Aktualiséiert den
Nationalfeierdag 2025
Am Kader vun de Feierlechkeete fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen déi groussherzoglech Koppel an hir Kanner souwéi Membere vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2025 un de Festivitéiten deel, déi zu Monnerech, Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn. D'Editioun 2025 huet dëst Joer eng besonnesch Bedeitung, well se am Kader vun de Festivitéite ronderëm de 25-järegen Trounjubiläum vum Grand-Duc stattfënnt.
23. Juni 2025
Offiziell Zeremonie an der Philharmonie
Déi offiziell Zeremonie vun Nationalfeierdag, déi d'Regierung zu Éiere vum Grand-Duc organiséiert, fänkt um 9:45 Auer an der Philharmonie un, a Presenz vun der groussherzoglecher Famill.
Dëst Joer steet dës Zeremonie ganz am Zeeche vum 25-järegen Trounjubiläum. Hei treffen sech d'groussherzoglech Famill, d'Deputéiert, d'Membere vun der Regierung, viregt Membere vun der Regierung, souwéi Membere vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum akkreditéierten diplomatesche Corps.
Bei senger Arrivée an der Philharmonie Lëtzebuerg, gëtt de Grand-Duc mam Wilhelmus empfaangen, dee vun der Militärmusek interpretéiert gëtt. De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse, zesumme mat hire Kanner an Enkelkanner, gi vum President vun der Chamber, Claude Wiseler, vum Premierminister, Luc Frieden, a vun der Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, empfaangen.
Am Kader vun der offizieller Zeremonie halen de Grand-Duc, de Claude Wiseler an de Luc Frieden eng Usprooch.
Den Orchestre philharmonique du Luxembourg, de Kammerchouer an d'Pueri Cantores vum Stater Conservatoire suergen, ënnert der Leedung vum Gast Waltzing, fir déi musikalesch Begleedung.
No der offizieller Zeremonie ginn déi 21 traditionell Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus geschoss.
Militärparad
D'"Prise d'armes" op der Neier Avenue steet ënnert dem Kommando vum Colonel Alain Schoeben, Kommandant vun der Arméi a vun den Truppen. D'Parad besteet aus Detachementer vun der Arméi a vun der Police, souwéi aus Zivildetachementer.
No der "Mise en place" vun den Detachementer an dem Amarsch vun de Fändele vun der Arméi an der Police, ginn d'Truppe vun de follgende Persounen inspizéiert: dem Chef vum Etat-Major, de Generol Steve Thull, an dem Direkter vun der Police Lëtzebuerg, den Här Pascal Peters. Dono inspizéieren d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Inneminister Léon Gloden d'Truppen.
Doropshin huelen, noeneen, de Premierminister, Luc Frieden, de President vun der Chamber, Claude Wiseler, de Prënz Sébastien, d'Grande-Duchesse an d'Ierfgroussherzogin Plaz op der Éierentribün.
Um 12:15 Auer ginn d'Truppen da vum Staatschef a vum Ierfgroussherzog inspizéiert.
Nodeems den dräifachen "Vive" vun den Truppen exekutéiert gouf an d'Nationalhymn vum Sergant-Chef Stéphanie Schlink gesonge gouf, kënnt den Defilé vun de follgende Corps a Veräiner:
- d'Lëtzebuerger Arméi – mat enger Éierekompanie an dem Fändel vun der Arméi mat grousser Eskorte, engem internationale Grupp vu Fändeldréier (Eurocorps, Belsch, Holland), engem Detachement mat Fändeldréier vun de fréiere Bataillounen a Veteranen, engem Detachement vun der Sektioun vum Elitesport vun der Arméi (SSEA), engem Detachement mat Gefierer, an der Militärmusek;
- d'Police Lëtzebuerg – mat enger Éierekompanie an dem Fändel vun der groussherzoglecher Police mat grousser Eskorte, engem Detachement vun der Hondsstaffel an engem motoriséierten Detachement;
- d'Douane – mat enger Kompanie ze Fouss, enger Hondsstaffel, der Douane's Musek an engem motoriséierten Detachement;
- d'Prisongsverwaltung – mat enger Kompanie ze Fouss an engem Detachement vun der Hondsstaffel;
- de CGDIS (Groussherzogleche Feier- a Rettungscorps) – mat enger Kompanie ze Fouss an dem Fändel vum CGDIS, enger Sektioun vum cynotechnesche Grupp an engem motoriséierten Detachement;
- d'Lëtzebuerger Rout Kräiz – mat enger Sektioun vun der cynotechnescher Unitéit an engem motoriséierten Detachement;
- d'UGDA (Union Grand-Duc Adolphe) mat 9 Museksveräiner vun der Gemeng Klierf.
Niddreg iwwert dem Defilé fléie verschidde Fligeren: en Helikopter H145M vun der Police, e Fliger fir den Transport an de Ravitaillement vum Typ Airbus A330 vun der Multi Role Tanker Transport Unit an en Transportfliger vum Typ A400M vum 15. Wing vun der Belscher Loftkomponent, dee vu Lëtzebuerger Offizéier geflu gëtt.
Te Deum
Op Invitatioun vum Äerzbëschof gëtt e feierlechen Te Deum an der Kathedral Notre-Dame gehalen, un deem déi groussherzoglech Famill an national Autoritéiten deelhuelen. No der Wëllkommensusprooch vum Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, kommen Usprooche vum Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, dem Hafiz ef. Hilmija Redžić, Chef de culte vun der muslimescher Communautéit an dem Reverend Geoff Read, Kaplan vun der anglikanescher Kierch vu Lëtzebuerg.
De feierlechen Te Deum gëtt vun der Maitrise Sainte-Cécile vun der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Dirigent Marc Dostert gesongen. De Paul Breisch spillt d'Uergel. En Trompetten-Ensembel vun der Militärmusek spillt d'Sonnerie nationale.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung