Xavier Bettel, au sujet des événements politiques marquants de l’année 2014

"Ech stinn zu mengem Wuert"

Interview: Caroline Mart

E schéine gudden Owend, Här Staatsminister.

Xavier Bettel: E schéine gudden Owend.

Caroline Mart: Dir kennt de Prinzip ewell. Mir kucken zeréck op d’Joer wat war, déi markant Faiten. Mir konfrontéieren Iech mat enger Partie Extraiten, ëmmerhi si mir hei op der Tëlé. Et war jo e gutt gefëllten Joer?

Xavier Bettel: Jo.

Caroline Mart: E schwieregt Joer?

Xavier Bettel: Net einfach.

Caroline Mart: Net einfach. Ufänke di mir emol ganz klassesch, well et en éischt Joer war, mat enger klenger Zensur.

Verschidde Passanten(O-Téin): 58.

40 vu 60

Ech géif hinne 45 ginn.

O, ech géing hinnen, oh ech ginn hinnen, loosse mir net iwwerdreiwen, neen net 30, ech ginn hinne 40, 45.

Marc Spautz(O-Toun): D’Regierung global, géif ech soen, da géife se 4 vun 10 kréien.

Verschidde Passanten(O-Téin): Et ass vill ze fréi fir eng Zensur elo ze gi fir d’Regierung. Da muss een nach e puer Joer waarden fir d’Effekter ze gesinn.

Ech wëll se elo net ganz schlecht maachen. Loosse mir soen 30.

Gast Gibéryen(O-Toun): Ech géif hinnen op jiddwer Fall eng Daz ginn.

E Passant(O-Toun): Ech géif hinnen eng 30 ginn.

Serge Urbany(O-Toun): Mir kënnen hinnen natierlech keng gutt Zensur ausstellen.

E Passant(O-Toun): Ech mengen ech géif eng Moyenne huele vun 30, 35.

Claude Wiseler(O-Toun): Sécherlech keng Genügend. Peut mieux faire. Wann ech et misst notéieren, 3 bis 4 vun 10.

E Passant(O-Toun): Wa meng Meedercher eng Daz mat heembréngen, da ginn ech hinnen nach eng Chance, also.

Caroline Mart: Déi meescht Leit si méi fäi wéi d’Politiker, wéi d’Kollengen. Dat ass net esou erstaunlech. Wéi eng Zensur géingt Dir Iech da selwer ginn?

Xavier Bettel: Ech maache keng Auto-Punktenausdeelung, mä ech gesinn datt [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Auto-Kritik?

Xavier Bettel: Auto-Kritik selbstverständlech. On peut toujours mieux faire! Also dat steet fest.

Caroline Mart: D’Problemer, si se éischter elo den Ëmstänn geschëlt, déi jo wierklech net einfach waren, oder och en Deel einfach Onerfuerenheet, an datt och dat sech nach léiere muss?

Xavier Bettel: Et ass e bësse vun Allem. Et ass op där enger Säit d’Situatioun déi net einfach ass, et ass op där anerer Säit och de Fait datt een och léiere muss, an op där anerer Säit och verschidde Saachen, déi mir virgeworf kritt hunn, déi awer net esou waren, wéi et der Realitéit och entsprécht. Dat heescht, et ass schwéier wann ee muss heiansdo hannert eng Noriicht lafen, déi emol net vun engem selwer komm ass.

Caroline Mart: Ech hu mäin Temperament, dat änneren ech och net. Dat hutt Dir oft genuch gesot. Dozou gehéiert natierlech den Optimismus, d’Kapazitéit mat ze rappen, ze begeeschteren, a gudde Sënn fir Improvisatioun an Humor. Dat schéngt Iech och net verluer gaangen ze sinn?

Xavier Bettel(O-Toun): Hello, Xavier Bettel on the phone from Luxembourg. He is busy. Call back in 10 minutes. Bye-bye. Okay.

Xavier Bettel (O-Toun): Ech stinn zu mengem Wuert. Ech hunn 2011 gesot, ech wier Buergermeeschter gi fir e Mandat vu 6 Joer. Et sinn, ech verstinn, datt déi meescht Leit, verschidde Leit et net verstinn, well se soen, hei, wann een d’Méiglechkeet huet an eng Regierung ze goen, do seet een dach net nee fir Minister ze ginn. Eh bein, de Bettel seet neen.

Xavier Bettel (O-Toun): Wann ech heiansdo falsch leien, jo ech sinn net als Premierminister op d’Welt komm. Meng Elteren haten net en Test gemaach a wou se gesot kritt hunn als Premier, deen do gëtt Premier. A wann ech haut e Feeler gemaach hunn, wann ech haut vläicht eppes mengen, wat awer an déi falsch Richtung kéint goen, da muss een nolauschtere kënnen. Ech ka mech erënneren, déi éischt zwee Méint wou ech Premier gi sinn, huet jiddweree gesot, wéini kommen dann déi Projeten. Jo, ech hu meng Zäit gebraucht fir nozelauschteren. Jo ech hu meng Zäit gebraucht fir ze analyséieren. An dunn hunn ech Decisioune missten huelen.

Caroline Mart: Ass dat Decisiounen huelen zu Lëtzebuerg méi schwéier wéi Dir geduecht hat?

Xavier Bettel: Decisiounen huelen ass net dat Schwéierst, mä Decisiounen erklären ass och dat wa wichteg ass. An d’Decisiounen [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: A se duerchsetzen?

Xavier Bettel: Fir d’éischt muss een nolauschteren, dat ass dat wat mir gemaach hunn. Ech mengen et ass, mir sinn eng nei Équipe gewiescht, a mir kënnen net vun haut op muer, mir hunn dräi Budgete gemaach, an engem Joer dräi Budgeten. Dat hu ganz vill Leit och vergiess. Mir hunn do nogelauschtert, mir hu mat de Beamte geschafft, mir hunn Decisioune missten huelen. Dir wësst jo wéi et ass. Wann een d’Decisiounen hëlt, sinn déi eng dofir, déi aner dogéint. Verschidde Leit hätten am léifsten et géif ee keng Decisiounen huelen. Mä näischt maachen, ass keng Optioun. An elo geet et drëms de Leit ze erkläeren och firwat mir déi Decisioune geholl hunn. A wann Dir virdrun och gesot hutt, bei de Punkte ginn, der net ginn. Et si verschidde Leit, déi gesot hunn, loosst hinnen nach Zäit, gitt hinnen nach Zäit. Et ass elo déi Zäit wou mir de Leit mussen erkläere firwat mir déi Decisiounen och geholl hunn.

Caroline Mart: Mir hu jo hei gemëscht. Mir hunn een méi alen alen Extrait, an, Dir hutt en esou oft héieren, dee mam Buergermeeschter. Et ass och guer net fir Iech elo domat ze nerven. Et ass méi fir eng aner Fro ze stellen. Dee Büro war esou schéin, dat war esou e relaxen Job. Elo sëtzt Dir an engem vill méi klenge Büro, mat vill manner Luucht, mat vill méi Problemer. Dier hat jo net eng Kéier geduecht, oh, Merde, wier ech dach gutt um Knuedeler?

Xavier Bettel: Ech hunn nëmmen ee grousse Prinzip, ech si Buergermeeschter gewielt ginn, an ech hat e Mandat vu 6 Joer. Ech hunn dat och gesot. Ech hu gesot, ech géif net an eng Regierung goen. An ech ka mech erënneren, dat war um Radio wou ech dat gesot hunn, ausser ech muss eng Regierung bilden. Do kënnt d’Méiglechkeet fir eng Regierung ze bilden. Ech wier, an ech stinn nach ëmmer dozou, wann ech net d’Chance gehat hätt fir de Poste vum Premier ze kréien, net wéinst Arroganz oder iergend enger anerer Saach, mä einfach och fir de Wieler net ze beléien, hätt ech d’Mandat net ugeholl. Ech hunn déi Chance kritt, ech stinn dozou, ech maachen et, et ass net ëmmer einfach. Et stellt ee fest datt een, bei verschiddene Leit huet een d’Gefill wéi wann de Buergermeeschter eng roueg Klaz wier am Verglach zum Premierminister. Déi zwee Jobe sinn Joben, wou een all Dag Decisiounen hëlt. Dir hutt et virdru gesot, et muss een Decisiounen huelen. Et ass vläicht, den Drock ass net esou grouss bei engem Buergermeeschter wéi ech en elo als Premier hunn, mä d’Freed an den Challenge fir et ze maachen. An ech kann net während joerelaang soen, datt d’Regierung et falsch  mécht. A wann ech da gesot kréien, Xavier, du hues eng Majoritéit an der Chamber fir et aneschtes ze maachen, an dann ze soen, je me défile, ech hu keng Loscht, kee Courage fir et ze maachen.

Caroline Mart: Wat huet dat Joer mat Iech gemaach? Politik ass jo net onbedéngt eng Verjéngerungskurs. Bei muenecher engem gesäit een et, bei Iech gesäit een et nach net, et sinn nach keng, jo bon, e bësselche bäihuelen, dat maachen der vill, mä déi sougenannt Spuere vun der Muecht gesäit een nach net esou. Wéi si se da bannen? Wat huet dat Joer mat Iech gemaach? Wéi wäit hutt Dir Iech geännert? Sidd Dir méi virsiichteg ginn, méi zeréckhalend awer?

Xavier Bettel: Ech hunn, et si verschidde Saache wou ech muss änneren. Et sinn, ech sinn zum Beispill een deen op Facebook ganz vill kommunizéiert huet. Ech hunn do mussen e bësse méi lues goen, well ech eben, och wann ech elo eppes schreiwen, selbstverständlech meng perséinlech Meenung ka soen, mä ech zéien indirekt och eng Regierung mat eran. An dat wëll ech net, där Responsabilitéit muss ech mir och bewosst sinn. Mä wéi gesot, de Rescht, also den Xavier, also ech si wéi ech sinn, Dir kritt mech net geännert.

Caroline Mart: Jo. Mä déi Geschicht mat der Kommunikatioun. Gutt datt Dir Facebook schonn uschwätzt. Do ware jo och, vu Kommunikatioun war jo och vill Erwaardung, eng jonk, dynamesch Équipe, déi kënnen alleguer kommunizéieren, et si Profien. Ech erspueren Iech d’Lëscht vun de Quaken, et goufen der eng Partie, Dir kennt se. Ass do elo eng Linn och wéi een zum Beispill mat den neie Medien ëmgeet, och an der Regierung?

Xavier Bettel: Ech hunn de Kollege just gesot, datt se wa se eppes schreiwen, si sollen näischt schreiwe wat duerno méi Justifikatioune brauch fir dat wat ze gemengt hunn. Mä wéi gesot, all Mënsch ass fräi. Ech maachen et fir mech, hunn ech op jiddwer Fall decidéiert, datt ech manner drop schreiwen. An et ass vis-à-vis vum Gauthier, ech hu virdru Fotoë gemaach vun eis zwee, mä fir datt se duerno dann iergendzwousch nees landen a benotzt ginn, wëll ech net.

Caroline Mart: Wéi wäit kënnt Dir mat Kritik ëmgoen? Gitt Dir owens heem mat der Roserei am Bauch, a sot, et ass ongerecht, de fréiere Staatsmininster sot ëmmer, ech schaffen 18 Stonnen den Dag fir Iech, a kee kann dat richteg wäertschätzen, oder setzt Dir et einfach op d’Säit?

Xavier Bettel: Also ech hu kee Kalimero-Syndrom, wou ech owens heemkommen, a soen, et ass alles ongerecht, a jiddwereen ass géint mech. Ech hunn, wéi ech wosst, datt ech d’Méiglechkeet hat déi do Tâche unzehuelen, wosst ech datt et net mat Leckerlie wier wou ech owens géif heemgoen, a soen, ah, super, du hues nees en Dag gepackt, an et ass alles schéin, an du liefs an enger Welt wou alles einfach ass. Neen, et ass net ëmmer einfach. Ech muss Iech soen, datt ech do och frou si Frënn, Famill, a virun allem och e Partner ze hunn, wou ech och heiansdo owens heemginn, an em ziele wéi den Dag verlaf ass, an een dee mir nolauschtert, an dee seet, muer geet et besser, an wann ech frou sinn, een dee sech mat mir freet. Dat ass dat wat engem awer vill hëlleft.

Caroline Mart: Si freeë sech net alleguer mat Iech wann et em de Bilan geet. Lauschtere mir eis emol u wat se esou soen iwwer Ären, an iwwer dee vun der Regierungséquipe. D’Erwaardungshaltung war jo grouss.

E puer Passanten(O-Téin): Dës Regierung ass ugetrueden, datt se géingen en aneren Dialog mat de Leit féieren, d’Acteuren a bestëmmten Themen op den Dësch bréngen. A mir musse soen, et gëtt vläicht Usätz, mä grondsätzlech fanne mir wierklech net datt dës Regierung hiren eegenen Uspréch gerecht gëtt.

Fir Leit déi Haiser wëllen opriichten fir ze verlounen, datt do elo d’TVA vun direkt 3% op 17% soll eropgoen, fannen ech elo net, definitiv net super.

Am Fong geholl d’Politiker si beklauen d’Kanner, respektiv déi jonk Generatioun.

D’Mesuren déi se huelen, sinn net ëmmer grad déi bescht. Ech menge wa se déi ganzen Zäit, haaptsächlech wann ech d’Uni-Schüler kucken, wann déi hir Boursë gekierzt kréien, an esou weider. Mä et ass keen deen dohinner kënnt a seet, voilà ech kierzen elo meng Pei em d’Halschent.

Si mécht Spuerpolitik, ma dat ass iwwerfälleg.

Wa muss gespuert ginn, muss gespuert gi fir jiddwereen. Si kéinten eis et just besser kommunizéieren.

Et ass virun allem d’Aart a Weis wéi d’Saachen eriwwerbruecht gi sinn, do denken ech datt éischter de Problem läit wéi vläicht de Wee dee se ageschloen hu wat se wëlle maachen.

Ech fannen datt et muenechmol, déi Aart a Weis wéi se un déi Problemer erugaange sinn, also datt dat scho bal vun enger politescher Instinktlosegkeet zeugt.

Caroline Mart: Instinktlos? War et zum Beispill e Feeler fir esou frontal direkt hinzegoe mat de Jonken? Do waren d’Studiebäihellefen, dann huet een d’Familljepolitik, d’TVA, dat heescht, et viséiert ee voll direkt de Bierger, dat heescht de Wieler.

Xavier Bettel: Also et mécht ee, wann een eng Politik wëllt hu wou een d’Finanzen nees an de Grëff kritt, da kann een net soen, datt ee keen trefft. Dat ass selbstverständlech, wa Mesurë musse geholl ginn, da mussen déi och generell sinn. An do ass och eng Solidaritéit déi bei all Bierger gefrot gëtt.

Dat wat awer ass, an do sinn e puer Saachen och gesot ginn an Ärem Reportage. Déi éischt ass iwwer d’Kommunikatioun. Ech wëll Iech nach eng Kéier soen, et si verschidde Saachen wou mir hu missen hannert Nouvelle lafen, well verschidden Informatiounen dobausse kommunizéiert gi sinn, wou mir emol nach selwer, d’Iddi an de Kannerschong waren. Da si Saache behaapt ginn, ech ka mech erënneren, ech hunn eng Zeitung, déi mir urifft, a seet, sot Här Bettel ass e Moratoire op deenen 0,5%, dat huet elo e President vun enger Gewerkschaft gesot? Mir hu kee Wuert driwwer gesot. Den Dag drop steet an enger Zeitung, groussen Titel: Premier a Gramegna sinn net eens. De Monde, fir Iech e Bespill ze ginn aus dem Ausland, schreift, et gi keng Rulinge méi zu Lëtzebuerg. De ganzen Artikel seet awer de Contraire. Dat heescht, et muss een och awer [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Also sinn nëmmen déi aner Schold?

Xavier Bettel: Neen, awer nee guer net. Neen, neen, dat hunn ech elo net gesot. Ech wëll Iech awer just soen, ech akzeptéieren e Feeler wann ech en och gemaach hunn. Ech hu Schwieregkeeten e Feeler virgeworf ze kréien, fir deen ech emol net kann, oder fir deen ech eppes behaapt kréien, dat wat net gesot ginn ass. An datt ech da muss eppes justifiéiere wat ech emol net wollt soen. Selbstverständlech, ech soen Iech et nach eng Kéier, au point de vue Kommunikatioun musse mir, verbesserungsfäeg si mir alleguer, an et ka sech net nëmme beschränken op dat wat ech soen, oder dat wat ech net gesot hunn, mä et muss och dat si wat gemaach gëtt, an dat wat och sprochräif ass, a fir de Leit och dat ze erkläeren.

Caroline Mart: Mä heiansdo sinn och, wann ee seet vu spueren, sinn dann esou Klengegkeeten, et ass scho bal vergiess ginn, et war uganks dës Joers, d’Sträichen zum Beispill vum 1. Weltkrichausstellung. Dat war vläicht net déi Mesure, wou een am meeschte gespuert huet. En plus waren och do Quaken an der Kommunikatioun. Dat si jo awer Saachen, wou ee ka soen, do huet et vläicht um politesche Fäingespier gefeelt?

Xavier Bettel: Do huet et, net nëmmen em d’Suen ass et gaangen. Do ass et och em de Konzept gaangen. A wéi gesot, ech wäert an deenen nächste Wochen Iech mat enger flotter Alternativ eng Propos maachen.

Caroline Mart: Okay. Dir hutt schonn d’Kannerschong ugeschwat, an déi 0,5%, déi berühmten. Kaum eng Decisioun huet fir esou vill Kritik gesuergt, wéi déi vun der Familljepolitik, absëns och d’Sträiche vun der Allocation d’éducation et de maternité.

Gast Gibéryen(O-Toun): Et ass also keng Politik fir d’Famill, mä et ass eng Politik géint d’Famill, am Fong eng ideologesch orientéiert Familljepolitik gemaach gëtt, wéi mir se fréier an der DDR kannt hunn. Dat heescht, de Staat seet, setzt e Kand op d’Welt, an da gitt der eis et an d’Strukturen, a Fra a Mann solle schaffe goen.

Erny Gillen(O-Toun): Do mengen ech ass et net un dem Legislateur, oder un dem Regulateur fir ze soen, wat déi richteg Optioun ass, do sollen d’Leit hire Choix behalen.

Eugène Berger(O-Toun): Dee Choix deen Dir verstitt, ass an der Logik vu KKK, d’Fra huet de Choix zwëschent Kirche, Küche oder Kinder. Dat ass dat wat bei Iech [gëtt ënnerbrach]

??? Dat do ass awer peinlech!

Eugène Berger(O-Toun): Dat ass wat bei Iech de Choix ass.

Corinne Cahen(O-Toun): Et geet iwwerhaapt net drëms fir d’Kanner aus der Maternité an d’Crèche ze féieren, an et geet och net drëms se vu 7 moies bis 7 owens entzwousch ze loossen, mä et geet drëms och d’Eltere mat an d’Verantwortung ze zéien, well d’Kanner brauchen eng Bindung, a si brauchen eng Bindung doheem, a si brauchen hir Elteren, a si brauchen och hir zwee Elteren.

Claude Wiseler(O-Toun): Dës Regierung fënnt just ee Familljemodell als richteg, a jiddwereen deen eng aner Meenung huet, an eppes anescht wëllt liewen, deen hat Pech.

Caroline Mart: En hat Pech op d’mannst datt en net esou ënnerstëtzt gëtt. Et ass jo eng bewosste Wiel, et ass och elo an der Chamber nach eng Kéier gesot ginn, mir ënnerstëtzen de skandinavesche Modell. Dat heescht d’Regierung ass u sech fir dee Modell, wou méiglechst béid Elteren d’Méiglechkeet hunn ze schaffen?

Xavier Bettel: Mir mengen datt et wichteg ass hautdesdaags, an ech hu joerelaang als Affekot geschafft, ech weess wann alles gutt an engem Stot geet, dann ass jiddwereen happy. Mä mir hunn awer eng Zuel vu 50% Scheedungen. An dann ass meeschtens dee Schwaachsten an der Koppel, deen dann opgehalen huet och mat schaffen, fir sech em d’Kanner ze këmmeren. An déi prekär Situatioun, déi mir do erliewen, wou deen een Deel tributär ass vun enger Pension alimentaire, a vum gudde Wëlle vum bezuele vun deem aneren, ass e Konzept deen ech net ënnerstëtzen. Dofir si mir der Meenung, an et ass jo och elo nach dës Woch gesot ginn tëschent dem Patronat an der Familljeministesch, wou se zesummekomm sinn, datt een alles muss maache fir datt ee kann Aarbecht a Familljeliewen zesumme vereinbaren.

Caroline Mart: Jo, mä alles maachen andeem een de Leit d’Decisoun ofhëlt, well dat Gefill wat jo opkomm ass, an de Widderstand war extrem massiv. Widderstand dee vläicht och méi massiv war wéi Dir geduecht hat, oder?

Xavier Bettel: Firwat sot Dir ofhuelen? Ech versti just net, de Choix, d’Leit kënnen de Choix treffen. Dat soll een net [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dat Gefill dat ass wann een d’Reaktioune gelauschtert huet, geliest huet, et si ganz vill Leit déi d’Gefill haten, mir kréien hei eng Decisioun ofgeholl, an et gëtt eis, mir ginn op d’mannst net méi ënnerstëtzt doranner, also hu mir net méi eng Wiel.

Xavier Bettel: Jo, dat ass de Problem. Well déi Wiel fir mat 500 Euro da während gewësse Méint ze liewen, ass keng Wiel. Dat ass au contraire de Leit Sand an d’Aen ze streeën, an d’Gefill ze ginn, hei elo, well et muss een ophale mat schaffen. Ech weess net op dat Iech bewosst ass. Dat heescht, et si Leit déi schaffen, déi mussen dann ophale mat schaffe fir déi Allocatioun och kënnen ze kréien, well se jo da kee Congé parental kréien. Mir sinn der Meenung, an ech insistéieren nach eng Kéier, datt eng Flexibilitéit vum Congé parental et erméiglecht, et erméiglecht datt een Aarbecht a Familljeliewe kann zesumme vereinbaren. An ech wëll Iech just drun erënneren, datt wann ee vu Congé parental schwätzt, viru Joere verschidde Leit, a verschidde Patronen virun allem gesot hunn, dat geet net zu Lëtzebuerg. Hautdesdaags ass et en Acquis. An ech sinn iwwerzeegt, datt bannen 10 oder 15 Joer jiddweree seet, deemools hate se Recht. Et ass eben eng modern Gesellschaft déi mir och hei zu Lëtzebuerg brauchen.

Caroline Mart: Jo, mä ee vun de Problemer läit vläicht och do erëm un der Kommunikatioun. Am Ufank duerft et keng Steier sinn, dat wat bal wéi den Däiwel d’Wäiwaasser, hat een dat Wuert gefaart. Bäitrag, Kontributioun, woubäi Kontributioun si mir jo da bei de Steieren, um Enn sinn et awer d’Steieren. Dann ass gesot ginn, fir eng bi-lingual Erzéiung vun de Kanner vun eent bis dräi, elo ass dat Ganzt vill méi vague. Ass do net awer och de Problem datt d’Leit d’Gefill hunn, déi wësse jo guer net richteg wat se elo wëllen. Woufir sinn déi Suen dann am Endeffekt geduecht?

Xavier Bettel: Déi 0,5% ass justement ee vun deene Punkten, déi ech virdrun ernimmt hu vu Saache wou mir emol nach net fäerdeg diskutéiert hunn, déi dann an d’Press kommen. Ech ka mech erënneren, et war éischt Säit [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Hu Dir se da fäerdeg ausgeduecht gehat?

Xavier Bettel: Deemools, éischt Säit am Wort, 0,5% mussen d’Leit bezuelen. Mir selwer waren amgaangen ze kucke wéi eng Méiglechkeeten et géife gi fir d’Kannerstrukturen zu Lëtzebuerg ze verbesseren. Et war nach net ausgeräift, nach net ausgeduecht, ass schonn e Leak komm. An du hu mir missten nees hannendru lafe fir dat eent oder dat anert ze erkläeren. An deem do Kontext, Dir sot, dat wier méi flou ginn, neen et ass net méi flou ginn. Mir hätten nach ëmmer gären déi bi-lingual Méiglechkeete fir d’Kanner. Mir hätte gären [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Vu wéini u gëtt et déi dann?

Xavier Bettel: Ma den Här Meisch ass amgaangen drun ze schaffen. Mir kucken, datt mir elo 2015 schonn esou lues kënnen ufänken, an 2016 datt et a Kraaft trëtt. Ech versti jiddwereen ass ongedëlleg, jiddwereen hätt gären datt alles esou séier wéi méiglech ufänkt. Ech hoffen datt 2015, 2015 hoffen ech datt mir esou lues kënnen domat ufänken, op jiddwer Fall an d’Weeër ze leeden.

Caroline Mart: Jo, dann ass deen anere Problem vun deem Moment un. Et ass jo schonn eng Explosioun komm am Secteur duerch d’Chèques services. A wann ee seet, Kanner betreien, wann d’Quantitéit wisst, wisst net forcément d’Qualitéit. Fir datt d’Qualitéit wisst, brauch et och qualifizéiert Personal. Och dat bedeit erëm méi Käschten. Wéi wäit ass do duerchduecht, wéi dee Problem ze léisen ass, zëmools wann ee jo dann och nach vun enger bi-lingualer Offer schwätzt? Dat bedeit jo nach erëm eng zousätzlech Qualifikatioun?

Xavier Bettel: D’Kontroll vun der Qualitéit ass e ganzt, ganzt wichtegt Wuert. Well Dir hutt ganz vill Elteren, an déi gäre vläicht hir Kanner an eng Struktur géife ginn, mä déi awer déi Qualitéit nach vermëssen. An dat ass och eng vun de Prioritéiten, déi mir hunn, dat heescht, datt och méi oft kontrolléiert gëtt, a gekuckt gëtt, wéi et an de Kannerstrukturen och geet. An dat ass dat wat wichteg ass. Datt et elo méi deier soll ginn, well d’Personal eng aner Sprooch schwätzt, mengen ech net, datt dat déi Coûten, Sur-Coûten soll hunn. Mä, wéi gesot, dat soll sinn, datt een eng Gesellschaft huet déi zesumme wiisst an net ausernee wiisst.

Caroline Mart: Dir hutt scho vun der Regierung geschwat, Dir hutt vun Ärer Koppel geschwat. D’Léift dat ass eppes do ass d’Begeeschterung am Ufank ganz grouss, mä an der Politik do hält se net ëmmer esou laang un.

Reportage vum Sascha Georges:

Am Dezember 2013 haten nach 63% vun der Populatioun Vertrauen an déi blo-rout-gréng Regierung, elo sinn et nëmmen nach 42%.

Xavier Bettel(O-Toun): Dës Regierung ass net do fir Chou-chou vun de Sondagen ze sinn.

Étienne Schneider(O-Toun): Dee Sondage deen elo publizéiert ginn ass, dat ass e Bild. Dat wat mir wëlle maaachen ass e Film dréinen.

Franz Fayot(O-Toun): Mir hu gesinn an der Diskussioun ronderëm de Budget an dem Zukunftspak, datt der Regierung hir Politik vu mueneche Säiten hier kritiséiert ginn ass. Dat huet sécher vill ze di mat der Mentalitéit vun enger Generatioun, déi säit de Mëtt 1980er vun der Politik gewinnt war, datt se ëmmer nëmmen ausgedeelt krut, an ni, oder ganz seelen huet missen Affer bréngen.

Caroline Mart: Ass et just eng Generatioun, déi net gewinnt ass, datt se Affer bréngen muss? D’Beem wuessen net an den Himmel, dat huet de Jacques Santer eis schonn ëmmer gesot. Mä ass dat an der Mentalitéit net ukomm?

Xavier Bettel: Ech mengen zu Lëtzebuerg ass et wichteg de Leit ze soe wou mir dru sinn. Wann een de Leit d’Gefill gëtt déi lescht Zäit, et wier alles an der Rei, an et bräicht ee keen Effort ze maachen, ass et schwéier, och fir d’Leit, ze akzeptéieren, datt een Effort muss gemaach ginn. Ech wëll net soen, eng Génération sacrifiée. Dat kléngt scho ganz dramatesch. Hei geet et net em Génération sacrifiée, déi mir riskéieren ze kréie wa mir keng Efforte maachen, dat muss ech soen.

Caroline Mart: Jo, et ass éischter esou, et ass jo éischter esou an der Ried, datt déi Generatioun déi virdru war, eng verwinnte Generatioun war, an net gewinnt war ze deelen. Ëmgedréint, wann d’Leit net gewinnt waren, datt se hu missen Affer bréngen, wann d’Suen esou komm sinn, gouf et jo och eng ganz Generatioun vu Politiker zënter Mëtt den 1980er Joeren, déi ni eppes aneres gewinnt ware wéi auszedeelen.

Xavier Bettel: A, ech kann net méi Kleesche spillen, also dat steet fest. Déi nächst 4 Joer sinn och net déi wou mir einfach kënne soen, et alles an der Rei, an nees eng Schëpp bäiginn. Mä wat am Schlëmmsten awer ass, Madame Mart, ass fir mech wann ee weess datt ee Suen net méi kritt. An dat war beim Commerce électronique, wou mir pertinemment wossten, datt 800 Millioune géifen ewechfalen. Säitdeem mir et wëssen, hu mir nei Dépensen awer, also mir, also déi virescht Regierung, awer nei Dépensë geschafen, déi awer bleiwen. Dat heescht, wann Dir wësst, datt Dir verschidde Saachen net méi kritt, an Dir maacht awer Scholden déi awer bleiwen, kënnt eng Kéier dee Moment wou et net méi opgeet. An déi Situatioun hu mir.

Caroline Mart: Mir kommen nach op de Budget. Hei si mir nach beim politesche Personal. Ass dat politescht Personal wat do ass, ass dat wierklech à même och fir deen Exercice ze maachen, wann et net méi gëlt, wéi Dir sot, keng Politik méi mam Chèqueheft?

Xavier Bettel: Ech mengen et ass eng, déi dräi Koalitiounspartner si Partner déi elo net do sinn, Dir hutt virdrun den Extrait geholl wou ech gesot kréien, Chou-chou an Zuele vun de Sondagen, hutt Dir jo gewisen. Déi Zuele si mir wurscht. Ech soen Iech ganz éierlech, ech hunn Zuelen déi ech kucken, dat ass de Chômage, dat ass de Wirtschaftswuesstem [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dir wäert jo awer net allen Eeschtens soen als Politiker, datt Dir deene vläicht net Rechnung drot, datt se net Är Decisiounen änneren, Dir kënnt jo net soen, datt de Sondage Iech wurscht ass.

Xavier Bettel: De Sondage ass mir wurscht fir meng politesch Prioritéiten, mä et ass en Zeeche wat mir seet, datt ech de Leit besser muss d’Saachen erkläeren. Mä wat wichteg ass zu Lëtzebuerg, ass de Chômage do, ass d’Schold, dat ass de Wuesstem. Dat ass dat wou mir sollte jugéiert ginn. An et ass net d’Ilres-TNS, RTL, Wort déi décidéiert wéi eng Politik dës Regierung muss maachen. Dës Regierung huet en Engagement geholl, a mir kucken d’Zuelen. An déi Zuele wou mir jugéiert sollte ginn, soen ech nach eng Kéier, ass de Chômage, ass de Wuesstem, an et sinn d’Scholden. De Rescht ass eng Momentopnam. Mä selbstverständlech ass et en Zeechen. Et soll een dat och agesinn. An et ass vläicht och eng Saach vun Erklärung. A mir kommen nees op Äre Sujet vu virdrun zeréck vun der Kommunikatioun, datt mir besser erkläere musse firwat mir déi Mesurë mussen huelen.

Caroline Mart: Et ass vläicht och eng Fro vu wie kann et, wie packt et? Mir haten nämlech och Démissiounen dëst Joer.

André Bauler(O-Toun): Ech sinn zouversiichtlech datt ech déi gesondheetlech Problemer, mat deenen ech haut konfrontéiert sinn, mat der néideger weiderer medezinescher Begleedung wäert kënne schrëttweis hannert mir loossen. Ech muss e Fouss op de Buedem setzen, awer ech klammen net vum Vëlo.

Christiane Wickler(O-Toun): Ech sinn net mat dohinner gaange fir Stëmmen ze fänken, ech sinn dohinner gaange well ech iwwerzeegt war, datt eist Land verschidden Energieë brauch, an och vläicht eng aner Vue op dat Ganzt. A wat awer elo meng Konklusioun ass, a dofir och meng Decisioun, fir ze soen, meng richteg Plaz ass do wou mussen Investissementer gemaach ginn, a wou dann eben d’Politik direkt, direkt gemaach gëtt, an net esou wou een dann déi eng decidéieren, an déi aner kënnen direkt applizéieren. An ech sinn am Fong geholl éischter een Applicateur.

Caroline Mart: Gëtt dat net iergendwéi ze denken? Do war jo eemol deen Dram vun Ökologie, Ökonomie zesumme, Leit déi méi och am Liewen, am aktive Liewe stinn, eran, d’Chamber aner Zesummesetzung, an esou weider? An dann no esou kuerzer Zäit d’Handduch wäerfen, fir ze soen, leschten Enns kann ech do net gestalten. Ass dat net bedenklech?

Xavier Bettel: Ech mengen d’Madame Wickler ass eng Persoun, déi hire Choix perséinlech getraff huet. Et ass hir vläicht ze lues gaangen. Si ass eng Persoun déi gewinnt ass Decisiounen ze huelen, dann ass et esou an hire Buttiker. An der Politik geet dat net esou. Mir sinn an enger Koalitioun, mir sinn zu 32 Deputéierten, do muss heiansdo diskutéiert ginn, an et mussen Accordë fonnt ginn. Ech gesinn awer zum Beispill, d’Beispill an eiser Regierung, d’Corinne Cahen. Corinne Cahen kënnt och aus der Geschäftswelt. D’Corinne Cahen ass eng Persoun, déi mat deem Engagement mat deem et ëmmer schonn op deene verschiddene Plaze wou et war, ob dat elo am Stadverband, also Geschäftsverband, oder ob dat an der Chambre de commerce war, ëmmer awer schonn do dat geleescht huet, an dat och elo weider mécht. Dat heescht, deen een, an iwwer den Här Bauler wëll ech net kommentéieren, dat si Gesondheetsursaachen, an dat ass e libre Choix. An ech si frou datt et dem Här Bauler besser geet.

Caroline Mart: A soss, sot Dir, de Casting ass gutt, keen ënnerfuerdert, keen iwwerfuerdert an der Regierung?

Xavier Bettel: Ech si ganz houfreg iwwer meng Équipe. Si hu keen einfacht Joer gehat, ech och net. Mä, wéi gesot, mir sinn, mir gi gäre gemooss op där Legislaturperiod, op där ganzer. A wann ech elo nach eng Kéier huele wat Dir als éischte Reportage gewisen hutt, do hu mir gesinn, datt déi, déi eis eng Daz ginn hunn, d’Oppositiounsparteie sinn. An ech wier frou wann ech hinnen och eng Genügend eng Kéier kéint ginn.

Caroline Mart: Dorop komme mir nach ze schwätzen. D’Éducatioun am wäite Sënn, ass ëmmer e ganz, ganz schwieregen Dossier. Do goung et och direkt hefteg u mam Beispill vun de Virgänger an de Versuch domat ëmzegoen, a vehemente Protester.

Paul Reuter UNEL(O-Toun): Mir waren haut, oder mir sinn éischter zu Dausenden, ech schätzen emol einfach, eng 15.000 awer sécher op der Strooss fir dem Meisch ze weisen, datt dat net esou weider ka goen.

Xavier Bettel(O-Toun): Am Enseignement secondaire ginn an Zukunft nëmmen nach déi Stonnen ausbezuelt, déi och reell prestéiert ginn.

Jacques Maas(O-Toun): De Minister huet iwwerhaapt keng Ouverture kënne maachen. An et ass esou datt mat esou engem Blockage natierlech elo de Minister de ganze Corps enseignant an d’Konfrontatioun erandréckt.

Mariette Zenners am Interview mam Claude Meisch(O-Toun): Also wann ech richteg verstanen hunn. Dir sidd bereet iwwer alles ze diskutéieren, mä Dir haalt um Koeffizient, oder un den Altersdéchargë fest. D’Gewerkschafte soen, mir si bereet iwwer alles ze diskutéieren, ausser iwwer de Koeffizient an d’Altersdéchargen. Claude Meisch(O-Toun): Esou kann een et eigentlech resüméieren, an ech soen zanter 6 Méint och den Enseignantsgewerkschafte ganz kloer, datt mir vum Domaine vun der Éducatioun, an och vun den Enseignanten e gewëssene Bäitrag musse leeschten zu deem Zukunftspak.

Caroline Mart: Do kënnt jo am Fong keen eraus. Normalerweis ass jo d’lëtzebuerger Léisung datt een iergendwéi e Kompromëss fënnt wou keen d’Gesiicht verléiert. Wann et awer esou diametral entgéint gesat ass, ass et e renge Muechtkampf, do muss een noginn. D’Fro ass, gëtt d’Regierung no?

Xavier Bettel: Do war e Kompromëss, do war e Kompromëss. An deem do leschten Dossier deen Dir ugepaakt hutt, war e Kompromëss. An do sinn dono d’Proffekomiteeën, déi gesot hu si wieren mat hire Représentanten net averstanen. Ech wëll mech elo net amëschen. Ech war bei deene Gespréicher net dobäi. Mä ech sinn, nach eng Kéier, dat wat ech deemools gesot hunn, et ass, an et soll een ophalen op d’Proffen ze klappen, wësst Dir, well wa mir gären och eis Jugend haut forméiere fir muer datt mir kompetent um Aarbechtsmaart sinn, brauche mir déi Proffen. An déi Proffe maachen och eng wäertvoll Aarbecht.

Caroline Mart: Jo, et brauch ee se, mä d’Fro ass, wéi geet dat do weider?

Xavier Bettel: Ech sinn iwwerzeegt [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Wie bleift standhaft? Dir sidd iwwerzeegt, datt se awer alenken, a soen, mir strofen d’Kanner net, oder wéi?

Xavier Bettel: Gutt, hei geet et net drem anzelenken, hei geet et drëms, ech mengen e Proff forméiert e ganzt Joer laang e Schüler, an e Proff wäert kaum Enn dës Joers soen, wann den Examen kënnt, neen, ech boykottéieren elo däin Examen, an da geschitt guer näischt. Ech gleewe kaum datt dat kënnt. Ech sinn iwwerzeegt, datt jiddweree seng Responsabilitéit hei iwwerhëlt. Den Här Meisch huet Ouverturë scho proposéiert, an ech sinn iwwerzeegt, datt mir do eng Léisung fannen.

Caroline Mart: Dir lueft se, dat mécht all Staatsminister [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Déi zwee, ech luewen och den Här Meisch.

Caroline Mart: Jo, mä Dir hutt awer de ganze Steen am Fong eréischt lassgetrëppelt mat deem berühmtene Saz: nëmmen nach dat gëtt bezuelt wat och prestéiert gëtt. Fest liberal iwwerzeegt. Dir sidd jo nach net esou wäit gaange wéi de Gerhard Schröder, dee se deemools faul Säck genannt huet, oder war et eng bewosst Provokatioun?

Xavier Bettel: Neen, et war keng bewosst Provokatioun. Et ass ganz einfach datt mir der Meenung sinn, an dat ass e Prinzip an enger Gesellschaft, selbstverständlech si Präparatiounsaarbechten do, an dat wat mir gären hätten, ass déi déi den Oral preparéieren, dat heescht déi och déi Aarbecht a Preparatioun maachen, den Examen hun oder verbesseren, och dat honoréiert kréien. Mä et soll fir déi Aarbecht déi prestéiert gëtt.

Caroline Mart: An am Noutfall, am Fall wou elo keen alenke kéint, am worst-case-Szenario, wa se da soen, mir bleiwen dobäi, mir démissionéieren. Wéi standhaft ass do d’Regierung, a wéi staark - Dir hutt jo elo, um leschte Briefing hutt Dir gesot, mir si solidaresch - steet dann do d’Regierung wéi ee Mann hannert dem Meisch, a seet, voilà, mir zéien dat duerch?

Xavier Bettel: Jo, jo. Mir kënnen haut d’Schüler net en otage huelen, an de Premièresexamen net organiséieren, a Premièrë soen, an elo schonn, wësst Dir, dee ganzen Débat ass schrecklech fir e Jonken. Wann ee Jonke sech elo am Dezember schonn d’Fro muss stellen, kann ech an e puer Méint mäin Exame schreiwen, ass schonn eng schrecklech Situatioun. An ech wier frou wa mir esou séier wéi méiglech eng Léisung hätten, an am Dialog de Schüler kënne soe wéi et weider geet.

Caroline Mart: Den Dialog mat de Staatsbeamten ass jo och net ëmmer esou einfach. Déi hu sech jo beschwéiert beim Trimestre de Faveur datt Dir se net gefrot hutt, datt Dir einfach do driwwer ewech gaange sidd. An de Sondagen huet sech erausgestallt, datt do relativ breet Majoritéit ass, esouguer bei de Staatsbeamte fir ze soen, okay, dat ass net esou schlëmm, an et ass dann awer erëm esou e bëssen eng lëtzebuerger Léisung fonnt ginn, dat heescht, mir temperéieren alt erëm e bësselchen, et gëtt net direkt ofgeschaaft. Ass et dann elo e Privileg wat net méi zäitgeméiss ass, oder net?

Xavier Bettel: Jo, et war deemools de Fall, well wann d’Leit an d’Pensioun gaange sinn, ass et virkomm, datt verschidde Leit hir Pei net méi kritt hunn, awer hir Pensioun och net kritt hunn. Jo, mä dat war virun 100 Joer.

Caroline Mart: Firwat dann d’Iwwergankszäit?

Xavier Bettel: Well mir elo am Dezember nach informatesch an alles net méiglech war fir direkt kënnen ze switchen. An dowéinst ass déi Propos och gemaach ginn, administrativ, fir et kënnen dann eben elo an deenen nächste Méint ze maachen, an datt een elo net an eng Situatioun kënnt wou nees eng Kéier, firwat et deemools komm ass, weder eng Pei nach eng Pensioun sollt kréien.

Caroline Mart: Et ass also net wéi am Wort stoung, datt d’DP wëlles huet sech fräizemaache vun dem Image vun der Staatsbeamtepartei?

Xavier Bettel: Ech brauch mech vis-à-vis vu kengem fräizemaachen, a meng Partei och net. Mir sti fir eng kohärent Politik.

Caroline Mart: Dir hutt bei de Studenten, mir hunn elo gesot, wou Dir iwwerall schonn e bësselchen amendéiert hutt, wou Dir noginn hutt, wou Dir opgeschubbt hutt. Bon, bei de Proffe sot Dir, do zéie mir duerch. Déi éischt wou Dir duerchgezunn hutt, dat ass bei de Jonken, bei de Studenten. Dobäi wëllt Dir jo eventuell d’Wahlrecht scho vu 16 Joer un. Dat heescht, da gi se nach vill méi fréi an d’Boot. Firwat do soen, dat zéie mir riicht duerch, wou bei deene meeschten Dossieren awer en Entgéintkomme war?

Xavier Bettel:  Well et Sozialcritèrë musse ginn, a well mir ganz einfach der Meenung sinn, deemools huet eng CSV-LSAP Majoritéit, a mir hunn hinnen et gesot, en Text gestëmmt wou den Här Biltgen gemengt huet, dat wier d’Léisung fir déi nächst Joeren, en Text gemaach fir Suen ze spueren. Mir hunn deemools gesot, dat geet schif aus, an et ass och schif ausgaangen. A mir konnten, de Crescendo nach vun deem wat et elo weider kascht hätt, wa mir net reforméiert hätten, wier wierklech total ausgelaf. Also et war onméiglech dat do ze halen. Dowéinst huet et musse geännert ginn. Awer, wéi gesot, d’Sozialcritèrë sinn do, an dat ass och wichteg datt net de Choix gemaach ka ginn, deen dee Suen huet, kann op d’Uni goen, an deen dee keng Suen huet, kann net.

Caroline Mart: All Regierung wëllt natierlech hire Stempel opdrécken. Dir hutt dat ganz visibel, ganz symbolesch gemaach op Nationalfeierdag mat enger ganz neier Zeremonie. Mir gesinn hei e puer Biller. Et war sécher, et war bestëmmt e besonnesche Moment, neen, do ze stoen, an ze wëssen, dat do ass elo eng Première, eppes ganz Neies, mir maachen et op eis Aart a Weis?

Xavier Bettel: Fir mech war et net fir eis Aart a Weis. Et war eng Aart a Weis déi einfach eng net reliéis, eng net militäresch Aart a Weis ass. Well am Moment Nationalfeierdag eng Party an der Stadt ass, mat Freedefeier oder an de verschiddenen Dierfer, eng Mass an eng Militärparad. Dat ass fir mech net wat Nationalfeierdag ass. Nationalfeierdag ass och e Fait datt een zesumme kënnt, wou een net de militäresche Cachet, net de reliéise Cachet huet, mä einfach dat Zesummenhalen. An déi zivil Zeremonie, déi mir do organiséiert hunn, muss ech soen, wou ech och all den Organisateuren, an deene Leit déi gehollef hunn, e grousse Merci wëll soen, war fir mech e ganz wichtege Moment, well et war e Moment wou mir zesummegehalen hunn. Ob ee gleeweg, net gleeweg, militäresch, net militäresch, et war e Moment vu Solidarité nationale, an dat si Momenter, déi mir ganz, ganz wichteg sinn.

Caroline Mart: Dir wart jo ugetruede fir ze soen, gesellschaftspolitesch maache mir Neies. Et si Parallele gezu gi mat där Regierung aus den 1970er Joeren, wou d’CSV eng éischte Kéier net mat dra war. Dir hutt jo, eng Partie Saachen hutt Dir séier ëmgesat kritt, an och ouni allzevill grousse Widderstand, woubäi ee muss soen, datt d’CSV jo zum Deel scho mat um Wee war. Elo den 1. Januar éischt Bestiednes vun enger homosexueller Koppel. Hutt Dir iwweregens och Pläng?

Xavier Bettel: Net den 1. Januar.

Caroline Mart: Net den 1. Januar. Awer eventuell trotzdem?

Xavier Bettel: Awer trotzdem. An dat, erlaabt mir just Iech et ze soen, well ech kréie jo ganz oft gesot, hei den Här Bettel deen huet deen Text elo do duerchkritt, well et pro domo war. Dat ass wierklech och Blödsinn, well et en Text war dee scho vun der vireschter Regierung, wéi Dir et och gesot hutt, déposéiert ginn ass, dee scho fäerdeg war, dee gestëmmt ginn ass. A virun allem, ech sinn, et ass elo net fir dat hei ze outen, mä ech si mat engem Belsch zesummen, ech hätt scho joerelaang kënnten op der belscher Ambassade hei zu Lëtzebuerg bestuet ginn, dowéinst dat war net méi éischt Prioritéit, mä den Text war fäerdeg. An ech gesinn net firwat ech da misst den Text zeréckhalen, fir aner Leit ze bestrofen, just well ech selwer concernéiert sinn. Mä ech hu wëlles 2015 och d’Jowuert ze soen.

Caroline Mart: Ma dat ass jo eng schéin Annonce. Da Félicitatioun elo schonn am Virfeld.

Gesellschaftspolitisch Ännerungen, déi, wou ee geduecht hätt, datt se zu Lëtzebuerg net esou einfach wieren, bei eis op manner staarke Widderstand gestouss si wéi an aneren Nopeschlänner, wou se op d’Strooss gaange sinn. Awer eng wichteg gesellschaftspolitesch Fro, déi ganz vill Leit betrëfft, eng grouss Majoritéit, d’Scheedung. Dat ass en Dossier dee schleeft éiweg. Wéini kënnt dann do endlech e fäerdegen, kohärenten Text, deen d’Waasser hält?

Xavier Bettel: Do si mir och, am Koalitiounsaccord steet, dat ass och eng Pist déi a mengen Ae ganz wichteg ass. Zu Lëtzebuerg kann een net gescheet ginn, wann een een net méi gären huet. Dat heescht, zu Lëtzebuerg muss e Feeler do sinn, oder et muss ee sech eens sinn. A wann ee vun deenen zwee net eens ass, da gëtt et näischt. An dowéinst ass et wichteg datt een eng Scheedung kann hunn, wann een een einfach net méi gären huet,  wat normalerweis den Haaptgrond ass firwat ee gescheet ka ginn.

Den Text ass och, an Dir wësst jo datt do d’Diskussioun war ob een d’Faute sollt eraushuelen oder net. Am vireschten Text war virgesinn, datt een d’Faute eraushëlt, mä datt een duerno kann civil usiche fir Schuedenersaz ze kréien. Dat war den Text. Mir sinn der Meenung datt et muss, bei Violence zum Beispill, Violence conjugale, een dee säi Partner doheem schléit, deen do eng Expulsioun kritt, deen erausgesat gëtt vun doheem, ass dach eng Ursaach fir gescheet och kënnen ze ginn. An do soll och déi Gravitéit vun deem do Fait och zeréckbehale ginn. Mä wéi gesot, den Här Braz schafft drun, an dee wäert och elo gemaach ginn.

Mä Dir schwätzt vu Gesellschaftspolitik do sinn, den Avortement ass elo virun e puer Wochen och gestëmmt ginn. Dat si wichteg Saachen. Et soll een ophalen datt d’Gesellschaft sech muss un d’Politik upassen, mä et ass och Zäit datt d’Politik sech un eis Gesellschaft ugepasst huet. An da Frae musse ze soen, datt déi nach muss erkläere goe bei eng friem Persoun firwat se ofdreiwe wëllt, war wierklech fir mech net adaptéiert zu 2014, 2015, 2016, do wou mir elo sinn. An ech si frou datt déi Texter och elo schonn duerch sinn.

Caroline Mart: An awer huet ee gemierkt, datt sech Widderstand opgebaut huet, an datt een och d’Gefill huet, datt grad an der Familljepolitik, an alles wat awer nach mat Kierch, och mat Reliounsunterricht ze dinn huet, datt do awer nach eng Aart Gruef ass zu Lëtzebuerg, datt tëschent deene méi konservativ agestallten, déi d’Gefill hunn, datt hir chrëschtlech Wäerter net genuch respektéiert ginn. A wa mir dann och vu chrëschtleche Wäerter vun der Kierch schwätzen. Si huet sech och op hir Aart a Weis probéiert ze wieren. Se schéngt awer, nodeems se d’lescht Joer nach vu Kulturkampf geschwat huet, elo op d’mannst just nach d’Käergeschäft wëllen ze retten.

Jean-Claude Hollerich(O-Toun): Et geet eis net em Suen, et geet eis net em Muecht, oder Afloss, et geet och net em Privilegien vun iergend enger bestëmmter Glawensgemeinschaft.

Erny Gillen(O-Toun): Bon, hei zu Lëtzebuerg ass jo nun eppes Geniales geschitt, an deem datt déi dräi monothéistesch Reliounsgemeinschafte sech zesummefonnt hu fir ze soen, komm mir proposéieren ee Reliounenunterricht. Dat ass eng Propos déi kann een eigentlech net verwäerfen, well se déi bescht Propos ass, déi d’Reliounsgemeinschaften zu der Cohésion sociale, zu dem Zesummeliewe vun de Leit kënne maachen.

Xavier Bettel(O-Toun): Ech wëll net Iech soe wat déi beschte Pist ass, wann ech an Négociatioune sinn. Ech sinn net zu Marrakesch um Souk wou ech Iech elo soe wat ech bidden, wat deen anere bidd. An ech hätt gären Diskussiounen, an duerno Conclusiounen.

Caroline Mart: Tja, den Äerzbëschof seet, et geet net em Suen. Dir sot Marrakesch um Souk, ech wëll net soe wie wat bidd. Da geet et jo awer em Suen?

Xavier Bettel: Ech hu virun allem gemierkt, datt den Här Vicaire général Gillen gesot huet, et wier eng genial Saach datt se emol allen dräi zesumme schwätzen, a gemeinsam Positioun huelen. An déi Pressekonferenz, déi Dir gewisen hutt, do hu mir schonn eppes fäerdegbruecht, datt emol eng Relioun mat där aner och sech fir Problemer interesséiert.

Caroline Mart: Jo, si schwätzen zesummen, mä déi genial Propos wëllt Dir nawell net unhuelen?

Xavier Bettel: Also de Vikar fënnt se genial, ech fanne se manner genial. Wat wichteg ass, datt een emol gesäit, datt se emol uneneekommen, an datt wann et awer em verschidde Punkte geet, dann op eng Kéier d’Relioune sech alleguer gutt verstinn. Et ass e gutt Zeeche fir de Fridden an der Welt, well dat ass jo net ëmmer de Fall. Also elo Spaass bäisäit. Mä [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Firwat fannt Dir d’Propos net gutt?

Xavier Bettel: Well mir der Meenung sinn, datt een e Cours brauch wou et net dräi Reliounen, oder 4 Relioune diskutéiert ginn, mä wou iwwer Wäerter, déi an eiser Gesellschaft sinn, an och d’Relioune mat agebonne ginn. A mir soe jo net datt déi Leit, déi am Moment déi Coursen halen, duerno déi Coursen net méi kënnen halen. Mä mir sinn der Meenung datt een ee Cours brauch wou een net léiert wat de Jesus gemaach huet, wat den Allah gemaach huet, oder wat de Moses gemaach huet, mä mir brauchen e Cours, well da gëtt eng Étude comparée gemaach tëschent deem engen an deem aneren, mir brauchen e Cours wou een erkläert wat d’Wäerter sinn, an datt een do och iwwer d’Relioune schwätzt. Well Dir schwätzt hei vun, de Vikar schwätzt vun de monothéistesche Reliounen, et ginn och nach aner, et ginn och Sekten, et ginn, et gëtt vun allem. An et ass wichteg de Leit ze erkläere wat d’Gefor ass vun zevill an déi eng Richtung, oder an déi aner Richtung [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Ëmschoulen ass net ëmmer evident. Hei schéngt et jo awer och ansoufern schwiereg, datt déi Leit, déi am Fong wierklech dofir ausgebild ware fir eng Relioun bäizebréngen, sot Dir, déi vun haut op muer sollen dann all dat anert iwwerhuelen?

Xavier Bettel: A, déi mussen ëmgeschoult ginn. Dat steet fest. Mä dat zielt och fir déi aner. Well am Moment ass deen, deen de Moralunterrecht mécht, huet och nach net déi Notioun vun deene verschiddene Reliounen, wou mir och wëllen driwwer... Ech sinn iwwerzeegt, et ass wichteg datt een net d’Gefill huet, datt déi eng net méi gebraucht ginn, oder déi aner net méi gebraucht ginn. Mä et ass wichteg datt een zesummen dat Personal wat do ass, forméiert, e Programm kritt un dee sech och muss gehale ginn.

Caroline Mart: Et bleift also bei deem Personal? Dat ass emol sécher.

Xavier Bettel: Mä vun deenen zwou Säiten.

Caroline Mart: Wéi ass et dann elo mam Finanzement soss? Et ass jo déi Fro, déi am Referendum gestallt gëtt. Do ass jo emol gesot ginn, jo am Fong sinn d’Traktatioune schonn amgaange fir datt mir déi Fro dann u sech guer net méi misste stellen, da gi mir eis esou eens, da gëtt e gudde lëtzebuerger Kompromëss gemaach mat enger Iwwerganksregelung, an dann ass um Endeffekt jiddwereen zefridden. Ass dat esou?

Xavier Bettel: Am Koalitiounsaccord sti 4 Froen déi mir wëlle stellen. An et ass jo och eng Proposition de loi, déi esou vun der Majoritéit déposéiert ginn ass, wou och eng Fro, de Finanzement vun de Culten [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: An déi gëtt gestallt egal wéi?

Xavier Bettel: Et ass op jiddwer Fall esou virgesinn. Am Moment ass et esou virgesinn. Wéi gesot, déi Négociatiounen déi mir am Moment hunn, gi méi wäit wéi just droiwwer. Well mir schwätzen net vun de Kierchefabriken, mir schwätzen net vun deene ganz anere Saachen, déi awer och musse reforméiert ginn. Et kann net sinn, datt eng Kierchefabrik Milliounen huet, an déi aner da keng Suen, an datt dann d’Main publique da fir déi déi eng Schold huet, opkënnt. Do muss och eng Solidaritéit tëschent de Gemengen, tëschent de Kierchefabrike kommen op deem do Punkt. An dat sinn eng Rëtsch vu Saachen [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Wéi no sidd dir iech dann an de Verhandlungen? Dir wëllt net soe genee wou, mä wéi no sidd Dir an engem Accord?

Xavier Bettel: Also si hunn eng Propos gemaach, mir hunn eng Konterpropos gemaach, si hunn eng Konterpropos gemaach, mir hunn eng Konterpropos gemaach. Dowéinst, ech hunn Iech gesot, ech sinn net zu Marrakesch um Souk fir dat elo hei dobaussen ze kommentéieren, mä ech hoffen, esoubal mir fäerdeg sinn, wäert ech et op jiddwer Fall mat hinnen da kommunizéieren wéi et weider gaangen ass. Ech hätt gären eng Évolutioun.

Ech muss Iech och just soen, datt et e Problem gëtt an där do Fro, well d’Leit mengen, datt 32 Stëmmen duerginn. Hei ass eng Fro do brauch een eng 2/3 Majoritéit och an der Chamber. A mir kënne just déi Texter änneren, wa mir och 2/3 Majoritéit och hunn. An et soll een net mengen datt et duergeet wann déi dräi Parteie sech eens ginn. Mir brauchen do och nach d’Stëmme vun anere Parteien, a vun där gréisster Oppositiounspartei fir do weider ze kommen. A mir hoffen do datt net blockéiert gëtt. An ech wëll och kee schlechten Deal fannen, mä ech hätt gären eng Évolutioun, an net datt no 4 Joer näischt geschitt ass.

Caroline Mart: Dir hutt déi dräi Parteie schonn ugeschwat. An dann ass d’Fro, wiem seng Handschrëft dréit dann dës Regierung?

Claude Wiseler(O-Toun): Ech hunn einfach d’Impressioun datt déi Gréng Partei an deenen Départementer, déi si huet, déi Politik mécht, déi si wëllt maachen.

Gast Gibéryen(O-Toun): An dofir dominéieren Déi Gréng dës Regierung. Et ass just einfach iwwerraschend, datt eng liberal Partei dat alles matmécht.

Serge Urbany(O-Toun): Et ass eng liberal Regierung, och an deenen anere Parteien, mengen ech sinn déi Liberal déi dominéieren.

Marc Spautz(O-Toun): Ech mengen datt de Moment, wann ech de soziale Volet kucken, datt d’sozialistesch Partei do déi meeschte Schwieregkeeten huet sech kënnen duerzestellen.

Michel Wolter(O-Toun): Dat ass e sozialisteschen, dat ass e sozialisteschen, dat ass e puere sozialistesche Pak dee mir hei an der Chamber diskutéieren, an d’DP déi mécht dat mat.

Caroline Mart: Elo kënnt Dir soen, hutt Dir näischt falsch gemaach wou jiddwereen eppes anescht seet, oder awer Dir misst Iech Froe stellen, wann net kloer genuch erauskënnt, datt et am Fong awer déi liberal Handschrëft dréit, Dir sidd jo de Premier.

Xavier Bettel: Ech si Premier, mä ech si Chef vun enger Équipe.

Caroline Mart: Wat sidd Dir dann? Sidd Dir Primus inter pares, oder sidd Dir de Chef?

Xavier Bettel: Ech sinn de Chef vun enger Équipe. Mä wéi gesot, ech sinn en Équipemënsch. Ech kann net, ech si keen Eenzelgänger. Ech hunn och scho virdrun op deenen anere Plazen, wou ech geschafft hunn, an ech maachen dat jo och beim Pressebriefing. Wann een d’Aarbecht gemaach huet, ech hunn et net gären, een deen d’Aarbecht net gemaach huet, sech duerno an d’Vitrine stellt fir ze soen, ech. Ech si keen Ech-Mënsch, deen egozentresch ass a seet, ech hunn alles gemaach. Ech sinn een deen au contraire houfreg ass mat enger Équipe kënnen ze schaffen, wou ech Leit hunn, déi sech vill Méi ginn hunn, an ech fannen, datt déi och solle beim Pressebriefing d’Méiglechkeet hunn dat och ze exposéiere wat se preparéiert hunn.

Caroline Mart: Béis Zonge wéi de Gast Gibéryen behaapten, Dir géing dofir an der Équipe kommen, well dann hutt Dir déi Leit do, déi d’Dossiere kennen, an Dir kommt just da se mat presentéieren.

Xavier Bettel: Neen, ech komme net mat se presentéieren. Ech kéint selbstverständlech se och alleguer alleng maachen, mä dat wëll ech net maachen. A wann ech deen een nolauschteren oder deem aneren nolauschteren, jiddweree fënnt eng aner Handschrëft, si probéieren eis jo auserneen ze bréngen. Ech kann Iech just soen, datt dee Koalitiounsaccord dräi Ënnerschrëften dréit, an ech als President vun der Demokratescher Partei ganz gutt domat liewen.

Caroline Mart: Jo. Et si Parteien, déi sech méi oder manner sichen, hire Profil. D’Kollege vun der sozialistescher Partei sinn do amgaangen, si hu jo och e Positiounspabeier ausgeschafft an hirer Fondatioun Robert Krieps, fir e bëssen ze kucken, jo wou steiere mir hin. D’Sozialdemokratie ass allgemeng an Europa e bësselchen an Nout, well an där Mëtt do ass net méi allzevill Plaz. An do hu se och beklot, datt se déi Schlësselposten net hunn, wou ee gestalte kann. Elo ass et esou datt d’DP huet déi Schlësselposten. Schlësselposte Finanzen, de Schlësselposte Famill, Schlësselposten Éducatioun [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Dir nennt am Fong elo déi Posten, déi am meeschten an der Kritik sinn.

Caroline Mart: Voilà, an et ass dat wat ech wollt soen. Et si genee do Pleiten, Pech und Pannen, et sinn déi Ministeren déi awer am meeschten an der Kritik stinn.

Xavier Bettel: Also et ass net Pech, Pleite und Pannen. Hei sinn déi, déi Verantwortung och iwwerholl hunn, an déi Mesuren och proposéiert hunn. Mä dat hunn 18 Leit an dëser Regierung gemaach. An ech soen et nach eng Kéier, ech si ganz houfreg iwwer d’Aarbecht vun deenen 18 Leit, a selbstverständlech och iwwer déi, déi 7 Membere vun der Demokratescher Partei. Mä ech soen et nach eng Kéier, d’Sozialisten an Déi Gréng sinn do gläich Partner. Ech hunn, huelt mech net falsch, ech si kee Mënsch, deen elo seet, et ass meng, an ech, ech kann dat net.

Caroline Mart: Jo, mä wann een elo ee Beispill eraus, elo eng Ministesch hu mir nach net genannt, d’Logements- an d’Kulturministesch. Vläicht well dat e bësse stellvertriedend fir anerer ass. D’Kulturpolitik. Et ass gesot ginn, neie Wand, mir maachen Tabula rasa, a mir kënnegen d’Konventiounen. Da war eng immens grouss Opreegung elo Enn dës Joers, wou gesot ginn ass, jo, mä existenziell Problemer bei de Kulturschafenden, mir wëssen et. Si si vertréischt ginn, et ass gesot ginn awer mir musse préiwen, elo dauert d’Préiwe méi laang. An um Endeffekt gëtt gesot, jo, Kanner maacht Iech keng Suergen, et kritt keen eppes ewechgeholl, a kee verléiert. Firwat dann déi ganz Opreegung?

Xavier Bettel: Et ass net gesot ginn, datt kee verléiert, mä just et ass gesot ginn, datt [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et ass gesot ginn, et wäert kee finanziell méi schlecht do stoen.

Xavier Bettel: Dat wat awer ass, et muss ee vläicht nei Orientatiounen och fannen. Mir hu verschidde Saachen, déi mir ënnerstëtzen, einfach. Zu Lëtzebuerg hu mir jo e grousse Prinzip. Et war ëmmer esou, Madame Mart, an et war ëmmer esou, an da muss et ëmmer esou bleiwen. Neen, mir mussen och eis Gesellschaft, an déi verschidde Saachen, och upassen un d’Demandë vun haut. Kultur ass eppes wat ganz kriddelech ass, well Dir hutt heiansdo Leit, déi sech fir dat eent interesséieren, an heiansdo fir dat anert interesséieren. An et wier schrecklech wann eng Regierung géif soen, d’Kultur ass just déi, déi aus dem Triichter kënnt, déi mir décidéiert hunn. Dat wier schrecklech. Dowéinst, et ass vielfälteg, mä et ass just wichteg ze kucken och wéi et geet. Mir hu verschidden Associatiounen, déi hunn zum Beispill, déi maachen dat selwecht, mä hunn, dräi oder véier Mol kréie se eng Sekretärin bezuelt, oder kréie se Sue fir de Staff ze bezuelen. Do kënnen och Saachen zesummegeluegt ginn, méi efficace schaffen.

Caroline Mart: Mä Dir sot, d’Kapazitéit vum Land sech ze veränneren, ass net ganz grouss, t’ass schwiereg?

Xavier Bettel: Dach, mä et ass schwéier.

Caroline Mart: Et ass schwéier.

Xavier Bettel: Et ass schwéier, mä doriwwer muss een dann erklären. Dowéinst ass et wichteg wann d’Madame Nagel seet, si géif déi Konventioune kënnegen, a si géif dat elo kucken [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Jo, ech wollt net méi bei der Kultur bleiwen.

Xavier Bettel: Mä et ass insgesamt, dat heescht, et ass wichteg de Leit ze erkläre firwat een eppes mécht. Et ass jo, et kéint ee jo 100.000 Mesuren elo driwwer diskutéieren ob et elo berechtegt ass oder net. An ech sinn der Iwwerzeegung datt wann een driwwer diskutéiert, d’Leit duerno soen, ah jo.

Caroline Mart: Elo hutt Dir mir d’Stéchwuert ginn, driwwer diskutéieren, zesumme schwätzen. En Dialog ass natierlech ëmmer besser wéi e Monolog, mä aus engem Dialog ass een nach net direkt op engem lëtzebuerger Modell.

Romain Wolff(O-Toun): Et gëtt einfach gemaach, decidéiert, ouni datt mir eist Wuert an där do Geschicht kënne matrieden. Dat kritt een einfach esou presentéiert, okay, hei ass et, an da musst Dir dat do akzeptéieren. An der Vergaangenheet hu mir do Diskussioune gefouert, a mir hunn och négociéiert an deenen do Saachen. An dat schéngt awer elo net méi gewënscht ze sinn.

André Roeltgen(O-Toun): Et war 5 virun 12. Eiser massiver gewerkschaftlecher Oppositioun géint de Spuerpak ass et ze verdanken, datt rechtzäiteg déi politesch Bewegung entstanen ass, déi dat Schlëmmst verhënnert huet.

Xavier Bettel(O-Toun): Ech si frou datt e Sozialkonflikt zu Lëtzebuerg évitéiert ka ginn, datt de Sozialdialog nees fonctionnéiert.

Marc Spautz(O-Toun): Dës Kéier sinn d’Patronen iwwerhaapt net gefrot ginn. Ob dat dofir heescht, de Sozialdialog leeft erëm, weess ech net. Ech géif éischter soen, de Dialog zwëschent de Gewerkschaften an der Regierung leeft erëm, wat och eng gutt Saach ass, mä de Sozialdialog ass eppes anescht.

Michel Wurth(O-Toun): Et war allerdéngs e ganz haarden Dialog, awer et war en Dialog wou mir probéieren erëm Konfienz eranzekréien, Konfienz fir d’lëtzebuerger Betriber, an ech denken haaptsächlech un déi 35.000 Betriber déi fir de Moment hei sinn, an déi brauchen eng Prévisibilitéit an der Zukunft.

Caroline Mart: Et war en haarden Dialog, en ass jo och nach net eriwwer, d’neit Joer geet jo och dann direkt erëm viru mat den Diskussiounen. Villes war jo och am Fong nëmme méiglech am Entschärfe vun deem Konflikt, well d’Gewerkschaften hate jo gedreet fir zimlech  massiv do wëlle dogéint virzegoen, well onverhofft e puer, 90 Milliounen esou an Aussiicht gestallt goufen, déi vu Bréissel kommen. Dat heescht an der Rechnung, hunn ech gesot, ah, do ass erëm e bësselche Sputt. Maacht Dir domat net genee dat wat Dir de Virgängerregierunge virgehäit hutt, dat heescht, Geldsegen deen einfach esou kënnt, deen een net mat agerechent hat, dee gëtt da schonn direkt erëm genotzt. Et hätt een e jo kënnen an de Fonds souverain maachen, deen ass jo?

Xavier Bettel: Et hätt ee kënnen tatsächlech wann déi Sue vun der Kommissioun komm wieren, hätt ee missten aner Léisunge fannen. Mä mir hate keen anere Choix. Ech kréien de Virworf gemaach, ech hunn jo d’Reportagen och gekuckt, datt mir net genuch dialogéiert hunn. Mir hunn dräi Budgeten, ech soen et nach eng Kéier, musse maache bannent 12 Méint. Mir hu Contraintë vu Bréissel déi op  eis duerkommen. Mir maachen et jo net aus Spaass, datt mir déi Schold och mussen erofdrécken. Mir hunn do Contrainten, mir mussen et och maachen. Mir hunn d’Sozialpartner gesinn. Mir haten nach ni esou vill Réunioune wéi déi lescht Méint. Mir hunn elo eis mam Patronat och getraff. Dir [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Ganz spéit.

Xavier Bettel: Jo, mä mir hunn, mir si mam Patronat zesummekomm, mir gesinn eis nees am Januar zesummen. D’Dier vun enger Tripartite ass nees op, an ech hoffen, datt en elo ugeet, den Dialog am CES ass festgeluegt ginn. Iwwer d’Steierreform wëlle mir och mat de Sozialpartner diskutéieren. Also fir mech de Sozialdialog, wann een elo géif soen, de Sozialdialog géif net fonctionnéieren, dann hunn ech d’Gefill et wier een an engem falsche Film. Et gëtt et nees. Et ass net méi de soziale Monolog, esou wéi virdrun, déi lescht Joere war iwwerhaapt guer keen Dialog méi do, et huet elo vläicht e bësse gebraucht fir unzefänken, mä ech hunn d’Gefill wéi wann et elo op der richteger Bunn wier.

Caroline Mart: Jo, mä et gëtt een awer e bëssen esou erënnert als Journalist erëm un déi fréier Zäite wou jo och esou Beichtstull, also Dir sidd nach net grad am Beichtstulldialog, mä awer, et gëtt een net ganz vill gewuer. Et weess ee just et ass haart, et weess ee se si sech net eens. Mä wat ass dann elo? Wat ass dann elo mat eventuell Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit? Wat ass mat der Mutualitéit? Dat si konkret Punkte mat de Patronen, do gi mir guer näischt gewuer.

Xavier Bettel: Ech verstinn Dir maacht Är Arbecht, Dir géift am léifste gäre wësse wat mir diskutéieren. Mä ech hat eng Delegatioun vun der Regierung, ech hunn awer och nach e Conseil de gouvernement. Déi Représentantë vum Patronat hunn och nach hir Leit. An do muss jiddweree mat deem engem a mat deem aneren iwwer déi eng oder déi aner Propos diskutéieren. Ech hu keng Loscht datt op der Place publique iwwer Propositiounen, déi deen een oder deen anere gemaach huet, schonn debattéiert gëtt, an dann dobausse gesot gëtt wat gutt ass, a wat net gutt ass. Wat een net dierf vergiessen [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Mä eventuell d’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit zum Beispill betrëfft jo och d’Leit direkt.

Xavier Bettel: Et betrëfft och d’Gewerkschaften. An dowéinst sinn dat Saachen, wann een an eng Richtung geet, ech der Meenung sinn, datt dann d’Plaz wou een dat sollt diskutéieren, och d’Tripartite ass. An dofir wëll ech och net mech elo engagéieren an eppes, wou ech weess, datt ech en anere Partner hu mat deem ech awer och wëll driwwer diskutéieren. Dowéinst wäerten an deene Konklusiounen, wann et an déi Richtung geet, datt mir Konklusiounen hunn, op jiddwer Fall eng Bereetschaft si fir iwwer déi eng oder déi aner Pist an eng Richtung ze goen. Awer, wéi gesot nach eng Kéier, am Kader vun der Tripartite fir Léisungen duerno ze fannen.

Caroline Mart: Ganz vague wat den Inhalt betrëfft, wat den Timing [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Ech ginn och net méi präzis.

Caroline Mart: Wat den Timing betrëfft och net?

Xavier Bettel: Ech hätt gären, datt mir Enn Januar wierklech alles fäerdeg hunn.

Caroline Mart: Okay. Och am 5. Joer no der grousser Wirtschaftskris ass, si mir nach ëmmer dran. An et ass och ëmmer nach keng Eenegkeet wéi mir eraus sollen?

Jean-Claude Reding(O-Toun): Ech fannen eigentlech datt se an der Logik bleiwe vun där wat och déi Regierung virdru scho gemaach huet, a wat eigentlech déi virherrschend Meenung an Europa ass. An déi Wirtschaftspolitik déi klappt awer net. Manifestement ass dat eng Wirtschaftspolitik, déi net aus der Kris erausféiert, mä wou mir de Risiko hunn, datt et d’Kris nach weider verschäerft.

Carlo Thelen(O-Toun): Et si ganz vill Mesuren dran, iwwer 250 am Zukunftspak, woubäi der awer vill sinn, wou mir soen, si wieren zevill timid.

Franz Fayot(O-Toun): Wat ech méi dee Budget kucken, wat ech mir méi d’Fro stellen iwwer d’Durabilitéit vun eise Staatsfinanzen iwwer den Équiliber zwëschent de Recetten och à long terme.

Caroline Mart: Also et kann ee jo elo net d’Leit mat Zuelen erschloen, mä et ass offensichtlech kee Konsens do wat déi richteg Mesurë sinn. Déi eng schwätze vun Austeritéitspolitik, a soen, dat geet scho vill ze vill wäit, déi aner soen, dat do si Mesuren dat geet nëmmen hallefwees an déi richteg Richtung. Mä wat zemools bedenklech ass, dat ass, wouvunner geet een aus, et huet ee scho bestëmmte Prämissen? Datt dat keng kloer Wëssenschaft ass, wann een e Budget opstellt, dat ass ganz kloer. Mä d’Tendenz wann ee kuckt egal wien, esouguer de Statec, elo, et ass jo net nëmmen eng Zentralbank oder eng Chambre de commerce, déi seet, d’Prognose ginn no ënnen, esouguer de Statec revidéiert no ënnen. Wéi soll e pluri-annuelle Budget opgoen, wou mir an Aussiicht gestallt kréien datt bis 2018, plus ou moins, dann an dréchenen Dicher wier, dat heescht a schwaarzen Zuelen, wann d’Prämissen offensichtlech falsch sinn, zevill optimistesch?

Xavier Bettel: Déi éischt Saach ass, et ass virdrun hei vun, Dir hutt vun engem Austeritéitsbudget geschwat, a vun anere Leit, déi an déi aner Richtung ginn. D’Regierung ass do fir déi gesond Mëtt ze fannen. Eng Austeritéitspolitik wou een nach méi investéiert wéi virdrun, ass keng Austeritéitspolitik. An en Effort ze fuerdere fir de Budget nees an den Équiliber ze kréien, sinn net Peanuts. Dat heescht et ass schonn équilibréiert tëschent deem engen an deem aneren. Jo, Dir sot [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Wéi richteg sinn d’Prognosen?

Xavier Bettel: Dir sot, jo, ech hu keng Kristallbull, dee mir seet. Ech hunn en Institut, ech hunn de Statec dee mir d’Zuele gëtt, op deene mir rechnen. Duerno soe se datt déi Zuele vläicht e bëssen zevill optimistesch sinn. Ech kann Iech just soen, datt wa se zevill optimistesch sinn, mussen, mir mussen och eis, ech wëll net soen, nei erfannen, mä mir mussen nei Niche fannen, mir musse kucke weider attraktiv ze bleiwen, mir musse kucken datt mir déi Finanz, déi nei Saachen och op Lëtzebuerg unzéien. Dir wësst jo datt mir am IT-Beräich, an ech sinn immens houfreg och als Medien- a Kommunikatiounsminister, wéivill Patronen a wéivill Boîten ech begéinen an deem Beräich, déi gären op Lëtzebuerg kommen. Mir mussen dat maachen, well soss riskéiere mir datt d’Rentréen déi gerechent gi sinn, zevill optimistesch sinn, an da geet d’Rechnung net op, da geet d’Rechnung net op. Ech brauch Iech hei elo net ze soen, datt dann alles super ass, wann d’Rentréeë manner héich si wéi dat wat gerechent ass, da geet d’Rechnung net op, a da musse mir kucke wéi mir en Équiliber fannen. Mä mir sinn net [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Dir hutt jo awer elo den Exercice schonn eng Kéier gemaach. Wann d’Rentréen elo wierklech empfindlech méi niddereg si wéi geduecht, da gëtt et jo entweder d’Méiglechkeet et spuert ee weider un den Dépensen, de Screening ass scho gemaach ginn, oder et dréint een un der Steierschrauf?

Xavier Bettel: Ech sinn, Dir wësst jo datt mir eng Steierreform wëlle maachen. Mir wëllen do de Mëttelstandsbockel, et geet net drëms fir datt mir d’Leit mat Steieren erschloen, mir mussen och nach weider attraktiv bleiwen als Land. Dat Eenzegt wat ass, et soll een net maache wéi wa just duerch déi eng Säit, mir mussen och weider attraktiv bleiwen. A wa mir nei Betriber, déi op Lëtzebuerg kommen, sech installéieren, bréngt dat eppes eran? An dofir ass et och immens wichteg wa verschidde Leit jo d’Gefill ginn, et muss ee méi d’Betriber belaaschten. Wa mir Betriber net kréien, da kréie mir keng nei Aarbechtsplazen, da kréie mir och keng nei Rentréen eran. Dofir ass et immens wichteg e richtegen Équiliber tëschent Béides ze fannen. Dat wat awer ass, wann et empfindlech ass, dat ass jo, wa wéineg [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et ass jo awer de Moment schonn en Décalage tëschent deem wat d’Privatpersoune bezuelen a wat d’Betriber bezuelen. An deen Décalage ass an deene leschte Joerzéngten, am leschte Joerzéngt ëmmer méi gewuess. Dat ass e staarken Déséquiliber. Elo sot Dir, mir kënnen awer net higoen d’Betriber nach weider belaaschten, dat soen d’Betriber och, da verléiere mir e Standuertvirdeel, d’Betriber soen, mir verléieren u Kompetitivitéit. Wéi kënnt een dann do eraus?

Xavier Bettel: Do muss een de richtegen Équiliber fannen. A wéi gesot [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: A wat ass deen? 29% Betribssteier hu mir elo. D’CSV schléit vir, komm mir waarden op kee Fall bis 2017, dat ass vill ze vill geféierlech, da riskéiere mir eis Standuertvirdeeler ze verléieren. Dann, d’Joëlle Elvinger hat an der Budgetsried gesot, mir mussen eng gesond Konkurrenz. Wat ass eng gesond Steierkonkurrenz a kee Steierdumping, wann ee weess, datt fir attraktiv ze sinn, Länner wéi Irland 12,5% hunn?

Xavier Bettel: Ech si just iwwerrascht, datt d’CSV elo domat kënnt. Si hate Joerzénte, Joerzéngte, Joerzéngten de Finanzministère, an elo op eng Kéier muss alles vun haut op muer geännert ginn. Je ne critique pas, mä ech stelle just fest! Ech wëll Iech just soen, datt mir eng Steierreform fir 2017 ugekënnegt hunn. An et steet och am Koalitiounsaccord datt mir bei de Betriber wëllen d’Steieren net an d’Luucht setzen. An den Accord de coaliton ass deen, dee fir déi 4 Joer elo nach zielt.

Caroline Mart: Si schloe jo vir, d’CSV schléit jo vir massiv erofzesetzen.

Xavier Bettel: Et soll een ophale Saachen ze soen, wou een net weess wat d’Répercussioune vun deem engen a vun deem anere ka sinn. Mä eng Steierreform [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: An d’Luucht gi se sécher net, dat ass [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Eng Steierreform suckelt een net aus de Fangeren. Ech hu keen, ech stinn net moies op an da soen ech, dat do ass d’Steierreform. D’Steierreform muss preparéiert ginn [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: An et gëtt sécher näischt virgezunn?

Xavier Bettel: Neen, neen, eet soll ee sech Zäit loossen. Mir wëllen déi jo och zesummen am Dialog maachen, dat heescht 2015, mir hunn elo Zäit fir se preparéieren, an 2016, fir datt se duerno a Kraaft trëtt.

Caroline Mart: Keng Zäit fir Iech ze preparéieren, dat hat Dir wéi eng kleng Bomm ageschloen, also eng kleng, et war eng gréisser Bomm.

Jean Asselborn(O-Toun): Wir haben keinen Platz für Häuser, darum haben wir nur Briefkästen.

Däitsch Télé (O-Toun): Ein Paradies, übrigens auch für Grosskonzerne.

Xavier Bettel(O-Toun): Ech akzeptéieren net datt e ganzt Land hei duerch de Kaka gezu gëtt um europäeschen- an internationalem Niveau, an datt mir alleguer dohinner gestallt gi wéi wa mir Schmarotzer wieren.

Pierre Gramegna(O-Toun): Mir waren net virbereet, well mir dat net wossten, fir 500 Decisiounen déi haut um Internet sinn, a wou ech Iech ka soen, datt all Affekot an der Welt amgaange ass se ze liesen.

Jean-Claude Jucker(O-Toun): Juncker ermittelt nicht gegen Juncker, weil der Juncker war weder das eine noch ist zuständig für das andere.

Pierre Gramegna(O-Toun): Ech war nach net fäerdeg, ech sinn och nach ëmmer net fäerdeg. Dir kritt och d’Wuert. Jo, mä et ass notéiert, et ass notéiert. Loosst mech awer vläicht ausschwätzen... Mä dann haalt op ze gestikuléieren. Ech sinn amgaangen op Är Fro ze äntwerten, an Dir gestikuléilert, ech sinn emol nach net fäerdeg mat der Explikatioun.

Justin Turpel(O-Toun): Sécherlech wëlle se eppes verstoppen, well och wann déi Rulingen, déi hei gemaach gi sinn, ëmmer gesot gëtt, si wieren net illegal gewiescht, muss een awer soen, et gëtt keng legal Basis  fir déi Rulingen, déi soll elo eréischt geschafe ginn. An et misst een eigentlech emol am Fong kucke wat do alles geschitt ass. An et ass guer net sécher wéi legal datt dat Ganzt iwwerhaapt war.

Pierre Gramegna(O-Toun): Le Luxembourg a été pointé du doigt, mais où le gouvernement a clairement expliqué que le Luxembourg était un acteur parmi d’autres.

Pascal Saint-Amans(O-Toun): Ce n’est pas un problème luxembourgeois, c’est aussi un problème luxembourgeois, ce que je veux dire, pas seulement un problème luxembourgeois.

Caroline Mart: Dat ass e schéine Resumée. Et ass, et sinn net nëmme mir, mä et sinn awer och mir.

Xavier Bettel: An dofir sinn ech och ganz frou datt ech am leschte Conseil zu Bréissel den Drock deen op Lëtzebuerg war, wou jiddweree gemengt huet, et ass just Lëtzebuerg, elo aus engem nationalen Drock eng international Verantwortung komm ass. D’Rulingen, et war keng Base légale do, ech sinn och ganz frou datt d’Regierung, an de Pierre Gramegna elo direkt alles an d’Weeër geleet huet fir datt och eng Base légale sollt sinn. Et muss Transparenz kommen, mir brauchen eis awer net ze verstoppen, mee d’Rulinge sinn zu Lëtzebueg net dout.

Caroline Mart: Si mir dann do just dat aarment Affer gewiescht? War do eng Knaschtcampagne, oder ass et och einfach esou datt mir joerelaang iwwerproportional profitéiert hunn? A wat ee jo esou diskret Steieroptiméierung nennt, heescht jo leschten Enn datt entzwousch Steieren net erakomm sinn wou se sollten erakommen.

Xavier Bettel: Also mir sinn déi op jiddwer Fall wou Dokumenter geklaut gi sinn, wou et am Ausland net geschitt ass. An déi Dokumenter sinn du public gemaach ginn, wat am Ausland net geschitt ass. Dat heescht et ass déi Situatioun an där aner Länner net sinn. Mä ech akzeptéieren net datt gesot gëtt, datt Lëtzebuerg dat eenzegt Land ass, déi Steierrulinge maachen. Mä wat awer ass [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Jo mä ännert et eppes wann een elo seet, déi aner maachen et och? Ännert et eppes un der Tatsaach, oder un der Fro ob et richteg ass oder net?

Xavier Bettel: Dat ass jo, déi Transparenz ass déi déi wichteg ass, dat heescht datt een en Échange huet. Dat wat, do si mir eis jo och ganz eens. Wa verschidde Betriber, déi Milliarde Bénéficer maachen, et fäerdegbréngen Null, oder esou wéineg Steieren ze bezuelen, ass net an der Rei vis-à-vis vum lëtzebuerg Steierzueler, vun deem mir virdru geschwat hunn, oder vis-à-vis vun de Betriber, déi hei zu Lëtzebuerg sinn. Dat geet net. Mä wéi gesot, Optimisation fiscale ass eppes wat et an 28, oder a 25, oder an 22 EU-Länner gëtt, an dofir brauche mir eis net ze schummen.

Caroline Mart: Jo, et ass just eppes wann een esou héieren huet wat de Jean-Claude Juncker, dee jo massiv och dowéinst an der Kritik war, et war keen einfache Start fir hien als Kommissiounspresident, wann en dann esou gesot huet, jo am Fong de Finanzminister wees guer näischt dovunner, dann ass esou dat Bild entstanen, do sëtzt dann de Marius Kohl, deen ewell weltberühmt ass, alleng a sengem Büro 6, mécht Stempelen an der Serie, kee weess wou d’Suen hierkommen, mä jiddweree freet sech datt se do sinn. War et dat?

Xavier Bettel: Ech war, ech si Premier, ech mengen den Här Kohl ass just, et ass net wéinst menger, mä just viru mir oder no mir och a Pensioun gaangen. Ech kann Iech net soe wéi d’Mechanisme virdu waren, ech si responsabel fir dat wat elo geschitt.

Caroline Mart: Jo, mä bei de Rulingen ass et awer esou, et gëtt jo e puer entscheedend Froen. Eng vun den entscheedende Froen ass, wa gesot gëtt, datt Lëtzebuerg ganz staark vun där Nischepolitik gelieft huet. Mir kommuniquéieren elo Patentboxen, Rulinge kommunizéiere mir elo un d’Kommissioun. Mä wann ee wëllt wëssen, wéivill hänkt do am Fong drun? Et ass eng enorm wichteg Fro. Wéivill Sue sinn do erakomm? Wéivill Aarbechtsplazen hänken drun? D’ADR hat eng Fro gestallt un de Finanzminister, an do koum eng ganz sybillinesch Äntwert: dat misst nach gepréift ginn, dat bräicht eng gréisser Préiwung. Dat heescht, mir liewe vun eppes wou kee Mënsch weess, wat ass de Volume, a wéivill Sue kommen eran?

Xavier Bettel: Ech misst Iech do eng konkret Äntwert ginn, wann ech wéisst dat mir et muer net méi géife maachen. Mir maache muer nach weider Rulingen.

Caroline Mart: Mä mir wäerten der manner kréien, seet de Pierre Gramegna. Mä et muss een awer wëssen, manner vu vill? Et muss ee jo awer evaluéiere kënnen.

Xavier Bettel: Jo mä wéi kënne mir wësse wéivill manner mir kréien, wa mir net wëssen, am Moment gesi mir datt elo net d’Leit fort lafen, andeem se soen [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Jo, mä firwat weess een net, firwat kann een net évaluéiere wéivill representéiert dat?

Xavier Bettel: Well ech elo net ka soe wéivill Leit muer fort ginn, Madame Mart, huelt mir et net iwwel.

Caroline Mart: Nee, wéivill huet et bis elo bedeit? Wéivill huet et iwwerhaapt, wat ass den Undeel gewiescht vun deene Rulingen? Wat ass iwwerhaapt, wéi kann een iwwerhaapt déi Nichepolitik am Finanzsecteur, wéi kann ee se chiffréieren?

Xavier Bettel: Do ass jo eng Reportage gewiescht bei Iech um Sender, déi geschwat huet vu 600 bis 800 Milliounen. Ech hunn d’Zuelen net.

Caroline Mart: Wëlles se awer nozepréiwen?

Xavier Bettel: Gelift?

Caroline Mart: Dir hutt awer wëlles dat méi genee erauszefannen?

Xavier Bettel: Ech soen Iech et nach eng Kéier, fir mech ass et wichteg datt ee weess wat ee riskéiert ze verléieren, wann de Risque besteet eppes opzeginn. Hei soe mir just, dass eng Transparenz do ass, an et ass wichteg datt mir eng Base légale ginn hun. Ech soen Iech et nach eng Kéier, dat heescht, datt mir richteg maachen, datt mir net de Virworf gemaach kréie mir géife Saachen hei zu Lëtzebuerg maachen, déi net an der Rei sinn.

Caroline Mart: Jo, et huet een esou e bëssen den Androck esou vum Saulus zum Paulus, dat heescht, mir waren am Schmuddeleck, an elo hu mir eis ganz vill Méi ginn, elo si mir quasi premier de classe. Dat ass jo och eppes wat virgehäit gëtt fir ze soen, et muss een, nodeem ee joerelaang gebremst huet, elo si mir déi, déi am Fong mat ufeiere fir ze soen, méiglechst Transparenz, automateschen Austausch an alles.

Xavier Bettel: Also mir sinn an enger Kontinuitéit. Dir musst jo wëssen, datt den Échange automatique vun der vireschter Regierung jo decidéiert gi war, a gesot ginn ass, elo mécht d’Bankeplaz Lëtzebuerg zou. D’Resultater vun de Banken dëst Joer si gutt, esou wéi ech d’Resultater jo liese konnt. Dat heescht, amplaz, et kéint een ëmmer soen, mir blockéieren alles, mä dann iwwerlieft een. A gleeft mir et, et iwwerlieft een andeem een ëmmer erof geet. An ech hu léiwer datt Lëtzebuerg en neit Liewe kritt, och mat Regelen déi kloer sinn, déi transparent sinn, mä et gëtt een net, ech sinn net vum leschten, deen éischten, an et ass och net de Wonsch fir den éischten ze ginn, mä ech hätt just gären datt international Standarde respektéiert ginn, a fir datt mir och vu schwaarze Lëschten ewech kommen, déi eis selwer blockéieren bei verschiddene Mäert, a wou mir keen Accès kréien, ebe well mir och op deene Lëschte sinn.

Caroline Mart: Jo mä den Imageschued, do war jo all Mënsch sech eens, deen ass do. An dat heescht [gëtt ënnerbrach]

Xavier Bettel: Et ass jo keng gutt Pub wann iwwerall gesot gëtt, wann een d’Gefill kritt wéi wann een dowéinst. Huelt mir et net iwwel, mä wann, et mécht mech immens rosen, an dofir, wéi ech virdrun Äre Reportage gekuckt hunn, wou ech och do e Schimpfwuert benotzt hunn, mä ech war einfach rosen, well ech net akzeptéieren, datt mir als Land alleguer an den Eck gedréckt gëtt, an do wierklech en Image gi gëtt, deen net passt. Dat wëll ech net.

Caroline Mart: Mä ass dann elo alles ausgestanen? Bon, d’Plaintë sinn elo zeréckgezunn, well mir eben op dee Wee vum informateschen Austausch ginn. Mä déi Fro vum Konkurrenzrecht, déi ass jo awer nach net ausgestanen?

Xavier Bettel: Wéi mengt Dir dat?

Caroline Mart: A wéi wäit mir net géint d’Konkurrenzrecht verstoussen, well et Staatshëllefe sinn.

Xavier Bettel: Jo, do muss ee kucke mat all de Rulingen. Dofir wëlle se jo och wësse wéi eng Rulingen a wéi enge Länner gemaach gi sinn. Wéi gesot, do ass jo och vun der Kommissioun si jo och Enquêtë gefrot ginn. An da musse mir ebe waarde wat do erauskënnt.

Caroline Mart: An et ass och eng ganz äerdeg Kommissärin, déi dat undreiwe wäert an op der anerer Säit e Kommissiounspresident dee vläicht all Intérêt huet fir sech méiglechst vu Lëtzebuerg ze distanzéieren, vu datt e sou am Feier vun der Kritik war fir ze soen, mir maachen et elo ganz streng an den Zuch geet komplett a Richtung Harmoniséierung.

Xavier Bettel: Dat wier schrecklech.

Caroline Mart: Awer méiglech?

Xavier Bettel: Wann de Fait, well e Commissaire ass do fir 28 Länner. Dat heescht en dierf kee privilegiéieren. Mä wa mir elo méi schlecht géifen ewech kommen, well de Jean-Claude Juncker Lëtzebuerger ass, wier dat ganz schlëmm, dramatesch an inakzeptabel.

Caroline Mart: Nee, ech hunn net gesot, datt Lëtzebuerg méi schlecht ewech kënnt, mä datt ënnert enger Kommissioun Juncker déi Harmoniséierung nach weider ugedriwwe gëtt, well och de Jean-Claude Juncker all Intérêt huet fir ze weisen, datt hie komplett onofhängeg ass an datt e sech distanzéiert zu de Praktiken déi e fréier cautionnéiert huet.

Xavier Bettel: Ech soen Iech nach eng Kéier. Dir hutt just virdru gesot vum Saulus zum Paulus, also ech wëll elo net hei iergend engem e Jugement ginn. Ech soe just, datt an deem heite Fall et fir eis wichteg ass, datt dat richteg behandelt gëtt an net do well ee méi kleng ass ee méi schlecht behandelt gëtt wéi iergend een Aneren.

Caroline Mart: Mir kënnen d’Aboussen net chiffréieren. Sinn eis awer eens, datt et Abousse wäerte ginn. Dir sot d’Bankeplaz, d’Finanzplaz ass net dout. Si lieft ëmmer weider.

Xavier Bettel: Mir wëssen net ob et Abousse ginn, huelt mir et net béis, mä mir wëssen net ob et Abousse ginn.

Caroline Mart: Mä d’Nichë riskéieren awer méi kleng ze ginn. Dat ass kloer. Déi berühmte Kompetenznichen déi sinn oft an der Zuel, am Volume, och an den Aarbechtsplazen net därmoosse grouss. Alternativ Geschäftsmodeller si ganz oft nach weider Geschäftsmodeller och fir d’Finanzplaz, Sukuken,  chinesech Banken. Wéi nohalteg sinn déi? A wéi grouss ass net do och d’Gefor, datt jee nodeem wat geschitt, datt dat ganz séier kann och eriwwer sinn?

Xavier Bettel: Mä dee Moment, sou laang et net eriwwer ass, soll een dovunner profitéieren a soll een dann eben déi Nichen och kënne fëllen. Dat ass dat wat mir maachen. A mir sinn amgaangen selbstverständlech nach un neien Nichen ze sichen an ze fannen an dat war ëmmer d’Stäerkt vu Lëtzebuerg séier kënnen ze kucken wou eng Niche ass an dann eben dat Land ze sinn wat am séiersten déi Niche och erfëllt. An dat mécht dës Regierung.

Caroline Mart: Mir hu scho vun der Steierreform geschwat. Dir sot 2017, loosst eis schaffen, mir soen elo nach guer net a wéi eng Richtung et geet. Mä geet et a Richtung vun engem gewëssen Équilibrage awer och wat dat Betriebssteieren a Privatsteiere betrëfft oder ass dat net ze denken?

Xavier Bettel: Et huet kee Wäert, datt ech hei Hypothesen maachen wou ech muss soen, datt ech gären am Dialog och mat de verschiddene Partner déi dote Saache gäre maachen a mir Zäit gäre loossen. Fir Iech elo ze soen a wéi eng Richtung, datt et geet, dat eenzegt wat feststeet ass, datt et am Moment immens schwéier ass fir kënnen ze soen a wéi eng Richtung et geet, well Dir och selwer gesot hutt, datt verschidden Zuelen déi mir am Moment hunn nach kënnen änneren. An dowéinster ech kann elo net haut mech festleeën wat, ech héiere just déi lescht 5 Joer, datt verschidden Acteuren hei zu Lëtzebuerg soen, d’Kris wier eriwwer. Ech héieren dat scho 5 Joer laang. Ech mierke just, datt d’Chômagezuel héich ass, d’Schold héich ass an dowéinster d’Kris nach net eriwwer ass. An dowéinster ass et wichteg Précautiounen ze huelen. A wann ech elo nees eppes ukënnegen, da sot Dir mir d’nächst Joer Här Bettel, Dir hat nees eng Kommunikatiounspann. Dir hat beim Interview de fin d’année eis eppes ugekënnegt wat Dir net kënnt maachen. Ech hunn dat vläicht an engem Joer geléiert an ech bleiwen da vläicht méi virsiichteg a soen Iech, datt et wann et bis räif ass, och da mat der Sprooch eraus kommen.

Caroline Mart: D’Steieren ass jo eppes wou engersäits de Staat Suen era kritt mat deem e gestalte kann. Op där aner Säit kann een dat Wuert Steier jo och wuertwiertlech huelen. Et kann een domatter och eng Politik orientéieren jee nodeem wéi een se usetzt. Zum Beispill bei der TVA. Et huet natierlech, et freet kee sech wann en elo 2% méi muss bezuelen. Dat woussten d’Leit. Si waren drop gefaasst, mä da sinn aner TVA-Haussen déi si vläicht awer e bësselche méi flappeg komm wéi muncheree sech geduecht hat.

François Koepp, Generalsekretär Horesca (O-Toun): Ech kann nëmmen dozou soen, 500 % eng Taxe erhéijen ass et nach ni hei am Grand-Duché ginn. Wat maache mir? Mir ginn hin an treffen déi Äermst vum ganze Secteur. Mir treffen immens vill kleng Wiert a mir treffen natierlech och d’Restauratioun.

Martine Neyen, Direktesch Fondation Cancer (O-Toun): Mir sinn der Meenung, datt dat immens wichteg wär, datt den Tubakpräis géif erop goen zu Lëtzebuerg a mir verstinn absolut net wéi elo kann sou eng Mesure geholl ginn déi kuerzfristeg vläicht en ekonomeschen Intérêt verfollegt awer guer net an d’Richtung geet vun der Gesondheet a guer net dogéint geet fir datt déi Jonk eventuell éischter net ufänke mat fëmmen. Mir gi wierklech de Message eraus, datt mir schockéiert sinn iwwert déi doten Decisioun an datt mir nëmme kënnen hoffen, datt se net ëmgesat gëtt.

Caroline Mart: Ee Beispill fir 2 legal Drogen wou een u sech seet, gesondheetspolitesch misst jo en Intérêt do sinn fir eng kloer Linn ze hunn an eng komplett ënnerschiddlech.

Xavier Bettel: Nee, net eng komplett ënnerschiddlech. Bei der TVA a beim Alkohol-Beräich musst Dir wëssen, datt am Moment en Taux super réduit vun 3% ass. Dat ass jo fir Besoins de première nécessité. Ech verstinn, datt an engem Land d’Mëllech, d’Brout, d’Kannerschong, déi Saachen déi ee wierklech och bei Kannerkleeder an etc., an etc. op 3% sinn. Ech hu Schwieregkeeten fir dobaussen ze erklären, datt am lëtzebuerger Land de Béier an de Wäin liewenswichteg sinn fir kënnen ze iwwerliewen an dowéinster bleift deen och op 3%. A leider gëtt et net an der Direktive d’Méiglechkeet fir ze staffelen an deem ee seet, datt et progressiv erop geet. Dat gëtt et net. An dowéinster ass et an et ass och nach, ech wëll net zevill technesch ginn, mä Dir musst wëssen, datt den Akafspräis vun der TVA op Alkohol net dee selwechten ass wéi de Verkafspräis deen och un d’Konsumente verrechent gëtt. Dat heescht, datt de Staat do och Sue bäileet. Bei där aner Saach [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Ok, beim Tubak, engersäits e Plan cancer, éischte konsistente Plan cancer. D’Gesondheetsministesch ass immens frou driwwer. D’Präventioun, et gëtt jo awer näischt wou et sou kloer erwisen ass, datt et kriibserreegend ass wéi den Tubak. An do geet een dann hin fir leschten Enns en Tanktourismus deen ee vun de Memberen aus der Regierung „Déi Gréng“ jo vehement bekämpft hunn iwwert all déi Joren, geet een ausgerechent deen nach ënnerstëtzen. Och fir eng Iwwergankszäit, an awer, wär et net hei de Moment gewiescht en Zeechen ze setzen?

Xavier Bettel: Dir sot selwer. Et ass eng Iwwergankszäit, et ass jo net definitiv esou. [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Mä firwat brauch et déi?

Xavier Bettel: Well et 80 bis 100 Millioune sinn. An ech kann am Moment Madame Mart, sou wéi de Budget ass, net op 100 Milliounen esou verzichten. Ech kann net. Ech kann net.

Caroline Mart: Och do huet een da vläicht déi aner Käschten net géigegerechent?

Xavier Bettel: Also déi aner Käschten, wéi gesot, wann se an Däitschland méi bëlleg sinn, Madame Mart da ginn d’Leit se an Däitschland kafen. Et soll een ophalen ze mengen wéinst 10 Cent oder 20 Cent géifen dann d’Leit ophale mat fëmmen. D’Leit fëmmen da weider an da ginn se just an d’Nopeschland se kafen. An ech hu léiwer mir hunn 100 Millioune méi hei zu Lëtzebuerg wéi zu Tréier.

Caroline Mart: Dat heescht deen Tanktourismusmodell wou gesot ginn ass, mir mussen eis Alternativen afale loossen, dat ass och net fir haut a muer.

Xavier Bettel: Dach, dat wat ass, mir sinn eis bewosst, datt dat dote keng Niche à long terme ass. Dowéinster hu mir jo de Fond souverain, duerfir wëlle mir jo och déi Suen do dra setzen, well mir wëssen, datt dat riskéiert eng Kéier fort ze sinn.

Caroline Mart: Ok. Europäesch war et och e ganz mouvementéiert Joer. Dir hutt jo scho fir 2 misse schwätzen. Dir fillt Iech offensichtlech wuel um europäesche Parquet?

Xavier Bettel: Ech hu vill Freed, och mënschlech, mä ech hu virun allem, ech si mir bewosst wéi eng Verantwortung ech do hunn an de Kontakt mat den, et si keng Kollege, wësst Dir, et ass well een eben do ass, datt et dann hautdesdaags, mä ech soen net gär, datt et meng beschte Frënn sinn, well d’Frënn sinn déi wann een net méi do wou een haut ass nach bleifen. An ech weess net ob ech do dann nach ganz vill Kontakt dann hunn, mä am Moment lafen einfach d’Relatiounen an och de Support deen ech kréien als Premier vun deem engen a vun deem anere Kolleg aus dem Ausland, ganz, ganz gutt.

Caroline Mart: Eng nei Vedette zu Bréissel, déi kennt Dir ganz gutt, ech weess net ob et Äre Frënd ass, mä...

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech verspriechen, d’Verträg vun der Europäescher Unioun an d’Grondrechter vun där selwechter ze respektéieren a meng Aufgaben onofhängeg vun allen Influenzen mä am generellen an am allgemengen Intérêt vun der Europäescher Unioun ze maachen.

Ich tue das was ich hier im Hause versprochen habe, ich tue das zu 100% und mit aller Gewalt.

Xavier Bettel (O-Toun): We need a kick, Europe needs a kick.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Not only words, not only parole, parole. I need money.

Caroline Mart: Sou, iert mir iwwert d’Sue schwätzen, fir d’éischt awer nach eng Fro och, virun engem Joer hätte mir dat dote jo net geduecht, datt de Jean-Claude Juncker den Eed géif ofleeën. Sou kann et an der Politik goen. Virun engem Joer war e verbattert, e war geschloen. En huet gekämpft  mat der Néierlag. Wat fir eng Lektioun zitt Dir dorauser als jonke Politiker?

Xavier Bettel: Ech sinn immens frou fir duerfe mam Jean-Claude Juncker och am Conseil européen zesummen ze setzen. Mir gesinn eis och virun de Sitzungen. Mir diskutéieren och driwwer iwwert déi eng oder aner Saach, well déi mënschlech Bezéiungen och immens wichteg sinn. An ech si frou kënne mat him ze schaffen. An ech sinn iwwerzeegt, datt hien e President ass, vun der Kommissioun deen ee brauch, well en d’Dossiere kennt an och un Europa gleeft. An dat ass dat wat virun allem am Moment een an Europa brauch.

Caroline Mart: Sidd Dir dann och bereet him a sengem Investissementsprojet ze hëllefen? Dat ass jo deen europäesche Fong fir strategesch Investitiounen. Do ass et jo nach net sou sécher. Bon dat sinn 21 Milliarden déi sollen do kommen. Et gëtt eng Hiewelwierkung mat nach eng Kéier der europäescher Investitiounsbank déi dann 63 Millioune [sic] soll bäiginn an dann hofft ee fir de Rescht, datt dat ganzt op iwwer 300 Milliarde gonfléiert gëtt, reng duerch privat Invester. Mä déi éischt Fro ass emol, wien vun de Länner ass dann elo bereet ze ginn? Dir sot et ass keng Geberkonferenz gewiescht.

Xavier Bettel: Jo, am Moment wollt keen eng Virwëtztut och kafen. Et huet kee Loscht ze soen hei lo gi mir mol andeem mir net méi Informatiounen [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Si hunn awer all hir Projeten era gereecht.

Xavier Bettel: Jo, mä mir waarden elo op méi Informatiounen am Januar an da gëtt déi Decisioun getraff. Et ass dorëms wou et geet, mä wéi gesot et ass ganz positiv ukomm. Och bei de 26, well ech war jo fir 2 do. Bei 26 Kollegen ass de Projet och ganz gutt ukomm. Mä mir waarden do nach op méi Detailer. Wéi gesot de franséische Kolleg huet scho vun der SNCI geschwat, déi a Frankräich da vläicht kënnt deen een oder anere Projet ënnerstëtzen a mir mussen dat och dann diskutéiere wa mir wëssen, duerno a wéi eng Richtung, datt et geet.

Caroline Mart: A wann et Iech iwwerzeegt, sidd Dir bereet och als Lëtzebuerg ze soen, da bezuele mir an dee Pak an?

Xavier Bettel: Et kann een net soen mir hätte gäre Suen, mä mir sinn net bereet och en Deel bäizeleeën.

Caroline Mart: Mir hu 35 Projeten ugemellt, fir eng Milliard ongeféier.

Xavier Bettel: Dann hoffe mir, datt der 35 ugeholl ginn, mä ech zweiwelen drun. Mä bon, hoffe mir mol.

Caroline Mart: Jo mä Dir sot, Dir zweiwelt drun. Et sinn och anerer déi drun zweiwelen, datt dat ganzt iwwerhaapt opgeet. Et si schonn, den Economist huet en als Alchemist duergestallt, deen aus Metall Gold wëll maachen. D’Süddeutsche hat Seefeblosen. Wéi realistesch ass dee Plang iwwerhaapt wann ee jo kuckt wéi d’wirtschaftlech Entwécklung am Moment an Europa ass? Wirtschaft ass jo och eng vill Saach vu Confiance. Et kann een net grad soen, datt Europa elo duerch Dynamik bestécht, oder groussaarteg d’Vertrauen vun den Investisseuren ureegt. Wat ass wann dee Plang schif geet?

Xavier Bettel: Dat wier eng Katastrof fir d’Kommissioun, fir den Här Juncker, fir Europa a fir déi aner 20 Länner. Dat wier net gutt. Dat wier net gutt. Ech hoffen, datt selbstverständlech et och eppes gëtt a wéi gesot, datt mir alleguerten dovunner profitéieren. Europa brauch e Kick am Moment. Also mir si jo, wann Dir d’Zuelen och kuckt, et ass jo net déck, wéi et am Moment och geet. A mir brauchen do e Kick, mir brauchen eng Économie déi sech relancéiert an ech hoffen, datt op jiddefall dat Engagement an dee Mechanismus sou wéi d’Kommissioun se och ausgeschafft huet eppes ass wat fonctionnéiert. Dat wär eng Katastrof wann et net de Fall wär.

Caroline Mart: De Jean-Claude Juncker huet jo ëmmer betount, en ass net midd ginn fir ëmmer déi Fro vu Krich a Fridden am Fong als zentral Iddi vun der Gestaltung vun Europa, se gëtt erëm méi akut. Laang ass gesot ginn, jo jo Krich a Fridden dat ass laang hir. A leschter Zäit spiert een awer wéi bestëmmte Realitéiten opkommen. Et huet een d’Ukrain-Kris, et huet een och d’IS-Terror-Gefor déi opkënnt. Zu Lëtzebuerg en neit Gesetz, och wat den Terrorismus betrëfft. Wéivill Suerge maacht Dir Iech konkret iwwert eng Terrorgefor zum Beispill an Europa oder eventuell souguer zu Lëtzebuerg?

Xavier Bettel: Et soll elo kee mengen, datt Länner verschount bleiwen. Et ass en individuellen Akt. Een dee mengt, an Dir hutt jo déi lescht Deeg a Frankräich gesinn wat och geschitt ass, dat ka kee kontrolléieren. Ech kann net hannert all Bierger e Polizist stellen. Mir sinn och net an engem Polizeistaat. Dat heescht, individuell Akte sinn déi di am inprévisibelste sinn. Mir hunn do Servicer déi drop schaffen op deene wou Doutë sinn oder wéi wat oder wou. Mä ech soen Iech, datt et, ze mengen, datt mir verschount wieren, datt ni eppes hei zu Lëtzebuerg kënnt geschéien, kann ech Iech keng Garantie ginn. An duerfir ass et wichteg präventiv och ze schaffen. Dat heescht, déi Mesuren elo ze huelen déi mir elo och am Regierungsrot ugeholl hunn a virun allem, wéi ech Iech virdru gesot hunn, e Cours ze hunn, och wou een dès le plus jeune âge, deene Jonke kann erklären, datt wat Relioune sinn, wat Relioun net ass, an datt dat zum Beispill wat elo do prônéiert gëtt vun engem IS, alles ausser Relioun ass. Et ass just Gewalt an Terrorismus.

Caroline Mart: 2015 gëtt e Joer wat och en ustrengend Joer gëtt fir Iech. Et ass e Joer mat enger Wahl. Et ass ee Joer awer och, wa mir vun Europa schwätzen, mat enger Présidence déi preparéiert gi muss. Déi amgaang ass, huelen ech un, jo scho preparéiert ze ginn.

Xavier Bettel: Jo, Gott sei Dank.

Caroline Mart: Wéivill zousätzlech Ressourcen a wat wäerten d’Schwéierpunkter sinn?

Xavier Bettel: Also eis lëtzebuerger Présidence ass ëmmer wichteg, well mir wëllen och weisen, datt wann een net grad dee gréisste Staff oder déi gréissten Administratioun huet, datt mir dat och gutt maachen. An ech kréien ëmmer ganz vill Luef iwwert déi virescht Présidencen an ech wëll se selbstverständlech net enttäuschen. Ech mengen, datt, Dir hutt et virdru gesot, d’Économie ee vun de wichtegen Themaen wäerte sinn, och fir dee Kick do weider ze ginn. D’Immigratiounsfroe si wichteg. Déi ganz Justizfroe si fir eis wichteg an Dir sollt och wëssen, datt jo och zu Paräis eng Klimakonferenz wäert organiséiert ginn ënnert lëtzebuerger Présidence, wat och wichteg ass. Well dat ass am Fong eisen Héritage dee mir den nächste Generatioune loossen. An et muss een et fäerdeg bréngen de Leit och an de Käpp bäizebréngen, datt Économie an Écologie kompatibel sinn.

Caroline Mart: An dann de Referendum, fir e bësselchen deen Ausbléck ofzeschléissen. Dat ass, déi 4 Froen, Dir sot, dobäi bleift et, also déi 4 Froen déi gestallt ginn.

Xavier Bettel: Am Koalitiounsaccord si 4 Froe virgesinn. Jo.

Gast Gibéryen (O-Toun): Si stëmmen iwwert eng Iddi of. Awer kee präzisen Text. An dann hätte se gären d’Parteien solle sech deem ënnerwäerfen.

Serge Urbany (O-Toun): Dat Resultat wat sech dobäi ergëtt, dat ergëtt sech, deementspriechend muss dann och gehandelt ginn. An da muss d’Chamber hir Verantwortung iwwerhuelen. Ech mengen, datt et e Besoin ass fir d’Demokratie dee Moment ze erweideren.

Blanche Weber (O-Toun): Referenden ass een Instrument, ee sécherlecht Sënnvollt, fir iwwer bestëmmte Froen ze schwätzen, mä et ass nëmmen ee ganz punktuellt wou eigentlech och herno d’Leit jo oder nee soen. An net wierklech an engem Prozess involvéiert sinn.

Jean-Claude Reding (O-Toun): Ech fäerten, datt d’Referendumen wäerten de gesamten Verfassungsdébat e bëssen an den Hannergrond réckelen an do wären awer nach aner Froen och wichteg ze diskutéieren.

Claude Wiseler (O-Toun): Et ass also kloer, datt et hei geduecht ass fir der CSV hir Meenung ze ëmgoen déi se normalerweis awer bräichten wann een an der Chamber eng konstitutionell Majoritéit wëllt hunn.

Caroline Mart: Wëllt Dir just d’CSV ëmgoen?

Xavier Bettel: Nee, mir wëllen d’Leit froen, mir wëllen d’Leit froen. An ech menge mir sinn Demokraten, mir sinn och demokratesch gewielt ginn. An dee Prinzip, et stoung och a verschidde Wahlprogrammer, datt mir gäre géifen och de Lien tëschent der Politik an der Populatioun nees méi enk kréien. Et si jo ganz vill Leit déi d’Gefill hunn dee Gruef tëschent Politiker an de Bierger wier do an da muss ee kucken ebe bei sou Froen, well et jo wichteg ass, datt, wéi eng Gesellschaft wëlle mir muer? A wann elo d’CSV mengt, si wieren Otagen, ass jo awer sou eng Opferroll vun där Dir ganz am Ufank geschwat hunn, déi ech net akzeptéieren. Hei geet et drëms vum Bierger ze wëssen, sidd Dir averstan? A wat mir ganz vill Freed gemaach huet, ass och eng Ëmfro viru kuerzem déi komm ass, wou ee gemierkt huet, datt déi meescht Lëtzebuerger sech freeë mol hir Meenung gefrot ze kréien a bei dëser Verfassungsreform och dierfen e Wiertche mat ze schwätzen.

Caroline Mart: Jo, mä d’Fro ass, wéi gi se gefrot a wéi gëtt den Dialog? Ass dat just eng Kéier an d’Kabinn goe seng Kräizercher maachen oder et ass jo am Ufank ugekënnegt ginn, wéi déi ganz Iddi lancéiert ginn ass, mir maachen eng Campagne an sou weider. Et geet elo relativ séier, Dir sidd beschäftegt mat der Présidence, Dir hutt méi wéi genuch domatter ze dinn fir och nach ze rechne wat d’ Wirtschaftsprognose betrëfft an do niewendrun gëtt nach eng Campagne. Ass eng geplangt?

Xavier Bettel: Jo, d’Chamber huet d’Mandat ugeholl fir eng Campagne och ze organiséieren an deem dote Kontext. D’Regierung wäert eng méi light Campagne och maachen. Mä d’Chamber huet jo och de Lead vum Referendum, och vun de Froen. Et ass jo och eng Proposition de loi. Dat heescht, datt d’Chamber sech do engagéiert huet, och fir deen Dialog och ze organiséieren.

Caroline Mart: A wéi geet deen Dialog?

Xavier Bettel: D’Chamber ass amgaang deen ze organiséieren. Dat heescht do wäerten och Campagnen organiséiert ginn, do wäerten och Tables rondes organiséiert ginn. An et ass wichteg, datt d’Forces vives wéi een dat sou nennt an d’Société civile do mat agebonne ginn.

Caroline Mart: An Dir wäert Iech och selwer do mat engagéieren fir ze erklären, oder fir ze plädéieren?

Xavier Bettel: Ma selbstverständlech. Selbstverständlech ass et wichteg, datt all Partei och Stellung hëllt zu deenen eenzelne Froen a seet a wéi eng Richtung, datt se mengt, datt et sollt goen.

Caroline Mart: Mir hu jo schonn iwwer Trennung vu Kierch a Staat, oder loosse mir soen d’Finanzement vun de Culten, well et ass jo net Trennung vu Kierch a Staat, geschwat. Déi aner ganz wichteg Fro ass déi vum Auslännerwahlrecht. Als laangjärege Stater Buergermeeschter sidd Dir dat gewinnt wann déi 50% Barre iwwerschratt ass vun den Net-Lëtzebuerger. Dat ass an der Stad Lëtzebuerg laang de Fall. Lëtzebuerg, allgemeng de Grand-Duché ass nach net de Fall. Mä et gëtt gerechent, elo den neitsten Zuelen no, datt a 5 bis 10 Joer kënnt et sou wäit sinn, datt am ganze Land méi Net-Lëtzebuerger wéi Lëtzebuerger liewen. Wéi symbolesch wichteg ass dat a wéi wichteg ass et fir do wierklech géint ze steieren?

Xavier Bettel: Ech hu schonn dat Wuert Auslännerwahlrecht, stéiert mech immens. Well am Fong ass et Awunnerwahlrecht, dat heescht deen deen hei wunnt, huet Recht och ze wielen no enger gewëssener Zäit. An dee Cliché wëllen ze soen, datt d’Auslänner an d’Lëtzebuerger an d’Auslänner. Hei geet et éischter ëm d’Leit déi hei wunnen an déi hei hir Racinen dann och hunn an op jidder Fall décidéiert hunn och hei ze liewen. An ech mengen deen Text, dee virgesäit, datt een 10 Joer muss am Land wunnen a scho bei enger Wahl matgemaach hunn, e Choix ass mat deem ee ka liewen. Datt et eng Prime gëtt fir deen dee Lëtzebuerger wëll ginn, well dat méi kuerz dann eben ass an deen dee just d’Wahlrecht wëll hunn, datt dat dann e bësse méi laang ass. An dat ass eng Méiglechkeet [gëtt ënnerbrach]

Caroline Mart: Et ass jo leschten Enns ganz och an der CSV-Argumentatioun fir zesummen bevirdeelegen d’duebel Nationalitéit an dat anert ass da quasi sou schwéier datt et kaum nach attraktiv ass.

Xavier Bettel: Ech mengen net, datt et net attraktiv ass, ech muss Iech perséinlech soen, datt ech fannen, datt een dee seet, ech wëll Lëtzebuerger an engem Land ginn, datt ech mir da soen, datt deem seng Integratioun vollendet ass, déi ass accompli. An een deen awer seet, ech kann net, well et si verschidde Länner déi d’duebel Nationalitéit och net unerkennen a wou et Problemer ginn wann dir eng duebel Nationalitéit wëllt froen, datt een dann op eng Kéier seet, no enger gewëssener Zäit, huet deen doten och Rechter an deem Land wou e seng Steiere bezilt, wou seng Kanner an d’Schoul ginn, wou e seng Obligatiounen erfëllt, dann och e Recht huet deen all 5 Joer seng Kräizercher ze maachen, sou wéi de Lëtzebuerger Noper.

Caroline Mart: Mir hu probéiert e bësselchen den Tour ze maachen. Et ass schwéier, éischtens emol well et sou voll ass, zweetens well Dir schwéier ze bremse sidd, mä dat weist, datt den Enthusiasmus ongebremst ass. Wat ass elo dat wat Dir hofft, wéi zouversiichtlech sidd Dir fir Lëtzebuerg fir 2015?

Xavier Bettel: Ma mir mussen als Regierung alles weider maache fir datt mir attraktiv bleiwen, fir datt déi Zuelen déi Dir virdrun och vum Statec oder vun der Banque Centrale zitéiert hutt richteg bleiwen, dat heescht an déi Richtung, datt et awer net nach méi schlecht geet an datt mir weider attraktiv bleiwen, weider op enger Kaart bleiwen an net dee Cliché hunn, Lëtzebuerg ass déi Plaz wou ech Saache ka maachen déi ech soss néierens dierf maachen, mä au contraire déi Plaz ass wou ech Saache ka maachen, well s’et kënne maachen, an dat ass eng ganz aner Mentalitéit.

Caroline Mart: Ech soe villmools Merci. Traditionell ass de Moment wou ech mech dann zréck zéien, an Iech d’Geleeënheet ginn dem Land an och der groussherzoglecher Famill ze wënschen.

Xavier Bettel: Ma ech soen Iech villmools Merci. Ech wënschen och all de Leit 2015, also elo mol schéi Feierdeeg an 2015 vill flott Momenter zesumme mat de Leit déi dir gären hutt. Eiser Famille grand-ducale och all Guddes fir 2015. Mir mussen zesummen halen, dat ass méi wichteg wéi jee.

Dernière mise à jour