Les voeux et réflexions du gouvernement pour l'an 2001

A l'occasion des fêtes de fin d'année, nombreux ont été les interviews du Premier ministre et du Vice-premier ministre concernant le bilan de l'an 2000. Voici quelques uns des voeux et réflexions qu'ils ont prononcé pour 2001:

Presse écrite

  • "Il faut tenter, sans nécessairement pointer vers les 700.000 habitants, de se donner les moyens qui seraient ceux d'un Luxembourg de 700.000 habitants. En d'autres mots, de miser sur la diversification de notre économie. Nous devrions drainer vers notre pays les activités qui créent une grande plus-value sans attirer nécessairement trop de monde. Voilà le défi."
    Jean-Claude Juncker, Premier ministre, Le Jeudi, 28.12.2000, "Mes rêves entrent en collision avec la réalité. Le Premier ministre Jean-Claude Juncker et les chantiers de l'avenir"

  • "Für Luxemburg war 2000 ein insgesamt gutes Jahr. Der Thronwechsel hat uns vor Augen geführt, dass es weiterhin Sinn macht, sich für die Luxemburger Sache einzusetzen. Aber die schreckliche Geiselnahme in Wasserbillig hat uns gezeigt, wie schnell die Verhältnisse aus den Fugen geraten. Beide Ereignisse haben jedoch klar gemacht: es gibt sie, die Solidarität (...). Auf diesem Grundkonsens der Solidarität sollten wir aufbauen, wenn wir das Jahr 2001 angehen".
    Jean-Claude Juncker, Premier ministre, Tageblatt, 30.12.2000, "Solidarität"

  • "Unser Dilemma ist: Um unsere weitgestreckten Sozial- und Rentenvorstellungen verwirklichen zu können brauchen wir auf Dauer angelegte Wachstumsquoten in Wirtschaft und Demographie. Erreichen wir sie jedoch, gehen sie auf Kosten der Nachhaltigkeit und der Lebensqualität der zukünftigen Generationen. Dieses Dilemma können wir nur dadurch lösen, dass wir weniger quantitativ und stärker qualitativ wachsen (...). Dann schaffen wir es, das harmonische Miteinander von Luxemburgern und Nicht-Luxemburgern zu sichern".
    Jean-Claude Juncker, Premierminister, Luxemburger Wort, 30.12.2000, "Jean-Claude Juncker: Dilemma. Das harmonische Miteinander von Luxemburgern und Nicht-Luxemburgern sichern"

  • "Ich wünsche mir mehr Verständnis für diejenigen, denen es nicht gut geht. (...) Natürlich kann der Staat mehr und mehr Auffangsstrukturen schaffen. Ich habe jedoch festgesstellt, dass die individuelle Solidarität abnimmt, sobald die Allgemeinheit eine Aufgabe übernimmt. Ich wünsche mir, im Jahr der Freiwilligenarbeit, eine Rückkehr zu dieser individuellen Hilfeleistung. Der Staat kann den Menschen nicht ersetzen".
    Jean-Claude Juncker, Premierminister, Revue, 04.01.2001, "Volles Programm"

Haut de page

Radio et télévision

  • Synthèse vun Aussoen vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL, DNR an dem Soziokulturelle Radio

Regéiren

"Fir mech ass regierungsfäheg deen, deen sech an der Mëtt vum Denken a vum Empfannen vum Lëtzebuerger Vollék ophellt, deen an der Vergangenheet bewisen huet, datt e regéire kann."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, iwwerdroen den 31.12.2000 an den 01.01.2001

"Eng Regierung bilden op Grond vun engem méi oder manner liicht ze interpretéirenden Wieleroptrag ass keng Affär vu Léift. Ett ass eng Affär vu Respekt vun demokrateschen Vollékswëllen. An dann ass ëtt ganz séier eng Affär vu perséinlecher Chimie."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, iwwerdroen den 31.12.2000 an den 01.01.2001

"Meng éischt Suerg am Liewen ass fir jidferengem verständlech ze machen datt ëtt en Drock vun de Problemer gëtt an datt een déi Problemer muss léisen gemäss deem ale Motto, deen ech oft énoncéiren a selten applizéiren, datt een grouss Problemer muss léisen esou lang se kleng sin. Dat mecht een zesummen matt deem den an der Regierung ass an dat probéiert een och zesummen ze machen matt deenen déi an der Oppositioun sin."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, iwwerdroen den 31.12.2000 an den 01.01.2001

Haut de page

Dem Premier seng Définitioun vu Politik

"Ech soen dat nët gär well dat klengt e bessen iwwerhiewlech, mä Politik bleiwt eng Konscht. Ett ass d'Konscht fir aus ënnerschiddlechen Informatiounen, aus widerspriechlechen Elementer ee Ganzt ze machen wat eng Politik aus engem Goss ass. Dat ass dat wat Politik ass. Dat ze huelen wat haut ass, ëtt ze transposéiren an d'Zukunft an ëtt am Liicht vun zukünftegen Entwecklungen, déi een heiansdo méi erahnen muss wéi datt een se géif wëssen sou ze préifen datt ëtt och kurzfristeg machbar ass an datt ëtt langfristeg nach d'Strooss hellt."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, iwwerdroen den 31.12.2000 an den 01.01.2000

Haut de page

Trounwiessel

"Wat mer Freed gemach huet an deem öffentlechen Deel vu mengem Liewen war d'Art a Weis wéi d'Lëtzebuerger op eng onkomplizéiert, lieweg, buedestännech, net ofgehuewen Art a Weis op deen Trounwiessel dee mer haten réagéiert hun a wéi se dat selwer gestaltet hun. Well niewt deem wat een sech afaale léist als Regierung déi organiséiert spillen d'Leit jo d'Haptroll an sie hun se, wéi ech fonnt hun, gudd gespillt an ëtt war einfach e gudd Gefill deen Dach e Lëtzebuerger ze sin."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker um DNR, iwwerdroen den 31.12.2000

Haut de page

Geiseldrama

"Dat wat mech bedréckt huet an deem Joer, bis haut, dat wat een net ausradéire kann, dat war déi Geiselnahm zu Wasserbëlleg well een do abémol aus heiterem Himmel (...) matt enger extremer Situatioun konfrontéiert gin ass op déi een sech net konnt firbereeden, wou een an senger Vergangenheet keng Erfahrungselementer gehat hätt, déi engem gehollef hätten deen Dach dat richtecht ze machen an dat falscht ze verhënneren, an och déi Angscht déi een hat op dat wat een do am Gang wier ze décidéiren richtech wier."
Neijoers-Interview vum vum Staatsminister Jean-Claude Juncker um DNR, iwwerdroen den 31.12.2000

Haut de page

Sozialklima

"Eis Wirtschaft wiist séier. Sie ass op engem robusten Wuestumspaad. Sie wiist anescht wéi am Ausland. Och den Arbechtsmart wiist jo matt massiven Expansiounselementer méi staark wéi am Ausland. Doraus ergëtt sech bei de Gewerkschaften d'Bild, datt een och bei der Formuléirung vun der Lounpolitik, bei der Gestaltung vun der Lounpolitik muss kënnen déitlech méi wéit goen wéi a deene Regiounen an an de Länner ronderem eis, wat d'Patron'e nët esou gesinn well se ënnert total verännerte Konkurrenzbedingungen an enger, och um europäeschen Plang, stark globaliséierter Wirtschaft mussen funktionnéiren."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker um Soziokulturelle Radio, iwwerdroen den 31.12.2000

Haut de page

E-Lëtzebuerg

"Alles dat wat een ënnert dem Sammelbegrëff e-Lëtzebuerg zesummenfasst ass selbstverständlech eng nei Chance fir eist Land, mä do muss een wessen datt mir eis déi Chance matt dem Rescht vun der Welt deelen. Ett ass eigentlech méi eng Noutwendegkeet wéi eng Chance, well wien sech vu fir eran aus deem Prozess do ausklemmt, deen e nët mattmecht, deen en nët deelweis esouguer anticipéiert, deen accumuléiert esou grouss Retard'en an der Zukunftsvirbereedung, datt en enges Daags ausser Otem kënnt an de richtege Rhythmus net méi behellt."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker um Sozio-kulturelle Radio, iwwerdroen den 31.12.2000

Haut de page

Europapolitik

"Nodenken iwwer dat eegent Land ass ëmmer och en Nodenken iwwer Europa. Handelen fir dat eegent Land ass ëmmer och en Handelen an Europa. Visioune fir séin immédiate Beréich, fir seng Proximitéit ze entweckelen stéisst noutwendegerweis op europäesch Grenzen, op europäesch Chancen, op europäesch Hoffnungen."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, iwwerdroen den 31.12.2000 an den 01.01.2001

"Ett kënnt derbéi an der erweiterter Unioun, datt mer och kënnen, ouni eis iwwerméissech mussen unzestrengen, en Affekot vun deene klengen Länner ze sin, den Explikator vun der Befindlichkeet vun de klenge Länner déi nei derbéistoussen. Ett ass mir iwwer d'Secherstellen vun diplomateschen Aflosszonen vu Lëtzebuerg an engem méi groussen Europa nët bang."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, iwwerdroen den 31.12.2000 an den 01.01.2001

"Ech halen d'europapolitescht Ertragsresultat [vum Sommet vu Nice] fir insgesamt insüffisant well ech déi Angscht hun, wann ëtt net zu méi Europa do kënnt wou manner Europa eng grouss Gefor wier fir de Kontinent, datt dann déi europäesch Konstruktioun och an hirer fridensstëftender Wirkung riskéiert à terme an hirer Intensitéit ze verléiren."
Neijoers-Interview vum Staatsminister Jean-Claude Juncker um DNR, iwwerdroen den 31.12.2000

Interviews de Lydie Polfer dans la presse écrite:

  • "(...) Wichtigstes Gut war und ist dabei die Offenheit und die Toleranz, die seit langem die Luxemburger Gesellschaft charakterisiert. Wenn wir hierauf aufbauen, gelingt es uns, aus unserem Land ein Modell Europas und ein Modell für Europa zu machen"
    Lydie Polfer, Aussenministerin, Tageblatt, 30.12.2000, "Konsens und Harmonie"

  • "Die Herausforderungen (...) sind vielschichtig. Es gilt in erster Linie uns selbst, unsere Betriebe und Menschen auf jene Möglichkeiten vorzubereiten, welche die Globalisierung bietet. Zum anderen müssen wir auch jene Bedingungen schaffen, die den Migranten eine Annahme unserer Kultur, unserer Lebensweise und Sprache erlauben und ihnen gleichzeitig eine weitere Teilnahme an unserer Ursprungskultur ermöglichen"
    Lydie Polfer, Aussenministerin, Luxemburger Wort, 30.12.2000, "LW-Neujahrsumfrage. Lydie Polfer: Offenheit bewahren. Luxemburg auf die Herausforderungen vorbereitet"

  • "... well mir hun d'Chance op enger Platz ze liewen, wou mer kënne mathëllefen, datt et ville Leit dobaussen an der Welt besser geet. An och heiheem solle mir alle Leit d'Méiglechkeet gin, fir sech an hir Famill en uerdentlecht Liewen an eng uerdentlech Zukunft opzebauen (...). Et as u jiddferengem selwer do matzeschaffen. Mir wëllen dese Geescht förderen, datt mir déi Chancen déi mer hun och ze notze wëssen. Kommt mer notzen ons Energie nët géinteneen mä matteneen ze schaffen". Lydie Polfer, Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères, Lëtzebuerger Journal, 30.12.2000, "Zusammen erreichen wir mehr, Interview mit Vizepremier, Aussenministerin und DP-Präsidentin Lydie Polfer"

Dernière mise à jour