Journée de la Commémoration nationale: proclamation du gouvernement

Proklamatioun vun der Regirung

Den nationale Commémoratiounsdag erlaabt de Lëtzebuerger deene vun hire Matbierger ze gedenken, déi sech während deene schreckleche Krichsjoeren 1940 bis 1945 géint de Naziterror gewiert hunn, an déi fir d’Onofhängegkeet, d’Identitéit an d’Fräiheet vun eiser Heemecht gekämpft hunn.

D’Erënnerung ass eng onbedéngt Flicht fir all Natioun. Den nationale Commémoratiounsdag gëtt dem lëtzebuerger Vollek all Joer op en neis d’Méiglechkeet, sech un déi wichteg Momenter vu senger Geschicht ze erënneren an dës Erënnerung un déi Generatiounen, déi d’Gléck haten a Fridden opzewuessen, weider ze ginn. Doduerch ginn dës Generatiounen fir déi mënschlech an demokratesch Wäerter wéi de Fridden, de Respekt vun de Mënscherechter, d’Fräiheet an d’Gerechtegkeet sensibiliséiert.

D’Solidaritéit tëschend deene Mënschen, déi fir de Fridde antrieden an d’Flicht fit friddlech Argumenter ze benotzen, ass eng Lektioun vu staatsbiergerlecher Gesënnung, déi den Zweete Weltkrich eis hannerlooss huet. All demokratesch Natioun muss sech ëmmer dorop besënnen.

D’Solidaritéit ass e wichtege Meilesteen an der lëtzebuerger Geschicht. Si bleiwt éiweg an der Erënnerung vun eiser Natioun agravéiert.

Déi Fraen a Männer, deene mer haut gedenken, hunn dës Solidaritéit konkret geliewt. Duerch hire Courage an déi Affer, déi si bruecht hunn hu si et eiser Heemecht erlaabt, de Krich ze iwwerstoen a nom Krich hir Plaz an der internationaler Gemeinschaft ze fannen. Et ass fir eis all eng Flicht, dëse Fraen a Männer eisen déiwste Respekt an eis Unerkennung auszedrécken.

D’Virbild vun de Patrioten bleiwt erhalen a wäert och weiderhin dem lëtzebuerger Vollek de Wee weisen.

Lëtzebuerg, den 11. Oktober 2003

D’Membere vun der Regierung

Jean-Claude JUNCKER, Lydie POLFER, Fernand BODEN, Marie-Josée JACOBS, Erna HENNICOT-SCHOEPGES, Michel WOLTER, Luc FRIEDEN, Anne BRASSEUR, Henri GRETHEN, Charles GOERENS, Carlo WAGNER, François BILTGEN, Joseph SCHAACK, Eugène BERGER

Dernière mise à jour