kritt, an dofir brauch een och motivéiert Enseignanten.

Max Theis: Politesch gëtt e waarmen Hierscht versprach, mat de Mesuren déi d’Regierung soll annoncéieren. Wéi waarm gëtt deen Hierscht dann?

Xavier Bettel: Also sou waarm, also d’Leit erwaarden sech, datt et elo e waarmen Hierscht gëtt. Fir mech, fir e Politiker mussen et 3 Qualitéite ginn.

Déi éischt ass emol nozelauschteren an ze iwwerleeën. Jo, mir hunn Zäit gebraucht fir nozelauschteren an ze iwwerleeën. Mir wollte keng hallefgebaken Decisiounen huelen. Mir wollte keng Saachen huelen déi net iwwerluecht wären. Ech erënnere just un eng Ausso zum Beispill vum Här Juncker, deen eng Kéier gesot huet, de bëllegen Akt misst ofgeschaf ginn. Dat war Panik. Dunn hunn d’Leit gemengt, si missten direkt eppes kafe goen. Neen, duerch Fuitë sinn Saachen eraus komm, mä mir wollte keng Informatioune ginn déi nach net iwwerluecht wären. Dat heescht, mir hunn iwwerluecht, mir hu gerechent a mir sinn nach am Gaang.

Mir sinn nach am Gaang, mir gesinn och dës Woch nach eng Kéier, soen ech, d’Patronat an d’Gewerkschaft, fir mat hinnen zesummen och iwwert d’TVA, iwwert déi Contributioun an och iwwert d’Kompetitivitéit ze diskutéieren. Dat sinn déi Punkten, wou een da muss den Echange hunn.

Wann een den Echange bis huet, muss een Decisiounen huelen. Dat ass déi zweet Qualitéit. Éischtens nolauschteren, déi zweet, Decisiounen huelen. Et gëtt näischt méi Schlëmmes wéi de Leit ze soen, mir mussen irgendwéi besser iwwerleeën, mir mussen d’Sue besser ausginn, mir musse kucke wéi mir eng méi modern, eng familljefrëndlech, eng adäquat Politik, wéi mir d’Suen ausginn zu Lëtzebuerg, maachen. Do muss een Decisiounen huelen.

An dir hutt heiansdo Politiker, déi lauschtere vläicht no, mä déi huele keng Decisiounen.

An déi drëtt ass de Leit déi Decisiounen ze erklären. An dat ass déi Phas ab Oktober wou mir de Leit mussen erklären. Dat heescht, wann ee mengt, et wier e waarmen Hierscht wann een de Leit probéiert dat ze erkläre wat muss fir dëst Land gemaach ginn, mengen ech net. Wat wichteg ass, dat ass, datt mir en Dialoghierscht kréien, wou mir de Leit erklären, firwat mir Reforme musse maachen, firwat mir mussen iwwerleeën ier mir Suen ausginn, datt déi Milliard – mir wësse säit, nach eng Kéier, säit 2006, datt 1 Milliard fortgeet duerch de Commerce électronique, mä mir hu gemaach wéi wann déi fir ëmmer géif an d’Keess kommen. Mir wëssen, datt dat net de Fall ass. Mir mussen eis elo d’Fro stellen, wéi mir dat kompenséiert kréien. Wéi mir eng Politik kënne maachen fir déi nächst Generatiounen, a fir datt Lëtzebuerg och nach dat bleift, dat wat et ass a virun allem dat Land wou mir houfreg sinn iwwert déi Liewensqualitéit déi mir hei an dësem Land och hunn.

Max Theis: Mä wat erwaart eis dann elo mol am Eescht? Nëmme spueren an nei Steieren oder Contributiounen? Oder gëtt et och deen een oder anere Bonbon?

Xavier Bettel: Ech ka scho vu spueren net méi héieren. Et gëtt ëmmer gemengt, et muss gespuert, gespuert, gespuert, gespuert ginn.

Wat muss gemaach ginn, et muss eng modern, et muss eng efficace, et muss eng Politik gemaach gi wou ee sech freet, muss déi doten Depense gemaach ginn.

Wann Dir spueren nennt, sech d’Fro ze stellen, muss ech dat doten ausginn? Da gëtt gespuert, wann dat et ass. Mä ech nennen dat net spueren, ech soen einfach, intelligent Suen ausginn. Dat heescht, ze kucken wann ech eppes ausginn, ob et och dat bréngt, firwat déi Sue gebraucht ginn.

Zu Lëtzebuerg ass ëmmer gekuckt ginn d’Resultat, wat et kascht. Et ass ni gekuckt ginn, ob et eppes bréngt. Dës Regierung mécht et eben anescht. Dës Regierung kuckt net wat et kascht, mä kuckt wat et bréngt. Ech hu léiwer net ze soen d‘Chômagebekämpfung huet et sou deier kascht, mä ech hu léiwer duerno ze soen d’Chômagebekämpfung huet sou vill Leit aus dem Chômage eraus kritt. Dat ass eng ganz aner Philosophie.

A fir déi Saache mussen ze maachen muss ee mat de Leit zesummen diskutéieren. Et muss ee Reforme maachen. Et muss een de Leit Loscht ginn, et muss een d’Leit motivéieren, et musse en d’Leit heiansdo e bësse pushen, vläicht, fir dat eent oder fir dat anert ze maachen.

Mä mir mussen einfach elo, well ech Iech et elo just och gesot hunn, ab den 1. Januar fält déi Milliard vum Commerce électronique ewech, déi TVA, do muss ee kompenséieren. An do musse mir kucken, wéi mir do balancéiert kënnen dat maachen, fir datt mir net an enger Scholdspiral, sou wéi et am Moment ass, weider fueren.

Well soss, soen ech Iech just eppes, mir verléieren – ech weess, verschidde Leit soen, den Triple A, ass dat wichteg oder net wichteg – mä mir verléieren dat wat zu Lëtzebuerg e Markenzeechen ass, déi Stabilitéit. Déi gesond ëffentlech Finanzen. A wa mir dat verléieren, wëll ech net soen wat d’Repercussioune sinn. Well et soll een net mengen, wa Lëtzebuerg op eng Kéier déi Kredibilitéit net méi huet, datt déi ganz Banken hei bleiwen, datt déi ganz Assurancen hei bleiwen. A kommt, mir sinn eis eens, vu wat liewe mir? An dann ass et ze spéit.

A mir wëllen net, wéi a Griicheland, wéi an Irland, wéi a Portugal musse Pensioune kierzen a sou Saache maachen. Dofir ass et wichteg, haut déi richteg Mesuren ze huelen fir net mussen drastesch Mesuren an d’Motorsee eraus ze huele fir alles ze käppen.

Max Theis: Mä eng Milliard kompenséieren, wat kënnt dann do iwwerhaapt a Fro? Do ass jo emol och e Spëtzesteiersaz, méi en héijen, an der Diskussioun.

Xavier Bettel: Wien huet dann dovunner geschwat?

Max Theis: Den LSAP-Parteipresident.

Xavier Bettel: Mir hunn e Koalitiounsaccord.

Max Theis: Dat heescht, do gitt Dir net drun.

Xavier Bettel: Dir wësst jo wat am Koalitiounsaccord steet. Mir hätte gäre Finances publiques déi saine sinn. Mir maache gären eng Steierreform, déi ass net fir dëst Joer virgesinn, déi ass fir 2017 virgesinn. Mä also vu Supersteiersaz, vu Successioun, Ierfschaftssteier, etc., etc., dat si vläicht Wënsch vun deem engen a vun deem aneren. Mä mir hunn e Koalitiounsaccord a mir kucken deen och selbstverständlech anzehalen.

An et ass weder virgesi fir eng Superräichesteier, wéi se se a Frankräich virgesinn haten, op 75% ze maachen, weder eng Ierfschaftssteier anzeféieren. Dat si Spekulatiounen. Ech ka mir virstellen, datt deen een oder deen aneren dat vläicht léiwer direkt hätt. Op jiddwer Fall ass dat net de Wonsch deen am Koalitiounsaccord zum Ausdrock komm ass.

Max Theis: 9 Méint sidd Dir elo am Amt. Souzesoen d’Zäit vun enger Schwangerschaft. Wéi bléckt Dir da kritesch op déi Zäit zeréck? D’Regierung huet eng nei Aart a Weis versprach fir ze regéieren. Frësche Wand, Transparenz. Sidd Dir deem Usproch an Ären Ae gerecht ginn?

Xavier Bettel: Ech mengen, dës Regierung huet, ech hunn et Iech gesot, nogelauschtert, mä och vill Decisioune geholl.

Wann ech déi eng héieren déi soen, et ass näischt geschitt: de Pierre Gramegna huet direkt an den éischte Méint missten e Budget maache wou iwwer 230 Milliounen hu misste gespuert ginn. De Claude Meisch huet sech misste mat de Studentebäihëllefen, déi reforméieren. D’Plans sectoriels sinn op de Wee bruecht ginn.

Ech wëll Iech och just soen, da gëtt gesot, jo, mä dat si lauter Ierfschafte vun der virechter Regierung. Wa mir vun Ierfschafte vun der virechter Regierung schwätzen, kann ech Iech soen, datt ech jo, vill Ierfschafte vun der virechter Regierung hunn. Ech hunn e Problem mat engem Gebai um Kierchbierg wou Asbest dran ass, wou ech muss Milliounen elo virgesi fir en neit Lokal ze fannen, also nei Lokalitéiten ze fannen. Ech hu Problemer mat der Waasserqualitéit, ech hu Problemer mat Schleisen, ech hunn e Problem mat Kläranlagen. Ech hunn eng Rëtsch vu Problemer déi ech geierft hunn.

Ech hunn aner Texter wou ee vläicht ugefaang hat ze bastelen, ob dat d’Reform bei der Police ass, ob dat d’Plans sectoriels sinn, eng Rëtsch.

De Moien wäert, d’CSV huet jo e Briefing, déi soen et wier näischt komm. Ech kann Iech just soen, dës Regierung huet ganz, ganz vill geschafft an eng Ierfschaft déi net nëmmen e Cadeau war.

Max Theis: Dir sëtzt de Moien och als Parteipresident hei. Firwat eigentlech dee Choix, fir nach Parteipresident ze bleiwen, nodeems Dir Premier gouft?

Xavier Bettel: Well ech am Januar d’Mandat kritt hunn an ech net Parteipresident gi si fir Premier ze ginn. Ech si Parteipresident gi fir mech anzesetze fir déi Iddien déi ech verdeedegen.

Max Theis: An dat gëtt Iech net ze vill? Mat der Zäit?

Xavier Bettel: Neen. Neen. De Moment, tiptop.

Max Theis: Wat d’Zukunft vun der DP ugeet, Dir sidd jo dann de Kapitän u sech vun där Partei. Wéi preparéiert Dir dann d’Partei op d’Gemengewahlen 2017 an och déi Zäit duerno?

Xavier Bettel: Kapitän ass näischt wann ee keng Equipe huet. An dat ass do wou ech d’Chance hunn, datt ech an der Fraktioun, a mam Gilles Baum och als neie Generalsekretär, wierklech eng super Equipe hunn. Och an der Regierung, mat de Kollegen, an datt mir do zesumme kucken a mir kréien all Woch, all Woch zéch nei Memberen. Dat mécht mir selbstverständlech ganz, ganz vill Freed. D’Vertraue vun de Leit wat mir geschenkt kréie fir dat wat mir maachen. An ech sinn iwwerzeegt, datt mir mat där Politik déi mir gemaach hunn, an do wou mir an der Verantwortung sinn, och déi richteg Kandidatelëschten a Programm wäerten opsetze fir déi nächst Gemengewahlen.

Max Theis: D’Stad Lëtzebuerg, mécht déi Iech keng Suergen?

Xavier Bettel: D’Stad Lëtzebuerg, ech mengen, d’Madame Polfer huet déi Erfahrung bewisen, datt se dat richteg mécht, gutt ka maachen. Ech soen et nach eng Kéier, et schwätzt een nëmme vun enger Persoun. Et ass eng Equipe. An dat wat wichteg ass, ass op engem Bilan jugéiert ze ginn, an ech sinn iwwerzeegt, datt dee Bilan sou wéi en elo gutt ass, och gutt wäert bleiwen.

Max Theis: Xavier Bettel, ech soen Iech Merci, datt Dir de Moie komm sidd an da si mir gespaant op de 15. Oktober.

Xavier Bettel: Villmools Merci.

Dernière mise à jour