Message de Noël de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse

Léif Matbiirger,

Et ass schons eng besonnesch Freed fir d'Grande-Duchesse a fir mech, Iech um Enn vum Joer e Message ze vermëttelen.

Helleg Owend ass a Wierklechkeet e Moment vu Besënnung, e Moment wou mir gären de Bilan machen vun de leschten zwielef Méint.  Et ass awer och de Moment fir nei Virsätz fir d’Zukunft ze huelen.

Dat vergaangent Joer huet eis de Bewäis bruecht, datt mir an eng Iwwergangszäit agetratt sin, eng Zäit, an där vill vun dém wat war, an dat souguer als sécher a normal geschéngt huet, lues a lues a Fro gestallt get.

- Denke mer un eis Wirtschaft, déi zënter 1985 all Joer stark zougeholl huet, e Wuesstem, deen alle Schichten vun eiser Bevölkerung an alle Géigenden vum Land bis an d’Grouss-Regioun, eng Prospéritéit bruecht huet, wéi mir se nach ni an eiser Geschicht kannt hunn.

Haut, um Enn vum Joer 2002, stelle mer fest, datt et net an dém Ausmooss viru goë kann.

Wa Panikstëmmung ganz sécher net berechtegt ass, musse mer awer an Zukunft méi virsichteg an eisem « train de vie » gin, a virun allem nei Weeër sichen fir eis Betriiber, déi grouss an déi kleng, déi mat den Investisseuren an déene Schaffenden de Räichtum vum Land maachen.

- Denke mer un eise Schoulsystem, dé mer gären am Mëttelpunkt vun eise Prioritéiten gesinn.  Déi sougennante PISA Etude, déi sécher mat Virsiicht ze analyséieren ass, weist, datt onse Schoulsystem, op dee mer esou  houfreg sin, net ouni Kritik betruecht ka gin.

Och hei ass et meng Iwwerzeegung, datt mer mam Concours vun allen Betraffenen - Léierpersonal, Elteren, Schüler wéi Studenten - Upassungen duerchzéien mussen.

Iwwert dëst Zesummengoën eraus musse mer ons och bewosst sinn, datt d'Léieren a d'Formatioun sech hautdesdags praktesch iwwert ganz Liewen hinzéien.  Ech bewonneren an encouragéieren all déi, déi d'Zäit opbrengen Owescouren ze besichen.

An desem Kontext well ech och hiweisen, datt et no der üblecher Ausso "eis Studenten sollen an d'Ausland goen" haut net méi duer gét.  Mir brauchen fir eist intellektuelt Weiderbestoen och eng Universitéit zu Lëtzebuerg.  Mat der Recherche – wou sech schons munneches gemaach huet – sin dat och Viraussetzungen fir d'Zukunft vun eisem Land.

- Denke mer un eis Sécherheet  hei sinn eis lang Joeren grouss Katastrofen erspuert bliwwen.  De Geiseldrama vu Waasserbëlleg huet eis awer bewisen, datt mir déne selwechte Geforen ausgesat sin wéi aner Länner.

D’Fligertragédie vun Nidderaanwen huet eis och virun Aen bruecht, datt dat, wat ons als ondenkbar geschéngt huet, och hei virkommen kann. Mir denken besonnesch haut den Owend un déi Familljen, déi direkt vun deser Katastrof betraff sinn.  Meng Gedanken sin och beim Pilot an beim franséische Passagéier, déi um Wee vun der Besserung sin.

Et bleiwt, datt d'Ausmooss vun der bis dohin an eisem Land nët gekannte Katastrof ee Bewäis bruecht huet: an zwar dee Bewäis vun der absoluter Noutwennegkeet eis Leit mat de modernsten Equipementer auszestafféiren.  Dat ass wouer fir eis sou engagéiert Polizisten a Pompjeën; dat ziélt och fir eis esou couragéiert Leit vun der Protection Civile wéi vum SAMU.  Mir mussen och an Zukunft déi domat verbonnenen Investissementer opbrengen. Sou sin mir am Stand all Moment déenen ze hellefen, déi vun esou Katastrofen betraf sinn.

En aneren, a bestëmmt keen niewesächlechen Aspekt vun eiser Secherheet, ass déi inakzeptabel héich Zuel vun Accidenter op der Strooss.  Dat villt Leed an déi vill Affer, wéi ons drëtt Positioun europaweit wat d'Zuel vun den Accidenter betrefft, verlangt e  kollektiven Effort wou de  Respekt vun onse Matbiirger am Mëttelpunkt stét.

Dat Emdenken um nationale Plang gëlt och wa mir e Bléck op déi international Zeen werfen.

D’Europaësch Unioun an d’NATO, déi zwee Eckfeiler vun eiser Aussepolitik zenter iwwer 50 Joer, gi gewaltegen Changementer entgéint.

Durch de Bäitrett vun enger bis dohin nach ni sou grousser Zuel vun neien Memberstaaten sti mir virun enger eemoleger Chance an Europa Fridden a Wuelstand mat allen demokrateschen Länner an hire Leit ze deelen.

Aplaz Angschtgefiller ze nieren solle mer zesummen dat neit Europa gestalten. Eis Regierung suergt dofir, datt an dem neien institutionellen Emfeld och e Land wéi Lëtzebuerg säi Rang halen kann.

Dat kréie mer net zum Nulltarif. Wéi an der Entwécklungspolitik, wou vill geschitt, musse mir och op anere Pläng en reellen Beitrag leeschten.  Déi latent Terroristegefor ass e klort Beispill, datt mir nët am Abseits stoë kënnen.  Eis Kredibilitéit an der Europäescher Unioun, wéi an der NATO, wéi an de Vereenten Natiounen, hängt och vun eiser Disponibilitéit of, Risiken mat eise Partner an Alliéierten ze deelen.

D’Grande-Duchesse, där hiirt Uleies besonnesch um humanitären Plang läit, wëllt och mat Iech e puer Gedanken deelen :

(Grande-Duchesse)

Trotz allen Efforten a Gesetzer an Texter mussen mir feststellen, datt et bei ons ëmmer nach Leit ginn, deenen et net gutt geet. Déi Bréiwen, déi ech all Dag kréien, sinn oft den Ausdrock vu groussem Leed a Verzweiflung.

Ech denken haut den Owend besonnesch un déi Leit, déi trotz der Hëllef an der Bereetschaft vun de concernéierten staatlechen a privaten Instanzen net ëmmer déi Ënnerstëtzung kréien, déi se bräichten.

Déi zwou Fondatiounen, ëm déi mäi Mann an ech eis këmmeren, si voll a ganz, wann och mat limitéierte Mëttelen, am Déngscht vun deenen, deenen et schlecht geet.

Do ass fir d’éischt d’Fondatioun Prince Henri – Princesse Maria Teresa. Dës Fondatioun setzt sech zanter 21 Joer fir d’Integratioun vun deene Leit an, déi aus iergend engem Grond eng Behënnerung hunn.

Eng zweet Fondatioun ass nom Avènement geschaafe gin: d’Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse. Si probéiert engersäits no deene Leit hei am Land ze kucken, wou déi öffentlech Instanzen keng Méiglechkeet méi hunn, ze hëllefen. Op der aner Säit ënnerstëtzt déi Fondatioun am Ausland humanitär Projeten vun agrééierten ONGen. An deem Kontext steet och d’Aktioun “Educatioun – Afghanistan“. Ech wëll

dofir och all deene Merci soen, déi eis d'lescht Joer sou generéis bei eiser Aktioun fir den Afghanistan ënnerstëtzt hunn.

Och an Zukunft wëll ech mech weider fir déi asetzen, déi mir besonnesch um Häerz leien:  d’Kanner am allgemengen, a virun allem déi jonk Meedercher, déi esou dacks an der Welt mëssbraucht ginn.

Dir kënnt op mech zielen, an ech hoffen, datt ech weider mat ärer Ënnerstëtzung rechne kann.

(Grand-Duc)

Léif Matbiirger,

Loosst mer dat neit Joer mat Engagement ugoen. Et brauch vill Energie fir den Erausfuederungen vu mar gerecht ze gin.

Il me tient à cœur de m’adresser à tous ceux de nos concitoyens qui, par leur présence et leur labeur, fournissent une contribution essentielle au bien-être de notre pays.

Qu’ils reçoivent en cette veillée de Noël l’expression de notre profonde gratitude et nos vœux pour leur bonheur personnel.

Am Numm vun der Grande-Duchesse, vun eise Kanner an der ganzer Famill, wënschen ech Iéch all e schéine Chrëschtdag an e gudd a glécklecht neit Joer.

Dernière mise à jour