Xavier Bettel à l'émission "Background - am Gespréich" d'RTL Radio Lëtzebuerg

"Et kritt keen eppes ewech geholl"

En Interview vum Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg):

Voilà, Dir Hären, gudde Mëtteg.

Xavier Bettel / Claude Wiseler: Gudde Mëtteg.

Max Theis: Här Staatsminister, eng chargéiert Woch geet also op en Enn. Zanter en Dënschdeg gëtt vill iwwer d’Politik diskutéiert hei am Land – dat ass jo och e bëssen en Novum, wann een dat als Begleiterscheinung wëll gesinn.

Stitt Dir un der Spëtzt vun der Regierung vun der sozialer Keelt?

Xavier Bettel: A neen, awer guer net. Ech kann dat och schonn net méi héieren. Coupen an der Sozialpolitik si keng do. Et kritt keen eppes ewech geholl, kritt keen eppes ewech geholl, ech soen dat nach eng Kéier, och wann ech weess, datt d’Oppositioun probéiert ëmmer dat ze soen. An au contraire, mir probéieren als Regierung déi Leit, déi haut an enger prekärer Situatioun sinn, e Kick ze gi fir aus där prekärer Situatioun erauszekommen. An et ass fir mech keng sozial Keelt, oder keen Häerz.

Also, d’Leit an enger prekärer Situatioun wëllen ze halen, dat ass fir mech sozial Keelt.

Max Theis: Här Wiseler, d’CSV war, wéi erwaart, ganz kritesch wat de Budget an den Zukunftspak ugeet. Fäert Dir ëm d’Zukunft vum Land, no deem wat Dir alles héieren hutt?

Claude Wiseler: Bein, ech mengen, Lëtzebuerg huet och an deenen nächste Joeren nach eng ganz, ganz schwiereg Zäit. An et ass wichteg, datt déi richteg Weiche geholl ginn. Eis Afrostellung, dat war op déi Punkten déi elo hei, dee Spuerpak deen elo hei virläit, respektiv déi Budgetspolitik, déi elo hei gemaach gëtt, ob dat déi richteg Akzenter sinn. Mir mengen net.

Max Theis: Et ass e puer Mol gesot ginn Dir wäert nach ëmmer am Motzeck, dir géift kontere fir ze konteren. Wat sot Dir dann dozou?

Claude Wiseler: Jo, ech gesinn dat net esou. Ech mengen, mir mussen als Oppositioun jo absolut d’Fräiheet hu fir eis Meenung ze soen, fir ze soen do wou mir net d’accord sinn, fir Alternativen ze proposéieren. Wat dat mat engem Motzeck ze dinn huet, dat weess ech net. Mä ech mengen, et ass haaptsächlech eng gutt Excuse fir dann d’Oppositioun ze kritiséieren, mä dat mécht eis net ganz vill aus.

Max Theis: Eng Excuse, Här Bettel?

Xavier Bettel: Neen, ech waarden elo op d’Alternativen, well ech hu bis elo nach keng gehéiert. An ech weess, datt d’CSV méi mat hirer interner Aarbecht am Moment beschäftegt ass, mat Ëmfroen an etc., wéi mat der Politik aus dem Land. An dofir freeën ech mech op dës Stonn, wou ech endlech gewuer gi wou d’CSV, a wéi eng Richtung déi och wëll goen.

Max Theis: Ech wollt elo emol fir d’éischt op d’Chiffere vun deem Budget ze schwätze kommen, ier mir dann op déi eenzel Politike kommen, déi sech do hannendru verstoppen.

Xavier Bettel, Är Regierung seet fir 2018 en Defizit vun 117 Milliounen am Staatsbudget viraus, 0,2% vum PIB. Elo ginn et Leit déi dës Projektiounen als ganz optimistesch gesinn. Wéi zouversiichtlech sidd Dir dann, datt déi ganz Rechnungen, soen ech emol, opginn?

Xavier Bettel: Mir baséieren eis op d’Zuele vum Statec, et ass net datt mir se erfannen. Mir hunn en Organ wat Statec heescht, wat eis och déi Zuele gëtt.

Selbstverständlech, wann déi sech änneren, da muss een nees driwwer kucken, wéi een dann awer eng Courbe ka kréien, also an déi richteg Richtung ka goen. Mä wéi gesot, mir hunn Instanze bei eis beim Staat, déi den Office ass fir eis déi Calculen ze maachen, an eis déi Projektiounen ze maachen. Ech sinn net de Spezialist, ech soen Iech et ganz éierlech. Ech waarden op d’Zuele vum Statec, a wann de Statec mir déi gëtt, dann ass dat d’Basis fir d’Berechnungen.

An ech hoffen, datt et esou geet. An dofir musse mir och alles maachen, fir datt et och esou ka goen.

Max Theis: Ee Suergekand ass jo elo an deem Kontext d’Konjunktur. Wat wëll dës Regierung da maache fir déi wierklech unzekuerbelen?

Xavier Bettel: De Fait ass, an dat ass dat wat jo ganz vill Leit net verstinn, ech kenne jo och déi simplistesch Sätz, déi dann do soen, jo, mir mussen d’Betriber méi besteieren, mir mussen hei méi drop tässelen, d’Charge patronale muss an d’Luucht goen.

Ech soen et nach eng Kéier. Zu Lëtzebuerg, mir hunn e Chômagetaux deen héich ass, an en ass net erofgaangen déi lescht Zäit. Wa mir wëllen dee Chômagetaux erof kréien, brauche mir Betriber. Et sinn d’Betriber déi d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kreéieren. Wa mir net attraktiv sinn, da kënnt kee Betrib op Lëtzebuerg.

Et ass dat selwecht wéi mam Triple A. Et si verschidde Leit déi soen, firwat wëllt dir onbedéngt deen Triple A behalen? Ech wëll Iech just soen, mir bezuelen am Moment 200 Milliounen Zënsen d’Joer. D’Zënse sinn niddereg, do rechent keen domat. Wa muer d’Zënsen nees steigen, da geet déi Zuel och vun deenen Zënsen déi mir mussen zeréckbezuelen héich an d’Luucht.

Dat heescht, d’Attraktivitéit vun eisem Land ass do. D’Betriber kommen op Lëtzebuerg well mir attraktiv sinn, well mir och, an do geet et och bei der Schoul un, mir mussen do iwwerleeën, mir kreéieren all Joers Dausenden an Dausende vun Aarbechtsplazen, a mir sinn net kapabel déi selwer ze besetzen. Et ass wierklech, mir mussen eis ëmstellen. Mir kënnen net mengen, mir fueren einfach esou weider, well soss sëtze mir eng Kéier wierklech mam Fanger am Mond, an da kënnt kee Betrib op Lëtzebuerg. An da froen ech mech just, wéi et da soll wierklech weidergoen.

Max Theis: Mä si mir dann attraktiv genuch, am Moment?

Xavier Bettel: Mir sinn net manner attraktiv wéi anerer. Mir musse méi attraktiv gi wéi déi aner. An dat ass den Challenge dee mir hunn. A mir musse méi attraktiv gi wéi déi aner, andeem mir awer och de Contexte légal international respektéieren. Mir kënnen net attraktiv sinn, wou een dann d’Gefill kritt, zu Lëtzebuerg ass alles méiglech.

Dat wat legal méiglech ass, dat wat international machbar ass, musse mir eis alignéieren, well soss – dat hu mir jo och mat der Bankeplaz gemaach, a mir gesi jo déi ganzen Zäit nei Banken déi op Lëtzebuerg kommen, an och nei Aarbechtsplazen déi kreéiert ginn – an déi wieren net komm. An do si mir wierklech an der Kontinuitéit och vun där Politik, déi och vu mengem Virgänger gemaach ginn ass fir déi Bankeplaz och ze modifiéieren. Wa mir se net modifiéiert hätten, a mir hätte mordicus wëllen op d’Bankgeheimnis bleiwen, da wiere mir elo um Ausstierwen. Dat soll een och eng Kéier wëssen.

Dat heescht, heiansdo muss een och weider goen, och wann een vläicht net direkt à court terme den Avantage gesäit, mä à moyen terme et à long terme sinn dat déi richteg Schrëtt. An dat ass déi Politik, déi dës Regierung och wëll maachen.

Max Theis: Här Wiseler, fir nach eng Kéier bei deene Chifferen ze bleiwen. A politique inchangée hätte mir dem Budgetsprojet no d’nächst Joer en Defizit am Staatsbudget vun déck annerhallwer Milliard, quasi d’Duebelt vun deem wat elo och mam Zukunftspak virausgesot gëtt. Wéini hätt d’CSV da Wëlles gehat do d’Handbrems ze zéien?

Claude Wiseler: Mä lauschtert, ech wëll just soen, datt déi virescht Regierung och zwee Spuerpäck scho gemaach huet – ee vu 600, ee vun 900 Milliounen – an datt déi Richtung, déi ageschloe ginn ass fir de Budget an den Equiliber ze stellen, eng Richtung ass déi mir natierlech 100%eg deelen. An ech hunn dat och ëmmer ganz kloer gesot.

Déi Zilsetzungen, déi dës Regierung sech gestallt huet fir mat engem positiven 0,5% vum PIB, eng Schold manner wéi 30%, eng Konsolidatioun vun 1 bis 1,5 Milliarden Euro, déi Zilsetzung déi deele mir 100%eg. Do musse mir hin.

An och dat wat gesot ginn ass virdrun, datt d’Entreprisë musse konkurrenzfäeg bleiwen, dat sinn och Zilsetzungen, déi, wann ee se einfach esou seet, selbstverständlech vun eis gedeelt ginn. Just, da muss een och eng Politik maachen déi deem entsprécht.

Wann Dir dann awer higitt, an Dir maacht eng Politik wou Äre Spuerpak zwee Drëttel aus Steiererhéijunge fir 2015 besteet, an een Drëttel just aus Spuermoossnamen – wou mir nach musse kucken aus wat deen Drëttel Spuermoossnamen da besteet – da soen ech, dann ass zwar d’ausgesprachen Zilsetzung déi richteg, mä d’Konsequenzen, déi effektiv ëmgesate Politik, ass net an deem Sënn.

Max Theis:  Mä wéi hätt d’CSV dann elo an enger éischter Phas, dee Spuereffort do, wéi wier si deen ugaangen?

Claude Wiseler: Bein, ech mengen, datt eng Rei Spuerefforten, kuckt déi Päck déi mir déi leschte Kéier gemaach hunn, déi hunn ëmmer doranner bestanen, datt mir een Drëttel vu Steieraspuerunge gemaach hunn, datt mir een Drëttel vu Fonctionnementskäschten, oder anere Käschte gespuert hunn, a probéiert hunn och een Drëttel an den Investissementer ze spueren. Woubäi dat Spueren an Investissementer ëmmer méi schwiereg gëtt, an och heiansdo konterproduktiv ass, mä mir hätten op jiddwer Fall probéiert deen Equiliber besser ze halen.

An ech komme ganz gären duerno zeréck op déi eenzel Moossnamen, esou wéi ech se gesinn, wa mir an den Detail dovunner kommen. Mä ech mengen, den Equiliber vun dem Pak, dat ass scho fir eis e Kompetitivitéitsproblem.

Max Theis: Mä wann Dir sot, vun de Steierhaussen, d’CSV hätt jo och d’TVA gehéicht?

Claude Wiseler: Natierlech. D’CSV war d’ailleurs déi eenzeg déi d’TVA-Steiererhéijung an hirem Wahlprogramm stoen hat. Am Regierungsprogramm stoung par ailleurs, datt se, et stoung emol net TVA-Erhéijung dran, an esou datt dat wat d’Regierung duerno elo mécht ouni et virdru gesot ze hu schonn e Wee ass, dee mir kënnen deelen, evidenterweis muss dat gemaach gi fir am Fong d’Ewechfale vum eCommerce deelweis ze kompenséieren.

Dat wat mir par contre bei der TVA net gemaach hätten, well mir mengen, datt et konterproduktiv ass, inklusiv mëttelfristeg finanziell konterproduktiv, dat ass d’Erhéijung op dem TVA-Logement, well mir mengen, datt déi fir d’Wirtschaft näischt bréngt, an esouguer och duerno e Moins u Recetten an aner Problemer um Logementsmaart bréngt.

Max Theis: Elo hat Dir gesot an der Debatt, wat déi Zweetwunneng ugeet, dat wiere Leit déi vläicht en Appartement kafe fir hir Kanner, fir hir Enkelkanner. Elo kann ee soen, okay, eng Zweetwunneng ass jo eng Saach, mä eng drëtt, eng véiert, en fënneft, iergendwann hätt ee jo awer vläicht och op déi Iddi kënnen da kommen, oder net?

Claude Wiseler: Jo, mä et muss een natierlech och ëmmer gesinn, datt déi Leit, déi an de Wunnengsmaart investéiere fir e lokative Logementsraum ze kreéieren, dat ass jo a priori keng negativ Saach, dat ass jo am Fong eng Saach, ob et dann elo déi zweet, déi drëtt ass, oder déi véiert, oder déi fënneft – där ginn et der awer vill manner – ass et eng Saach déi sënnvoll ass, an déi och ekonomesch sënnvoll ass. Wann Dir net Privatinvestissementer an de Logementsmaart maacht, da musst Dir se natierlech als staatlech Investissementer maachen. An ech gesi jo och, datt hei dës Regierung dann zousätzlech Depensë virgesäit fir Wunnengsbau ze maachen. Wat ech och a priori net falsch fannen, mä wou et grad esou sënnvoll gewiescht wier, mir hätte kënnen iwwer de private Logementsmaart déi do Efforte weidermaachen. Déi Efforte ginn duerch dës TVA sécherlech gebremst.

Max Theis: Här Bettel?

Xavier Bettel: E puer Saachen. Déi éischt Saach ass, den Här Wiseler seet, si hätte jo scho Mesurë geholl. Si hunn awer keng Strukturreforme gemaach. Et ass e bësse Gepléischters hei, a Gepléischters do, wou einfach gekuckt ginn ass, wéi een dann op e Montant kënnt, mä et si keng Strukturreforme gemaach ginn.

Claude Wiseler: Dat ass jo och net richteg.

Xavier Bettel: Dat ass wat mir awer menge wat ganz wichteg ass.

Déi zweet Saach ass, an den Här Wiseler, a seng Partei virun allem, wëssen et ganz genee. Mir wësse 7 Joer schonn, datt mir de Commerce éléctronique verléieren. Dat si 700 Milliounen dëst Joer, et geet bis eng Milliard d’nächst Joer. Mä mir hu gemaach wéi wa mir déi géifen éiweg kréien. Dat ass dee grousse Problem. An dowéinst wëlle mir jo och dee Fonds souverain, fir datt déi Suen, wou mir wëssen datt se ewechfalen no enger gewëssener Zäit, net an de Budget setzen. Well wa mir se an de Budget setzen, komme mir an eng Situatioun wéi mir elo sinn, dat heescht, datt een dann iergend eng Kéier muss se kompenséieren duerch eppes anescht.

Dowéinst, et ass irresponsabel 7 Joer laang Suen auszeginn, wou ee ganz genee weess, déi do si geléint, déi do kriss du eng Kéier net méi, an da musst de se zeréckbezuelen.

Ech soen et nach eng Kéier. Mir fänken am Moment e Budget u wou mir 200 Milliounen hunn déi fort sinn, déi einfach Zënse sinn, déi fort sinn, an déi mir bezuelen. An déi riskéieren nach ze steigen an nächster Zäit.

Hei ass och gesot gi vun de Mesuren déi geholl gi si vun der vireschter Regierung. Wa mir nach déi Mesuren huelen, kënnt e Beweis, datt och nach Sputt gewiescht wier nach fir aner Mesuren ze huelen.

Mä sécher, déi eng di méi wéi wéi déi aner, well jiddwereen, an et wëll ee jo Politik maachen, déi eng maache Politik, well ee sech seet, mir mussen d’nächste Kéier nees dobäi sinn, an et geet dorëms erëmgewielt ze ginn, an et sinn aner Leit, ech soen Iech jo, ech maachen et jo net aus Freed, ech weess jo ganz genee, et gëtt een attackéiert, d’Leit soen, firwat maacht Dir dat, oder dat, oder dat. Mir hu kee Choix. Et ass dat wat ech probéieren de Leit och ze erklären, an et ass dat wat och richteg ass.

Wann ech elo déi nächst Méint e Buhmann sinn, mä an zwee Joer gesi mir d’Zuelen a mir hunn déi richteg Decisiounen haut geholl, hoffen ech, datt dann déi Leit, déi haut esou kritesch sinn, an déi emol net alleguer wëssen ëm wat et geet, dann op eng Kéier realiséieren, datt déi Mesuren néideg waren. An ech wëll elo net hei mir selwer eng Bonne note, oder op d’Schëller klappen, mä de Courage awer dee mir hunn.

An ech hoffen, an ech soen et och ganz éierlech, ech ka mir virstellen, ech ka mir et net anescht virstellen, datt mir déi nächst Wochen a Méint mat der CSV, a mat deenen anere Parteien un den Dësch sollte kommen, fir ze kucke wat hir Propositioune sinn, wat dann nach ka gemaach ginn.

Hei geet et dorëms d’Land nees op déi richteg Schinn ze kréien. An ech erhoffe mir wierklech, datt ech vun där gréisster Oppositiounspartei och do konstruktiv Virschléi ka kréien, déi och nach an aner Richtunge ginn. An do ass näischt ausgeschloss, wou een net ka soen, jo, Merci fir déi gutt Iddi. A gleeft mir et, ech sinn net deen, deen da seet, déi ass vu mir, wa se da vun hinnen och kënnt. Le droit d’auteur revient alors à son auteur, an ech wäert hinnen dann och Merci soen. Mä ech waarden drop, an ech waarde ganz ongedëlleg.

Max Theis: Dat heescht, Dir sidd duerchaus bereet Amendementer, déi vun der CSV kommen, an deen do Budget nach afléissen ze loossen?

Xavier Bettel: Wa se an déi richteg Richtung ginn. Wann et nees ass wéi déi lescht Joeren d’Géisskan auszepaken, doudsécher net.

 Max Theis: Ma d’Géisskan [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ma ech wëll Iech just soen, Dir wäert an deenen nächste Wochen bis zum Dezember vun eis eng ganz Rei Amendementer kréien. Ech fannen et och gutt, datt Dir se frot, well ech hu festgestallt, datt déi Zäit wéi d’DP an der Oppositioun war ni Amendementer vun Iech komm sinn. An et ass esouguer eis Amendementer gefrot ginn, Mëttwochs moies wéi de Budget nach net deposéiert war, do hutt Dir schonn d’Amendementer vun der Oppositioun dozou gefrot, mir hunn emol de Budget nach net gehat. Also, Dir schéngt wierklech op déi Iddien ze waarde fir Är Politik kënnen duerchzesetzen.

Ech wëll awer just [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Ech waarde just haut nach, Här Wiseler, a mir hu jo schonn driwwer diskutéiert, haut nach op eng konkret Propositioun, eng eenzeg.

Claude Wiseler: Mir kommen duerno domat, fir ze kucke wéi mir zum Beispill mat all deene Saachen hei ëmgaange sinn, wou Dir spuert. Um Kannergeld, soen ech Iech wéi mir gespuert hätten [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Dir wollt et jo besteieren.

Claude Wiseler: Mä do komme mir duerno nach eng Kéier.

Ech wëll awer net e puer Saachen hei stoe loossen, déi ech wierklech kloer wëll stellen. Hei gëtt gesot, wéi wann déi Verscholdungssituatioun déi Lëtzebuerg hätt, eng Katastrof wier, wéi wa mir näischt vum eCommerce gemaach hätten. Ech wëll do emol eng Kloerstellung huelen.

Kuckt emol wéi Lëtzebuerg par rapport zu deenen anere Länner an der Europäescher Unioun, an dem Euroraum steet, hu mir déi zweetklengste Verscholdung am Euroraum. Mir hunn nach als zwee Länner vun der Europäescher Unioun, si mir nach eent vun deenen eenzege wat den Triple A nach iwwerhaapt huet.

Dat heescht, wann Dir elo sot, et wier eng schlecht Finanzpolitik gemaach ginn, dann ass et eng vun deene beschte Finanzpolitiken, déi am Europaraum nach sinn, déi an deene leschte Joere gemaach ginn ass.

A wann och Verscholdung besteet, da muss ee just soen, et muss een awer och wësse wat 2007, 2008, 2009 alles geschitt ass. Mir waren an enger weltwäit, an enger vun deene weltwäit gréisste Finanzkrisen déi mir bis elo kannt hunn. An déi Politik déi dës Regierung, d’ailleurs op Opruff vun der Europäescher Kommissioun senger Zäit gemaach huet, dat war fir ze soen, mir mussen elo Investissementer maachen, mir mussen elo kucken, datt mir anti-konjunkturell schaffen, datt mir kucken esou vill wéi méiglech eis Ekonomie um Lafen ze halen, datt se eis net zesummebrécht.

Mir hate senger Zäit, 2009, e Wirtschaftsréckgang vu -4,1%, 2012 nach vu -0,2%, elo si mir erëm op +2,7%. Dofir sinn déi Suen investéiert ginn.

An dat hu mir d’ailleurs gemaach, ech wëll dat och kloer soen, andeem mir d’Chamber informéiert hunn. A jiddwer Partei, inklusiv Är, waren domat d’accord fir déi Politik déi Zäit ze maachen, well et déi eenzeg richteg war.

Beim eCommerce sot Dir, et wier guer net dru geduecht ginn, et hätt kee Mënsch gewosst. Mä mir hunn dat awer méi wéi eng Kéier an der Chamber duerchgeschwat. Mir hu gesot, hei komme Suen eran, mir wëssen, datt se eng Kéier ophalen, mä mir brauche se elo fir ebe just d’Ekonomie um Fonctionnéieren ze halen, fir eise Wirtschaftstissu weider fonctionnéieren ze loossen, net datt deen eis zesummebrécht, well da kréie mir, wa mir aus der Kris erauskommen, duerno de Start net méi gemaach.

A wann dat wat Dir eis elo sot, datt mir hätte solle maachen, all déi Suen op d’Säit leeën, Iech dann och eescht gemengt war: d’lescht Joer krut Dir 300 Milliounen eran, méi wéi initialement geplangt, dann hätt Dir déi jo kënnen huelen an op d’Säit leeën. Dëst Joer hutt Dir zwar e Fonds souverain gegrënnt, hannert deem ech och voll stinn, fannen ech och eng ganz gutt Iddi, mä Dir setzt [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Firwat hutt Dir et ni gemaach, firwat hutt Dir et ni gemaach?

Claude Wiseler: Dir setzt vun deene 500 Milliounen – loosst mech de Saz fäerdeg maachen, dann äntwerten ech drop – Dir setzt vun deene 500 Milliounen, déi Dir awer elo nach als Recetten erakritt, der just 25 dran. Dat ass awer e ganz klengen Deel vun deem wat Dir do dra setzt. Dat heescht, déi Politik setzt Dir och net esou duerch wéi Dir se an de Wierder en fin de compte hei verkënnegt.

A firwat hu mir et net gemaach? Mä mir hate senger Zäit aner Investissementsfongen, do wou Plus-valuen am Budget waren, wou d’Suen dra gesat gi sinn iwwer Investissementsfongen, déi duerno benotzt gi si fir an deenen Zäite wou et schwiereg war d’Infrastrukturen hei am Land weider ze bauen. Dat ass am Fong esou wéi mir déi Suen déi ze vill waren a gudden Zäiten op d’Säit gesat hunn, datt mir konnten a schlechten Zäiten d’Infrastrukturprogrammer net ënnerbriechen a weiderféieren. Ass am Fong genee dee selwechte Prinzip wéi dat wat Dir elo maacht.

Ech hunn näischt dogéint, ech fannen dat gutt, datt Dir et maacht, mä sot net, et wier an aneren Zäiten net ähnlech Reflexioune gefouert ginn, an néideg Politike gemaach ginn.

Xavier Bettel: Wann Dir just erlaabt, Här Theis. Déi éischt Saach, also, dem Här Wiseler seng Partei seet hei, si hätte jo Suen op d’Säit geluegt, a si hätten hei, si hätten do.

Mir stoungen als Demokratesch Partei, an och déi aner Parteien an der Chamber, ëmmer hannert deem Plan de sauvetage fir Banken. Mir stoungen do. Mä ech wëll just soen, datt dat 2008 war. 2009, 2010, 2011, 2012, 2013 si keng Plans de sauvetage gemaach ginn. Mä awer sinn nei Depensë geschaaft ginn. Ech soe jo net, [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Et sinn Infrastrukturinvestissementspläng gemaach ginn, déi exekutéiert gi sinn, grad net just fir d’Banken.

Xavier Bettel: Ech soe just, et soll een net soen, wéi wann hei d’CSV e Kaweechelche wier dee Reserven op der Säit stockéiert hätt fir déi nächst Generatiounen. Neen, dat ass dat wat mir elo maachen. An Dir wësst, datt se blockéiert sinn, dat heescht, do kann och während enger gewëssener Zäit keen dru goen. An dat hëlleft och Lëtzebuerg eng Kéier wann et méi enk geet. An ech fannen dat richteg.

Och hei, wëll ech direkt soen, ech stinn net moies op andeem ech en Triple A-Fetischist sinn, andeem ech mir soen, mir mussen deen Triple A, soss geet alles an. Ech wëll awer just nach eng Kéier soen, deen Triple A ass eng Notatioun déi gemaach gëtt, et kann een doriwwer soe wat ee wëll, mä gehéiert zur Attraktivitéit vun dësem Land, an erlaabt eis, datt mir méi niddereg Zënsen op eis Schold bezuele wéi wa mir deen net hätten.

Dat wat awer ass, den Här Wiseler seet, mir si besser wéi aner Länner. Weist mir just an der EU nach vill aner Länner, déi esou tributär vum Finanzsekteur si wéi eist Land.

Aner Länner, wéi Italien, wéi Frankräich, wéi Däitschland, déi kënnen nach op aner Sekteuren zielen, déi hei zu Lëtzebuerg nach vill méi kleng sinn. Wa mir aner Sekteuren hätten, déi vill méi staark wieren, an de Sekteur vun de Servicer net predominant wieren, kéinte mir eis och erlaben déi eng, oder déi aner Mesure net ze huelen. Mä déi aner Länner hunn déi.

Mir kënnen eis et net erlaben, als klengt lëtzebuerger Land, ze menge mir kéinte mat deenen anere verglach ginn op deem do Sekteur.

De Service tertiaire zu Lëtzebuerg, dee vun de Servicer, ass immens wichteg, e muss kompetitiv bleiwen, e muss attraktiv bleiwen, an dat suckelt een net aus de Fangeren, do si Strategien déi do sinn an déi Notatioun muss och do sinn.

An dowéinst, gleeft mir ,och wa mir dee Budget do net esou eraginn hätten, weess ech net, ob mir den Triple A behalen hätten. An ech wëll dat jo och just eng Kéier soen.

Mä nach eng Kéier, ech sinn net Fetischist, mä wëll awer iwwer all déi Repercussiounen, déi de Verloscht vun engem Triple A vu Lëtzebuerg géif bedeiten. Mir maachen op jiddwer Fall alles, fir datt déi Top-Note, a virun allem awer déi Finanzsituatioun op deene richtege Gleiser elo ass, an och mat deem Zuch an déi richteg Richtung geet.

Max Theis: Här Bettel, Dir [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Här Bettel, Dir braucht mir net ze erkläre firwat den Triple A wichteg ass, dat weess ech och, a wéi déi ganz Politik an de leschte Joere gemaach ginn ass  [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Mä Dir sot, mir wiere vill besser wéi déi aner Länner. Ech wëll just soen, déi aner Länner déi hunn och nach eppes anescht  [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Jo, mä déi ganz Politik déi mir gemaach hunn,

Xavier Bettel: Et ass just nach Däitschland  [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: ... war just fir d’ekonomesch Situatioun esou ze halen, datt mir déi Notatioun do kënnen hunn, an datt mir eis Investissementskapazitéiten och nach oprecht halen. Genee dat hu mir an deene leschte Joere gemaach. Also, ech si mat den Zilsetzunge mat Iech d’accord. Maacht elo net, wéi wann dat eppes wier, wou ech géing einfach drop verzichten. Selbstverständlech si mir domat d’accord.

Xavier Bettel: Mä a fir do d’accord ze sinn, sinn ech frou, datt dann déi Partei [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech si jo och mat Ären Zilsetzungen d’accord.

Xavier Bettel: ... och mat där Zilsetzung, déi dës Regierung sech gesat huet, och averstanen ass. Et ass richteg. A gleeft mir et  [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech si jo och domat d’accord, ech si just net mat deem wéi Dir se ëmsetzt d’accord.

Xavier Bettel: Ma da komme mir do elo an den Detail.

Max Theis: Do komme mir herno op déi Politiken effektiv zeréck. Ech wollt just nach eng Kéier op déi Zäit no 2009 kommen, Här Wiseler, wou Dir jo mat an der Regierung souzt. Do héiert een ëmmer nees an de Kulissen, datt de Luc Frieden méi wäit wollt goe wat strukturell Reformen ugeet, e wier ëmmer ausgebremst ginn. Vu wiem? Kënnt Dir dat konfirméieren?

Claude Wiseler: Neen, also esou kann ech net konfirméieren. Mir haten an den Diskussioune fir d’Spuerpäck natierlech eng ganz Rei Analysen déi mir gemaach hunn op eenzelne Moossnamen déi virgeschloe gi sinn.

De Finanzminister, well e Finanzminister ass, muss eng Rei Moossname virschloen. E muss der Regierung nach eng Rei Optioune virweisen, wat ee ka maachen, respektiv net ka maachen. An dann ass et un der gemeinsamer Regierung déi Diskussiounen ze huelen. Ech mengen, et ass elo [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Dat heescht, en ass ausgebremst ginn?

Claude Wiseler: Also, Dir weist eng Rei Optiounen, an Dir sot evidenterweis, déi eng oder déi aner déi kann een huelen. Et ass un der Regierung de Choix ze maache wat fir eng se hëlt, a wat fir eng se net hëlt. Do mécht jiddweree seng Aufgab.

An ech mengen, et ass elo net hei, datt Dir hei kënnt weise wéi déi fréier Regierung Dissensen hat. Esou war dat guer net. Mir hunn diskutéiert, mir hunn iwwer Choixen diskutéiert, mir hunn Optioune geholl, a mir hunn eis Spuerpäck gemaach vu 600, vun 900 Milliounen déi sech duerchaus weise loossen. An dat ass d’Resultat vun der Gesamtregierung, vum Här Luc Frieden, a vun all deene Ministeren, ob dat elo CSV- oder LSAP-Ministere waren, déi déi Zäit an der Regierung waren.

Max Theis: Är Meenunge gi jo ausernee wat elo dës Regierung ugeet, ob dat elo Steierhaussë sinn oder net, déi elo do annoncéiert goufen. Wat ass dann Är Meenung an deem Kontext, notamment wat de Bäitrag vun 0,5% ugeet?

Claude Wiseler: Also ech hunn am Fong iwwerhaapt keng Loscht iwwer de Vocabulaire ze schwätzen. Ob dat elo eng Kontributioun ass, oder eng Steiererhéijung, ass mir am Fong egal. Ech stelle just fest, datt et eng Méibelaaschtung ass vun de Leit. A fir mech ass et am Prinzip dowéinst eng normal Steiererhéijung, esou datt – mä déi Diskussioun ass am Fong just eng Vocabulairesdiskussioun. Et ass eng Méibelaaschtung fir d’Leit.

Max Theis: Een décke Batz vum Zukunftspak betrëfft jo d’Familljepolitik. D’Allocations de maternité, a virun allem d’éducation ginn ofgeschaaft, d’Kannergeld fir déi zukënfteg Kanner geet erof. Här Bettel, gëtt um Bockel vun der Famill gespuert oder net?

Xavier Bettel: Also déi, ech soen et nach eng Kéier, déi déi elo do sinn, kréien dat selwecht. Hei gëtt net um Bockel vun der Famill gespuert, et gëtt ee jo [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Um Bockel vun deenen zukënftege Familljen?

Xavier Bettel: Neen, also dat wier jo de Fall, also mir gesinn, ech soen et jo nach eng Kéier, ech wëll net, an ech zitéiere just hei, ech hunn einfach Artikele fonnt vun deene leschte Joeren, wou d’Madame Jacobs zitéiert gëtt, wou Leit zitéiert ginn déi aus deem, d’Madame Christa Brömmel, Beauftragte der Frauenpolitik beim Verein CID-Femmes, seet selwer, “Erziehungszulage in die Abhängigkeit, 485 Euro pro Monat, seien zu wenig. Sie reicht nicht aus um allein den Lebensunterhalt zu sichern. Doch sei dieses Konzept, angesichts der vielen Scheidungen, heute nicht mehr realistisch.”

An da gëtt och nach duerno d’Madame Jacobs zitéiert, déi och seet, datt et da schwéier ass fir, wann een déi Mesuren hëlt, vun deene mir elo schwätzen, déi ofgeschaaft ginn, firwat dann elo nees eng Aarbecht ze fannen.

Dat heescht, mir si vum Constat ausgaangen, datt et immens wichteg ass, datt ee weess, datt et hautdesdaags 50% Scheedunge ginn, datt 90% vun de Familles monoparentales, Frae sinn, an datt vun deene 50% un der Aarmutsgrenz liewen.

Elo ginn et zwou Méiglechkeeten. A mir wëllen, an et ass jo och dat wou ganz vill Leit net nolauschteren, de Congé parental iwwerschaffen [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Dat ass jo elo net weider, et ass zwar annoncéiert ginn zwee Deeg duerno, no Ärer Deklaratioun effektiv, ouni awer elo Detailer ze ginn. Dann hätt een u sech e Gesamtkonzept kënnen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Mir sinn am Gaange mat de Sozialpartner driwwer ze diskutéieren. Dat heescht, wat mir gären hätten, dat ass, datt ee kann, well et gëtt jo d’Bild dobaussen, wéi wa mir gären hätten, datt d’Fra vun der Maternité direkt d’Kand an d’Crèche gëtt. Dat ass falsch.

De Fait ass awer, haut kann ee mat 485 Euro, ech weess, et si vill Suen, mä komm mir sinn éierlech, et kann dach kee mat deem Montant liewen, et ka kee mat deem Montant liewen.

Dat heescht, datt een et fäerdeg bréngt, datt een duerch de Congé de maternité, an duerno duerch de Congé parental, d’Leit hallef, hallefdaags kann een och jo de Congé parental huele bis e Joer, oder 6 Méint huelen, an do huet ee jo och aner Suen déi ee kritt wéi déi, déi bei der Allocation de maternité, an éducation virgesinn ass. Beim Congé parental sinn et 1.778 Euro de Mount während 6 Méint. Domat kann een och liewen.

An da schwätzt ee vu Choix, et ass dach kee Choix. Also een dee mat 485 Euro erkläert kritt, datt en domat kann e Liewe gestalten, ass awer falsch. An am Fong ass de moyen terme an de long terme deen een do muss gesinn.

Mir gesinn, datt verschidde Familljen hautdesdaags dann an enger Situatioun sinn, wou d’Fra am Fong tributaire ass vum Partner, kréien ech eppes, kréien ech näischt, oder vum Staat kréien ech duerno dann eng aner Zoulag, oder wéi, wat, oder wou.

Am Fong misst een déi richteg Fro stellen, wann ee vu Choix wëllt schwätzen. An dat ass eng Fro, déi ech dem Här Wiseler gäre géif stellen, a senger Partei, dat ass, wann een der Fra wëllt de Choix loossen, da misst een hautdesdaags zu der Fra soen, fir datt se kann och de Choix hunn, fir datt se och net tributaire ass vum Partner, misst een eng Mammepai bezuelen. Dat heescht, et misst een de Mindestloun bezuele während 2 oder 3 Joer un d’Mamme fir ze soen, hei, an där Zäit kënnt dir domat liewen, an dir hutt och cotiséiert an etc.

Max Theis: An d’Äntwert op déi Fro, Här Bettel [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Ech ka mir dat net erlaben, ech ka mir dat net erlaben, de Budget erlaabt dat net.

Dat heescht, wann ee wëll richteg eng Indépendance ginn, da muss ee se ginn, an dat anert ass eng falsch Indépendance, an et ass net dat wat mir wëllen. Well gleeft mir et, mir setzen do Leit an eng prekär Situatioun.

Max Theis: D’Äntwert op déi Fro, an och d’Fro vum Choix, déi stelle mir dann dem Här Wiseler nom Journal. Mir maachen nämlech elo Plaz fir den halwer eng.

[Mëttesjournal]

Max Theis: Gudde Mëtteg nach emol, an do ware mir virdru bei de Famillje stoe bliwwen mat der direkter Fro un de Claude Wiseler, ob d’CSV fir e Mindestloun fir d’Frae wier. Här Wiseler, wat sot Dir do dozou?

Claude Wiseler: Also ech mengen, datt vun der Philosophie et eng Fro ass, vum finanziellen ass dat jo net bezuelbar, dofir kënne mir dat momentan sécher net maachen.

Par contre ass et awer op deem hei Sujet wou sech nu wierklech eng fundamental Ännerung, also e fundamentalen Ënnerscheed tëschent op der enger Säit der CSV an op där anerer Säit de Majoritéitsparteien ass: dat wat hei als Familljepolitik gemaach gëtt ass an eisen Aen en ideologesche Modell deen de Familljen imposéiert gëtt. Hei gëtt op der enger Säit deene Leit déi wëllen, well se dat als richteg ëmfannen, eng Zäit doheem bleiwe bei de Kanner, einfach de Choix ewech geholl, andeem déi Ënnerstëtzungen ewech geholl ginn, an op där anerer Säit gëtt de ganze gratis-System vu Crèchen opgebaut, deen dann och nach iwwert 0,5% Steiere finanzéiert gëtt, deen dann och déi Leit nach mussen droen déi en anere Choix wëllen hunn. Hei gëtt e Choix imposéiert, an dat fannen ech net akzeptabel. Déi Politik [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Firwat imposéiert?

Claude Wiseler: Ma, Dir imposéiert, well Dir am Fong all Hëllef, all Hëllef ewech huelt vun der enger Säit an all Hëllef op där aner Säit maacht.

Xavier Bettel: D’Kannergeld bleift jo awer bestoen.

Claude Wiseler: Jo, natierlech, d’Kannergeld ass jo och net dependent vun dem Choix wou Dir hutt. Alles do wou e Choix, wou Dir e Choix ënnerstëtzt, dat ass fort fir déi Leit déi wëllen decidéieren do.

Ech fannen dat inakzeptabel, well et einfach sou ass, datt déi Politik déi mir wëllen en place setzen, dat ass eng Politik wou d’Leit kënnen, wann et eng jonk Famill ass, wa jonk Kanner am Stot sinn, decidéiere wéi si wëlle liewen. An ech fannen et einfach net korrekt, datt Dir, oder d’Madame Cahen sot, esou muss gelieft ginn, well esou ass elo de Wee dee mir richteg fannen.

Xavier Bettel: Dat hu mir ni gesot, Här Wiseler, mir hunn ni gesot muss. Et ass e Choix. Dir sot et selwer. Dir sot selwer.

Claude Wiseler: Dat wier och nach gutt, Dir géingt se physesch forcéieren.

Xavier Bettel: Dir sot elo just, mir mussen. Also passt op, Här Wiseler, Dir sot elo just [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Dir huelt all [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: ... den Här Bettel an d’Madame Cahen soen, mir mussen. Mir hunn ni gesot, dir musst.

Claude Wiseler: Dir huelt all Ënnerstëtzung ewech. Wat ass dat dann?

Xavier Bettel: Wann een de Choix wëll maachen, kann en de Choix jo treffen, mä mir kënnen awer net enger Persoun soen, hal op mat schaffe wannechgelift. Hal op mat schaffen, da kriss du vun eis 485 [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech soen net wannechgelift. Eis Politik ass, datt Dir net ze decidéieren hutt, [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: ... an da kucks du doheem. Dat ass kee Choix.

Claude Wiseler: ... ma datt d’Leit selwer decidéieren.

Xavier Bettel: Dir setzt d’Leit an eng prekär Situatioun, Här Wiseler, mat deem Choix. Dat heescht, der Fra ze soen du bass tributär vun dengem Mann. Du bass tributär vum Staat. Dat ass kee Choix.

Claude Wiseler: Wann ech däerf meng Reflexioun fäerdeg maachen, da soen ech Iech och meng Léisungen doropper. De Choix muss sinn, d’Famill soll decidéieren, d’Politik soll do si fir d’Decisiounen déi d’Famill fir hiert individuellt Liewen ze huelen ze ënnerstëtzen.

Ech wëll net, datt d’Politik seet, déi Decisioun muss geholl ginn an déi Decisioun, do kriss de alles a bei där anerer Decisioun kriss de näischt. Dat fannen ech wierklech net déi richteg Politik.

Elo gesinn ech awer och de Problem, datt Leit a prekäre Situatioune kënne sinn. An dofir ginn et awer eng ganz Rei aner Äntwerten dorop, déi kënnen en place gesat ginn. An där sinn der schonn eng Rei en place gesat ginn. Et ass zum Beispill d’Méiglechkeet, dofir hu mir jo de Congé bei der Fonction publique zum Beispill, wou s de 2 Joer kanns ophalen, duerno erëm d’Aarbecht reintegréieren. Dofir hu mir Babyjoeren agefouert fir d’Cotisatiounen iwwer Joere weider lafen ze loossen. Dofir sinn all déi Modeller vum Temps partiel agefouert ginn, Hallefdaagsaarbecht, déi nach wiesentlech méi musse flexibiliséiert gi fir am Fong déi Modeller aus dem Aarbechtsliewen eran an d’Aarbechtsliewen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Très bien, do si mir ganz eens. Ganz eens, datt de Congé parental, datt de mi-temps, si mir ganz averstan, datt een e Lien nach mat der Aarbechtswelt huet.

Claude Wiseler: Firwat huelt Dir dann deenen Elteren déi decidéieren 1 oder 2 Joer opzehalen, wat jo net eng total Dependenz ass an en total Zréckfalen an eng Dependenz vum Staat oder vun der [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Si hu jo de Congé parental, ech soen et nach eng Kéier, si hu jo de Congé parental.

Claude Wiseler: De Congé parental dauert 6 Méint.

Xavier Bettel: Neen, Dir kënnt et op 1 Joer huelen, Här Wiseler. Dat misst Dir awer wëssen.

Claude Wiseler: Wann Dir deen een Elterendeel an deen aneren, respektiv wann Dir et hallefdaags huelt, wann Dir wëllt méi laang doheem bleiwen, kënnt der dat net, an Dir wësst, datt déi 2 Joer, déi 2 éischt Joer bei de Kanner extrem wichteg si fir hir Educatioun.

Fir déi Elteren déi dee Choix wëllen huele gëtt et wiesentlech méi schwéier, ass fir eis inakzeptabel. Et ginn eng Rei aner Mesuren, ech hu se opgezielt, wéi ee kann déi Précaritéit vermeiden. Mir si bereet och déi Mesurë mat ze goen. Ganz vill sinn der schonn an der Realitéit gemaach ginn. Ech mengen, elo eng vun den haaptsächlechste Mesuren, dat wär d’Flexibilisatioun nach méi ze verdéiwen, respektiv d’Reintegratioun an de Beruff nach méi ze förderen, wéi et elo schonn de Fall ass, an da kritt Dir déi Problemer nach besser an de Grëff. Mä esou wéi Dir et elo maacht ass et inakzeptabel.

Hei gëtt am Fong déi Elteren déi vill Kanner hunn a wou een decidéiert doheem ze schaffen, dat sinn déi déi maximal hei an Zukunft wäerten ënnert deenen hei Reformen leiden. Dat fannen ech inakzeptabel.

Max Theis: Dat heescht, d’CSV hätt u sech dee Modell wéi en elo ass, a priori bäibehalen?

Claude Wiseler: D’CSV hätt dee Modell wéi en elo ass, mat der Allocation d’éducation, bäibehalen. Et sinn nach eng ganz Rei Aarbechten, zousätzlech Saachen déi musse gemaach ginn wéi d’Réintégration professionnelle, wéi d’Flexibilitéit vun den Aarbechtszäite wann d’Kanner kleng sinn.

Mä de Modell sou wéi en elo ass, an eise Modell ass jo net deen, datt d’Eltere mussen doheem bleiwen. Mir soen, d’Eltere sollen de libre Choix hunn. Dofir hu mir och ganz vill Energie a Suen an d’Developpement vun de Garde-Infrastrukturen – Crèchen, Foyeren, Maisons relais – an deene leschte Joeren eragestach. Mir hätte gär déi eng Optioun a mir hätte gär déi aner Optioun.

Just, et ass net um Staat ze decidéieren, et ass un de Leit ze decidéieren. Dat ass eisen Haaptënnerscheed mat dëser Regierung.

Xavier Bettel: Mir si ganz averstanen, datt et e Choix ass. Dat eenzegt wat ass, de Choix kann net vum Steierzueler tributär gemaach ginn, fir ze soen [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Déi eng Säit maacht Dir an déi aner net.

Xavier Bettel: ... fir ze soen, ech wëll elo eng Pause carrière maachen. Et muss ee just wësse wat eng Pause Carrière bedéngt. Wann Dir sot, ech halen elo op mat schaffen, well dat ass jo dat wat pervers bei deenen doten 2 Mesuren ass. Ech dierf keng Aarbecht hunn, oder ech muss op menger Aarbecht ophalen. An dofir hu mir de Congé parental. Ech soen et elo nach eng Kéier, mir sinn am Gaang mam Sozialpartner ze schwätzen, fir datt et de Congé parental ka flexibiliséiert ginn.

Max Theis: Mä méi laang gëtt en net?

Xavier Bettel: Mir sinn a Verhandlungen, Här Theis, huelt mir et net iwwel, wann ech Iech elo [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä ass dat eng Optioun?

Xavier Bettel: Jo, mir sinn am Gaang driwwer ze diskutéieren.

Claude Wiseler: Also, wann Dir a Verhandlunge wäert, dann hätt ech wierklech gär gehat, datt Dir de ganze Pak op den Dësch geluecht hutt an net elo mol op där enger Säit eppes ewech huelt an da soen, elo diskutéiere mir mol iwwert de Rescht.

Xavier Bettel: Mä mir huele jo näischt ewech. Här Wiseler, [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ma dach, Dir hutt de Congé parental suppriméiert. An Dir kënnt net soen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Gelift? ech hunn Iech gesot, mir wëllen e flexibiliséiere fir nach méi [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Pardon, d’Allocation d’éducation suppriméiert Dir, da kënnt Dir net soen, Dir huelt näischt ewech.

Xavier Bettel: Ech schwätzen nach eng Kéier, d’Allocation d’éducation, d’Allocation de maternité ass de Choix, du bleifs doheem. Du dierfs net méi schaffen, dat ass de Choix net loossen. Engem ze soen, du dierfs net méi schaffen. Mir sinn am Gaangen ze kucke mat de Sozialpartner [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ah neen, dat ass elo wéineg einfach [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: ... fir ze soen hei, deen dee sech ëm d’Kanner wëll këmmeren – a wat och wichteg ass, mir sinn eis jo ganz eens, datt d’Elteren, et kritt ee jo d’Gefill heiansdo, verschidde Leit, datt mir gären hätten, d’Kanner dat wier sou eppes wou ee géif dann eng Dépose minute oder an eng Consigne setzen, an dann heiansdo géif een als Elteren dohinner goen. Guer net. Mir sinn eis bewosst wéi wichteg et ass.

An dofir menge mir, datt et beim Congé parental, wou ech e Lien behale mat menger Aarbecht, wou ech genuch kréie fir kënnen och dignement ze liewen, datt een deen dann ebe méi flexibel mécht, fir datt een dann och op eng méi laang Durée da vläicht et mécht. Mä et muss een et och mam Patronat kucken.

Dat sinn déi Saachen déi mir mussen onbedéngt diskutéieren [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Sot mir dann, Här Bettel, verlängert Dir dann de Congé parental, oder net?

Xavier Bettel: Mä Här Wiseler nach eng Kéier, Dir sëtzt net méi um Regierungsdësch fir mat de Partenaires sociaux dat ze diskutéieren. Loosst eis mat hinnen dat diskutéieren.

Mir hätte just gären, dat ass dat wat jiddweree seet, an d’Madame Jacobs, komm mir mussen elo ganz éierlech sinn, hir Associatioun wou si Presidentin ass, an ech félicitéieren och ausdrécklech d’Madame Jacobs déi zéch Crèchëplazen och gebaut huet, well déi hunn och gefeelt. Hautdesdags huet een d’Gefill, wéi wa verschidde Leit an der CSV dat géife kritiséieren, datt een eng méi modern Familljepolitik gemaach huet.

A bon, ech wëll et nach eng Kéier soen, et ass d’Caritas, déi selwer jo net onbedéngt meng Lobbysgrupp ass, och seet, datt et immens wichteg ass, well een net soll enger Fra soen, elo kriss du 20 Méint laang déi 485€, an dann ass et Pilo, an da kucks de eens ze ginn. Dat sinn déi falsch Zeechen.

An dat soen Associatiounen, ech kréie Bréiwer vun Assistantes sociales déi mir schreiwen, ech hunn a ville Situatioune festgestallt, datt déi jonk Stéit hire Budget leider ganz séier un d’Allocation d’éducation ugepasst hunn. A wann déi ewechgefall ass hunn déi Sue gefeelt, zum Beispill hunn se e Prêt gemaach. An et ass dach souwisou net de Fall gewiescht, datt dee klenge Montant engem Elterendeel erlaabt huet fir op eng Pai ze verzichten. Ech hunn zéch där Bréiwer kritt.

Ech hu ganz vill Leit déi mir selbstverständlech Frechheeten och geschriwwen hunn, mä et soll ee just sech an där Situatioun stellen. Mir huele kengem de Choix ewech, mä dat Eenzegt wat ass, mir hätte gären, datt d’Leit sech bewosst sinn iwwert d’Repercussioune vun deem Choix.

Claude Wiseler: Et sinn 8.500 Leit déi all Joers dee Choix do maachen. Deenen huelt Dir d’Allocation d’éducation ewech. Dir verspriecht elo e Congé parental deen anescht soll ginn, hutt awer keng Ahnung wéi dee momentan soll ginn. An da sollen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Mir sinn a Verhandlungen, Här Wiseler.

Claude Wiseler: Ma dann hätt Dir sollen e ganze Pak dohinner leeën, dann hätt Dir solen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Dann hätt Dir eis gesot, mir hätten nees net communiquéiert.

Claude Wiseler: ... dann hätt Dir dat eent an dat anert solle gemeinsam dohinner leeën, an dann hätt ee gewosst wat Är Familljepolitik en général wär. Esou ass mol eppes ewech geholl an da kucke mir wat kënnt.

Xavier Bettel: Et ass net ewech geholl, mir hätte gären, an ech soen et nach eng Kéier, datt ee versteet, mir hätte gären, datt de Lien an d’Dépendance vis-à-vis vun der Fra net méi déi ass wéi vis-à-vis vum Staat oder déi vis-à-vis vum Mann.

Claude Wiseler: Do ginn et ganz aner Moyenen wéi deen hei.

Xavier Bettel: Dat ass deen éischtens. An zweetens, datt een de Lien nees mécht mat enger Aarbecht. Mir wëllen d’Leit encouragéieren hir Verantwortung och z’iwwerhuelen an hinnen d’Moyenen ze ginn.

An dat wat immens wichteg ass, well hei gëtt jo gesot, mir hätte jo gären all Sachleeschtungen amplaz Geldleeschtungen. Wa mir de Leit déi Sue ginn, dat ass eng Saach, mä d’Leit sollten e Choix kréie fir eng gutt, gutt, gutt Encadrement ze hunn deen och muss méi streng kontrolléiert ginn. Mir hätten och gären, datt et Inspektere ginn. Haut gëtt gekuckt wéi de Krunn ausgesäit, an ob d’Toilette niddereg genuch ass, an ob d’Still kleng genuch sinn, [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Op den Detail dozou wollt ech och nach kommen.

Claude Wiseler: Elo komme mir op en anere Sujet.

Xavier Bettel: Ma neen, ech soen et just: dat sinn awer déi Saache wou ee muss den Elteren och soen, well Dir schwätzt och vun engem Choix, da muss een och Vertrauen an dee Choix hunn.

Wann ech de Choix hunn an ech kréie gesot, hei Äert Kand gëtt versuergt an enger Struktur déi gutt ass, wou qualitativ eppes ass, dann hunn ech och Loscht vläicht dohinner ze goen. Ech kenne verschidden Elteren déi mir soen, ech hu mäi Kand net an d’Crèche ginn, well ech keng Crèche fonnt hu wou ech wierklech sécher war. Dat ass do wou mir musse schaffen, fir datt een net engem och do de Choix do ewech huelt.

Claude Wiseler: Elo wäicht Dir awer aus un de Problemer. Also fir hei ze soen, 450 € déi een hei kritt, domat kann een näischt maachen, dat si wéineg Suen. Also fir ganz vill Leit sinn dat ganz, ganz vill Suen.

Xavier Bettel: Dat hunn ech net gesot Här Wiseler, au contraire hunn ech gesot, datt dat vill Sue sinn. Mä kënnt Dir domatter liewen. Kuckt mech just an d’Aen. Kënnt Dir mat 480€ de Mount liewen?

Claude Wiseler: Ech mengen, dat ass ganz oft jo e Complément zu engem Salaire deen da jo nach ee vun de Partner huet, wou deen aneren, well e kee Salaire méi huet, e Complément dovu kritt. An dat hëlleft ganz oft engem, wa se um Mindestloun si plus nach eng Kéier 450€ ,ganz gutt iwwert d’Ronnen.

Xavier Bettel: Dat heescht fir Iech sinn et nëmme Leit déi um Mindestloun sinn?

Claude Wiseler: Neen, do hëlleft et sécher iwwert d’Ronnen. Bei aneren ass et och ganz – dofir, leet mir net an de Mond dat wat ech net gesot hunn. Ech mengen, datt et wichteg fir d’Familljen ass, Dir huelt et ewech an domat huelt Dir e Choix ewech.

Max Theis: Här Wiseler, Dir hutt virdru gesot, et géifen aner Weeër gi fir d’Fra manner ofhängeg vum Mann ze maachen, wat jo déi geleefeg Situatioun ass. Wéi eng Weeër wären dat da fir Iech?

Claude Wiseler: Et ginn aner Weeër fir ze kucken, datt en Ophale während enger kuerzer Zäit an der Aarbecht erëm méiglech ass fir duerno Reintegratioun ze maachen. Dat ass eng Flexibilisatioun vun den Aarbechtszäiten. Dat ass d’Babyjoeren, dat ass Hëllefe fir d’Réintégration professionnelle ze maachen, dat ass och, wann ee wëll, de Congé parental nach ze flexibiliséieren, géint dat hunn ech jo strictement näischt. Do ass eng ganz Rei Moossnamen, Pisten déi an de leschte Joere schonn deelweis gemaach gi sinn, déi een nach weider ka kucken. An dat wär déi Politik déi mir als Alternativ géinge proposéieren, wann dir gären Alternativen hätt.

Max Theis: Stéchwuert gratis Kannerbetreiung, och mat Sproochefërderung. Wéi steet d’CSV dozou?

Claude Wiseler: Ech mengen datt [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: De Premier hat jo och eng Kéier d’gratis Betreiung an engem Etat de la Nation an engem spontanen Akt an d’Spill bruecht.

Claude Wiseler: Ech mengen, datt an dësem Moment d’gratis Kannerbetreiung mat all deene finanzielle Suergen déi mir hu schonn net onproblematesch ass, d’autant plus, datt dës Regierung eng selektiv Sozialpolitik versprach hat. Gratis ass net onbedéngt dat wat ee selektiv mécht. Wa meng Kanner, oder wann ech nach am Alter wär wou ech jonk Kanner hätt, an déi kéinten an eng Crèche goen, gesinn ech net an, firwat ech net zumindestens een Deel géing selwer bezuelen. Ech fannen de Chèque service, esou wéi en agefouert ass, en adäquat Mëttel fir op déi do Froen anzegoen. Dat ass dat Eischt.

Dat Zweet dat ass wat dann déi bilingual Crèchen ugeet, fannen ech dat a priori keng schlecht Iddi fir et ze maachen. Mä do wëll ech awer 2 Saache soen. Éischtens gesinn ech awer momentan schlecht wéi dat an der Praxis sollt realiséiert ginn, notamment an engem Secteur wou ganz vill privat Crèchen sinn. Ech mengen, 80% vum Angebot ass op deem Secteur privat. Wéi do soll déi do Conditioun kënne realiséiert ginn, wou mir och d’Leit hierhuelen, an dat alles bis 2016. An dat wat ech dann als fréiere Pädagog trotzdem mir eng Fro stellen, wéi ass dat ganzt Sproochekonzept? Et geet jo elo net duer, wann een dat do mécht, fir dann am jonken Alter franséischsproocheg, respektiv lëtzebuergsproochegen Educateur bei d’Kanner ze setzen. Meng Fro ass, wéi geet de ganze Sproochesystem weider duerno am Fondamental, respektiv an dat wou mir fréier d’Spillschoul genannt hunn, respektiv duerno am Secondaire? An do hat d’Regierung och versprach, si géing e ganzt Sproochekonzept era bréngen, wéi dat soll an Zukunft gemaach ginn, well do si wierklech, wierklech Problemer do. Eis Gesellschaft huet ganz vill geännert an der leschter Zäit. An ech gesinn hei kee kohärent Gesamtkonzept an ech gesinn och op dem Ofschnëtt vun den 1 bis 3 Joer kee pädagogescht Konzept wat dat da soll, wéi et soll gemaach ginn a wat et soll wierklech bréngen. Ech vermëssen dat.

Max Theis: Här Bettel?

Xavier Bettel: Also, déi éischt Saach ass, Dir musst wëssen, datt e Kand tëschent 1 an 3 Joer, net datt ee mech elo falsch versteet, mä et ass wéi e Schwamm. E Kand vun 1 bis 3 Joer hëlt alles wat e ronderëm huet an et ass intus. An do menge mir, datt et immens wichteg ass fir och fir deen Alter, et ass jo net, datt mir mat de Kanner Schoul halen, et ass net, datt mir mat engem Joer de Kanner wëllen e Buch virliesen. Mä et ass einfach, datt een e Kader huet wou een dann och déi Bilingualitéit huet. An et ass am Intérêt vu béiden.

Mir hunn haut zu Lëtzebuerg e System wou mir immens vill net-Lëtzebuerger hunn déi am Classique Problemer hunn, well se eben och net Däitsch doheem schwätzen, a well se ebe méi Schwieregkeeten hu fir eis Sprooch ze schwätzen. Dat gesi mir och duerno am Schoulhaff, dat gesi mir duerno an de Klassen. A wann Dir haut kuckt wéi et am Modulaire oder am Technique ass, do gesitt Dir, datt dat net representativ ass zu eiser Gesellschaft.

An op där anerer Säit och. Mir gesi jo, datt awer d’Sproochen e wichtegen Deel ass vun eisem Plus, dee mir hunn vis-à-vis vum Ausland.

Dofir menge mir, datt dat doten eng Integratiounspolitik ass an déi am Intérêt vu béiden ass. Et ass jo wierklech wichteg, datt de Lëtzebuerger Franséisch kann an et ass och immens wichteg, datt de Fransous Lëtzebuergesch kann. Wa mir 2 parallel Gesellschafte wëllen, da solle mir roueg weider fueren.

Max Theis: Ma wann ee vun 1 bis 3 déi Sproochen do, also bilingual fiert, da muss ee jo och herno am Précoce, Préscolaire alles duerchfueren awer.

Xavier Bettel: Mir géifen et jo och nach gär weider maachen. Mir gesi jo och, datt hautdesdaags, an dat gehéiert jo och zur Attraktivitéit, mir hu virdrun nämlech vun Attraktivitéit vu Lëtzebuerg geschwat. Et muss ee wëssen, datt zu Lëtzebuerg och d’Schoul e grousse Problem ass.

Mir hu ganz vill Leit déi op Lëtzebuerg schaffe kommen a wunne kommen, déi e Problem hu mat eisem Schoulsystem. An hautdesdaags deen déi Suen huet, dee kann da säi Kand an eng Privatschoul schécken, mä dat kann net jiddwereen. An dofir ass et och wichteg, datt déi ëffentlech Hand och déi Méiglechkeet gëtt, fir datt een och an deene verschiddene Sprooche kann Geschicht, Geo oder Bio zum Beispill och studéieren. Mir mussen einfach do och weider kommen.

Wat virdru gesot ginn ass, och vun de Strukturen. De Fait ass, mir hunn eng Situatioun och geierft wou déi lescht Regierung a Regierunge Saache kreéiert hunn, wou mir an Zukunft wäerten och Problemer kréien. D’Studenteboursë ware jo och déi éischt, wou mir jo och condamnéiert gi si fir déi ze bezuelen. An ech ka mech erënneren, wéi deemools den Här Biltgen gesot huet, dat doten ass eng Spuermesure am Fong, déi Reform, mat deene Boursen, an et huet eis duerno, mir wieren 100 Milliounen dëst Joer nees méi déif an de Keller gaang.

Max Theis: Mä déi Fro stellt sech jo och elo bei de Chèques services. An do gëtt et eng gewësse Confusioun, wien dann an de Genoss vun där Kannerbetreiung ka kommen.

Xavier Bettel: Et ass net fäerdeg, duerno wäerten nach aner Saache sinn déi wäerten och nach exportabel ginn. Dat heescht, et muss ee wierklech elo de Calcul maachen.

Jo, de Chèques services ass ganz einfach. D’Leit cotiséiere jo och hei zu Lëtzebuerg. Dat heescht, wa se cotiséieren, dann hu se deen och ze gutt.

An dat wat ass, den Här Wiseler huet och d’Fro virdru gestallt, wéi et dann elo ass mat deene private Crèchen. Jo, deen deen da wëll vun deem Service profitéiere wou säi Kand dann och eben déi gratis Stonne kritt, muss an eng konventionéiert Crèche goen. An déi konventionéiert Crèchen, déi muss et dann hei ginn, déi kann et dann och – dat ass jo dat wat och wichteg ass, well wa muer zu Thionville oder zu Tréier mat de klenge Kanner och Lëtzebuergesch geschwat gëtt, ass och an eisem Intérêt. Et soll een net mengen, d’Leit gesi jo just nëmmen eng Richtung [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Dat heescht, Dir géift déi Crèche konventionéieren déi Säit der Grenz, déi dann déi Critèren déi Dir setzt erfëllen?

Xavier Bettel: Mir si condamnéiert. Oder déi Leit missten dann hei zu Lëtzebuerg mam Chèque service och kënnen, dat ass jo dat wat ech och gesot hunn, dat heescht datt et importabel am Fong gëtt. Well een deen dann déi Stonnen déi en ze gutt huet, wëll hei zu Lëtzebuerg récupéréieren, muss se – mir gi condamnéiert. Ech soen Iech et. Et steet sou gutt wéi [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Den Här Meisch sot just, datt dee System do vum bilinguale System och fir privat Crèchë géing zielen. An der Edukatiounskommissioun.

Xavier Bettel: Ech soe just, mir wëllen deen un d’Schoul jo uglidderen, dee bilinguale System, dat heescht, an d’Schoul ass awer reservéiert fir deen deen do wunnt. Dat wat awer ass, dat ass, dee Chèque service ass exportabel. Mir kënnen net, an ech soen Iech just, datt et do nach en aneren Dossier gëtt, deen eis iergend eng Kéier wäert, wéi een op gutt Lëtzebuergesch seet, riicht an d’Gesiicht falen, dat ass dee vun der Assurance dépendance. Dat ass d’selwecht. Do si Saache geschafe ginn, wou de Risque eng Kéier grouss ass, datt mir gesot kréien, déi dote mussen och exportéiert ginn.

Wat ass d’Argument fir ze soen déi Leit bezuelen hei an a kréien awer déi Servicer net prestéiert fir déi se awer och bezuelen?

Max Theis: Ass da schonn ausgerechent, wat déi Chèques services géifen ausmaachen dee Moment?

Xavier Bettel: Vill manner wéi ee mengt. Vill, vill manner wéi ee mengt. Den Här Meisch ass jo am Gaangen un deem ganze Konzept ze schaffen. Wann en eis gesot hätt, dat dote kascht dat 5facht vun deem aneren, hätt ech e Problem gehat. Mä et ass ausgerechent ginn a wéi gesot, dat erlaabt dann a wéi gesot qualitativ Strukturen ze hunn, déi och fir deen Zesummewuess vun eiser Gesellschaft immens wichteg ass.

Claude Wiseler: Also, ech wëll just soen, wou den Här Bettel Recht huet, dat ass, datt effektiv déi europäesch Legislatioun, déi europäesch Jurisprudenz an der leschter Zäit vill geännert huet, an datt een déi Saachen eng Kéier muss seriös iwwerkucke fir ze kucken, wou mir do stinn.

Wat ech awer nach wëll soen, dat ass, datt ech vum bilinguale System a priori jo déi Iddi gutt fannen. Dat eenzegt, oder déi 2 Froen déi mir hannendru stellen, dat ass, wéi soll et realiséiert ginn, wéi kann dat esou schnell realiséiert ginn. Bis 2016 ass et versprach ginn. A wat mir wierklech vermëssen dat ass dat pädagogescht Konzept wat do hannendrun ass. Well et geet net einfach duer fir ze soen, da schwätze mir emol sou an da kucke mir wat eraus kënnt, respektiv wat ass d’Suite an dem Fondamental an dem Secondaire, datt een e ganzt Konzept fir d’Kand hätt fir déi Bilingualitéit do oprecht ze erhalen, déi fir eis grad sou wichteg ass wéi fir Iech.

Max Theis: Gutt, da wollt ech nach op de Logement ze schwätze kommen. 10.000 Wunnenge goufen annoncéiert an den nächste Joeren. En ambitiéise Chiffer, Här Bettel. Wéi soll dat da goen?

Xavier Bettel: Ma do muss een zesummen. Mir wëllen déi Silosmentalitéit net méi hunn, wou da just e Logementsminister a sengem Eck do geschafft huet. Dofir hat ech mir erlaabt, an dann entschëllegen ech mech och, wann ech dës Woch an der Chamber der CSV gesot hunn, si soll méi diskret sinn an der Logementspolitik.

Mä et ass wouer, do si ganz vill Saache gemaach gi wou Suen investéiert gi sinn, mä déi d’Resultat net bruecht hunn. De Pacte logement, d’Iddi war jo gutt. Mä mir hu gemierkt, et bréngt näischt. Also et huet manner bruecht wéi dat wat [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Also et bréngt näischt dat ass, seriösement [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Neen, pardon, mä et huet net dat bruecht wat mir wollten.

Mir gesi jo, datt d’Offer erméiglecht, datt d’Präisser och erof ginn. An dofir musse mir als ëffentlech Hand, a mir sollen do net a Contradictioun sinn mat private Promoteuren. Mir wësse selwer, datt mir ganz vill net selwer kënne maachen. Mir musse kucken, datt d’Prozedure vereinfacht ginn, a mir musse virun allem kucke fir mat private Constructeuren och selwer Promoteur ze sinn a selwer als Staat och ze bauen.

Mir hunn do e wichtege Projet, mir hätte gären och Projete fir d’Studentewunnengen, mir hätten och gären de Locatif, well et geet jo ganz vill och an d’Vente, mir hu verschidde Leit déi net an d’Vente wëlle, kënne goen, kënne goen muss ee soen. A mir wëllen dat ophale wou mir haut ëmmer méi jonk Stéit hunn déi oder gutt Elteren, oder eng gutt Bomi hunn, oder an d’Ausland musse plënneren. Dat kann net sinn.

An dowéinster ass et wierklech immens, immens wichteg, de Logement ass fir eis eng Haaptprioritéit an ech krut d’Fro gestallt mat der Madame Nagel [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä wéi séier soll dat da lass goen?

Xavier Bettel: Ma sou séier wéi méiglech. Also ech gleewe kaum, datt mir déi 10.000 Wunnenge selwer wäerte bauen. Mä haut baut ee jo net, fir datt dës Regierung et ka maachen. Et baut een et, well ee gären hätt, datt do eppes geschitt. An do geschitt jo och eppes [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Mä ass dat a 5 Joer, 10 Joer, 15 Joer? Dat ass dat wat mir e wéineg un der Declaratioun vermëssen. Dir setzt d’ Zil mä awer kee Kalenner hannendrun.

Xavier Bettel: Mir lancéieren, ech kann Iech och soen, datt mir [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Stinn déi 10.000 Wunnengen um Enn vun der Legislatur, zum Beispill?

Xavier Bettel: Also do, Här Theis, wann ech Iech elo géif soen, jo, déi si fäerdeg. Dir wësst jo ganz genau, et kann e Recours gemaach ginn. Frot den Här Wiseler mat sengem Rond-point zu Helleng. Dee sollt jo schonn 20 Joer fäerdeg sinn. Dowéinster, wann een e Recours mécht, kann et méi laang daueren

Mä et ass eist Zil. Eist Zil ass, sou séier wéi méiglech Wunnengen hei zu Lëtzebuerg ze baue fir, an dat ass och Familljepolitik, virdrun ass gefrot ginn, ob mir eng familljefrëndlech Politik géife maachen. Jo, soss géife mir bestëmmt net gären de jonke Familljen en Daach iwwert de Kapp besuergen.

Claude Wiseler: Déi Zilsetzung ass jo richteg. Mä ech mierken, ech héieren hei just Wierder déi gesot ginn. Mir mussen natierlech méi Wunnenge bauen.

Ech wëll awer just soen an där Pacte logements-Period tëscht 2004 an 2011 sinn 22.500 Wunnenge gebaut ginn. Déi ganz Gemenge si mat implizéiert gi fir an de ganzen Efforten mat ze hëllefen. A wann elo gesot gëtt, d’Madame Nagel mécht sou vill an déi virescht Logementsministere ginn sou schlecht, ma ech wëll just soen, datt de vireschte Logementsminister, den Här Schank, e Gesetzesprojet era gereecht huet iwwert d’Subventiounen; beim Loyer, datt en e Gesetzestext eragereecht huet iwwert de Logement durable. Déi leie säit engem Joer do. Dir kënnt do soen [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Ass de Präis erof gaang? Kommt mir kucken eis emol riicht an d’Aen, Här Wiseler? Ass de Präis an deenen 100 Joer, oder kommt ech sinn elo net béis, an de leschten 10 Joer, wou wierklech de Logement e Problem zu Lëtzebuerg ginn ass, ënner CSV-Ministeren erof gaang? Ass en erof gaang, Jo oder Neen?

Claude Wiseler: Da kommt mir kucken eis an d’Aen, an da sot mir emol wat fir e Land an Europa esou gewuess ass wéi Lëtzebuerg an deene leschte Joeren, an datt mir natierlech Schwieregkeeten hate fir an den Infrastrukturen nozekommen, mat deem Wuesstem wat mir haten.

Ech muss Iech éierlech soen, wann nach an den nächste Joeren sou e Wuesstem ass, an Dir maacht an Infrastrukturen esou schnell wéi an de leschte 5 Joer oder leschten 10 Joer mat ëffentleche Strukture gemaach ginn ass, dann hutt Dir gutt geschafft. Dir hutt nämlech méi Investissementer elo virgesinn. Dat fannen ech och ganz gutt esou.

Ech soen Iech just, um Enn vum Joer kucke mir, ob Dir se realiséiert kritt. Well de grousse Problem ass jo ëmmer, wéi kréien ech déi Suen déi ech fräistelle fir Investissementer ze maachen, wéi kréien ech déi an d’Realitéit ëmgesat.

Mä ech kommen awer gär op de Logement zeréck. Fir ze soen, et sinn 2 Gesetzer déi an der Chamber leien. Dat iwwert d’Subventioune bei de Loyeren an dat iwwert de Logement durable. Den Här Schank huet déi déposéiert. Et ass schonn iwwert d’Amendemente geschwat ginn. D’Madame Nagel huet gesot, si géing se bréngen. Et sinn awer nach ëmmer keng do. Also, wa se sou eng gutt Ministesch ass an déi aner sou schlecht, dann hätt ech just gär, datt déi Dossiere solle weider goen. Da soll eppes [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Dir sëtzt an der Chamber, ech sëtzen net an der Chamber, ech weess net wéi d’Aarbecht an der Chamber organiséiert gëtt. Ma op jiddwer Fall [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Jo, mä hei sinn Amendementen, dat sinn Regierungsamendementen, dat ass awer un Iech an un der Madame Nagel, an net un eis.

Xavier Bettel: Op jiddwer Fall, d’Madame Nagel, gleeft mir et, mécht sech ganz, ganz vill Energie fir deen doten Dossier. Ma ech freeë mech op eppes [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Jo, mä et muss awer eppes eraus komme mat der viller Energie.

Xavier Bettel: Ma selbstverständlech, ech soen et nach eng Kéier, ech constatéieren, den Här Wiseler seet och, d’Präisser sinn net erof gaang. Mir musse kucke wéi mir d’Offer einfach an d’Luucht setzen, a mir mussen eis och e Cadre légal gi wou mir déi eng oder déi aner Saach mussen aféieren.

A mir hu keng Angscht et ze maachen. Mir wäerten net eis beléift maache bei deem engen a bei deem aneren. A wann eis de Logement jo och egal wier, dann hätte mir e jo och net op 3% gelooss. Dann hätte mir et jo och net bei de Renovatiounen op 3% gelooss.

Mir sinn der Meenung, datt ee muss deene jonke Familljen zu Lëtzebuerg et erméiglechen en Daach iwwert de Kapp ze kréien. An dat sinn déi Saachen.

Mir wëllen och, déi Klimabank si mir am Gaang drun ze schaffen, well amplaz Suen, hei zu Lëtzebuerg gëtt ëmmer  Suen, Suen, Suen, mir wësse mol net wou se fléissen. Fir eis ass et wichteg, datt een dann zum Beispill bei enger Klimabank e Prêt kritt, an datt een dann doduercher, duerch déi energetesch Amelioratioun déi ee kritt huet, dann och dee Prêt rembourséiert kritt, amplaz nees Suen ze kréien an Suen nees zréck ze ginn.

Max Theis: Dir hat elo e gutt Stéchwuert genannt, keng Frënn gemaach hutt Dir Iech bei der CGFP mat Ärer Declaratioun, och bei de Staatsbeamte gëtt gespuert. Dat gëtt eng haart Noss, oder net?

Xavier Bettel: Ech sinn net Premier fir Frënn ze maachen. Ech si Premier fir e Land ze regéieren, an datt dat Land fit ass fir muer. Also et ass net wéi vill Friends ech op Facebook moies hunn, wou ech mir da soen, hei Xavier du hues gutt geschafft.

Max Theis: Mä “net mat eis”, wann d’CGFP sou schwätzt, dat ass awer [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Neen, d’CGFP och.

Wa mir en Equiliber musse fannen, wa mir mussen d’Staatsfinanzen an de Grëff kréien, da mengen ech, et ass en Zukunftspak wou wierklech vill Acteure betraff sinn. A sou wéi ech och dës Woch gesot hunn, déi eng si rosen, déi aner si rosen, ech sinn net do fir wierklech an der Hitparad vun der Beléiftheet.

Wësst Dir, ech denken elo net un déi nächst Wahle fir elo nees deen ze sinn deen onbedéngt muss gewielt ginn an dofir keng Mesuren ze huelen. Ech gesinn d’Zuelen haut, ech gesi wou mir als lëtzebuerger Land stinn, an dann hunn ech de Choix. Ech maachen näischt an et ass mir egal, an ech hoffen, datt déi richteg déck Kris, an datt mir wa mir eng Kéier eng riicht an d’Gladder kréien, datt dat no deenen nächste Wahlen ass an ech ginn déi nächste Kéier gutt gewielt, oder ech sinn haut bereet Mesuren ze huelen déi néideg si fir dëst Land. Et ass kee Schéinheetsconcours, et ass kee Friend request Concours, et geet hei ëm d’Zukunft vun eisem Land. Mir mussen eis eng Kéier deeës bewosst sinn

An d’CGFP huet och do eng Verantwortung ze huelen. An ech muss Iech awer soen, datt ech immens frou sinn iwwer déi gutt Fonction publique déi ech hunn, mat där ech gutt schaffen, well all déi Mesurë kéinte mir och net maachen, wa mir net déi engagéiert, motivéiert Staatsbeamten hätten. Hei soe mir einfach, et sinn 2 Mesuren déi sinn net méi drobar. Déi sinn net méi drobar. Da kommt mir si solidaresch a mir halen do zesummen.

Max Theis: Ee Reproche deen ëmmer erëm kënnt ass, datt bei de Politiker selwer net gespuert gëtt. Wat äntwert Dir do?

Xavier Bettel: Mir falen an d’Fonction publique. D’Trimestre de Faveur ass et och fir d’Politiker ginn. All déi Saache sinn et fir d’Politiker ginn.

Max Theis: Mä zum Beispill 6 Méint Pai wann een net méi zréckgewielt gëtt, a sou weider, dat ass [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Dat ass d’Chamber, mä wéi gesot den Traitement de faveur, also de Semestre de faveur fält ewech. Dat ass d’Realitéit, mir falen do ënnert déi selwecht Saachen.

Wësst Dir, et ass och ganz einfach, ech hu verschidde Leit déi soen, Här Bettel, wann Dir dann dat dote géift ofginn, da wär de Problem vum Budget geléist. Ech soen et nach eng Kéier, mir si bei enger Schold vu bal 11 Milliarden, an ech soen et nach eng Kéier, mä wann zu Lëtzebuerg e grousse Konsenus ass fir ze soen wann dat d’Solutioun wier [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Ech wëll just doropper äntwerten, ech versti jo och, datt op all deene Punkte muss gespuert ginn, an dat ass och sécher net eng contraire Ausso déi Dir vun eis do kritt. Ech soe just, notamment wa mir d’Beispill Fonction publique huelen, mä Dir kënnt och bei anere Secteuren dat selwecht huelen, wär et awer normal gewiescht, datt déi do Moossnamen och mat der Fonction publique géingen duerchgeschwat ginn.

Dir hutt gesot, Dir géingt de sozialen Dialog wëllen organiséieren. Mir stellen hei fest, datt Dir bei d’Gewerkschaften, bei d’Patronat, bei d’Sozialpartner gitt, Dir sot wéi et ass, Dir maacht eng Informatiounsversammlung an da war et. Dat ass fir mech just de soziale Monolog.

An ech soen Iech, wann Dir duerno Är Moossname musst ëmsetzen, da gëtt et richteg schwéier wann Dir se net mat de Sozialpartner duerchdiskutéiert hutt. Eng Moossnam kann een net just decidéiere bei sech am Büro, eng Moossnam muss een duerno och op den Terrain kréien. An do kritt Dir d’Schwieregkeeten, well Dir net diskutéiert a well Dir d’Leit net mat u Bord huelt.

Xavier Bettel: Ech soe just, datt dat fir mech kee Monolog ass, dat ass fir mech Verantwortung huelen Här Wiseler. A wann ee Verantwortung huet, da muss een se och [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Dir musst duerno Decisiounen huelen, mä fir d’éischt musst Dir mat de Leit vläicht awer eng Kéier schwätzen. Da musst Dir se probéieren mat u Bord ze kommen.

Xavier Bettel: Dofir sinn déi lescht Joere keng Decisiounen hei zu Lëtzebuerg geholl ginn, Här Wiseler, [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Déi lescht Joere si vill Decisioune geholl ginn.

Xavier Bettel: ... well mam Scheckheft ass Politik gemaach ginn.

Claude Wiseler: Déi lescht Joere si ganz, ganz vill Decisioune geholl ginn.

Xavier Bettel: Dir wësst ganz genau, et ass all Kéiers wou Dir de Leit, Dir hutt all Kéiers de Leit eppes nees versprach oder eppes nees bäiginn [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Dir wäert jo an den nächste Méint gesinn wéi dat geet.

Xavier Bettel: ... breet Efforten ze maachen an de Leit se och ze erklären, dat wat mir probéieren elo ze maachen. An ech hoffen, ech soen et nach eng Kéier, Här Theis, [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Decisiounen hëlt een eréischt no der Diskussioun.

Xavier Bettel: ... ech hoffe wierklech, datt d’CSV endlech aus deem Motzeck eraus kënnt. Ech hunn awer festgestallt, datt den Här Wiseler gesot huet, et wier gutt. Mir hätte Recht. Et wier richteg. Et si gutt Iddien. Dat mécht mir alt scho Freed. Ech waren elo op seng gutt Iddien an da brénge mir et fäerdeg hei weider ze kommen.

Claude Wiseler: Ma déi kritt Dir an den nächsten 2, 3 Méint am Wocherhythmus geliwwert.

Xavier Bettel: Très bien.

Claude Wiseler: Mir wäerten Iech d’Amendemente virstellen déi d’CSV wëll maachen. Mir wäerten Iech déi alternativ Politik dohinner setzen.

Xavier Bettel: Très bien.

Max Theis: Ee Sujet wollt ech nach uschwätzen, deen hunn ech an der Declaratioun vermësst. Aner Leit och. Dat war dee vun Trennung vu Kierch a Staat. D’Finanzement vun de Culten, do ass kee Wuert gefall.

Xavier Bettel: Do sinn och Negociatiounen. Dat ass dat selwecht, do sinn Negociatiounen déi am Gaange sinn an ech sinn net zu Marrakech um Souk, wou ech Iech elo erkläre wat deen ee proposéiert an deen anere bitt. Wann ech bis fäerdeg si mat deem ganz Konzept, mat de verschiddene Culten [gëtt ënnerbrach]

Max Theis: Mä Dir wësst wou Dir wëllt hin?

Xavier Bettel: Dat soll een am Dialog maachen. Ech hunn d’Culten, fir Iech all ze soen, nach eng Kéier dës Woch gesinn, alleguer. Mir hunn eis en Timing ginn, mir hunn eis e Kalenner ginn. A wa mir bis fäerdeg sinn, ech wëll net ee vis-à-vis vun deem aneren hei stëppelen, mä mir wäerte schonn zesummen déi richteg Léisung fannen. An ech sinn och do iwwerzeegt, datt souguer déi gréissten Oppositiounspartei op hir Ënnerstëtzung, well se mierken, datt dat wéi et haut geet net méi ka weider goen. An souguer selwer d’Cultë mengen et och.

Claude Wiseler: Ech fannen do och dee richtege Wee, datt diskutéiert an negociéiert gëtt. Dann hoffen ech just, datt de Vizepremier net heiansdo mat eegenen Interventiounen Iech do dozwëschent funkt op där anerer Säit.

An da fannen ech och de Fait, datt Dir eng Referendumsfro organiséiert, wou Dir am Fong deen do Problem scho wëllt tranchéieren, fannen ech dann net gutt an enger Zäit wou Dir nach an den Diskussiounen am Gaang sidd. Ech géing Iech do roden, probéiert Är Diskussioune bis zum Schluss fäerdeg ze bréngen. Probéiert se mat de Partner ofzeschléissen, da kritt der och eis Ënnerstëtzung, an da setzt Dir dat an d’Realitéit ëm a maacht et net iwwert e Referendum wou Dir Iech am Fong Är Marge de négociation blockéiert.

Xavier Bettel: Mä de Referendum ka jo och sinn, datt d’Leit soen, mir sinn averstan mat där Mesure déi d’Regierung proposéiert an déi [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Jo, mä et ass kontradiktoresch wann Dir negociéiert, an Dir maacht e Referendum zur gläicher Zäit. Dat fannen ech [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Här Wiseler, wa mir eis eens sinn, an déi Propositioun wou mir eis eens sinn, de Leit soen, sidd Dir averstan mat deem Deal deen de lëtzebuerger Staat mat de Culten zesumme gemaach huet, weess ech net firwat een – et ass eng wichteg Reform, mir sinn am Gaang d’Land ze moderniséieren, wou mir soen, dat doten ass sou wéi mir mat de Cultë weider dat organiséieren, sidd Dir domatter averstan oder net? Ech fannen au contraire, et ass wichteg och d’Leit ze froen, et ass dat wat dës Regierung och gär mécht. Bei de [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Da musst Dir d’Fro stellen zur Zäit wou Dir d’Resultat wësst. Haut stellt Dir d’Fro, eng generell Fro, ouni datt Dir d’Resultat wësst.

Xavier Bettel: Jo, mir soen och, [ondäitlech] et an der Verfassung muss stoen. Wa mir der Meenung sinn, datt et net méi muss an der Verfassung stoen a jiddwereen ass domatter averstan, och an de Culten, wat [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Wat heescht dat dann, Dir wësst jo awer [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Ma ech sinn a Verhandlungen, ech kann Iech et jo och lo nees net soen. Ma do, et ass awer ganz gutt [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Eben, an Dir stellt awer d’Fro de Leit emol, an Dir wësst net wat dann d’Reaktioune solle sinn.

Xavier Bettel: Jo, mä mir hunn awer bis dann – de Referendum, Här Wiseler, ass net muer. De Referendum ass an e puer Méint. Ech sinn am Gaang gutt weider ze komme mat deene verschidde Culten. Ech sinn iwwerzeegt, datt een eng Léisung fënnt, an datt mir, an au contraire ech si souguer vläicht houfreg, kënnen de Leit am Referendum d’Fro ze stellen, sidd Dir mat där Decisioun déi mir Iech do proposéieren, déi zesumme mat de Culten ausgemaach ginn ass, averstan? A vläicht mécht dann och d’CSV e vibranten Appell, fir datt d’Leit déi matstëmmen.

Max Theis: Dir Hären, eis [gëtt ënnerbrach]

Claude Wiseler: Da kucke mir mol ob dat sou ass.

Max Theis: Eis Stonn ass leider méi wéi ëm. Et war interessant, an et sinn nach eng ganz Partie Sujeten déi een hätt kënnen uschneiden. Dat maache mir dann op anere Plazen. Merci fir haut.

 

Dernière mise à jour