Discours de Son Altesse Royale le Grand-Duc Henri à l´occasion des fêtes de fin d´année (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbierger,

D'Joer 2000 war fir meng Elteren, d'Grande-Duchesse a mech e besonnescht Joer. Beim Wiessel un der Spëtzt vum Land, den 7. Oktober, hutt dir iech zu ganz vill bedeelegt. D'Grande-Duchesse an ech gesinn doran e Beweis fir aërt Vertrauen, fir dat mir iech e grousse Merci soen. Mir wëllen eist Bescht maachen, fir et ze verdéngen.

Dëst Joer war fir Lëtzebuerg erëm e gutt Joer: eis Economie ass weider gewuess, eis Staatsfinanze blouwe gesond, d'Zuel vun deenen, déi keng Aarbecht hunn, blouf bei eis am niddregsten, de Liewenstandard ass héich bliwwen.

An der Trounried hun ech op d'Fro, wéi et am 21. Joerhonnert zu Lëtzebuerg weider geet, versicht, eng Äntwert ze ginn. Haut wëll ech just op Tendenz vum weidere Wuessen vun eiser Wirtschaft hiweisen. Noutgedrongen hëlt doduerch och d'Zuel vun deenen, déi hei schaffen a wunnen, zou.

An deenen nächste Jore musse mir iwwer Weeër a Mëttel nodenken, fir allen Awunner bei eis am Land d'Gefill vun der Zougehéierechkeet zu enger eenzeger Communautéit ze ginn. Dat as eng schwéier awer noutwendeg Aufgab, well nëmmen esou geléngt et, de soziale Fridden, deen de Grondsteen vun eisem Wuelstand ass, och nach muer ze erhalen.

D'Schoul spillt hei eng wichteg Roll. Do get ugesat, well si vermëttelt de Kanner vun all Matbierger, niewent eiser Sprooch an dem schoulesche Wëssen, och déi fundamental Wäerter, déi eis Gesellschaft zesummenhalen: Fräiheet, Toleranz, Respekt ee fir deen aneren, Gerechtegkeet, Mënschlechkeet a Solidaritéit.

Mee d'Schoul ass dobäi nët eleng. D'Elteren hun d'Flicht, bei der Erzéiung matzemaachen. Haut, wou Fra a Mann dacks zesummen am Beruff stinn, ass dat vläicht méi schwéier ginn. Dofir ginn nei Modeller gesicht wéi z.B. geännert Stonnepläng, fir der Famill d'Zäit ze loossen, fir hire Kanner Manéieren, den Ënnerscheed vu Gutt a Béis, an de Sënn vum Deelen ze léieren.

Virun zwou Wochen ass op der Regierungskonferenz zu Nice d'Gebei vun engem gëeenten Europa erëm e Stéck méi wäit fäerdeg gin. Dat ass fir Lëtzebuerg gutt, well mir schwätzen an Europa, als gläichwäertege Member, bei allen Décisioune mat. Zesumme mat eise Partner gewanne mer u Souveränitéit. Fir eis ewéi fir déi aner Länner gëlt et, muer an deem Bond e Gläichgewiicht ze fannen tëschent eisen europäesche Verflichtungen an eiser eegener Identitéit.

An Europa ass d'Ofhängechkeet vun de Memberstaaten ee vun deem aneren am Laaf vun de Joren ëmmer méi grouss ginn. Mee dat gëllt fir all d'Länner op eisem Planéit. Dat weist eleng schon d'Ëmweltproblematik: den Tropebësch geet zréck, de Buedem gëtt degradéiert, d'Drénkwasser gëtt knaps, d'Ozonschicht zerbréckelt. Dëst ass eng bedenklech Entwécklung, déi all Mënschen op der Welt eppes ugeet. Och mir zu Lëtzebuerg mussen eist derzou bäidroen, fir d'Ëmwelt ze schounen an ze erhalen.

Eise Respekt fir d'Ëmwelt ass och e Respekt fir de Mënsch.

Der Grande-Duchesse leien, esou wéi mir, och déi Leit um Häerz, déi am Leed sin. Mee d'Grande-Duchesse wëllt iech dat selwer soen.

(Texte Grande-Duchesse)

Léif Matbierger,

Op Hellegowend denken ech mat mengem Mann besonnesch un déi Leit ënner eis, deenen et net esou gutt geet. Un déi eeler Leit, déi eleng sinn, un déi Krank, un déi Händicapéiert an awer och un d’ Kanner. Wann ech mech an der Welt ëmkucken, bedreckt et mech, wann ech gesinn, datt ee Véirel vun de Mënsche manner wéi 30 Frang den Dag fir ze liewen huet, an ech si verdrësslech, wann ech héieren, datt de Gruef tëschent deene Räichsten an deenen Äermsten op der Welt an de leschte 40 Joer dräimol méi grouss gouf.

Wéi ech mir esou richteg bewosst gouf, wat dat fir eng Ongerechtegkeet wir, war et fir mech eng moralesch Flicht, d'Propositioun fir "Ambassadeur de bonne volonté" vun der UNESCO ze ginn, unzehuelen.

Bei där Missioun intresséieren ech mech besonnesch fir d'Kanner, déi ausgenotzt ginn a sech selwer net hëllefe kënnen, a fir déi ënnerdréckte Fraen an der Welt. Bei ménger Aarbecht leëen ech d'Haaptgewiicht, esou wéi ech dat heiheem och maachen, op d'Educatioun vun deene Schwaachen. Eng gutt schoulesch Ausbildung fir d'Kanner an och fir d'Frae féiert zu méi Emancipatioun a manner Aarmutt.

Ech géif mech haut den Owend, wann d'Krëschtklacke lauden, mam Grand-Duc freeën, wann ech wéisst, datt der vill vun iech am nächste Joer – dem Joer vum Benevolat – bei äis an awer och an der

Welt, sech fir déi Aarm, déi Schwaach an déi Ënnerdréckt engagéiere géifen. Wa mir dat zesumme fäerdeg bréngen, da kuckt d'Welt mat Respekt op eist klengt Land an et kann ee soen: "Ech hunn eppes fir méng Heemecht gemach".

(Grand-Duc)

Dir bréngt elo schons vill Mëttelen u Geld a Fräizäit op, fir d'Affer vu Katastrophen a fir Entwécklungprojeten. Esou ginn déi all Joer méi grouss Krediter, mat deenen d'Regierung an deenen äermste Länner op der Welt Infrastrukturen, wéi Schoulen an Spideeler, baut, ofgerënnt. Är Efforten legitiméiren dem Staat säin Engagement.

Je voudrais m’adresser à tous les résidents qui vivent et travaillent dans notre pays, pour leur souhaiter, au nom de la Grande-Duchesse et de nos enfants, un joyeux Noël et une bonne année 2001.

Iech alleguer wënschen ech, mat der Grande-Duchesse an eise Kanner, a mat mengen Elteren, a friddleche Krëschtdag an e glécklecht neit Joer.

Dernière mise à jour