François Bausch à l'émission "Background – am Gespréich" d'RTL Radio Lëtzebuerg

"D’Zil ass effektiv en équilibréierte Budget ze hunn, fir datt mir kënnen investéiere fir d’Land"

"Et geet jo awer och dorëms, datt mir dee Wuelstand, deen zu Lëtzebuerg jo awer relativ héich ass an Europa, datt mir wëllen deen halen, a mir wëlle kucken, datt mir deen ofséchere fir déi kommend Generatiounen. Dat ass d’Zil, donc ass et keng Austeritéitspolitik, déi mir ustriewen. Ech si perséinlech, a keen an der Regierung ass e Fanatiker vun Austeritéitspolitik, mä wat mir wëlle maachen, dat ass, wéi gesot, mir hätte gären, datt d’Leit eis d’Chance ginn, datt mir kënnen investéiere fir d’Zukunft. A fir dat kënnen ze maache musse mir liicht Restrukturatioune maachen, an dat ass d’Zil dovun."

En Interview vum Jean-Marc Sturm (RTL Radio Lëtzebuerg):

“Background – am Gespréich”. Eisen Invité haut ass 1986 Member bei deene Grénge ginn, 1989 goung et an d’Chamber bis 1992, duerno ass en 1994, 1999, 2004, 2009 an 2013 erëmgewielt ginn. 2013 goung et an d’Regierung, dotëscht waren et 14 Joer Stater Kommunalpolitik. François Bausch, gudde Mëtteg.

François Bausch: Gudde Mëtteg.

Jean-Marc Sturm: Dir sidd en alen Hues an der lëtzebuerger Politik. Hunn all déi Joeren de Revoluzzer an Iech verwässert?

François Bausch: Neen, mä en ass méi roueg ginn, a méi pragmatesch gi ganz sécher. Mä d’Zilsetzunge sinn nach ëmmer déi nämmlecht. Et ass natierlech iwwer 30, 40 Joer wou een an der Politik ass, an d’Politik huet ganz vill mat Erfahrung ze dinn, dat mécht ee méi roueg, an dat mécht een och méi gedëlleg. Et fënnt ee mat der Zäit eraus, datt et das Bohren der dicken Bretter heescht, an dofir muss ee Gedold hunn. Mä et muss een d’Zil am A behalen.

Jean-Marc Sturm: D’Land waart op de 14. Oktober, wann de Staatsminister Bettel an der Chamber ukënnegt wou et higeet, respektiv op de Budgetsdépôt den Dag drop.

Am Virfeld hat d’Regierung zwee Rendezvouse mat de Sozialpartner. Et heescht, do gouf méi Kommunikatioun wéi Dialog gemaach. Den OGB-L President Jean-Claude Reding sot op eiser Antenn, datt et net kloer ass; datt et keng richteg Method gëtt; et wier e Scheindialog bei deem een op e Gespréich kuerz virum Premier senger Ried vertréischt gëtt. Mir lauschtere kuerz an d’Kritik eran.

Jean-Claude Reding(O-Toun): Wat awer feelt, dat ass eigentlech e richtege strukturéierten Échange iwwer déi grouss Orientéierunge vun der Finanz- a Budgetspolitik vum Staat. An dat ass awer enorm wichteg. Et muss ee jo wëssen, wouhinner wëlle se steieren an der Investitiounspolitik, an der Recettëpolitik, an der Dépensëpolitik. An do wier et jo awer vläicht net vu Muttwëll, ier een Décisiounen hëlt, wierklech eng verdéifte Konsultatioun ze féieren, net fir datt d’Gewerkschaften an d’Patronat solle mat decidéiere wat fir eng Strooss wou soll gebaut ginn. Mä awer generell feelen déi grouss Bléck vun den Investissementer, déi ee soll maachen. Do kënne mir awer vläicht an deem europäeschen Hannergrond, a mat deem Wësse wat mir awer och hunn, vläicht e konstruktive Bäitrag dee Moment maachen, fir datt mir an déi richteg Richtung kommen. An do hu mir kee strukturéierte System.

Mir haten am Januar scho gesot, hei, mir musse Momenter hu wou mir en Austausch hunn iwwer eng Rëtsch vun Donnéeën. Déi hu mir net kritt.

Ech fannen et falsch, fir just een ze ruffe fir engem virun enger Annonce déi ee mécht, 5 Minutte virdru wëllen ze erkläre wat se maachen. Dat brauche mir net. Dat ass net d’Method. Dat ass och keen Dialog. En Dialog dat ass, wann een dat virdru mécht, an net an engem, jo, net ënnert, dat ass e Scheindialog.

Jean-Marc Sturm: François Bausch, wéi reagéiert Dir op déi Kritik?

François Bausch: Ech kann déi Kritik verstoen, vu datt de Sozialdialog déi lescht Joere komplett um Buedem loung; vu datt de Sozialdialog quasi nëmmen nach aus Provokatiounen de part et d’autre bestanen hunn. A virun allem natierlech verstinn ech de Jean-Claude Reding, dee jo am Fong déi Leit vertrëtt, loosse mir soen, déi manner Méiglechkeeten hu fir sech ze wieren. Dat sinn éischter déi Schwaachst an eiser Gesellschaft. An datt hie sech wënscht, datt erëm e Sozialdialog zeréckkënnt deen den Numm verdéngt, kann ech novollzéien.

Ech muss awer soen, datt d’Regierung deen och wëll, an datt ee muss bedenken, datt mir een Objektiv hunn, elo emol direkt à court terme, als Regierung, fir ze kucken, déi méi, loosse mir soen, déi méi schwéier, strukturell schwéier Problemer déi mir hunn am Budget, datt mir déi an de Grëff kréien.

Dat ass och net, datt mir wëllen elo Austeritéit maachen, au contraire. Dës Regierung wäert, an dat wäert Dir gesi wann de Budget virgestallt gëtt, wäert beleeën, datt mir am Fong en Appel maachen un d’Bevëlkerung fir ze verstoen, datt mir d’Land wëlle weider bréngen, an datt mir dofir en équilibréierte Budget brauche fir kënnen ze investéieren an d’Land. An dat kënnt jo précisément och deem entgéint wat de Jean-Claude Reding seet.

Hie seet just, si hätte gären, natierlech wéisste se gär méi am Detail wat dann d’Investitiounspolitik ass, a wéi eng Richtung datt se soll goen. Ech verstinn dat.

A well mir dat gären och hätte mat de Sozialpartner, huet d’Regierung jo och decidéiert 4 Aarbechtsgruppen anzesetzen. Et sinn emol déi 4 éischt déi mir wëllen asetzen, déi sinn elo definéiert. Mir hunn och de Sozialpartner, als Regierung, jo och elo e Bréif geschéckt, wou mir da gesot hunn, wéi déi ze heeschen hunn, an och wat do alles soll diskutéiert ginn. Dat geet vun der Beschäftegungspolitik bis zur Kompetitivitéit ass zimlech alles dran. A mir si selbstverständlech als Regierung offen, wann de Besoin besteet, nach e 5. oder e 6. Aarbechtsgrupp ze grënnen, deen natierlech och ze grënnen. Also ech mengen, de Wëllen ass do.

Mä ech mengen, wann alles bis a Schierbele geschloe war, dann ass dat natierlech, loosse mir soen, méi e schwierege Prozess fir d’Schierbelen erëm zesummen ze kliewen, fir erëm e richtegt Glas doraus ze maachen. An dat ass awer d’Zil wat d’Regierung wëll. An ech sinn och der Iwwerzeegung, datt mir dat wäerten hikréien.

Jean-Marc Sturm: Esou Aarbechtsgruppen, där goufen et der scho vill, och an der Vergaangenheet. Vun de mannsten huet een eppes vun engem Resultat héieren.

François Bausch: Ech mengen, datt einfach de Problem war an deene leschte Joeren, datt déi Aarbechtsgruppen, datt eigentlech näischt méi fonctionnéiert huet. Ech mengen, et huet ee jo gespuert, datt kee Wëlle méi do war fir iwwerhaapt nach ze diskutéieren. Et ass am Fong nëmmen nach gestridde ginn, oder dann herno gesot ginn, d’Decisioune sinn elo esou, Punkt fäerdeg. Et war eng Basta-Politik. An ech mengen, dat ass keng gutt Politik, an dat ass och net wat dës Regierung wëll.

Natierlech hu mir en Zil, an dat ass en Zil wat mir jo net ustriewen, well mir wëllen d’Leit péngegen, oder well soss eis näischt Besseres afält. Mä d’Zil ass effektiv en équilibréierte Budget ze hunn, fir datt mir kënnen investéiere fir d’Land. A wa mir dat kënne maachen, dann ass dat am Interêt vun eis alleguer, an och vun de kommende Generatiounen.

Et geet jo awer och dorëms, datt mir dee Wuelstand, deen zu Lëtzebuerg jo awer relativ héich ass an Europa, datt mir wëllen deen halen, a mir wëlle kucken, datt mir deen ofséchere fir déi kommend Generatiounen.

Dat ass d’Zil, donc ass et keng Austeritéitspolitik, déi mir ustriewen.

Ech si perséinlech, a keen an der Regierung ass e Fanatiker vun Austeritéitspolitik, mä wat mir wëlle maachen, dat ass, wéi gesot, mir hätte gären, datt d’Leit eis d’Chance ginn, datt mir kënnen investéiere fir d’Zukunft. A fir dat kënnen ze maache musse mir liicht Restrukturatioune maachen, an dat ass d’Zil dovun.

Jean-Marc Sturm: Sënn an Zweck vun enger Tripartite ass jo u sech mat de Sozialpartner, an dësem Fall elo emol e Spuerpak aushandelen, mat och Konzessiounen. Dat huet jo op d’mannst dann de Virdeel, datt d’Sozialpartner dat Ganzt matdroen.

François Bausch: Ech mengen, wann d’Leit emol wäerte gesinn, de Premierminister Xavier Bettel wäert jo am Oktober déi Deklaratioun maachen, an deen aneren Dag wäert de Finanzminister dee ganze Budget virstellen, an net nëmmen de Budget virstellen, mä soen, wat ass d’Strategie an d’Approche bis 2018? Mir wëllen dat do jo och net alles op ee Joer maachen. Dat soll verdeelt ginn.

Ech wëll och drun erënneren, et soll nach eng Steierreform kommen an 2 Joer, do kann ee gewësse Rééquilibrage maachen. An ech mengen, dofir wäerte mir och en Aarbechtsgrupp asetzen, deen déi Steierreform uerdentlech virbereet.

An dat Ganzt dat ass ee Ganzt, dat muss een awer als Ganzt gesinn. An do si vläicht eenzel Saachen dran, wou deen ee seet, jo hätt dat do dann elo musse sinn, hätt een net vläicht kënnen eppes Aneschtes maachen. Mä et muss een dat an deem Ganze kucke fir et ze verstoen.

An da wäert och jiddweree gesinn, datt am Endeffekt, 2018, wa mir fäerdeg si mat deem Prozess, datt mir d’Land besser opgestallt hunn; datt dat net zur Konsequenz wäert hunn, datt deen Eenzelnen elo massiv manner wäert am Portmonni hunn, wéi dat oft gefaart gëtt, mä datt mir liicht verschidde Rééquilibrage maachen, mä déi eis awer erlaben op där anerer Säit ze investéieren. An dat Investéiere bedeit awer och, datt mir besser Chancen hunn, datt dat och fir eis Ekonomie gutt ass, datt fir d’Entwécklung vum Land eppes dobäi erauskënnt. An dat huet dann och erëm positiv Repercussioune fir jiddwer Eenzelnen. An ech mengen, dat ass d’Zilsetzung dovunner.

Dat ass heiansdo schwéier ze vermëttelen, well et komplex ass, mä wa mir dat esou gesinn, a mir probéieren et och esou elo ze kommunizéieren am Oktober, an och hoffe mir, datt esou diskutéiert gëtt, da wäert Dir gesinn, da kënnt fir jiddwereen eppes Positives dobäi eraus.

An da kommen natierlech eenzel Detailfroen. Déi kann een och nach an den nächste Joeren nach diskutéieren. Ech huelen d’Stéchwuert vun der Steierreform. Do wäert jo intern en Aarbechtsgrupp agesat ginn. Mir mussen eis jo emol eis eege Virstellunge maachen. A selbstverständlech ass all Feedback wëllkomm, och an Zesummenaarbecht mat de Sozialpartner, och mat de Gewerkschaften an där Hisiicht, fir datt mir dann do och e Pak geschnürt kréien, deen an dat Ganzt erapasst.

Jean-Marc Sturm: Dir sot, kommunizéieren. Et goufe sech vill Froe gestallt iwwer d’Kommunikatioun vun der Regierung, respektiv hire Parteien. D’Familljeministesch lancéiert déi ominéis Kontributioun vun 0,5% fir d’Kannerbetreiung. D’LSAP bréngt d’Räichesteier an d’Gespréich. De Vize-Premier denkt haart iwwer den Eegefinanzement vun der Kierch no. Kuerz drop gëtt méi oder manner zeréckgeruddert, gesot, datt dat Piste sinn, respektiv een nach a Verhandlungen ass, datt awer nach keng Decisioun geholl gouf. Wou ass do d’Linn?

François Bausch: D’Linn ass scho kloer. Wat de Problem ass, dat ass, et gëtt eenzel Elementer emol an der Ëffentlechkeet diskutéiert. Wat jo och elo keng anormal Saach ass. Mä da ginn natierlech déi eenzel Elementer isoléiert gekuckt, an analyséiert, an doriwwer gestridden, an diskutéiert.

An dat schaaft natierlech e Problem an der Gesamtkommunikatioun, dat ginn ech gär zou. An ech mengen, do muss d’Regierung sech och wierklech e bëssen um Bidon rappen, dat ass meng Iwwerzeegung, datt mir versichen, wa mir eppes lancéieren, et ëmmer esou ze diskutéieren, datt mir de Gesamtkontext net aus den Ae verléieren.

An dofir sinn ech och der Iwwerzeegung, datt all déi Mesuren, déi elo emol eenzel an der Diskussioun waren, wann d’Leit déi gesinn am Gesamtkontext, wat dorënner ze verstoen ass – ech huelen d’Beispill vun där Kontributioun vun 0,5% – dat ass net einfach fir ze soen, mir huelen elo 0,5% méi Recetten eran, mir féieren eng nei Steier, oder Abgab an. Mä dat muss ee gesinn an der gesamter Ausriichtung, déi mir der Familljepolitik, an der Politik fir d’Kanner wëlle ginn, wou mir méi wëlle maachen an Zukunft, an net manner wëlle maachen.

A wann een dee Gesamtapproche wäert bis gesinn, an de Claude Meisch an d’Corinne Cahen wäerten déi jo och iergendwann eng Kéier presentéieren, da verstinn d’Leit, datt herno fir jiddweree méi a besser Saachen erauskommen, méi qualitativ Saachen erauskommen. Datt mir op de Wee ginn zum Beispill vläicht manner Geldleeschtungen, mä méi Déngschtleeschtungen, qualitativer, wat an eiser Gesellschaft vun haut de Familljen natierlech extrem wäert entgéint kommen. An dat gesäit dat natierlech anescht aus.

Wann een natierlech déi 0,5% elo isoléiert kuckt dobaussen, an nëmmen driwwer diskutéiert, also dat do ass elo eng nei Abgab, da kënnt e falscht Bild eriwwer. An dat ass natierlech dann dat wat dann dobaussen diskutéiert gëtt, fir ze soen, et geet just dorëms eng nei Steier ze erhiewen. Et ass net dat, d’Gesamtzil ass e ganzt anert.

Jean-Marc Sturm: Et gouf jo zum Deel zerrappt vun de Gewerkschaften, ënnert anerem och vun engem ganz alen Hues, dem fréieren LSAP-Deputéierte Ben Fayot. Dobäi kënnt, et ass och nach net richteg gesot ginn, firwat ass dat Geld? Also, geet et an d’Kannergeldkeess fir Leeschtungen, geet et an Infrastrukturen, oder ass et elo e Mix?

François Bausch: Neen, nach eng Kéier, ech hu gesot, et ass ee Bestanddeel vun engem gesamte Kontext, a Konzept vun enger moderner Familljepolitik vun haut, déi dorop erausleeft, datt mir déi qualitativ Leeschtungen zu Gonschte vun de Kanner wëlle verbesseren. An dat kascht natierlech Suen. An et ass donc eppes, wou d’Leit zwar bezuelen op där enger Säit, mä op där anerer Säit phantastesch Leeschtungen an d’Plaz kréien.

Wësst Dir, mir sinn an enger Gesellschaft. Esou kann et net fonctionnéieren: jiddwereen hätt gär qualitativ Déngschtleeschtungen iwwerall, a jiddweree wëll doniewent och nach keng Steiere méi bezuelen. Dat ka jo net sinn. Ech mengen, mir mussen iergendwéi kucke wéi mir solidaresch alles nach finanzéiert kréien.

Mä wann een natierlech déi 0,5% gesäit, an dat wäert erkläert ginn am Hierscht, an deem Kontext vun enger gesamt-qualitativer Familljepolitik, wou mir eppes maachen zu Gonschte vun de Familljen an de Kanner, da gesäit dat Bild ganz anescht aus.

A bon, ech mengen, de Ben Fayot, ech respektéieren natierlech seng Meenung, mä hien huet et och e bëssen esou gesinn, isoléiert, an hien ass natierlech de Moment ausserhalb vun der Politik, en ass jo net méi an der Chamber, an donc och net méi agebonnen, dofir kann een natierlech liicht dee Bléckwénkel kréien.

Ech mengen datt, wéi gesot, de Feeler gemaach ginn ass, datt einfach déi Kontributioun ze vill isoléiert diskutéiert ginn ass par rapport zu deem wat d’Zilsetzung gesamt ass vun der Regierung. An ech mengen, do gëtt nogebessert an deenen nächste Wochen, an da wäert jiddwereen et gesinn, da gesäit dat Bild ganz anescht aus.

Jean-Marc Sturm: Den Här Fayot junior gëtt Budgetsrapporter. D’Regierung war viru kuerzem a Klausur, et sollt eben ëm de Budget goen. Duerno gouf iwwer d’Referendumsfroe kommunizéiert. Wéi wäit leie blo-rout-gréng a Saache Budget nach auserneen, oder ass dat esou wäit ficeléiert?

François Bausch: Wësst Dir, déi Regierung hei huet jo versicht eppes hierzestelle wat virdrun net méi existéiert huet, nämlech datt mir duerch vill zesummen diskutéieren, an net nëmmen op der Regierungsebene, mä mat Abanne vun de Fraktiounen, vun de Parteien, datt et eng zesummegeschweessten, solidaresch Équipe ass. An dat ass et. A mir hu vill Sëtzunge gehat zesummen, mir hu vill Stonne verbruecht zu Senneng zesummen, och nach op anere Plazen. An Dir wäert gesinn, datt an zwou oder dräi Wochen de Budget wäert virgestallt ginn, bei deem natierlech déi ganz Regierung hannendru steet, an déi dräi Parteien hannen dru stinn.

Datt et natierlech tëschent deenen dräi Parteien op verschiddenen Themen heiansdo emol ënnerschiddlech Meenunge gëtt, mä dat ass jo awer och normal, soss wiere mir jo all zesummen an enger Partei. Mir si jo net zesummen op enger Lëscht an d’Wahle gaangen. Mä mir diskutéieren dat kollegial, och heiansdo natierlech a Form vu Sträitdiskussiounen, wéi dat sech gehéiert, awer sachlech innerhalb vun der Regierung. An dann iergendwann eng Kéier decidéiere mir eppes, da leeë mir eis op eppes fest, an da gëtt solidaresch no bausse verdeedegt.

Wësst Dir, ech fonctionnéieren nom Prinzip, wann een an eng Regierung, wann een an en Exekutiv geet, da sinn d’Wahlen eriwwer, dann huet een den Optrag jo kritt vun de Wieler, dofir huet ee jo eng Majoritéit an der Chamber. An da muss ee kucken, da muss een d’Parteikaart e bëssen an de Schaf hänken. Da muss et dorëms goen, natierlech en Fonctioun vu sengen eegenen Iddien ze kucken op Basis vun deem Programm gemeinsam eppes ze maachen, well da muss een am Interêt vum ganze Land schaffen.

An ech mengen, et ass dat d’Zilsetzung wat dës Regierung huet. Mir wëllen am Interêt vun deem Land schaffen. Mir wëllen eppes maachen datt dat Land hei weider kënnt. An dat ass eist Haaptobjektiv. An dat kënne mir nëmme solidaresch maachen.

Jean-Marc Sturm: D’nächst Joer am Fréijoer ass de Referendum mat 4 Froen. Eng éischt Fro ass déi, ob d’aktiivt Wahlrecht och scho soll fir Jonker vu 16 u gëllen. Eng aner behandelt d’Limitatioun vun der Mandatsdauer vun de Ministeren. Méi brisant ass sécher d’Fro iwwer d’Trennung vu Kierch a Staat, wou d’Leit gefrot ginn, ob de Staat soll weider senger verfassungsrechtlecher Obligatioun nokomme fir d’Paie vun de Ministres de cultes ze droen. Eng 4. a lescht Fro da betrëfft d’aktiivt Wahlrecht fir Auslänner. Riskéiere mir net virun allem bei där leschter Fro dach awer eng zolitt Portioun ongesonde Populismus?

François Bausch: Ech mengen, datt dat eng schwiereg Fro ass, déi natierlech zu kontroversen Diskussioune wäert féieren. Mä ech mengen, datt mir se awer musse féieren. Mir kommen net do dolaanscht fir se ze féieren.

Mir hunn eng Situatioun zu Lëtzebuerg, déi ass extraordinär. Mir si bal elo op 50%, also 50/50, d’Lëtzebuerger sinn nach liicht an der Majoritéit am Land. Mir hunn awer eng Bevëlkerung vun 100%, a jiddwereen dréit dozou bäi, datt dat Land hei weider kënnt. Jiddweree schafft hei, bezilt hei Steieren.

Dat ass och de lëtzebuerger Modell, wéi en éiweg fonctionnéiert huet. Mir sinn e Land wat ëmmer gelieft huet vun Immigratioun. Lëtzebuerg wier haut net dat wat et ass, wa mir net Immigratioun gehat hätten. Mir hätten nämlech als klengt Land net déi Kapazitéit, an déi Kraaft gehat ouni Immigratioun, fir eis esou wäit no vir ze bréngen. Dat ass eng Chance. Komm, mir gesinn et als Chance.

An dozou gehéiert natierlech och déi demokratesch Fro. A mir mussen déi gutt virbereeden, a mir mussen eis där Diskussioun stellen.

An da soll dat en oppenen Ausgank hunn. Ech mengen, et ass awer just wichteg, datt d’Diskussioun gefouert gëtt. Mir kënnen eis net dolaanscht drécke laanscht déi Fro. Ech fannen, datt mir eis vill ze vill laang do dolaanscht gedréckt hunn. Well mat där Fro gëtt jo dann awer och villes diskutéiert wat d’Zesummeliewen ubelaangt zu Lëtzebuerg. Ech mengen, eng Rei Konditioune si jo proposéiert ginn an där Fro, et ass jo net einfach esou wou d’Regierung do hannendru steet. Mä da gëtt iwwer déi Konditiounen diskutéiert, an da gesi mir och emol, wéi d’Zesummeliewen zu Lëtzebuerg fonctionnéiert. Da gesi mir och vläicht, datt mir villes musse verbesseren, well vill ze vill niewentenee leeft amplaz matenee leeft, vun deene Leit déi hei am Land liewen.

An dofir soen ech, datt déi Diskussioun schwiereg ass, mä d’Politik besteet nun eben awer och doranner fir schwierege Froen net aus dem Wee ze goen. Där Politiker hu mir genuch gehat, a gëtt et der scho vill ze vill. Ech fannen, et muss een och de Courage hu schwiereg Froen unzegoen.

Jean-Marc Sturm: Wéi zum Beispill déi hei. Gi mir net de Wee wou et fir Auslänner méi einfach gëtt dat aktiivt Wahlrecht bei eis ze kréien, wéi déi lëtzebuerger Nationalitéit?

François Bausch: Neen, well wann Dir déi Konditioune kuckt, wéi mir se elo gesat hunn, ass ganz kloer eng grouss Differenz gemaach. Wann Dir als Konditioun gesitt, datt Dir schonn no 5 Joer kënnt d’duebel Nationalitéit kréien, awer eréischt no 10 Joer kënnt d’Wahlrecht kréien, nach ënnert der Konditioun selbstverständlech, datt Dir scho virdrun Iech eng Kéier ageschriwwen hutt bei enger Europa- oder Kommunalwahl, dann ass dat ganz kloer vill méi gënschteg Konditiounen iwwer d’duebel Nationalitéit. An et ass eng Konditioun nach domat verbonne par rapport zum Nationalwahlrecht.

Mä et ass awer, mengen ech, e Schratt iwwer deen ee kéint emol diskutéieren. Ech mengen, dat ass dat wat mir wëllen. Mir wëlle mat de Bierger emol doriwwer an Diskussioun kommen. Ech mengen, datt et e Schratt ass, dee ganz kloer a gutt iwwerluecht ass, an deen och net d’Saachen op d’Kopp géing geheien zu Lëtzebuerg.

Jean-Marc Sturm: Bei eiser éischter Fro vum Revoluzzer a vum alen Hues hutt Dir gesot, Erfahrung ass wichteg an der Politik. Trotzdem sollen d’Ministeschmandater op 10 Joer un engem Stéck limitéiert ginn. Wat ass do de Mehrwäert? A misst dat dann net och fir d’Deputéierte gëllen?

François Bausch: Am Exekutiv ze sinn, dat ass eng extrem Belaaschtung. Dat ass eng flott Aufgab, et ass eng immens flott Aufgab, et kann ee vill maachen, mä et ass extrem belaaschtend.

Ech soen Iech ganz éierlech – ech emfannen dat jo den Ament selwer, ech erliewen et jo den Ament selwer – déi éischt 5 Joer ass een extrem motivéiert, an et gehäit ee sech do voll dran, et schafft een 12, 13, 14 Stonnen den Dag ouni Problem, well ee wierklech sech seet, du hues elo déi Chance fir kënnen eng Rei Iddien ze verwierklechen, fir déi s de iwwer Joeren a Joerzéngte gekämpft hues. An dat mécht een eng Period, an dat kascht enorm Energie. Dann ass een an enger zweeter Period, wann een d’Chance kritt vum Wieler, nach eng Kéier motivéiert, well een e ganze Koup Projeten net fäerdeg kritt huet, fir déi fäerdeg ze maachen.

Mä, ech soen Iech, no 7, 8, 9 Joer am Exekutiv kascht dat Iech esou vill Energie, an da sidd Dir um Punkt, entweder hutt Dir et fäerdeg bruecht duerch politesche Courage, oder wat och ëmmer, Är Projeten, déi Dir am Kapp hat, ëmzesetzen, oder net. Mä dann ass de Risiko grouss, datt et just nach normal Gestioun gëtt.

An ech fannen am Exekutiv, dat dierf net banal Gestioun sinn. Do musse Leit sëtzen, déi wierklech motivéiert un d’Saach eruginn. An ech soen Iech, perséinlech wéilt ech och net méi wéi zwou Perioden noeneen am Exekutiv sëtzen, well ech sinn der Meenung, dann huet ee seng beschten Eeër do geluecht.

Jean-Marc Sturm: Dat kléngt jo awer e bëssen, da gi mir zeréck op de Krautmaart, do kann ee méi eng roueg Klatz dréinen?

François Bausch: Neen, dat kléngt guer net esou. Ech sinn der Meenung, datt een duerchweegs am Liewen duerno och nach kann aner Saache maachen.

Et muss een natierlech wëssen – dat gëllt iwweregens och fir d’Deputéierten – Deputéierten oder Minister ass jo kee Beruff, et ass eng Berufung am Fong. Et gëtt ee jo dohinner geschéckt vun de Wieler. An et ass natierlech eng Situatioun, wou ee muss kucken datt een den Iwwergank kritt fir déi Leit, déi an där Situatioun sinn, datt se net duerno ins Bodenlose falen. Si hu kee Recht op Chômage, op näischt. Dat heescht, et muss ee kucken, datt ee sech organiséiert kritt, wann een entweder net méi erëmgewielt gëtt als Deputéierten haut, oder als Minister, wat och ëmmer, datt een duerno eng Perspektiv huet.

Ech mengen, dat muss jo awer all Mënsch aliichten, datt een net ka verlaangen, datt ee sech esou dragehäit 10 Joer, an duerno keng Perspektiv méi huet. Mä et gëtt awer duerchweegs Méiglechkeeten. Ech ka mir duerchweegs virstellen a mengem Liewen duerno nach aner Saachen ze maachen. An da kann ee jo och déi Erfahrung déi een huet sécherlech do nach ausnotzen. Dat ass net de Problem.

Mä an der Regierung, am Exekutiv, an dat ass och e wiesentlechen Ënnerscheed zu der Chamber: Deputéierte sinn, ass e wichtegt Mandat, do kann ee villes maachen, esouwuel an der Oppositioun wéi an der Majoritéit, mä am Exekutiv ass d’Belaaschtung einfach nach e gudde Krack méi grouss. A wéinst anere Saachen, déi ech virdrun erkläert hunn, mengen ech, datt do zwou Perioden noeneen duergeet, fir datt een net ze vill an de Gewunnechtszoustand kënnt, an doduerch riskéiert just nach Gestioun ze maachen.

Jean-Marc Sturm: Do wäert elo munchen Auditeur denken, bof, déi gi souwisou um Enn placéiert.

François Bausch: Dat ass méi einfach gesot wéi gemaach. Ech kann Iech soen, ech hunn awer vill Deputéierten an deene Joere wou ech an der Chamber war erlieft, déi relativ an enger quokeleger Situatioun waren, nodeems se net méi erëmgewielt gi sinn, an déi eng Zäit hu misse struewele fir op d’Been ze kommen.

Dofir soen ech och ëmmer, et ass wichteg, d’Politik soll een net ugesinn als eppes, wéi gesot, wou een eng Garantie huet, well do huet ee keng Garantie; datt ee soll sech e Standbeen iergendwéi versichen oprecht ze erhalen oder opzebauen, fir wann een eng Kéier net méi, wann een d’Flemm huet, oder wëllt ophalen, eppes anescht wëllt maachen, oder net méi erëmgewielt gëtt. Mä et kann een duerchweegs a Situatioune kommen, datt een duerno nawell struewele muss fir erëm op d’Been ze kommen. An ech hunn där kannt.

An dat wëll ech och erëm eng Kéier hei soen: et gëtt oft dobaussen duergestallt, wéi wann d’Politik eppes wier, do kéim een dohinner, an da géing ee wa méiglech ganz vill Geld verdénge während Joeren, an et bräicht ee sech fir näischt méi Suergen ze maachen. Esou ass dat jo net.

An et ass esou, an ech schwätzen do elo net fir mech, oder alleng fir meng Partei, da geet queesch duerch all Parteien. Déi eenzel Leit déi do sëtzen an där Chamber, an deenen eenzelne Regierungen, onofhängeg vun hiren Iddien déi se hunn, déi si gréisstendeels vill engagéiert. An dat soll een och erëm eng Kéier esou gesinn. An dann, mengen ech, kréie mir och vläicht e Gesamtbild wat anescht ass vun der Politik wéi dat wat heiansdo an den ëffentleche Käpp geeschtert.

Jean-Marc Sturm: En anere Referendum betrëfft d’Trennung vu Kierch a Staat. Wéi wäit sinn do d’Verhandlungen?

François Bausch: Dat ass natierlech dem Premierminister säi Rôle fir dat ze maachen. Hien ass jo och Ministre des cultes. A wéi ech de Xavier Bettel kennen, mécht hien dat mat deem néidege Fangerspëtzegefill, an dee wäert déi Verhandlungen do gutt féieren. An ech mengen, wann do de Wëlle besteet op béide Säite fir zu eppes Konstruktives ze kommen, dann ass dat och méiglech. Ech hunn do vollt Vertrauen, datt de Xavier Bettel dat gutt mécht.

Jean-Marc Sturm: Den Äerzbëschof hat jo schonn Alarm geschloen, wann dat wierklech esou ass, strikt, déi Paie ginn net méi iwwerholl, da si mir an 3 Joer Faillite.

François Bausch: A wësst Dir, ech wëll dat net kommentéieren, well ech fannen, eng polariséierend Diskussioun bréngt näischt. Et geet jo hei ëm eppes ganz Éierbares. Et geet dorëms, datt de Staat eng Verflichtung huet fir all Reliounen ze respektéieren, a fir ze garantéieren, datt d’Reliounsfräiheet existéiert an d’Glawensfräiheet existéiert. Dat ass de Rôle vum Staat. A fir datt hien dat ka maache muss en neutral sinn. Dat ass am Fong den Hannergrond ëm deen et hei geet.

Et geet net dorëms géint eng Relioun ze goen, au contraire, et geet dorëms fir dofir ze suergen, datt de Staat duerch seng neutral Positioun dofir ka suergen, op eng neutral Aart a Weis, datt jiddweree säi Glawe ka liewen.

Jean-Marc Sturm: De Referendum ass konsultativ, firwat net bannend?

François Bausch: E bannende Referendum, muss ech Iech soen, ech mengen, datt et dat éischtens emol néierens an där Form gëtt. An zweetens ass et awer och esou, dat muss ee jo awer och gesinn, ech ka mir net virstellen, datt iergend eng Regierung, wann e Referendum, loosse mir soen, mat 70% ausgeet géint eng Iddi vun der Regierung, datt d’Regierung sech da géing [gëtt ënnerbrach]

Jean-Marc Sturm: Huelt elo emol un, et kéim 51,5% zu 48,5%. Wat dann?

François Bausch: Da muss nach ëmmer d’lescht Wuert d’Parlament hunn, respektiv d’Politik hunn.

Mir hunn eng representativ Demokratie. Déi Leit gi jo gewielt, déi dohinner kommen. An ech mengen, dat ass awer ëmmer wichteg ze verstoen. Mat-Abezéie vun de Bierger kann awer net heeschen, datt d’Bierger och Decisiounen huelen, well soss misste se se jo och am Alldag soss huelen, mä da komme mir jo awer zu näischt méi.

D’Konscht vun der Politik muss dra bestoe fir Kompromësser ze sichen an der Gesellschaft.

An ech mengen, wann e Referendum 50,5% géint 49,5% ausgeet, da muss d’Politik dat néidegt Fangerspëtzegespier hu fir do ze verstoe wat se ze maachen huet, fir datt d’Gesellschaft net an zwee gespléckt gëtt. Dat ass d’Konscht vun der Politik.

Awer wa mir eng Gesellschaft hunn, wou mir nëmmen nach alles iwwer Referendum decidéieren, an dat wier alles bannend, dat géing jo dozou féieren, datt, natierlech, d’Leit hunn all ënnerschiddlech Interessen, da géinge mir eng Gesellschaft kréien déi net méi géing weider kommen. An ech mengen, dofir hu mir jo eng parlamentaresch Demokratie, wou d’Leit vum Vollek gewielt ginn. An déi musse just dat néidegt Gespier hu wat aus deene Referenden erauskënnt.

Jean-Marc Sturm: François Bausch, esou wäit fir deen éischten Deel. Dat war elo rapid gaangen. Et sinn 3 Minutte virun halwer 1, et geet Richtung Mëttesjournal.

[Noriichteniwwerbléck mam Diane Klein]

Jean-Marc Sturm: François Bausch, virdrun hu mir vill iwwert d’Regierungspolitik geschwat, geheie mir mol e klenge Bléck op d’Oppositioun. An do virop natierlech d’CSV. De Parteipresident hat eng SMS-Geschicht mam Familljeministère. Duerno krut en och an der Presse-ami vun der CSV de Baart gemaach. Et heescht, de Marc Spautz géif parteiintern staark an der Kritik stoen. Kritik vu bannen an der CSV. War dat net bis ewell eng Zort Widdersproch u sech?

François Bausch: Neen, ech mengen, datt et déi och schonn ëmmer ginn ass. Mä ech mengen, datt d’CSV de Moment an enger Phas ass wou déi sech nach muss fannen. Den Übervater ass net méi do, dee virdrun alles ofgeschiermt huet. Deen ass elo zu Bréissel. De Luc Frieden als eigentlech zweete staarke Mann an der CSV ass och fort. An ech mengen, dat ass natierlech eng schwiereg Operatioun déi d’CSV elo muss maachen. Et ass och e bëssen eng Operatioun um oppenen Häerz, fir ze kucke fir sech nei ze organiséieren. An da kommen natierlech déi do Saache vir.

Nei ass just, datt natierlech méi no baussen dat och kënnt, a méi no bausse kommunizéiert gëtt an dofir wäert och d’CSV elo mol musse gewuer ginn, an dat ass och dat muss ech soen, wou ech fannen datt et gutt ass, datt och eng CSV elo emol muss gesinn, datt een net ëmmer un der Muecht ass, datt wann een net un der Muecht ass, datt een sech da muss nei opstellen, nei organiséieren, datt dat oft och ganz schmäerzhaft ass.

An ech hunn dat ëmmer virdru gesot: dat geet mir net dorëms, well et d’CSV ass, mä ech fannen et an enger Demokratie generell wichteg, datt keng Partei esou e bësselchen d‘Gespier oder selwer sou d’Ëmfannen huet, wéi wa si natierlecherweis ëmmer um Pouvoir wären. An ech mengen, dat ass elo definitiv duerchbrach, duerch déi hei Situatioun. An elo muss d’CSV domatter struewelen.

Jean-Marc Sturm: Zréck da bei déi SMS-Geschicht. Wéi Dir an der Oppositioun waart, wéi sidd Dir dann an de Ministèren un Informatioune komm?

François Bausch: Also op alle Fall net esou. Dat kann ech Iech soen.

An ech muss och soen, dat kann een net ofdoen einfach als, wéi soll ech soen, datt ech ze déck Fangeren hätt fir op menger Tastatur eens ze ginn, well dat ass jo net den Haaptproblem vum Handy mat den décke Fangeren. Hei ass de Problem, datt de Marc Spautz en héije Beamten an eng zimlech blöd Situatioun bruecht huet, duerch dat doten.

An ech fannen, et muss een awer da souvill Fangerspëtzegefill och do hunn, datt wann ee vum Pouvoir ewech geholl ginn ass, datt een dat muss wëssen, da kann een net versichen iwwert e Beamten awer nach sou e bësse Primeursinformatiounen ze kréie fir déi Ministesch déi da grad do ass, well ee vläicht e bësse frustréiert driwwer ass, datt déi engem de Stull accaparéiert huet, fir déi, wéi soll ech soen, ze emmerdéieren, loosse mir et emol sou soe wéi et ass. Dat ass net glécklech.

Ech fannen, dat soll net sinn. An op alle Fall ech hoffen, datt doraus eng Léier gezu gëtt, an datt ee muss verstoen, datt … mir hunn zu Lëtzebuerg kee System vu Cabinet politique. Wa mir deen hätten, da missten d’Beamten, déi héich Beamte jo mat de Ministere goen.

Jean-Marc Sturm: Dat wier jo och en Affront vis-à-vis vun der Fonction publique.

François Bausch: Jo, do kann ee laang driwwer diskutéieren. Dat kann och ee Virdeel si fir d’Fonction publique.

Ech muss Iech soen, wann een e Cabinet politique géing gesinn an engem Sënn, datt déi Leit wierklech kommen a gi mat de Ministeren, awer net Uweisungsbefugnis an der Verwaltung hunn, well dat wier jo dann d’Viraussetzung, datt déi just dem Minister d’Dossiere preparéieren, zouliwweren an esou weider, awer net kënnen an der Verwaltung do schalten a walten an Uweisunge ginn, dat kéint dann och dozou féieren, datt d’Verwaltung natierlech, déi soll jo neutral sinn, datt déi kéint en Fonctioun vun deem wat politesch decidéiert gëtt, kéint neutral schaffen.

Bon, mä mir hunn dee System net. Mir hunn e System vun de Conseillers de gouvernement. Dat sinn am Fong zwar déi Leit déi Haaptberoder si vum Minister, an dat brauch de Minister och. Ouni gutt Conseillers de gouvernement ass een am Ministère zimlech opgeschmass. Dat ass esou. Mä da mussen déi natierlech och strikt de Prinzip vun der Neutralitéit aléisen, well soss natierlech ass d’Vertrauensverhältnis [gëtt ënnerbrach]

Jean-Marc Sturm: Ma ech wollt elo soen, wéi grouss ass d’Mësstrauen, wann een als Neien e Ministère iwwerhëlt?

François Bausch: Ech sinn een, wësst Dir, deen net mat Mësstraue fonctionnéiert. Mir ass et och egal, ech hu kee Problem wann een eng Parteikaart huet. Dat ass jo jiddwerengem säi Recht, politesch ze denke wéi ee wëllt.

Ech verlaange just, datt wann ech an de Ministère kommen, datt dann natierlech déi Leit mat deenen ech haaptsächlech zesumme schaffen, datt déi awer loyal si par rapport zu mir, an datt se natierlech versichen alles ze maachen, datt ech, oder datt d’Regierung an ech dann dee Moment mäi Programm kann ëmsetzen. Datt se dann an deem Déngscht do stinn.

An ech muss Iech soen, ech si mat där Astellung era gaangen, an ech hunn am Ministère keen een ausgewiesselt, ech hunn och keen erageholl Ech sinn och extrem zefridden. Ech hunn extrem gutt Conseillers de gouvernement. Ech hu se natierlech och, muss ech éierlech soen, virdru scho kannt, well ech an der Gemeng als Schäffen an der Stad Lëtzebuerg vill mam Nohaltegkeetsministère, mam Infrastrukturministère ze dinn hat. An ech war och immens frou, datt déi och alleguer bliwwe sinn, well ech mengen, datt ech eng flott Equipe hunn. Ech schaffen och ganz gär mat deenen zesummen.

Jean-Marc Sturm: François Bausch, Dir sidd zanter 25 Joer an der nationaler Politik. An der Zäit hunn Déi Gréng mol eng ökologesch Spezialsteier um Benzin gefrot. Wéini kënnt se?

François Bausch: Déi kënnt net. Well ech mengen, datt dat net vill Sënn mécht. Mir mussen awer allerdéngs nodenken, wa mir iwwert d’Steierreform schwätzen, iwwert ekologesch Elementer insgesamt an eisem Steiersystem.

An ech mengen, et si jo och där Diskussiounen elo op internationalem Plang, am Kader vun der Klimadebatt. Déi ganz Froen „taxe carbone“ an sou weider.

Ech mengen, d’Steieren hu jo als Haaptzweck natierlech, datt de Staat eng Recette kritt, déi e brauch fir engersäits Déngschtleeschtungen unzebidden, wou en erëm Suen zréck verdeelt un d’Bierger, oder fir kënnen an d’Infrastrukturen ze investéieren. An déi zweet Fonctioun kann de Steiersystem natierlech och hunn, wéi ee schéi seet, datt een e bësse steiert. Dat heescht, datt een iwwer Steiere versicht d’Gesellschaft an déi eng oder aner Richtung ze leeden.

Dat maache mir jo op verschiddene Punkten haut schonn. An et ass sech awer och z’iwwerleeën, ob ee bei där Steierreform net och ökologesch Elementer dra bréngt. Ech mengen, dat gehéiert haut do dozou. Well dat huet jo och dann zum Zil, datt d’Gesellschaft sech an eng aner Richtung beweegt a mir och erëm eng Kéier kënnen dovu profitéieren. Dat heescht, datt mir am Fong och doduercher kompetitiv Virdeeler iergendwann kréien, well déi ökologesch Dimensioun, mir kënne sou vill schwätze wéi mir wëllen, déi hëlt eis an, an och déi ganz Klimadebatt hëlt eis an. An déi Länner déi am beschte sech doropper virbereeden, dat sinn déi déi herno d’Gewënner sinn och do dobäi. Dat dierf een net vergiessen.

Mol guer net ze schwätze vun den ekologeschen an de gesondheetlechen, oder de klimatologeschen oder soss Aspekter, huet et jo och alles ëmmer e groussen Aspekt vu Virdeel par rapport zu anere mat deenen een a Kompetitioun steet. An ech mengen, do kann d’ekologesch Steierreform wichteg Incentive bidden, fir datt mir eis an eng richteg Richtung bewegen, an dem entspriechend och zu de Gewënner zielen.

Jean-Marc Sturm: Eng Emissioun „Background – am Gespréich“ mam François Bausch wär e bësse bosseg, wa mir net géifen iwwert den Tram schwätzen. Do gëtt ëmmer gesot, de François Bausch dee wëll sech e Monument setzen. Virun 2 Woche war de fréieren Transportminister Robert Goebbels den Invité am „Background“ vum Guy Kaiser. Hei en Extrait, deen dierft Iech interesséieren.

Robert Goebbels (O-Toun): D’Diddelenger Autobunn, a wann den Här Bausch gären hätt, datt säi Projet Tram eppes gëtt, mussen déi onbedéngt op 3 Spure setzen, fir datt d’Frontalieren, déi leider noutgedrongen nach ëmmer mat hirem Auto kommen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser (O-Toun): Dir mengt, de grénge Minister géing an déi Richtung goen.

Robert Goebbels (O-Toun): Ma e kënnt net dolaanscht, well wann en d’Leit op säin Tram wëll hunn, da muss en hinnen och d’Méiglechkeet ginn, an enger dezenter Zäit bei d’Stad, bei seng Park-and-Riden, an esou weider ze kommen.

Jean-Marc Sturm (O-Toun): Dat heescht, Dir plädéiert éischter fir de BTB. Déi Zäite sinn awer riwwer.

Robert Goebbels (O-Toun): Ech hat de BTB deemools zesumme mam Lydie Polfer lancéiert. Deemools wäre mir mat dem Tram d’Leit bis op Thionville an op Metz an op Arel siche gaangen. Dat huet sech zerschloen, well d’Eisebunn mat alle méiglechen Argumenter komm ass, notamment si hätt net genuch Kapazitéiten. Mä et wär menger Meenung no méi gescheit.

Wat ech gutt fannen, an ech wëll och net nëmme kritesch sinn, ass, datt de Minister anscheinend elo wëllt z.B. zu Sterpenich Opfangparkingen déi aner Säit vun der Grenz schafen, an dann d’Leit op den Zuch bréngen, a vun do an d’Gare kréien, an da mengetwegen op den Tram. Dat ass de richtegen Usaz. Mir mussen d’Leit virun de Grenzen opfänken. Net an d’Stad bréngen. Oder wa mir se an d’Stad bréngen, da musse mir och fir d’Zoufahrtsweeër esou gestalten, datt se net allméiglech Schläichweeër fueren, wat am Moment de Fall ass, oder am Stau stinn op der Diddelenger oder op der Areler Autobunn, oder souguer och schonn op der Tréierer Autobunn am Stau stoen. Datt d’Leit dann och dem entspriechend Facilitéite kréien, an datt mir manner Akzidenter doduercher hunn.

Jean-Marc Sturm: Wien huet dann elo Recht?

François Bausch: Den Här Goebbels huet op engem Punkt Recht, dat ass deen, datt en, an do sinn ech jo senger Meenung, dat ass, datt mir d’Leit musse méiglechst op d’Grenz ofhuele goe schonn.

En huet awer menger Meenung no Onrecht wann e seet, de BTB dee Projet vun deemools, wier haut nach ëmmer dee beschten, well en domatter verkennt, datt d’Stad Lëtzebuerg déi ekonomesch Aktivitéiten an a ronderëm der Stad an de leschten 20 Joer sech staark verännert hunn.

Dir hat viru 15, 20 Joer, déi Haaptaarbechtsplazkonzentratioun op der Gare, an der Uewerstad an och schonn e bëssen um Kierchbierg. Entretemps ass et awer esou, datt dat sech komplett aneschters verlagert huet. Dir hutt natierlech och nach ëmmer Gare, Uewerstad a Kierchbierg, dee gëtt jo massiv ausgebaut, vill Aarbechtsplazen. Mä dobäi kënnt zum Beispill dee ganze Ban de Gasperich, Cloche d’Or; dobäi kënnt déi Zone d’activités um Findel. Dat heescht, et ass alles méi polizentresch ginn.

An dofir brauche mir haut e Verkéiersmëttel och, wat déi eenzel Wirtschaftszentre matenee verbënnt. An dat ass jo d’Iddi vum Tram, sou wéi mir en och elo als Regierung nogebessert hunn, par rapport zu der ursprénglecher Versioun. Mir bauen en direkt vum Findel bis uewen op d’Cloche d’Or a verbannen domatter all déi ökonomesch Aktivitéitszentren, wou Dausenden Aarbechtsplazen haut scho sinn an nach Dausende wäerten dobäi kommen. Alleng um Kierchbierg an op dem Ban de Gasperich wäerten an den nächsten 10 Joer ëm déi 20.000 Aarbechtsplazen entstoen.

An do hutt dir och natierlech e Besoin innerhalb vun deem Gebitt fir hin an hir Iech ze deplacéieren. Dat heescht, et ass net nëmme méi eng Fro fir vun der Grenz Leit, oder vu wou och ëmmer, bei den Zentrum ze féieren, mä och innerhalb vun deenen eenzelne 5 Zentre Leit hin an hir ze transportéieren. Well Dir hutt nämlech haut, d‘Communautéiten hu Saachen um Kierchbierg, si sinn awer och um Ban de Gasperich Aktivitéiten. An do gëtt et Besoin fir sech hin an hir ze deplacéieren.

An dann natierlech, dobäi brauche mir déi Plateforme d’échange multimodale, do brauche mir 10 Stéck. Dat ass am Fong ronderëm déi ganz Streck, wou am Fong d’Leit opgefaange ginn. An dann natierlech Park-and-Ride méiglechst vill a méiglechst op der Grenz oder souguer hannert der Grenz. An dat ass mäi groussen Objektiv gewiescht vun Ufank un, datt ech an der Regierung sinn. Ech hu mir vill Méi ginn, ech hu scho vill Gespréicher gefouert mat Grenzregiounen. Dat leeft ëmmer besser. Ech hunn och elo nach nei Informatioune kritt déi lescht Woch an Zesummenaarbecht mat de Gemengen. Ech hat elo d’Gemeng Réimech mat de Muselsgemengen alleguer, déi ware bei mir am Ministère, an déi hu gesot, si géinge mat wëllen hëllefen. An ech hunn elo scho Feedback kritt, datt op der däitscher Säit Bereetschaft steet fir Park-and-Ride ze bauen. Ech mengen, dat ass den Objektiv wat mir mussen erfëllen, well da kréie mir natierlech vun allem Frontalieren do opgefaang an direkt do op den ëffentlechen Transport, an evitéiert als vill Verkéier duerch d’Stied.

Wat déi Dräispuregkeet vun der Autobunn ubelaangt: tëschent der franséischer Grenz an der Helfenterbréck baue mir d’Autobunn op 3 Spuren aus. Dat awer haaptsächlech, well natierlech och op deem Strank, éischtens natierlech ass deen och schonn haut extrem saturéiert, dat ass richteg, mä well op deem Haaptstrank och nach vill Aktivitéite kommen, wirtschaftlecher. Mir hunn de Multimodal zu Beetebuerg, deen dohi kënnt, et kommen nach eng Rei aner Aktivitéiten do ronderëm. Mir hunn awer och d’Gaasperecher Kräiz, wat net méi gutt fonctionnéiert, wat muss ëmgebaut ginn. An dofir ass dat decidéiert. Dat baue mir ganz sécher, mä aus deene Grënn wou ech och elo gesot hunn.

Mä de groussen Effort gëtt awer gemaach, ganz kloer, an deenen nächste Joeren, an dem ëffentlechen Transport. Do hu mir en immense Retard. Mir investéieren 1 Milliard an den nächste 5 Joer an den ëffentlechen Transport, an de schinnegebonnene Verkéier. Da musst Dir virum Zweete Weltkrich kucke goen, fir esou en héije Chiffer ze fannen. An ech sinn iwwerzeegt, datt wa mir dat alles realiséiert hunn, da gëtt esou e Qualitéitssprong gemaach an der Offer am ëffentlechen Transport, datt d’Leit dann och wäerten ëmklammen.

Ech hunn et an der Stad erlieft, ech hu ganz vill gemaach am Bus, an dat huet zum Resultat gehat, datt mir vu 25 Millioune Passagéier op 35 Milliounen erop gaange sinn bannent 6 Joer. Dat ass en immense Sprong. An dat heescht, et gesäit een, wann een investéiert, wann d’Qualitéit, wann d’Déngschtleeschtung stëmmt, wann d’Ëmsteige klëmmt, wann d’Zesummespill vun alle Verkéiersträger, an do gehéiert den Auto natierlech och dozou, fonctionnéiert, da kréie mir och de Problem geléist.

Jean-Marc Sturm: E Méinden hutt Dir eng Pressekonferenz iwwert d’Radaren. Wat kënnt Dir do schonn am Virfeld verroden?

François Bausch: Ech mengen, ech wäert e Méindeg de Gesetzesprojet am Detail virstellen, wéi e fonctionnéiert, wéi och d’Datesécherheetsfro geléist ginn ass, dat ass jo eng mat där d’Leit sech zu Recht vill beschäftegen. An natierlech awer och erklären, firwat mir dat nach eng Kéier maachen. An ech wëll et verbanne mat där neier Campagne déi mir wäerte starten iwwert d’Vitesse. Ech wäert och eng Rei Statistike virleeën, zum Beispill eng wou ervir geet, datt beim Punkteführerschäin iwwer 50% vun de Punkten déi d’Leit verléieren duerch Excès de vitesse ass, oder datt zum Beispill bei den Akzidenter op der Strooss 40% ausschliisslech zréck ze féieren ass op iwwerméisseg Vitesse. Also ech mengen, e bëssen de Kontext nach eng Kéier stellen.

Well et geet jo, nach eng Kéier, bei de Radaren net dorëms, datt mir gären hätten, datt d’Leit all an d’Radarsfale solle lafen, mä et ass een Element vun enger ganzer Campagne fir méi Verkéierssécherheet ze kréien, fir datt mir dee vill Misère op deene Stroossen, déi Doudeger an déi Schwéierblesséierter, aus dem Wee kréien. Ech muss Iech soen, ech wëll net nokucken, datt op der Strooss méi Leit leie bleiwen iwwer 5 Joer gekuckt wéi oft an arméierte Konflikter. Dat ass eng Katastrof. A mir mussen do dogéint virgoen. A mir mussen d’Leit dozou kréien, datt deen Auto benotzt gëtt op eng Aart a Weis wéi et sech gehéiert an net wéi et oft de Fall ass, leider.

Jean-Marc Sturm: Dës Woch ass et dacks a vill ëm d‘Plans sectoriels gaangen, virun allem an der Kritik. De Bau ass an Opreegung. Dir berouegt, en neit Gesetz géif Kloerheet verschafen. D’Bauere fäerten enteegent ze ginn. Och de Mouvement écologique gesäit d‘Pläng just als Basis, et misst nogebessert ginn. Kritik kënnt och vu Leit déi Projeten hunn fir Éoliennes opzeriichten, Beispill am Raum Déifferdeng. Wat sot Dir deenen all?

François Bausch: Ma ech soen deenen alleguer Merci fir hir Beiträg an der Diskussioun, well dat war nämlech den Zweck, firwat mir an d’Prozedur gaang sinn.

Wësst Dir, déi Regierung hei hat de Courage dat ze maache wat virdrun ni gemaach ginn ass, nämlech endlech an déi Prozedur ze goen. An déi Diskussioun déi mir brauchen, wéi ee Lëtzebuerg wëlle mir fir d’Zukunft? Wéi sollen eis Regiounen ausgesinn? Wéi sollen eis Stied ausgesinn? Wou solle wirtschaftlech Aktivitéiten hikommen? Mä déi hu mir lo endlech do kritt.

An et ass keen dee sech méi freet doriwwer wéi ech oder wéi d’Regierung, well dat war dat firwat mir an d’Prozedur gaange sinn. Well mir si jo lo net an der Phas wou d’Decisiounen elo falen, mir sinn an der Consultatiounsphas. An déi dauert, dat wëll ech nach eng Kéier rappeléieren, ëmmerhin bal 1 Joer, well och wann Enn Oktober d’Gemenge mussen hir Avisen era ginn, dann ass domat d’Debatt net ofgeschloss.

Ech muss virun der Chamber eng Declaratioun ofginn a gutt engem Joer, wou dann d’Regierung weise muss, virweise muss wat se zréckbehalen huet vun all deenen Debatten an Diskussiounen. An am Laf vun deem Joer ass meng Dier op fir all Diskussioun, dat hunn ech vun Ufank u gesot. Mir ginn do mat engem offene Viséier an déi Diskussioun, ouni total virgefaaasste Meenungen.

D’Zil muss awer kloer sinn. D’Zil ass, datt mir déi Feeler vun de leschten 30 Joer fir e Land ze hu wou net geplangt ass, wou alles wëll gewuess ass, wou mir och doduercher vill Konflikter hunn – Dir hutt haut quasiment all Bauprojet gëtt kontestéiert a geet an de Konflikter ënner, mä dat huet domatter ze dinn, well mir eng schlecht Planung hunn. An dofir ass d’Zilsetzung hei jo eng besser Planung ze kréien, manner Konflikter um Terrain ze kréien, méi Planungssécherheet ze kréie fir d’Betriber, fir d’Particuliers.

A lo ass just nach eng Fro déi opsteet, dat ass déi juristesch Fro par rapport zu engem Problem deen ech net geschafen hunn, deen aus der virechter Legislaturperiod awer kënnt, nämlech d’Landesplanungsgesetz, wou eng Interpretatiounsschwieregkeet besteet par rapport zu engem Artikel vum Landesplanungsgesetz, deen awer d’Basis natierlech zu engem gudden Deel ass och fir d’Plans sectoriels.

Mä bon, dat hunn ech esou geierft, dat huet déi virecht Chamber och esou votéiert, wëll ech awer hei soen. An ech hu selwer dofir och schonn e Gesetzesprojet am Juni nogeschoss, wou ech versichen déi Rechtsonsécherheeten déi et do gëtt nozebesseren.

Ech hu mir elo en Avis juridique ageholl, nach eng Kéier, an op Basis vun deem Avis juridique wäert ech dem Regierungsrot nächste Freideg nach eng Kéier 3 Amendemente virschloen. An da ginn déi bei de Staatsrot an da kréie mir relativ séier den Avis vum Staatsrot.

An ech wäert dofir suergen, datt déi Rechtsonsécherheet bis zum November aus dem Wee geraumt ass, an da sinn ech der Iwwerzeegung, dann ass kee Problem, da kënne mir weider op deem diskutéieren, well et geet ëm de Fong vum Problem, nämlech fir Lëtzebuerg besser ze plange fir d’Zukunft, a fir datt mir méi en harmonescht Zesummeliewe kréien, méi en harmonescht Zesummewuesse kréien, wou wunnen, schaffen, Fräizäit zesumme kënnt, an net ausernee gerappt ass wéi dat an der Vergaangenheet geschitt ass.

Jean-Marc Sturm: D’LSAP ass an enger Summerakademie beienee wou se sech iwwert sech selwer Gedanke mécht. Kommen do de Mëtteg aner Sozialisten eraus wéi se eragaange sinn?

François Bausch: Dat mengen ech net, mä ech fannen dat awer flott wat d’LSAP do mécht, an ech sinn e bësse jalous, mir hunn dat nach ni hikritt fir déi Summerakademie ze maachen. Dat ass eng Traditioun déi et vill am Ausland gëtt, haaptsächlech a Frankräich, wou d’Parteien all dat maachen. Ech fannen et gutt, wann een sech zréckzitt regelméisseg.

Wësst Dir, zemools wann een an der Regierung ass, an der Alldagspolitik gëtt een esou opgefriess vun den Alldagsproblemer an de Suergen a vun deem wat ee jo wëllt maachen, datt een dat Mëttel- a Laangfristegt oft net méi gesäit. Dat heescht, wou ee sech wëllt och da politesch hibewegen. An dat ass och natierlech net gutt, dofir ass et, fannen ech, eng super Saach, datt ee sech e ganzen Dag aspäert an zréck zitt an emol eng Kéier iwwert sech selwer nodenkt. Dat kann ni schueden.

Jean-Marc Sturm: François Bausch, Merci fir Äre Besuch.

François Bausch: Gär geschitt.

 

Dernière mise à jour