Trounwiessel

Programm vum Freideg, den 3. Oktober 2025

No der Nominatioun, den 8. Oktober 2024, vum Ierfgroussherzog als Lieutenant-Représentant, wäert Lëtzebuerg en historescht Evenement feieren: den 3. Oktober 2025 wäert de Grand-Duc Henri ofdanken an den Ierfgroussherzog Guillaume wäert op den Troun wiesselen.

Ofdankungszeremonie vum Grand-Duc Henri am Palais

Den Dag wäert mat der Ënnerzeechnung vum groussherzoglechen Arrêté iwwert d'Ofdankung vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg duerch de Grand-Duc Henri am Palais ufänken.

Dës Zeremonie wäert a Präsenz vun nationalen Dignitären stattfannen, dorënner de President vun der Chamber, Claude Wiseler, de Premierminister, Luc Frieden, de Vizepremierminister, Xavier Bettel, d'Éierestaatsministere Jean-Claude Juncker a Jacques Santer an d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer.

Follgend auslännesch Dignitären wäerten un der Zeremonie deelhuelen: Hir Majestéiten de Kinnek an d’Kinnigin vum Kinnekräich Holland a Begleedung vun Hirer Kinneklecher Altess, der Ierfprinzessin Catharina-Amalia aus Holland, Prinzessin vun Oranien; Hir Majestéiten de Kinnek an d’Kinnigin vun de Belsch, a Begleedung vun Hirer Kinneklecher Altess, der Ierfprinzessin Élisabeth, Duchesse vu Brabant; d'Presidentin vum Europäesche Parlament, Roberta Metsola an hire Conjoint, Ukko Metsola; an de President vum Europarot, António Costa.

D'Geschwëster vum Grand-Duc Henri a vum Grand-Duc Guillaume, mat hire Conjointen, grad esou wéi och d'Suitte vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse, wäerten och un dësem feierlechen Evenement deelhuelen.

Bei dëser Zeremonie wäert de Grand-Duc Henri de groussherzoglechen Arrêté iwwert d'Ofdankung vum Grand-Duc vu Lëtzebuerg ënnerzeechnen, gefollegt vun der Ënnerschrëft vum Premierminister. Duerno wäert de Premierminister eng Ried halen.

Vereedegungszeremonie vum Grand-Duc Guillaume

No der Ënnerzeechnung am Palais, wäert sech de Cortège an d'Chamber deplacéieren, wou de Grand-Duc Guillaume säin Eed ofleeë wäert.

D'Sëtzung ass ëffentlech a wäert an der Salle plénière stattfannen, a Präsenz vun den Deputéierten, de Membere vun der Regierung, de kinnekleche Gäscht an den auslänneschen Dignitären. Wärend dëser Zeremonie wäert de groussherzoglechen Arrêté den Deputéierte virgelies ginn, duerno wäert eng Usprooch vum Premierminister Luc Frieden an eng Ried vum President vun der Chamber, Claude Wiseler gehale ginn. Am Uschloss dorunner wäert de Grand-Duc Guillaume säin Eed ofleeën a seng Trounried als Grand-Duc a Staatschef halen. Ofschléissend gëtt dat gëllent Buch ënnerschriwwen.

Déi groussherzoglech Famill kënnt op de Balcon vum Palais

No der Zeremonie an der Chamber wäert déi groussherzoglech Famill, zesumme mat den nationalen an internationalen Dignitären zeréck an de Palais goen. Déi nei groussherzoglech Koppel, a Begleedung vun hire Kanner, dem Prënz Charles an dem Prënz François, wäert op de Balcon komme fir d'Bevëlkerung ze begréissen. Duerno wäerten de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa, esou wéi och déi belsch an hollännesch Kinneksfamilljen dobäi kommen.

De Public ass dann invitéiert fir sech um Knuedler (Place Guillaume II) ze versammelen. Déi nei groussherzoglech Koppel mat hire Gäscht wäerten zu Fouss vum Palais bei d'Stater Gemeng goen, wou eng feierlech Séance mat enger Ried vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, ofgehale gëtt. Ofschléissend wäert dat gëllent Buch ënnerschriwwe ginn.

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse wäerten da kuerz der Bevëlkerung um Knuedler begéinen, ier se zu Fouss an de Cercle Cité goe wäerten.

Receptioun am Cercle Cité, offréiert vun der Regierung

Am Cercle Cité wäert d'Regierung eng Receptioun offréiere fir déi europäesch an national Institutiounen, an de residenten an net-residenten diplomatesche Corps. D'Gäscht wäerte virun der neier groussherzoglecher Koppel defiléiere fir de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse ze begréissen. Dëst a Präsenz vum Premierminister Luc Frieden a vum Vizepremierminister Xavier Bettel.

Gespréich tëscht dem Emmanuel Macron an dem Luc Frieden

Um Rand vun den offiziellen Zeremonien, wäert de Premierminister Luc Frieden de President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, am Sennenger Schlass vir e Gespréich empfänken.

Galadinner am Palais

Den Dag gëtt mat engem Galadinner am Palais ofgeschloss, a Presenz vun enger Rei Gäscht, notamment de kinnekleche Famillje vun Holland a vun der Belsch, dem President vun der franséischer Republik, Emmanuel Macron, mat senger Conjointe Brigitte Macron, souwéi dem President vun der Bundesrepublik Däitschland Frank-Walter Steinmeier a seng Conjointe Elke Büdenbender. Och de President vun der Chamber, de Premierminister souwéi de Vizepremierminister an hir jeeweileg Conjointen huelen um Galadinner deel.

 

Programm vum Samschdeg, de 4. Oktober 2025

Beim Grand-Duc senger feierlecher Tournée uechter d'Land, gëtt déi groussherzoglech Koppel vun de Membere vun der Regierung a verschidde Gemengen empfaangen.

  • Gréiwemaacher

Visitt vum Grand-Duc vum Stadion "Op Flohr", a Presenz vum Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, Lex Delles, a vum Inneminister, Léon Gloden. D'Thema vun der Visitt ass: "Sport als Mëttel fir d'Fërderung vum Benevolat" Fraen a Männer, déi sech am Benevolat, souwéi an der Fërderung vum Sport a Sportler engagéieren, stinn am Mëttelpunkt.

Ouni d'Passioun an den Engagement vun de ville Fräiwëllege géing et kee Gemeinschaftsliewe ginn.

  • Wooltz

De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse gi vun der Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau, Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, an dem Kulturminister, Delegéierte Minister fir Tourismus, Eric Thill, empfaangen. Déi groussherzoglech Koppel hëlt un enger participativer Video -Installatioun an dräi Musekspektakelen am Amphitheater vum Weeltzer Schlass deel.

  • Stengefort

De Grand-Duc besicht den Hôpital Intercommunal Steinfort (HIS) wou en dem Personal aus dem Gesondheetssecteur an de Patiente begéint, dat a Begleedung vum Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, Max Hahn, an der Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez. Duerch si sollen all déi, déi onermiddlech der Gesellschaft déngen, och wärend de Feierdeeg, ervirgehuewe ginn.

  • Diddeleng

Déi groussherzoglech Koppel hëlt un engem eemolegen an inklusive Spektakel deel, wou sech Danz, Akrobatik, Freerunning, Perkussioun, Zirkus, Sprooch a verschidde Museksstiler vermëschen. Dëse Spektakel gëtt vu villen talentéierte Lëtzebuerger an auslänneschen Artisten opgefouert. Si gi begleet vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, vum Finanzminister, Gilles Roth, a vum Sportsminister, Aarbechtsminister, Georges Mischo.

  • Stad Lëtzebuerg

Gedroe vun enger orchestraler an dynamescher Show, trëppelt déi groussherzoglech Koppel iwwert d'Rout Bréck. No an no schléissen sech Representantë vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an engem bonte Spektakel vun Trammen hinnen un. Um Parvis vum Glacis gëtt doropshin eng speziell Droneshow präsentéiert, souwéi e Concert, wou sech Talenter vun der Lëtzebuerger Musekszeen presentéieren.

 

Programm vum Sonndeg, de 5 Oktober 2025

A Presenz vu Membere vun der groussherzoglecher Famill, vun der Regierung, vun der Chamber, vum Staatsrot, vun der Justiz, vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg a vum diplomatesche Corps, gëtt eng Mass mat Te Deum gefeiert. D'Mass, déi vu Senger Eminenz Kardinol Jean-Claude Hollerich geleet gëtt, fënnt an der Kathedral Notre-Dame statt.