Interview de Xavier Bettel avec RTL-Radio Lëtzebuerg

"Mir mussen elo kucken (...) Brécken ze bauen, tëscht deem engen an deem aneren"

Interview: RTL-Radio Lëtzebuerg (Claude Zeimetz)

RTL-Radio Lëtzebuerg: Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg, dat jo bekanntlech eréischt d’lescht Woch d’EU Présidence iwwerholl huet? Dat froe mir elo direkt de Premier. De Xavier Bettel ass eis live zougeschalt. Gudde Moien.

Xavier Bettel: Gudde Moien.

RTL-Radio Lëtzebuerg: Jee nodeem op wien een lauschtert a wat een liest, ass d’Versteessdemech fir de griichesche Verdikt an och d’Verhandlungsbereetschaft méi oder manner grouss. Wéi gesidd Dir dat? Wou steet Lëtzebuerg do?

Xavier Bettel: Dat éischt ass, datt een d’Resultat zur Kenntnis hëlt an et och ze respektéieren huet. Et huet een selbstverständlech och schonn gëschter Owend gemierkt, datt d’Interpretatioun vun der griichescher Regierung, fir ze soen, datt dat hei se stäerkt, fir d’Négociatiounen, net gedeelt gëtt vu ville Regierungs- a Staatscheffen an Europa. Déi au contraire soen, datt et elo méi schwéier gëtt. An, mir kréien jo de Virworf gemaach, mir wieren net genuch tranchéiert. Mir mussen elo kucken déi Brécken ze bauen, tëscht deem engen an deem aneren. A gleeft mir et, et gëtt net einfach tëscht Positioune wou deen een seet, datt d’Brécken elo schonn alleguer futti sinn, wou näischt méi ze maachen ass. An déi aner, déi soen, mir mussen nees zesummen diskutéieren. Ech hu schonn mat enger Rëtsch vu Regierungen a Staatscheffen gëschter Owend geschwat. Et wäert och haut mam Här Tsipras schwätzen a mat aner Regierungscheffen, wou ech Rendezvous schonn geholl hunn fir zesummen ze diskutéieren. Mir mussen als Présidence an zesummen mat den aner Institutioune kucken, wei mir eng Léisung fannen. Mee mir mussen elo mol virun allem d’Griichen och froen, wéi si de Procedere gesinn, wéi si gesinn, datt d’Zukunft sollt ausgesinn vun hirem Point de vue. An elo musse si eis soen, wéi si dat gesinn. Mir hunn zesummen, hunn jo d’Créditeure gesot, wat hier Positioun wier. D’Griichen hunn do Nee gesot. Elo mussen d’Griichen eis soen, wéi si dann eben d’Zukunft gesinn. An ech, mir mussen elo kucken een gemeinsame Nenner ze fannen. Ech soen Iech just datt et keng einfach Missioun gëtt.

RTL-Radio Lëtzebuerg: Eben, keng einfach Missioun. Wahrscheinlech och virun allem fir Däitschland an och Frankräich mat an d’Boot ze kréien. Angela Merkel a François Hollande gesi sech den Owend. Ouni déi 2 Länner geet et jo net.

Xavier Bettel: Ech hu schonn mat deem engen geschwat, an ech schwätzen haut och mat deem anere Regierungschef. An et ass wichteg, datt een kuckt e gemeinsame Nenner ze fannen. Ech soen Iech nach eng kéier, hei ass jo een Vote vun de Griichen déi net - an dat seet jo och een Här Hamus deen zu Athen ass -  géint Europa oder géint den Euro, et ass einfach wou d’Leit, 11 Milliounen Leit soen, hei et geet eis schonn schlecht, mir brauche Loft, mir mussen eng Léisung fannen, an et geet net drëm wien Recht kritt oder net Recht kritt, och tëscht de Länner. Mee et geet drëms wierklech eng Léisung ze fannen. Et geet ëm den Euro, et geet ëm Europa, ëm d’Kredibilitéit och vun eis alleguer. An et geet ëm 11 Milliounen Leit, déi an enger prekärer Situatioun schonn sinn, mee wéi gesot, wou Engagementer och geholl gi sinn, a wou déi Engagementer och musse respektéiert ginn. A mir mussen als Lëtzebuerger, an och wann dat vläicht deem engen oder aneren manner gefält, mir probéieren déi Brécken ze bauen, tëscht de Länner an tëscht de Leit. An dowéinst ass jo och een Sommet muer den Owend virgesinn, wou mir zesumme kommen. An ech wëll virun deem Sommet awer mat de Leit geschwat hunn. Ech hu verschidde Leit déi elo schonn schwätzen, de Grexit steet virun der Dir. Mir bleiwen als Présidence der Meenung, datt de Grexit net d’Léisung ass an datt et eng lose-lose-situation ass, wann een elo direkt seet, datt een een wëll virun d’Dier setzen. Mee et muss een kucken Léisungen ze fannen. An dat ass eis Missioun. An och als Présidence, där mir mat all ons Energie haut verbréngen, muer verbréngen, déi nächst Woche verbréngen, fir d’Leit nees zesummen op een Dësch ze bréngen. Mee ze mengen, datt, well elo am Referendum Nee gesot ginn ass, datt elo dann d’Créancieren an d’Institutiounen alleguer soen, dann ännere mir alles, ech gleewen net  drun.

RTL-Radio Lëtzebuerg: Mee den Alexis Tsipras wëll iwwert eng Ëmstrukturéierung vun der Schold schwätzen. Hien fillt sech och gestäerkt duerch de Referendum.

Xavier Bettel: Jo, de Referendum seet selbstverständlech datt seng Bierger hannert där Positioun, déi hien verteidegt, och stinn. Mee ech soen et nach eng kéier: a ganz Europa ginn et 27 aner Länner, am Eurogrupp 18 aner Länner, déi awer och Regelen hunn. An da kann een net, well een dann een Referendum wënnt, seet, elo hu mir gewonnen. Gëschter huet och een gesot, datt wann an aneren EU Länner e Referendum ass, wou d’Leit gefrot ginn, sidd Dir averstan fir de Griiche weider ze hëllefen, een net iwwerzeegt ass, datt dann esou däitlech d’Leit mat Jo géife stëmmen. Et muss een elo am Moment Brécke bauen. Et muss een och dat Vertrauen nees kréien. Déi Wieler, déi gëschter Owend [gëtt ënnerbrach]

RTL-Radio Lëtzebuerg: Dat Vertrauen, dat ass jo relativ fort gewiescht, wann een déi lescht Wochen hëlt.

Xavier Bettel: Also, wann een gëschter all d’Institutiounen an d’Leit als Terroristen bezeechent, virdrun als Krimineller, ass d’Vertrauen wierklech futsch. An dat ass do wou mir wierklech mussen, mussen, mussen probéieren, nees zesummen déi Brécken ze bauen. D’Leit laachen wann se héieren, datt mir dat ëmmer répétéieren. Mee gëschter sot selwer den däitsche Vizekanzler, datt d’Brécken alleguer futti sinn, an datt déi op jidder Fall an engem schlechten Zoustand sinn. A mir mussen dat eben elo als Présidence zesumme mat den Institutiounen fäerdeg bréngen d’Leit nees zesummen un en Dësch ze bréngen. Mee d’Vertrauen ass eng vun de Contions sine qua non, iert een sech an iergendeppes engagéiert. Well, ze soen, mir kucken elo nei Pisten ze fannen, ouni d’Garantie ze hunn, datt se och respektéiert ginn, ass och eppes vis-à-vis vun eise Bierger, déi sech och awer erwaarden, dat vu griichescher Säit och Efforte kommen, an datt déi och sollte geliwwert ginn.

RTL-Radio Lëtzebuerg: Den Ausseminister Jean Asselborn sot gëschter op der däitscher Télé, beim Maybritt Illner, d’EZB misst de Griichen hëllefen, soss géing eng Tragedie geschéien. Et kéint och nëmmen een hëllefen, an dat wier Europa. Dat heescht, egal wéi kënnt awer een 3. Rettungspak?

Xavier Bettel: Also d’EZB ass een selbststännegt Organ. Ech hunn der EZB net ze soen, wat si ze maachen huet oder net. Do sinn d’Gouverneuren, déi mussen zesumme kommen. Mee datt Europa d’Léisung muss fannen, dat ass richteg.

RTL-Radio Lëtzebuerg: Dat gëtt dann eben ganz schwiereg.

Xavier Bettel: Ah, dat gëtt net einfach. Ech soen Iech nach eng kéier: et gëtt net einfach. D’Energie wäert déi nächst Deeg a Woche gebraucht ginn fir do Léisungen ze fannen. Dir wësst, datt aner Dossieren och nach opstinn, wou mir am Ament amgaange sinn Brécken ze bauen. Dowéinst, et soll keen de Reproche maachen, ech wier zevill, ech wier net genuch tranchéiert an déi eng oder déi aner Richtung. Hei geet et wierklech drëms zesumme Länner, wou, also gleeft mir et, Oppositioune sinn, déi wäit auserneen ginn, déi zesummen op een gemeinsame Nenner ze bréngen. Et ass am Intérêt vun eis alleguer.

RTL-Radio Lëtzebuerg: Xavier Bettel, Merci fir den Interview.

Xavier Bettel: Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour