Claude Meisch au sujet des réformes dans l’éducation nationale

"Et ass fir eis alles diskutabel"

En Interview vum Mariette Zenners (RTL Telé Lëtzebuerg):

An hei bei eis am Studio begréissen ech elo den Educatiounsminister, Claude Meisch.

Also wann ech et richteg verstanen hunn, Dir sidd bereet iwwer alles ze diskutéieren, mä Dir haalt um Koeffizient oder un den Altersdéchargë fest. D’Gewerkschafte soen, mir si bereet iwwer alles ze diskutéieren, ausser iwwer de Koeffizient an d’Altersdéchargen. Dat ka jo net opgoen, oder?

Claude Meisch: Esou kann een et eigentlech resüméieren. An ech soen zanter 6 Méint och den Enseignantsgewerkschafte ganz kloer, datt mir vum Domaine vun der Educatioun an och vun den Enseignanten e gewëssene Bäitrag musse leeschten zu deem Zukunftspak. Mir hunn eng schwiereg Situatioun am Land, an do muss jiddwereen hëllefen, an do kënne mir als Schoulen, an als Acteuren an de Schoulen eis eigentlech net verstoppe goen.

An eng éischt Propos dat war d’Altersdéchargen. Do hunn d’Gewerkschaften eigentlech ganz kloer gesot, dat kënnt mat eis net a Fro. Du si mir op d’Sich gaange fir eng aner, equivalent Mesure ze fannen. Dat ass elo déi vun de Classes terminales. Do soen d’Gewerkschaften am Ufank ganz kloer, Neen. Dunn hu mir eis un en Dësch gesat, a mir hunn e Kompromëss jo eigentlech fonnt. Mir hate jo en Accord mat där gréisster Gewerkschaft aus deem Secteur [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Datt d’Gewerkschaften no dësem Accord all gesot hunn, mir mussen nach d’Basis consultéieren, an den SEW war direkt méi retizent.

Claude Meisch: Dat ass wouer, mä déi representativ Gewerkschaft, do hate mir en Accord do drop, wou se elo soen, d’Basis hätt deen net suivéiert.

Mir sinn eigentlech elo an enger Situatioun, datt mir eng Streikprozedur lancéiere fir en Dissens wou mir eigentlech schonn tëschent Regierung a Gewerkschaften en Accord hunn um sektorielle Plang. Mä och um nationale Plang, well dëse Punkt ass och ee vun de Punkten am Zukunftspak, wou d’Regierung jo och [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Deen haut jo an der Chamber gestëmmt gouf. Steet dat da schonn dra vun [gëtt ënnerbrach]

Claude Meisch: Dat steet hei nach net dran, well dat net onbedéngt an e Gesetz muss kommen.

Mä mir haten e Regierungsaccord mat den dräi groussen, nationale Gewerkschaften, wou och zwee vun den Enseignantsgewerkschaften affiliéiert sinn, a wou och gesot ginn ass, datt dee ganze Pak, deen eigentlech elo guttgeheescht gëtt – an et wier déi éischte Kéier, datt mir eng Streikprozedur géinge lancéiere fir eppes wou eigentlech en Accord bestanen huet, deen awer op eemol net méi gedroe ginn ass vun der Basis, respektiv awer och hei vun den Enseignantscomitéen aus den eenzelne Schoule mat torpedéiert ginn ass.

Mariette Zenners: Elo soen d’Gewerkschaften, si hätten alternativ Spuermesuren Iech proposéiert, mir hunn den Här Reding grad héieren. Zum Beispill beim Ministère soll selwer gespuert ginn, respektiv bei Étudë wéi PISA. Vum SEW huet et och geheescht, déi Saach vum Ofschafe vun der duebeler, respektiv der dräifacher Verbesserung bei den Examen, der duebeler während dem Joer, dat wier e Wee. Mä op dee wollt Dir jo och matgoen, oder?

Claude Meisch: Dat zum Beispill ass ee Punkt fir den Opwand vun der Korrektioun eigentlech op en normaalt Mooss ze reduzéieren, esouwuel während dem Joer wéi och fir d’Examen – mat enger Rei vu Précautiounen natierlech wann Differenzen zum Beispill sinn an den Noten, datt da méi intensiv nach eng Kéier korrigéiert gëtt. Do si mir matgaangen. Dat ass en Deel vun deem Accord, dee mir mat der Feduse, an eigentlech och um gudde Wee war fir mat der Apess kënnen ofzeschléissen. Do ware mir d’accord.

An ech wonnere mech eigentlech haut, datt ech herno an de Medien erëm héieren hunn, mir géingen do eis daf stelle par rapport zu esou Proposen. Nach eng Kéier [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: An nach aner Spuermesuren, déi si proposéieren, sinn net fir Iech diskutabel?

Claude Meisch: Et ass fir eis alles diskutabel. Ech stellen awer fest, datt op där anerer Säit gesot gëtt, mir schwätzen nëmmen iwwer gewësse Saachen.

Ech sinn d’accord iwwer alles ze diskutéieren, awer och iwwer eis Propose muss dann diskutéiert ginn.

Eis Propos vun de Classes terminales, wou dee Coefficient correcteur soll ugewannt ginn, fir eben an Zukunft Leeschtungen déi net bruecht ginn och net méi mussen ze bezuelen. Dofir awer och op där anerer Säit dat wat gemaach gëtt, dat bis haut net bezuelt ginn ass effektiv – well vill Enseignante leeschte jo eigentlech ganz villes, wat eigentlech ni comptabiliséiert gëtt, do gëtt et jo guer keen Zweiwel drun – fir och dat awer ze consideréieren. Respektiv eben, déi aner Propos, fir op den Altersdéchargen eppes ze maachen, dat muss och op den Dësch fir kënnen ze diskutéieren.

Mariette Zenners: Mengt Dir net och, datt d’Fronten esou verhäert sinn, well d’Gewerkschaften, also d’Proffen allgemeng sech extrem attackéiert fillen? Ech denken do un dee Saz vum Premier am État de la nation: “Et ginn nach just déi Stonne bezuelt, déi och geleescht ginn.” Quitt datt et stëmmt, mä war dat kommunikatiounsméisseg vläicht net e wéineg onglécklech?

Claude Meisch: Bein, ech mengen, et kann een dee Saz jo erklären. Mä wat stëmmt effektiv, et gëtt e Gruef an dësem Land. Et gëtt e Gruef eigentlech tëschent der Schoul, an all den Acteuren an der Schoul, an dem Rescht vum Land.

An ech hunn heiansdo d’Impressioun, well ech hu jo den Avantage, datt ech zanter engem Joer eigentlech nei an deen Domaine konnt erakucken, et huet een d’Impressioun, datt keen deen anere versteet. D’Acteuren an der Schoul verstinn d’Welt ronderëm net esou richteg méi. An d’Welt ronderëm versteet eigentlech och net richteg wat an der Schoul geschitt. Mir misste vill méi Échange hunn.

Mir mussen och iwwer déi positiv Saachen an der Schoul schwätzen. Ech stinn den Owend hei fir iwwer eppes ze schwätze wat eigentlech vläicht guer net wichteg ass fir Schoul ze halen. An et gëtt esou vill méi wichteg Saachen, déi een eigentlech kéint thematiséieren, wou och vun Enseignanten enorm vill Innovatives [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wou d’Gewerkschafte jo awer haut soten, datt haut jiddwerfalls net den Zäitpunkt war wou Dir wollt iwwer de pädagogesche Volet schwätzen.

Claude Meisch: Neen, mir hunn haut eigentlech emol erëm missten eng Struktur an deen Debat hei kréien.

Ech stelle fest, datt mir en Accord hate mat enger representative Gewerkschaft. Deen ass gebrach ginn, deen Accord. Mir hunn niewendrun op eemol Initiative vun de Proffecomitéen, wou mir musse kucken, a wat fir enger Prozedur si mir hei. An ech wëll jo och wëssen, mat wiem ech schwätzen. An ech wëll och wëssen, datt wann ech eppes ofmaache mat engem, datt dat agehale gëtt.

Ech hu berechtegt Zweiwel haut dorunner datt och meng zukënfteg Verhandlungspartner op der Säit vun de Gewerkschaften, oder sief et och op der Säit vun de Proffecomitéen, datt déi dat net anhalen. An haut ass et dorëms gaangen dat erëm a geuerdnet Bunnen ze kréien.

Mariette Zenners: Op jiddwerfalls, an der Schoul sinn nun emol vill Acteuren déi mat concernéiert sinn. Dozou gehéieren och d’Schüler an d’Elteren, an déi maache sech jiddwerfalls Suergen. Wa Proffen aus Examenskommissiounen demissionéieren, leeft dat jo de facto drop eraus, datt keen do wier fir d’Exame virzebereeden, respektiv ze verbesseren. Och wa gesot gëtt, dat wier just elo eng symbolesch Aktioun, esou ass dës Onsécherheet speziell fir d’Premièresschüler awer net flott. An elo huet esouguer den Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand sech ageschalt, mat dësem Appel.

René Schlechter (O-Toun): Et huet mech e bëssen un d’Situatioun erënnert, déi mir oft hei hunn, datt Eltere sech un eis wennen déi ëm d’Kanner streiden, a wou mir och soen, sicht eng Léisung déi fir d’Kanner gutt ass. An hei géif et dorëm goen, féiert äre Sträit op eng Manéier wou dir net d’Schüler onnéideg aus dem Konzept bréngt an hirer Virbereedung op hir Examen, an och herno beim Schreiwe vun den Examen, well et weess ee jo net wéi et weidergeet.

Mariette Zenners: Jo, wéi et weidergeet, dat ass eben déi grouss Fro. Dir sot, d’Ofschlossexame sinn net a Gefor. Dir wëllt, kënnt dës Demissioune vun de Proffen net unhuelen.

Claude Meisch: Also fir d’alleréischt sinn et eigentlech keng formell Demissiounen, et ass och kee Refus fir d’Examen ze korrigéieren, et ass eng Demande fir dovunner entbonnen ze ginn.

 An ech hunn natierlech elo mech an enger Situatioun erëmfonnt, wou 1.500 Leit soen, ech wëll eigentlech domat näischt ze dinn hunn. Mä als Minister muss ech meng Responsabilitéit iwwerhuelen, ech sinn zoustänneg fir de gudden Deroulement vun deenen Examen do, an ech kann d’Enseignanten net dovunner entbannen. An ech mengen och, déi allermeeschten déi wossten dat.

Ech mengen, et ass éischter och en Zeeche gewiescht fir e Signal ze setze fir eng gewëssen Onzefriddenheet auszedrécken, an datt et deenen allermeeschten Enseignanten eigentlech net dorëms gaangen ass fir elo de Schüler ze soen, maacht iech Suergen ëm är 1re, ëm är 13ème.

Mariette Zenners: Mä wann et elo haart op haart geet, Dir huelt dës Demissioun net un, kënnen d’Proffen dann awer soen, mir maachen dës Examen net, mir bereede se net vir, mir verbessere se net, oder ass dat da wéi e Refus de travail?

Claude Meisch: Dat wier da schonn eppes wat éischter als Refus de travail ze gesi wier. An dofir denken ech och, datt mir esou wäit wierklech net kommen. Mir si fest dovun iwwerzeegt, datt mir eis eigentlech keng Suerge brauchen ze maachen iwwer de gudden Deroulement vun den Examen. D’Schüler solle sech och op den Inhalt preparéiere fir den Examen ze schreiwen, an da wäerte mir en och gutt verbessert kréien duerno. An ech denken, datt déi allermeeschten Enseignanten herno och do wäerte mat hëllefen.

Dat hei war zum Deel e Signal fir e Message ze ginn. Dee Message muss een och verstoen, et muss een en och Eescht huelen, et ass eng gewëssen Onzefriddenheet do, déi ech nach méi kloer och wëll detektéieren, wat stécht do dohannert?

Ech wëll allerdéngs och soen, kommt, mir maachen eng kloer Kommunikatioun. An dat wier och gutt vun der Säit vun de Proffecomitéen, datt mir elo soen, Neen, d’Exame sinn net a Gefor.

Mariette Zenners: D’Chance wäert Dir elo kréie beim Conciliateur fir nach weider ze kommunizéieren. Bleift Dir dann op Ärer Positioun, oder denkt Dir drun alternativ Virschléi ze maachen?

Claude Meisch: Bein, ech denke nach virun allem ëmmer, musse mir elo wierklech an eng Streikprozedur hei goe fir e Prozess ze lancéieren deen opwenneg ass, deen Onsécherheete mat sech bréngt, wou mir vill Zäit verléieren, an eis net ëm dat Essentiellt an der Schoul kënne këmmeren?

Ech denken, datt déi responsabel Gewerkschaften, déi finalement d’Responsabilitéit awer hei droen, och all Moment kënnen zeréck un den Dësch kommen. Mir ware ganz no bei engem Accord, mir haten en eigentlech, en ass vun der Basis net matgedroe ginn. Mir kënne besser explizéieren, mir kënne sécherlech iwwer alles schwätzen, dat war déi Propos, déi ech de Moien haut gemaach hunn. Da kënne mir vläicht méi schnell virukommen an zu engem Accord kommen, an eis op dat Essentiellt erëm konzentréieren [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mir si jiddwerfalls gespaant wéi et virugeet. Ech muss leider trotzdem ënnerbriechen, well et e wéineg laang gëtt.

Merci awer fir elo fir den Interview, Här Minister.

Claude Meisch: Merci och villmools!

 

Dernière mise à jour