Jean-Claude Juncker s'exprime au sujet des référendums à venir en France et aux Pays-Bas

Ci-joint vous trouverez des extraits des propos du Premier ministre tenus lors du briefing de la presse à l’issue du Conseil de gouvernement du 27 mai 2005.

(...)

"Mir hunn eis fir d’éischt mat der Situatioun a Frankräich an och an Holland beschäftegt. Ech hunn dës Woch vill Zäit mam President vun der Republique am mam holläneschen Premier zoubruecht, fir eng richteg Appreciatioun ze kréien vun de Gesamtvirgäng a fir Interventiounen, déi ech an deene Länner ze maachen haat, ofzestëmmen.

Ech stelle fest, dass bis haut 9 Länner den europäeschen Verfassungsvertrag ratifizéiert hunn. Déi 9 Länner, déi representéieren 220 Milliounen Europäer, an déi 220 Milliounen Europäer, déi representéieren exakt 49% vun der Populatioun vun der Europäescher Unioun. Bis elo ass d’Verfassung nach a kengem Land ofgelehnt ginn, mee 49% vun der Bevölkerung, 9 Länner, 220 Milliounen Leit hunn direkt oder indirekt, iwwer de parlamentaresche Wee, däer Verfassung hier Zoustëmmung ginn.

Wann e Sonndeg am Frankräich de Jo gewënnt, d’Chance, datt dat geschitt si jo net extrem grouss, mee wann de Jo gewënnt, da klärt sech den europäeschen Horizont wiesentlech op, well een da mat enger méi ausgeprägter Rouh a Sérénitéit un de Rescht vun den Aufgaben, déi sech an eiser Presidence stellen, kann erugoen.

Wann, waat jo nu wirklech net ausgeschloss ass, d’Fransousen an hierer Majoritéit mat Nee äntwerten den nächste Sonndeg, da stierzt d’Europäesch Unioun an eng länger Zäit vu grousser Onsécherheet of, well mer dann ee Message aus Frankräich kréien, vläicht och aus Holland, vläicht och aus aanere Länner, déi nokommen, deen nët nëmmen europa-intern Kräfte total lähmt, mee deen och mam Bléck vu baussen op Europa wiesentlech zur Veronsécherung bäidréit, well déi, déi mat Europa wirtschaftlech Tätegkeeten wellen organiséieren, politesch Kontakter welle pflegen jo dann an hierer Perceptioun vun der Saach net mat enger Europäescher Unioun ze dinn hunn, déi sech selwer sicht, déi sech fënnt an déi net richteg weess, wou si higeet, waat natierlech d’Influenzzonen vun der Europäescher Unioun weltwäit staark aschränkt a waat natierlech net ouni wirtschaftlech Konsequenzen wäert bleiwen.

Daat ass evidenterweis esou am Fall vun engen franséische Nee, daat ass net fundamental anescht am Fall vun engem Nee an Holland, zu Lëtzebuerg, an der Tschechien, a Polen oder wou och ëmmer.

Ech sinn den nächste Sonndeg Owend zu Bréissel, fir de franséische Referendum a seng Konsequenzen virun der europäescher Ëffentlechkeet kënnen ze bewerten an duerzestellen an no all deene Kontakter, déi ech des Woch hat, mat quasi alle Regierungschefen vun der Europäescher Unioun, kommen ech zur Schlussfolgerung, datt, egal wéi dee franséische Referendum ausgeet, een de Ratifizéierungsprozess net kann ënnerbriechen, well mer jo am Verfassungsvertrag selwer virgesinn hunn, dass am Fall, wou 4/5 vun de Länner e ratifizéiert hätten, an eent oder bis zu engem 1/5 nët, den Europäeschen Rot sech géif mat der Fro beschäftegen. Esou wéi en daat och gemaach huet, wéi d’Dänen den 2. Juli 1992 Nee gesot hun zum Maastrichter Vertrag oder wéi d’Irescht Vollék Nee gesot huet zum Traité vun Nice, do hu mer jo och mussen doriwwer schwätzen an dunn ass et zu engen neie Votum an deenen zwee Länner komm, ouni datt de Vertrag nees nei verhandelt gi wier. Et huet sech och nie ee Buchstaw um Vertrag geännert nodeem den Europäesche Rot doriwwer geschwaat haat.

Evidenterweis ass et esou, datt een, falls d’Fransousen oder spéiderhin anerer Nee soen, net kann esou maachen, wéi wann se hallef Jo gesot hätten. Et muss ee jo mat Respekt zumindest mol zur Kenntnis huelen an och däitlech maachen, dass een esou ee Choix ze respektéieren huet, on n’insulte pas les peuples, an da muss ee kucken, waat ee mat däer Situatioun mécht. Klorerweis schwätzt een am Europäesche Conseil vum 16./17. Juni, dee mer souwisou hun doriwwer. Alleguer déi Wënsch, fir éischter eng Sitzung ozehalen, déi hunn ech bis virun dräi Minutten nach strikt ofgewisen, well ech ëmmer gäere wéisst, wann ech eng Sitzung aberuffen, waat da bäi der Sitzung soll erauskommen. Et ass e gudde Prinzip, fir seng Zäit net onnéidegerweis ze verléieren.

Wann daat Nee gëtt, musse mer mat der Ratifizéierung viru maachen, mee mir mussen selbstverständlech och driwwer schwätzen, wéi mer viru maachen, a waat fir engem Rhythmus virugemaach gett, wéi laang, daat een déi Onsécherheetsperiod do bestoe léisst, ob Kalenneren an aanere Länner sech mussen änneren, rapprochéieren; do ass also ganz villes ze bespriechen."

(...)

Dernière mise à jour